quaesitio

Eng gëllen Auer fir eise Premier


Jean-Claude JunckerDen 21. Dezember 2012 war et 30 Joer hier, dass de Jean-Claude Juncker als Staatssekretär an déi deemoleg Werner-Regierung beruff ginn ass, fir bis zum heitegen Dag onënnerbrach an all Regierung als Minister dobäi ze sinn, vun 1995 un als Premier. Déi extraordinaire Carrière vum Jean-Claude Juncker, säi politesche Flair, seng oft betounte sozial Oder, seng international Statur goufen zu Recht an allen Zeitungen geéiert an ee wéi de Juncker sicht hei zu Land sécher senges Gläichen. Déi politesch Longévitéit vum Jean-Claude Juncker huet sécher vill ze dinn mat sengem Charisma an, wéi gesot, matt sengem politeschen Talent.

Et fält awer op, dat zu Lëtzebuerg dat politescht Personal iwwerhaapt wéineg changéiert, oft si Politiker, wann se bis eng Kéier gewielt sinn, bis zu hirer Pensioun an diversen Ämter aktiv. Do stellt sech d’Fro: ass dat éischter en Zeechen vu Stabilitéit oder vun enger politescher Sklérose? Wéi ass et méiglech, dass sech zu Lëtzebuerg Politiker esou laang um Pouvoir hale kënnen, an wat sinn déi systemesch Implikatiounen vu sou engem Phänomen fir eist Land? Sou war eng franséisch Kollegin eng Kéier ganz schockéiert, wéi ech hir explizéiert hunn, dass zum Beispill de Fernand Boden vun 1979 bis 2009 ouni Ënnerbriechung Minister war. « Mais le Luxembourg est bien une démocratie ? » huet hat mech gefrot. Oder d’Marie-Josée Jacobs, dat zanter 1994 an der Regierung ass. Och de Luc Frieden, den éiwegen Dauphin, ass zanter 1998 an der Regierung. Bei deene läscht genannten – anescht wéi beim Premier –  huet dat wuel net onbedéngt matt groussem politeschen Talent ze dinn.

De Phänomen huet wahrscheinlech vill méi matt eisem Wahlsystem ze dinn, deen, ab engem gewësse Bekanntheetsgrad, eng Zeréckwahl quasi automatesch mécht – wann ee bis Minister war, muss ee schonn eng schwéier komme loosse, fir net méi ganz vir op der Lëscht bei Chamberwahlen ze landen. Am Prinzip hu mir ëmmer nach e System vu Notablen, déi iwwer Joeren d’Land regéieren. Déi alimentär Dimensioun vun eisem Wahlsystem, duerch den Typus Politiker deen e favoriséiert, ass och eng Brems zur Erneierung vun eisem politesche Personal an, fir et diplomatesch ze soen, net onbedéngt e Garant fir Qualitéit. Dee Problem besteet an alle Parteien, awer duerch di prépondérant Stellung vun der CSV, ass de Phänomen bei där Partei op Regierungsniveau am beschte siichtbar.

De Problem vun der Longévitéit an der Politik, haaptsächlech op Regierungsposten, ass engersäits Amtsmiddegkeet. Et kann een der Meenung sinn, wéi den Willy Brandt eng Kéier sot, dass ee no 10 Joer an der Regierung hoffentlech all seng Iddien ëmgesat huet, an während deeër Zäit keng Méiglechkeet hat neier z’entwéckelen. Da sollt ee Plaatz maache fir déi nächst Generatioun.

Mä 30 Joer un der Muecht heescht och, aussergewéinlecht Talent hin oder hier, dass ee wahrscheinlech ëmmer konnt aus dem Vollen schäffen, an ni wierklech ganz schwéier an onpopulär Decisioune huet missen huelen. D’Muecht mécht vir all Regierung méi Spaass, wann een et jidderengem ka Recht maachen. Wann een awer ufänke muss, de Rimm méi enk ze zéien an haart Arbitragen ze maachen, ass et eng aner Gei.

Schwéier an onpopulär Decisioune mussen awer geholl ginn – wa net méi esou vill Geld do ass fir ze verdeelen, da kann een och di national Politik net méi niewelaanscht als Hobby bedreiwen. Eis Classe politique huet demnächst wuel genuch Geleeënheet ze weisen ob a wat se kann. Net nëmme bei schéinem Wieder.

12 thoughts on “Eng gëllen Auer fir eise Premier”

Répondre à Jerome Herr Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *