quaesitio

Inégalitéit


D’Inégalitéit hëllt dauernd zou – dat kann eis op der Gauche net egal sinn!

Ech wonneren mech all Daag, seit baal 3-4 Joër, dass d’Gauche – déi europäesch esouwuel wi déi amerikanësch – net d’Thema vun der ëmmer mi grousser Inegalitéit an eise Gesellschaften politësch opgräift. Dobäi ass all gudden Broutdaag an enger Zeitung ze liesen, dass d’Schéier tëschent Aarm an Räich ëmmer méi wäit a méi séier ausernee geet, dass e ganz klenge Pourcentage vu Leit en ëmmer méi groussen Pourcentage vum Räichtum besëtzen. Da freet een vläit an enger éischter Réaktioun: war dat net ëmmer esou? Nee, dat war net eëmmer esou. An de Fait, dass dat esou ass, ass och net ouni Konsequenzen.

Et gëtt zëch Bicher [1], wëssenschaftlëch Artikelen oder Commentairen [2] déi beschreiwe wat dat fir Konsequenzen fir eis Gesellschaften huet, an daat sin keng schéi Konsequenzen: d’Inégalitéit ass korrosiv a munche Beräicher vum mënschlechen Zesummenliewen – der Gesondheet, der Educatioun, der Aarbechtswelt an huet konkret Auswierkungen op d’Kriminalitéit…  Awer eng gewëss Gläichheet ass net nëmmen e moralischt Prinzip, mais och d’Bedingung fir eng gutt Economie. Esou schreiwt de Nobelpräisgewënner Stiglitz: “Inequality leads to lower growth and less efficiency. Lack of opportunity means that its most valuable asset – its people – is not being fully used. Many at the bottom, or even in the middle, are not living up to their potential, because the rich, needing few public services and worried that a strong government might redistribute income, use their political influence to cut taxes and curtail government spending. This leads to underinvestment in infrastructure, education and technology, impeding the engines of growth.” A virun allem, wann ëmmer méi Leit keng besser Zukunft fir sëch oder hir Kanner gesinn, dann ass och fréier oder spéider d’Demokratie a Gefoër.

Dat ass en Thema wat Sozialdemokraten muss beschäftegen, ech mengen souguer dass et dat zentraalt politëscht Thema vun eiser Zäit muss sinn. Well déi Entwécklong ass jo kee Naturgesetz: “While there may be underlying economic forces at play,” schreiwt de Stiglitz, “politics have shaped the market, and shaped it in ways that advantage the top at the expense of the rest.” Awer wëlle mer wierklëch eng Gesellschaft wéi a muenchen brasilianësche Stiedt, wou räich Leit hannert héige Maueren an sécuriséierten Condominiumen wunnen [3], well se sech net méi virun d’Dier an eng Gesellschaft trauen an där Leit wunnen déi näischt méi (ze verléieren) hunn? Oder wëllen mer eng Gesellschaft an där mer kënne matteneen schwëtzen a schaffen a wou all Mënsch nach eng realistësch Chance huet fir de sozialen Opstig ze packen.

Gläichheet, sozial Gerechtegkeet a sozial Mobilitéit si fir mech zentral Themen déi alles anëscht an der Gesellschaft définéieren a mattbestëmmen. Et sinn d’Themen, par excellence, vun der Sozialdemokratie.

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. Richard G. Wilkinson and Kate Pickett, The Spirit Level: Why More Equal Societies Almost Always Do Better. London, Allen Lane, 5 March 2009. Paperback edition February, 2010 www.equalitytrust.org.uk/resource/the-spirit-level

    François Dubet, Les places et les chances. Repenser la justice sociale, La République des idées / Seuil, 2010

    Paul Krugman, End This Depression Now!, W. W. Norton & Company, April 2012

    Joseph E. Stiglitz, The Price of Inequality: How Today’s Divided Society Endangers Our Future,W. W. Norton & Company, June 2012

    Steffen Mau, Lebenschancen: Wohin driftet die Mittelschicht?, edition suhrkamp 2012 –
    http://www.suhrkamp.de/buecher/lebenschancen-steffen_mau_6215.html []

  2. krugman.blogs.nytimes.com/2012/09/22/inequality-kills/

    www.motherjones.com/kevin-drum/2012/10/income-inequality-and-great-crash-2008 []

  3. Gabriel Mascaro, Une Place au Soleil, XXI, avril-mai-juin 2011, p. 132 ss. []

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *