quaesitio

Taxe op eidel Wunnéngen: to be or not to be?


Tennant_and_Tchaikowsky_as_Hamlet_and_YorickEt kënnt e bësse Beweegung an d’Debattë iwwert eng Taxe op eidel Wunnenge – jo besonnesch an der Stad Lëtzebuerg e Problem, wéinst der Deierecht vum Wunnen, déi et deene mannsten nach erlaabt an der Stad ze liewen [1].

Et handelt sech hei och em en zentralt Thema an der LSAP hirem Wahlkampf 2011 an der Stad (an och an bal all Wahlkampf virdrun) – no 40 Joer Laissez-faire an totaler Indifferenz fir d’Wunnengspolitik an der Stad säitens der DP an hire jeweilegen Junior-Partneren, schéngt dëse Sujet dann elo op den Ordre du jour ze kommen – tant mieux!

D’Claudia Dall’Agnol an den Alex Bodry hunn heizou 2 parlamentaresch Froe gestallt, a krute geäntwert, dass bis elo just Esch-Alzette a Beckerich sou eng Steier agefouert hunn[2].

De Ministère du Logement schafft zur Zäit apparemment un engem “Règlement-type” fir d’Gemenge – wéi et schéngt och an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg (cf mäin Échange mam Viviane Loschetter), an och un engem neie Gesetz dat am Mäerz soll présentéiert ginn (dixit Viviane Loschetter), vun deem ech awer perséinlech näischt weess.

An der Stad Lëtzebuerg war et no den Deklaratioune vum Buergermeeschter Xavier Bettel am Juni 2012 jo roueg ginn ëm dës Steier – nom mëttlerweil bekannte “Modus operandi”: ech soen elo mol eppes, an da geschitt… näischt[3].

Déi Gréng hunn elo fir haut 14 Januar 2013 eng Konferenz mam Christos Doulkeridis (Ecolo), Secrétaire d’Etat du Gouvernement bruxellois en charge du Logement organiséiert iwwert d’Thema “Juegd op eidel Wunnengen”.

Zu Bréissel sinn jo nach méi drastesch Methoden adoptéiert ginn wéi eng Taxe géint eidel Wunnenge – Bréissel huet och déi juristesch Instrumenter Proprietairen ze expropriéieren[4].

Et dierf ee gespaant sinn, ob déi Gréng sech an dësem Dossier duerchsetze kënne – et wär natierlech ze hoffen am Sënn vun der Saach an der Stad, mä schonn d’Reaktiounen op de Questionnaire (dee vum Verwaltungsgeriicht als illegal erkläert ginn ass) vun der Stad iwwert Zweckentfremdung vun 2009, schwätze Bänner [5]. Eng Taxe géint eidel Wunnengen dierft virun allem der DP hirem Stamm-Elektorat vu Proprietairë scho sauer eropstoussen, scho guer net ze schwätze vun engem Text iwwert Expropriatioun.

Zum selwechten Thema och nach dësen Échange mam Viviane Loschetter, dat op ee bësse stëppelege Post op Facebook vu mir an dem Christophe Schiltz zu deene Gréngen hire Wunnengspolitik-Proposen, geäntwert huet.

Hei de link op d’Diskussioun:  konkretpolitik.greng.lu/gr%C3%BCne-wohnungspolitik

Et ass luewenswäert, dass eng Politikerin sech d’Zäit hëlt op esou Posten ze äntweren. Ech hoffe wierklech, am Interêt vun eiser Stad, dass déi Mesurë vun deenen d’Viviane Loschetter schwätzt an hiren Äntwerten och ëmgesat ginn an d’Pressioun op d’Wunnengspräisser erofsetzen. Mä, wéi ech a mengem Post schreiwen, ech constatéieren, dass déi Gréng elo säit méi wéi 7 Joer um Pouvoir sinn, an d’Situatioun um Wunnengsmaart nach net vill besser ass. Ech sinn also zimlech skeptesch.

Mä ech hoffen ech ginn agréabel iwwerrascht.

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. www.wort.lu/de/view/mieten-und-kaufen-immer- teurer-50232b49e4b0993b71bd11fc []
  2. http://paperj.am/edzw5wn4g cf Le Quotidien du 5.1.2013, article de Fabien Grasser “Logements inoccupés: un texte très attendu” []
  3. www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg/story/11849625 []
  4. www.wort.lu/de/view/bruessel-eroeffnet-jagd-auf-immobilienspekulanten-5027f5c7e4b066f363b8e21f []
  5. dozou cf den analytesche Bericht vum Gemengerot vum 17 Oktober 2011, an d’Stellungnahm vum deemolege Buergermeeschter Paul Helminger, Säit 245 vum Analyteschen. []

3 thoughts on “Taxe op eidel Wunnéngen: to be or not to be?”

Répondre à Katia Duscherer Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *