quaesitio

D’Recht vun der Fra : Si elle veut!


Dass de Fraëkierper 2012 ëmmer nach e politescht Schluechtfeld ass, weisen esou extrem Äusserungen, wei dei vum Todd Akin, dem republikaneschen Representative aus dem Missouri, am August vun dësem Joër, deen den Avortement esouguer bei engem Viol refuséiert, ënnert dem onsägleche Prétexte, dass: “if it’s a legitimate rape, the female body has ways to try to shut that whole thing down” [1].
Oder säi Parteikolleg Richard Mourdock, deen huet dunn am Oktober gemengt: pregnancy from rape is “something that God intended.” Déi Spréch sinn esouguer nach méi absurd, wéi dat ironescht Lidd vu Monty Python: “Every sperm is sacred, every sperm is great. If a sperm is wasted, God gets quite irate…
Zu Lëtzebuerg bleiwe mer vun esou extremen Débilitéite verschount, mais och hei ginn et Leit, déi sech zwar méi geschéckt ausdrécke kënnen, awer net manner kloer a Richtung “pro life” zéien.

Do sinn z.B. déi rezent Aussoë vum Erzbëschof Hollerich [2] a sengem “Hirtenbrief” (sic), deen domat un eng räich Traditioun an der kathoulescher Kierch an um rietse Fligel vun der CSV [3] uknäppt. Hie positionnéiert sech net nëmmen als Verteideger vum ongebuerene Liewen, mais hëllt doriwwer eraus och Positioun zum Projet de loi iwwert d’Reform vum Ofdreiwungsrecht. Folgend Äusserung ass dobäi besonnesch opschlossräich: “Die staatliche Anerkennung der Straffreiheit darf niemanden irreleiten, so dass der Eindruck entstehen könnte, Straffreiheit bedeute, ein bestimmtes Unrecht sei rechtens. Die vorgeschlagenen Veränderungen machen das bestehende Gesetz nicht besser. Der gewollte Abbruch einer Schwangerschaft ist und bleibt Unrecht am entstehenden Leben, an der Gesellschaft sowie im Rechtsstaat, auch wenn dieser unter den aktuellen und den zur Diskussion stehenden Bedingungen darauf verzichtet das begangene Vergehen als Straftat zu qualifizieren und entsprechend zu ahnden.”

Den ieweschte Représentant vun der kathoulescher Kierch signaliséiert domat seng Oppositioun zum Projet de loi n°6103 deen am Januar 2010 déposéiert gouf, an deen d’Avortementsgesetz vun 1978 libéraliséiere soll, haaptsächlech am Sënn, dass een eng Indicatioun fir “état de détresse sociale” aféiert, an d’Dépénalisatioun vum Avortement net méi vun enger Constatatioun vun engem Dokter ofhängeg mécht. Scho beim Dépôt vum Projet de loi am Januar 2010 ass d’Reform, vollkommen zu Recht, hefteg kritiséiert gi vun Organisatioune wéi dem CID-Femmes [4] an dem Planning Familial [5], well déi sougenannte Kompromissléisung tëschent LSAP an CSV zwar de facto op eng Fristeléisung erauskënnt, allerdéngs net ouni de Stigma vun der Pénalisatioun opzeginn, an ouni och d’Schikanerien duerch zwou obligatoresch Konsultatiounen ofzeschafen, wou unerkannt neutral Konsultatiounsstellen wéi “Initiativ Liewensufank” hierem Numm sécher all Éier wäerte man. D’Lëtzebuerger Menscherechtskommissioun huet sech dunn am Dezember 2010 och ganz kritësch mam Projet ausernee gesat, awer och déi Kritiken a Recommandatioune si leider net berücksichtegt ginn. [6]

Dass mat der CSV keng wierklech progressiv Reform mat enger einfacher Fristeléisung, ouni “wenn und aber” ze maachen ass, schéngt evident. Am Wee steet eng Ideologie, no där d’Schicksal vun der Fra nach ëmmer egal war a wou een en Embryo oder de Foetus vun Ufank un wéi e Mensch ugesäit, deem säi Wäert iwwert der Fra hirem fräie Wëllen an hirer Selbstbestëmmung steet. Mais, dass och de Projet de loi deen elo virläit dem “C” an der CSV nach ëmmer ze wäit geet, an d’kathoulësch Kierch duerch en “Hirtenbrief” décidéiert huet op de politëschen Débat Afloss ze huelen, an d’Mediziner ze intimidéieren, ass scho beonrouegend.

Die katholische Kirche stützt sich in ihren Aussagen nicht nur auf ihr jüdisch-christliches Menschenbild, sondern auch und vor allem auf die Vernunftargumentation im Rahmen der Tradition der Menschenrechte“ heescht et weider am Bëschof séngem „Hirtenbrief“. Dass den Erzbëschof sech dann an senger Argumentatioun och nach op d’Mënscherechtskonventioun berifft ass de Summum vun der intellektueller Onéierlechkeet an vun der mauvaise foi. Dass de Vatikan déi Konventioun net ratifiéiert huet [7], well et keen demokratësche Stat ass, an deem d’Mënscherechter respektéiert géifen, läit jo wuel op der Hand. Dobäi kënnt, dass d’Kierch de Mënscherechter ëmmer mat engem grousse Mësstraue begéint ass, jo se esouguer bekämpft huet. Schlussendlech dierft et all normal denkende Jurist kloër sinn, dass déi Artikele vun der CEDH, déi den Erzbëschof zitéiert, offensichtlech vun hirer ratio legis détournéiert gi sinn, fir hinnen e ganz aneren, ganz déterminéierte Sënn ze ginn, deen do esou iwwerhaapt net steet. D’Rechter vun der Fra ginn natierlech net ernimmt. Et kann een, an engem fräie Land, d’Meenung vertrieden, dass den Avortement am Prinzip ëmmer e Mord ass, mais et soll een et w.e.g. net op sou eng ondezent Art a Weis probéieren ze justifizéieren.

Ech muss awer och soen, dass d’Positioun vun der LSAP an dëser wichteger gesellschaftspolitëscher Fro ganz critiquable ass: amplaz sech resolut hannert d’Fraen ze stellen, an engem Débat wou et am Endeffekt ëm d’Recht vun all Fra geet iwwert hiere Kierper selwer ze entscheeden, an ongewollte Kanner net ze kréien, léisst d’LSAP sech op eng wootlech Reform an, an där Fraen ëmmer nach als onmündeg behandelt (obligatorësch Konsultatiounen) a stigmatiséiert ginn (duerch de pénale Kader vum Gesetz). D’Prémissen vu sou enger “Reformette” missten fir all Progressist a Sozialdemokrat – egal ob Fra oder Mann – am Joër 2012 komplett inakzeptabel sinn, an net zur Dispositioun stoen. Et kann een hei der Leitartiklerin aus dem “Land” Recht ginn: dee “Kuhhandel” [8] mat der CSV hätt net missen sin.

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. www.cbsnews.com/8301-250_162-57496369/romney-scott-brown-rebuke-akins-rape-comments/ []
  2. An engem Artikel, an deem den Titel scho Révélateur ass: “Wunder des Lebens, Zeichen der Hoffnung”: www.wort.lu/de/view/wunder-des-lebens-zeichen-der-hoffnung-5096848de4b08ca747b6e61f []
  3. Un déi de Romain Hilgert an sengem Artikel « Die Ritter des ungeborenen Lebens » am Land vum 29.1.2010 erënnert. []
  4. Déi doropshin d’Pétitioun “Si je veux” lancéiert hunn. []
  5. Cf zum Beispill den Interview mam Danielle Igniti “Les femmes victimes d’un jeu politique” am Quotidien vum 1.2.2010. []
  6. www.ccdh.public.lu/fr/avis/2010/avis_CCDH_PL_6103_final.pdf []
  7. Als eenzegen europäesche Stat mat Ausnahm vu…. Wäissrussland! []
  8. Wéi d’Ines Kurschat an hirem exzellenten Leitartikel “Der Wert der Frau” am Land vum 9.11.2012 schreift. []

One thought on “D’Recht vun der Fra : Si elle veut!”

  1. Pingback: Bing Hellinghausen, oder: n’est pas Martin Luther King qui veut : Franz Fayot
  2. Trackback: Bing Hellinghausen, oder: n’est pas Martin Luther King qui veut : Franz Fayot

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *