quaesitio

SREL – oder, weder « checks » nach « balances »?


Eise Rechtsstat fonctionnéiert op der Base vun der Gewaltentrennung, der Séparatioun vun den dräi Pouvoirsen an nom Konzept vun den “checks and balances”: all Pouvoir soll e Géigepouvoir hunn – a fir all Pouvoir soll et och eng effektiv Kontroll ginn, fir eventuell Abusen ze ënnerbannen. Beim SREL, dem lëtzebuerger Geheimdéngscht, an eng Branche vun der Exekutiv, waren déi “checks and balances” entweder net do, oder si hunn zumindest net fonctionnéiert.

Den Alex Bodry huet viru kuerzem Folgendes op Facebook geschriwwen: « De Geheimdéngscht ass 2004 mat de Stëmme vun CSV, DP an ADR reforméiert ginn. Deemools hunn ech am Numm vu menger Partei kritiséiert, dass keng intern Kontroll a kéng wierksam extern Kontroll am neie Gesetz virgesi war. Lo sti mer virun de Schiebelen vun enger schlecht duerchduetener Politik.” Et ass een duerno ëmmer méi schlau, mä am Fall vun der Geheimdéngscht-Reform vun 2004 kann een net soen, dass een net virgewarnt war [1]. Haaptsächlech säitens der LSAP sinn déi Kontrollen, déi schlussendlech zeréckbehale gi sinn, kritiséiert an hannerfrot ginn. Deemools huet sech eng kloer politesch Ligne de démarcation gezunn tëschent Lénks (LSAP, Gréng, déi Lénk), déi der Reform kritesch géigeniwwer stoung, a Riets (CSV, DP, ADR) – dass och d’DP, déi am Fong nach e Rescht vu liberale Wäerter an hirem ADN misst hunn an allergesch op e Renforcement vum Geheimdéngscht reagéiere misst, déi Reform mat Enthusiasmus matgedroen huet, seet och Muenches iwwert den Zoustand vun där Partei deemools aus.

Zu der Fro vum Contrôle interne (duerch den responsabele Minister) sot den Alex Bodry deemools Folgendes: “Och Contrôle interne besteet eigentlech de facto keen. Natierlech huet den zoustännege Minister d’Recht, fir dat ze iwwerwaachen. Mä och hie kann net alles wëssen, wat bei enger Verwaltung sech deet. Dat ass natierlech e seriöe Problem, wann och intern keng Struktur besteet, fir déi Kontroll do auszeüben. Wéi gesot, bei der Police hu mer dat gemaach. Deemools huet d’Demokratesch Partei gewarnt virun engem Polizeistat. Ech weess net, viru wat dass se haut warnt, wa mer deen heiten Text hei wäerten ofstëmmen, wou si jo wäert dofir stëmmen. Hei ass guer kee Contrôle interne virgesinn, an dee Contrôle externe, dee virgesinn ass, deen entsprécht net engem wierksame Contrôle externe.”

Dass déi politesch Kontroll déi de Statsminister iwwert de Geheimdéngscht huet, total versot huet, ass säit der Pressekonferenz vum Jean-Claude Juncker vum 6 Dezember offiziell: hien huet zu Protokoll ginn, dass beim Srel “nicht alles 100-prozentig geklappt hat, dass manche Leute sich ohne mein Wissen oder das Wissen ihres Direktors selbstständig gemacht haben”. Dass de Srel-Direkter Marco Mille net direkt entlooss ginn ass, obwuel d’Vertraue vu sengem Supérieur Juncker jo wuel net méi do war no sengem Lausch-Ugrëff vum Januar 2007, mä souguer onbehellegt a sengem Amt bleiwe konnt, justifiéiert de Premier mat dem ongehéierlechen Grond, dass ee während där Zäit keen aneren Direkter am Srel gehat hätt, an domat vun auslännesche Geheimdéngschter ofgekapselt gewierscht wär, wat au vu vu reellen “Bedrohungen” géint Lëtzebuerg (wat dat ass dierf hien natierlech net soen, well dat ass jo geheim…) keng Optioun war.

Zu der Fro vum contrôle externe, huet d’LSAP duerch den Alex Bodry 2004 en anere System préconsiéiert, wéi dee vun der Kontroll duerch d’Fraktiounspresidenten. Déi Alternativ hätt op dem belsche Modell  baséiert “deen eng permanent spezialiséiert Kommissioun huet vun net Deputéierten, déi permanent eigentlech do sinn, fir ze kontrolléieren, wéi sech dat deet, déi op eng Plainte individuelle och kënne reagéieren an déi also och kënnen op esouguer Enquêteuren zréckgräife fir am Service selwer eng Enquête duerchzeféieren, wat eist Parlament net ka maachen”. Déi Ausso hat prémonitoirë Wäert: et ass illusoresch ze mengen, dass eng efficace Kontroll eleng vun enger parlamentarescher Kontroll, composéiert duerch Laien an deem Domaine, ausgoe kann. Dass och den externe Kontroll duerch d’Parlament net fonctionnéiert huet, muss net weider kommentéiert ginn.

Den externe Kontroll vum Parlament gëtt och net zulescht duerch en absoluten, strofrechtlech sanctionnéierte Secret (am Artikel 16 vum Gesetz vun 2004) zu engem “zahnlosen Tiger” gemaacht. Och dat huet den LSAP-Riedner Alex Bodry deemools schonn ënnerstrach: “e Problem, deen déi Kommissioun wäert hunn, ass éischtens eens ze gi mat dem Secret. Dat ass nei an där Mooss fir d’Lëtzebuerger Parlament. Dat gëtt net einfach. Méi soen ech dozou net. Egal wat fir ee Modell dass et wier, d’Obligatioun vum Secret géif spillen. Dat gëtt net einfach fir domadder an engem besonnesch klenge Land eens ze ginn, och opgrond vun deem Zesummespill Politik/Press, wat mer kennen, wat e Facteur ass, deen hei zu Lëtzebuerg ganz staark spillt. Dat gëtt sécherlech net einfach, fir dass d’Kommissioun och do wierklech an de Fong geet, net nëmme Rapporten zur Kenntnis hëlt, mä och wierklech an eenzelne Fäll vläicht aktiv gëtt. Mä dat setzt viraus, dat ass e Schwaachpunkt vum Text, dass se gewuer gëtt, wat ass. Et gëtt en allgemenge Rapport gemaach. Et liest ee vläicht iwwer eenzel Fäll an der Press oder an der öffentlecher Meenung héiert ee vu Geschichten. Mä wann déi Kommissioun net weess, a wat fir engen Dossieren dass eigentlech de Service de Renseignement schafft, zu wat fir engen Dossiere soll se da Renseignementer froen?

Dass domat och d’Kontroll duerch d’Press iwwert de Geheimdéngscht immens erschwéiert gëtt, ass och evident. Wéi wichteg déi Kontroll ass, läit op der Hand: eng gutt investigativ Press ass e Garant géint d’Willkür vum Stat, eng reell Gefor besonnesch a Saachen Geheimdéngscht:  eng Abberzuel vun Affäre ginn duerch d’Press opgedeckt, et brauch een just u Watergate, Rainbow Warrior an aner ähnlech Affären ze denken.

Op d’Kontradiktioun tëschent der “protection des sources” am Pressegesetz an der strikter Interdictioun am Geheimdéngscht-Gesetz sech geheim Renseignementer ze prokuréieren ass am Débat parlementaire vum Serge Urbany fir déi Lenk higewisen ginn.

Wann een also elo iwwert d’Reform vum Srel nodenkt, déi net ausbleiwen däerf, soll ee sech dës Kéier fir d’éischt d’Fro vun der Kompatibilitéit vun engem Geheimdéngscht an enger parlamentarescher Demokratie an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg stellen [2] an och seng Ofschafung, oder du moins seng Begrenzung op ganz spézifesch, vill méi strikt définéiert Missiounen an der sûreté extérieure (z.B. Relatiounen mat aneren Nato-Länner), ganz sériö an d’A faassen.

Dozou sollten och d’Mëttel vum Geheimdéngscht vill méi präzis définéiert ginn, an all Méiglechkeet vu Bespëtzelung fir innepolitëschen Zwecker ausgeschloss ginn. An och den Datenschutz an de Schutz vun der Privatsphäre muss am Kader vun all Aktivitéiten vum Geheimdéngscht vill méi eescht gehol ginn.

Well, wann de Geheimdéngscht-Skandal eppes gewisen huet, dann ass et dass grad e Srel an eisem Rechtsstat un eng besonnësch kuerz Léngt gehéiert.

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. Hei den link op den compte-rendu: www.chd.lu/wps/PA_1_084AIVIMRA06I432DO10000000/FTSShowAttachment?mime=application%2fpdf&id=786446&fn=786446.pdf []
  2. Dozou och den Leitartikel vum Romain Hilgert “John Edgar Hoover” am Land vum 23. November 2012. []

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *