quaesitio

D’Salle-à-manger


Neen, et geet an dësem Artikel net ëm d’Prënzenhochzäit per se an och net ëm den tapage médiatique ronderëm [1], déi mer zimlech egal sinn. Jo, dat geet mir och alles zimlëch op d’Nerven, nee, ech si mer och net wierklëch sëcher, dass mer nach e Grand-Duc brauchen, a jo, ech fannen, dass dat och alles e bessen vill Soue sinn fir eng Hochzäit… virun allem a Krisenzäiten. Mais ech mengen virun allem, dass d’Land am Endeffekt aner, vill méi bedeitend Problemer huet, déi mech wäit méi interesséieren. Et gëtt awer trotzdem eppes bei deeër ganzer Geschicht, wat mer sauer opstéisst, an dat nët eréischt säit der Prënzenhochzäit: de Gebrauch, oder éischter de Mëssbrauch, vum Chamber-Plenarsall als Gala-Salle-à-manger fir den Haff.[2] Elo kann ee soën, dass deen Zweck schon deemols, Ufank vun den 2000er Jorën virgesi war, wéi d’Chamber ëmgebaut ginn ass. Deemols gouf de Plenarsall erneiert – an deem gudde Goût deen ee jo leider kennt – vläit just dowéinst well déi méi wichteg Destinatioun vun eiser Chamber déi vun enger groussherzoglëcher Salle-à-manger ass?

 D’Symbolik vun de Plaatzen war zu Lëtzebuerg ëmmer schon enger gewësser „Pragmatik“ ënnergeuerdnet wann et drem gaang ass déi wichtég Institutiounen vun eisem Land ënnerzebréngen: den Tribunal d’arrondissement vu Lëtzebuerg war am 16ten Jorhonnert de Palais des Gouverneurs an ass eréischt no der franséischer Revolutioun zum Palais de Justice ginn [3], d’Cour supérieure de Justice am Eecher Bierg war als Destinatioun e…  Kino. Aus der Geschicht vum Chambers-Gebei [4] liest een, dass d’Parlament, no der Onofhängegkeet 1839, fir t’éischt am Hôtel de Gouvernement ënnerbruecht war, duerno am Hôtel de Ville, an dunn eréischt d’Chamber gebaut ginn ass op hirer heiteger Plaatz. Et liest een och, dass 1980 e Projet de loi gestëmmt gouf, fir eng nei Chamber um Plateau St Esprit ze bauen, wat dunn awer Arbed’s-Krise-bedéngt net geschitt ass (schued, dat hätt eis déi onattraktiv a langweileg Cité judiciaire erspuert).

Mais muss d’Chamber 2012 da wiirklech nach ëmmer als dem Chef d’Etat seng Salle-à-manger hiirhalen? Wat e Symbol fir de Mépris fir e Parlamentsraum an am Endeffekt fir d’Demokratie stellt daat duer? Et kann een sech déi belustegt Kommentairen vun de Conviven bildlech firstellen, wann se amgaang sin e Schnittchen op den (effektiv zimlëch fuerchtbaren) Teppëch vun eiser Chamber ze sabbelen: oh wiirklech, ass dat hei, „en temps normal“, de Plenarsall vun ärem Parlament? Wéi witzeg! Daat wär bei eis … egal wat fir en normaalt Land an Europa oder der Welt hei asëtzen… awer net méiglëch! D’Séparation des pouvoirs ass e Grondprinzip vun enger echter Demokratie a vum Rechststaat. Awer bei eis feiert de Staatschef séng Familjefester am Sëtzungssall vun der Chamber. Eng wonnerbar Symbolik. Gëtt et da keen anere grousse Raum nobäi … och an der Kathedral kéint een z.B. theoretësch Dëscher opstellen. Awer déi Symbolik wier da wuel, an zu Recht, fir e ganze Koup aner Leit vill ze choquant! Awer am Haut-lieu vun eiser Demokratie stéiert dat keen. D’Dignitéit vun der Chamber (déi berüchtegt „Würde des Parlaments“) gëllt zu Lëtzebuerg net vill!

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. Ech empfehlen d’Lecture vun engem gudd geschriwwenen Artikel vum Manuel Huss heizou – ech deelen eng ganz Partie vu senge Punkten: manuelhuss.wordpress.com/2012/10/08/prenzenhochzait/ []
  2. www.wort.lu/de/view/umbau-in-der-chamber-vom-plenarsaal-zum-dinner-saal-507ac6a2e4b08485163269d7 []
  3. Dozou dem Steve Jacoby säin Artikel an Ons Stad: www.onsstad.lu/index.php?id=242&tx_ttnews[cat]=98&tx_ttnews[tt_news]=1208&tx_ttnews[backPid]=240&cHash=cb3a01ff85 []
  4. www.chd.lu/wps/portal/public/HistoireDeLHotelDeLaChambre []

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *