quaesitio

Haushaltskonsolidéierung a progressiv Politik


An engem Bäitrag zum Tageblatt-Forum den 12. November reegt den Dan Kersch, LSAP-Staatsrot a Buergermeeschter vu Monneréch, sech iwwert de Statsbudget 2013 op.
Den Dan Kersch monéiert, ganz eesäiteg, d’LSAP géif just nach Sozialleeschtungen kierzen, Austeritéitspolitik maachen, Taxatioun vun de Ménagen vis-à-vis vun den Betriber encouragéieren, déi Räich net genuch besteieren, an net genuch op Investitioune setzen, wou mer dach, am grousse Ganzen, als Land éischter gutt do stéingen… (woubäi hien allerdéngs just – wichteg Nuance – op den “investitionsbereinigten” Budget kuckt, also “laufend Ausgaben”, wat awer eng ökonomesch Aberratioun ass).

De Nicolas Schmit, par contre, weist an engem rezenten Artikel dorop hin, wéi komplex d’Situatioun ass: Engersäits dierf den Defizitofbau de Wirtschaftswuesstum net verhënneren, anersäits kënnt een net laanscht eng strukturell Haushaltskonsolidéierung, awer déi muss sozial gerecht sinn. Dofir fuerdert hien eng déifgräifend Steierreform an e geurdneten a geziilten Spuerplang. [1] Dat ass richteg, verlaangt awer natierlech eng genau Analys vun allen Haushaltsposten an eng Bewäertung vun alle Mesuren op se de Wuesstumspotenzial vu Lëtzebuerg ënnerstetzen.
Dat ass Arbecht déi net mat e puer polemësche Spréch ze vollbréngen ass. Mat generellen Uschëllegungen an engem “weider esou wéi bis elo” wéi vum Dan Kersch komme mer an där Analys sécher net weider.
Wéi de Willy Brandt schon 1992 a sénger läschter grousser Ried gesot huet: “Nichts kommt von selbst. Und nur wenig ist von Dauer. Darum – besinnt Euch auf Eure Kraft und darauf, daß jede Zeit eigene Antworten will und man auf ihrer Höhe zu sein hat, wenn Gutes bewirkt werden soll.”

Mat all Respekt fir den Dan Kersch, dat ass e simplisteschen Discours, deen Abstraktioun mécht vun all Détail-Analys vu Posten an dëser komplexer Matière, an deen och komplett ofgesäit vun externen Composanten: europäesch Budgetscontrainten an international Kompétivitéit vun eise Betriber. Do fléisse klassesch Themen an, déi een haut virun allem bei “déi Lénk” fënnt: onnuancéiert Patronats-Schelte, extrem hasardéis Wirtschaftskenntnisser an eng relativ Weltfriemheet.
Den Dan Kersch versicht no der aler Method “Spieglein, Spieglein an der Wand, wer ist der linkste im ganzen Land / in der Partei”, sech géint séng Partei ze profiléieren. Och wann hie seet: “Vu sech aus wier hie guer net Kandidat bei den nächste Chamberwahlen” [2] stellt sech ëmmer nach d’Fro, wat “Vu sech aus…” bedeit?
Sou en Discours ass fir mech populistesch, grad sou wéi engem Michel Wolter seng Spuer-Sortie no der initialer Présentatioun vum Budget pur Demagogie um rietse Spektrum vun eiser politescher Landschaft ass. Normalerweis këmmert de Michel Wolter sech jo bekannterweis éischter em Fändelen, Fëmmerten a gëlle Fraën.

D’Léisung läit also menger Meenung no an enger akribëscher Analys vun den Ausgaben, fir ze kucken wat ka gekierzt ginn, wou de Stat ka spueren, ouni insbesonnesch déi sozial schwaach Matbierger ze désavantagéieren, an och an enger Réflexion de fond iwwert eise Steiersystem, fir erauszefannen, a welche Beräicher d’Steieren kënne gehéicht ginn, ouni den Entrepreneuriat, an also d’Beschäftegung, ze pénaliséieren.
Dat alles an der Erkenntnis, déi sech ëmmer méi duerchsetzt, dass eng streng Austeritéitspolitik an engem Rezessiounskontext net vill bréngt – fräi nom Keynes senger Devise: gespuert gëtt a Boom-Zäiten, net a Rezessiounen. Dem Nicolas Schmit säin Artikel geet an déi Richtung, an dat ass menger Meenung no déi richteg. Hie schléit zum Beispill och eng Verméigensteier vir [3] a firwat net och eng Ierfschaftssteier an direkter Linn mat groussem Fräibertrag (virun allem fir kleng Familiebetriber).

Mais och nach aner Stëmmen maache sech däitlech géint déi weltfriem Thesen à la Dan Kersch, notamment en erfrëschende Bäitrag vum Philippe Meyers am Tageblatt Forum vum 15. November, wou den Auteur, LSAP Member wéi den Dan Kersch, drun erënnert, dass Verantwortung en zentralt Wuert ass a Krisenzäiten, an dass d’Vogel-Strauss-Politik net fonctionnéiert, wann ee säit Joren en Defizit opzeweisen huet an d’Land an d’Iwwerscholdung rutsche kéint. Wann een dobäi nach bedenkt, wourun de Philippe Meyers och erënnert, dass d’Perspektivë vun eiser Wirtschaft an deenen nächsten Joere ganz mëttelméisség sinn, kënnt d’Irresponsabilitéit vun engem “status quo” nach méi zum Virschäin.
Den Yves Cruchten erënnert finalement, an engem Bäitrag op senger Web-Säit [4], un d’politësch Réalitéiten an der Koalitioun an un d’Verbesserungen am Sënn vun méi sozialer Gerechtegkeet, déi duerch der LSAP hiert Matwierken an der Politik vun dëser Regierung erreecht konnte ginn.

D’LSAP muss e Wee fannen, deen ëmmer am Sënn vun der sozialer Gerechtegkeet an den Interesse vun de sozial Schwaachen ass, mais deen zu gläicher Zäit fir e responsabelt Wirtschafte steet, ouni iwwerdriwwen Austeritéit, mä a vollem a realisteschem Bewosstsäin, vun de wirtschaftleche Kapazitéiten vun eisem Land fir och an Zukunft d’Scholdelaascht ze droen, déi mer eis haut opleeën. Fiskal a budgétaire Verantwortung ass net konservativ oder riets, an et verbitt och net d’Duerchsetze vun engem progressiven Agenda, wéi e rezenten Pabeier vun engem engleschen Think-tank (Policy Network) och nach eng Kéier ennërsträicht: “There is nothing right wing about fiscal conservatism. It simply means that those from whom the state borrows can have absolute confidence that it will meet its obligations to repay, come what may. This means adopting an approach which is careful, risk averse, and cautious. More importantly, Labour’s ability to advance social justice can go hand-in-hand with a clear, fiscally conservative stance.”[5]

Daat ass d’Erausfuerderung och fir d’LSAP zu Lëtzebuerg: responsabel wirtschaften an investéieren, am Interessi virun allem vun de sozial schwaachen Mënnschen an de Mëttelschichten, mä mat engem stännegen an kloere Bléck op d’Statsfinanzen.

*          *          *

PS: Ah jo, an da sinn do och nach ëmmer déi “Experten” déi soen, dat wier keng Politik fir eng sozialistesch Partei. A wat ass iwwerhaapt eng sozialdemokratesch Politik. Ass Spueren net konträr zum demokratesche Sozialismus? Do muss e just op eng fréi Ried vum Willy Brandt um VI. Landesparteitag vun der Berliner SPD, vum 8. Mee 1949 hiweisen: “Der demokratische Sozialismus ist ein in sich nicht abgeschlossenes System von Vorstellungen über eine Neugestaltung der gesellschaftlichen Verhältnisse. Sein formuliertes Programm wird immer nur die Summe gemeinsamer grundsätzlicher Überzeugungen in einer bestimmten Periode entsprechend dem jeweiligen Grad wissenschaftlicher Erkenntnis sein können. Aber diesen sich weiterentwickelnden grundsätzlichen Überzeugungen liegt eine gemeinsame Lebensanschauung zugrunde. Sie fußt auf dem Bekenntnis zur Freiheit und zum Humanismus, zum Rechtsstaat und zur sozialen Gerechtigkeit.” Fir sech dodrunner ze erënneren muss een net fir t’éischt an d’Oppositioun…

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. www.tageblatt.lu/nachrichten/meinung/story/Der-Fiskalmultiplikator-oder-der-Teufelskreis-28112664 []
  2. news.rtl.lu/news/national/84107…/347467.html []
  3. www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg/story/Nicolas-Schmit—-Keine-Tabus—31100039 []
  4. www.yvescruchten.net/wp/2012/11/17/wat-muss-gesot-ginn/ []
  5. www.policy-network.net/publications/4101/-In-the-black-Labour []

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *