quaesitio

Iwwerspëtzt!


Virun e puer Deeg konnt een am Wort liesen [1], dass de Minister Frieden elo “an die Spitze des IMF und der World Bank” gewielt gi wier. Oho, huet ee sech gesot, dann wäert eise Finanzminister jo elo zumindest op Aënhéicht mam Christine Lagarde vum IMF an mam Jim Yong Kim vun der World Bank d’Geschécker vun deenen zwou Institutiounen matbestëmmen? Hie mécht also elo och Weltfinanzpolitik mat engem wichtegen exekutive Mandat un der Spëtzt vun deene wichtegen Institutiounen. Fir dass déi Impressioun och wierklech beim Vollék ukënnt, gouf déi Ernennung nach extra an engem Interview am Wort weider gehypt. [2]An den Betraffenen mécht a sengem Interview och alles fir déi Impressioun ze bestäerken: „Als Präsident des Gouverneursrat ist man „Primus inter pares“, setzt aber auch Akzente, nicht zuletzt durch die Eröffnungsrede.”

Ah sou? „Durch die Eröffnungsrede?“ Da kann ee just hoffen, dass de Minister Frieden ähnlech wichteg Akzenter setze kann, wéi seng Prédécesseuren, déi do wieren: de Riad Toufic Salameh, Gouverneur vun der Banque du Liban (2012) [3], de Premier Ministre Hubert Ingraham vun de Bahamas (2011), den nigerianische Finanzminister, Dr. Mansur Muhtar (2009) oder den Dr. Nguyen Van Giau, Gouverneur vun der vietnamesischer Zentralbank (2008) [4]. Matt all Respekt fir déi Personnalitéiten, “wichteg Akzenter” an der Weltfinanzpolitik hu si net gesat déi lëscht Joren. An dat gouf och net vun hinnen erwaart : d’Fonktioun déi den Luc Frieden dann elo 2013 wäert bekleeden ass d’Resultat vun engem renge Rotatiounsprinzip  [5] wou all Land sech ka mellen, an déi Fonktioun huet guer näischt ze dinn mat Dichtegkeet oder Unerkennung – et ass dohier och normal, dass de President vum Board of governors mol net am Organigramme vum IMF opdaucht. Et sicht een och ëmsoss no deem mansten Artikel iwwert dem Luc Frieden seng Nominatioun an der internationaler Presse [6], jo souguer op den Internetsitë vum IMF an der Weltbank steet näischt dovun – emol keen hongrechen Communiqué de presse.

Fir dann ze behaapten, wéi d’Wort et gemat huet, an deen Interesséierten confirméiert, et wär een elo “an der Spitze” vun deenen Organisatiounen ass also, wéi soll een soen, op d’mannst e bëssen… iwwerspëtzt. Et stellt awer och d’Fro nom Stellewäert vun där Positioun am Verhältnis mat aanere wichtegen internationalen Ämter déi eist Land an lëschter Zäit konnt verbuchen:

– den Dean Spielmann ass viru kuerzem als nächste Präsident vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënschenrechter gewielt ginn – deem Organ wat opgebaut gouf op déi batter Lektioune vun Auschwitz, Dachau a Bergen-Belsen. Dat ass wierklech eng Éier fir eist Land, well elo e lëtzebuerger Jurist, een eminente Spezialist an der Matière vun de Menschenrechter, dëse Gerichtshaff op Wonsch vun deenen anere Riichter présidéiert – an dat no enger geheimer Wahl vun der Plénière vum Geriicht. Wann ee weess wéi fundamental d’Urteeler vun der CEDH d’Liewe vu Millioune vu Mënschen beaflossen, weess een och ëm den Stellewäert vun där Positioun. Déi Meldung war deene meeschte lëtzebuerger Zeitungen net méi wei eng Kolonne wäert.

– Lëtzebuerg krut d’läscht Woch e Sëtz fir 2 Joër am UNO-Sécherheetsrot [7] dat Organ wat nom 2. Weltkrich an der UNO responsabel ass fir d’Erhalen vum internationale Fridden an der Sécherheet. Dat Organ wat opgebaut gouf op déi batter Lektioune vu Coventry, Pearl Harbor, Dresden an Hiroshima. An deem wichtégsten Organ vun der UNO ass eist Land elo während 2 Joer vertrueden a ka seng Stëmm zu internationale Konflikter zu Gehéier bréngen. E wierklech formidablen Erfollég fir déi gesamt lëtzebuerger Diplomatie.

– Dem Jean-Claude Juncker seng Fonktioun als Chef vum Euro-Groupe ass natierlech och enorm wichteg fir eist Land – a seng Aarbecht an där Fonktioun gëtt och international zu Recht ganz héich unerkannt. D’Nominatioun vum Yves Mersch an den Directoire vun der EZB, wa se da kënnt, wäert eisem Land e Représentant am Direktiounsorgan vun der villäicht wichtegster europäescher Institutioun während der Euro-Krise ginn.

Wat ass dann also dogéint de Stellewäert vun der Présidence vum Board of governors vum IMF an der World Bank, déi et dem Minister Frieden erméigelege wäert 2013 eng Ried ze halen, déi, wann een éierlech ass, jidferengem egal wäert sinn? Net ganz grouss. Dofir muss hien jo grad domat uginn, wéi eng Tut plakeg Mécken. Awer Désinformatioun besteet och heiandsdo do dran, dass een de Saachen e Stellewäert gëtt, deen se net hunn.

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. www.wort.lu/de/view/luc-frieden-an-der-spitze-von-iwf-und-weltbank-5077faafe4b0848516326628 []
  2. LW: Herr Minister, Sie stehen jetzt an der Spitze von Währungsfonds und Weltbank. Was bedeutet diese Ernennung für Sie?Luc Frieden: (…) Die Wahl ist eine Anerkennung für die Rolle, die Luxemburg in der internationalen Staatengemeinschaft einnimmt. Das ist ähnlich wie die Präsidentschaft der UNO-Vollversammlung, die Gaston Thorn in den 70er Jahren übernahm.” www.wort.lu/de/view/luc-frieden-eine-ehre-fuer-luxemburg-507b970ee4b0069dd65796ca []
  3. www.imf.org/external/am/2012/…/pr02e.pdf []
  4. allafrica.com/stories/200910080469.html []
  5. www.imf.org/external/about/govstruct.html []
  6. Zum Beispill an dësem Artikel am Guardian ass d’Electioun vum President mol net ernimmt : www.guardian.co.uk/business/2012/oct/11/act-bravely-economy-christine-lagarde []
  7. www.wort.lu/de/view/luxemburg-bekommt-sitz-im-un-sicherheitsrat-50803298e4b02d5bf2f4cd5f []

One thought on “Iwwerspëtzt!”

  1. Pingback: Le fabuleux destin de M. Frieden : Franz Fayot
  2. Trackback: Le fabuleux destin de M. Frieden : Franz Fayot

Répondre à Le fabuleux destin de M. Frieden : Franz Fayot Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *