quaesitio

Sproochbloosen


Wéi d’Texter aus Sproochblosen an enger bande-dessinée hätt ee kënnen d’Aussoën vun deenen Engen an deenen Aaneren no der läschter Tripartite 2010 huelen an op d’Biller vun no der Présentatioun vum Budget 2013 setzen: D’Gewerkschaften sinn éischter frou dass, waat d’Dépensen ugeet, bal alles beim ale bleiwt. Och wann si schons virun der Austéritéit warnen. A si sinn natiirlëch och weiderhin, der Meenung, dass een d’Fangeren ganz vum Index loosse soll, an dass och di allerklengsten Ännerung tabu muss sinn. D’Patronatsorganisatiounen sinn onzefridden, well, no hinnen, d’Land wäit iwwert senge Mëttele liewt, sech elo och nach katastrophal verschëld an d’Kompétitivitéit enorm eroofgeet. Si sinn natiirlëch och weiderhin, der Meenung, dass den Index moduléiert, manipuléiert oder am beschten ganz oofgeschaaft soll ginn. An anere Wieder, jidferee widderhëlt genau dee sellwëchten Text wéi schon zanter Joren….

Dobei huet een d’Impressioun, dass di Sproochbloosen keng wirklëch Reaktioun op de Budget sinn. Eng wierklech Analyse vum Budget schéngt keen ze interesséieren. Et geet just drëm sëch ze positionnéieren. Innerparteilëch an och tëscht de Parteien. Och eng gewësse Press schéngt et méi z’interesséieren, ob d’CSV sech vun der LSAP désolidariséiert, ob de Wolter an de Frieden streiden, firwat jidfereen vun der CSV beim Premier huet missen undanzen etc., wéi dass een sech freet, waat dann elo konkret an deem Budget sou schlecht ass, wou een hätt kennen an missen spueren, wou een op keen Fall soll spueren, waat fir Investissementer missten gemaacht gin, trotz oder grad wéint der Kriis. Ett géif ee jo gären diskutéieren iwwert déi grouss Optiounen déi sech ubidden fir aus esou enger Kriis erauszekommen – streng Austéritéit an Zuelefetischismus, oder relance duerch Investissementer, also nei Verscholdung oder méi héich Steieren, oder e Mix vun deenen zwee? Bref, eng Analyse an eng politësch Deitung vun deenen verschiddenen Posten vum Budget war bis elo nach net ze héieren, an virun allem net vum Finanzminister senger Säit.

Et well een sëch fir t’éischt emol positionnéieren, sou no wéi méiglech un den aalbekannte Fronten. Daat weist dass méi wéi 2 Joër no der geplatzter Tripartite d’Klima nach eemol sou vergëft ass wéi d’aanermol. Daat ass kee gutt Zeechen fir en konstruktiven Dialog iwwert esou ee wichtege Budget.    

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *