quaesitio

FRK Debatt 31.1.2013 – la fin des chemins battus


De komplette Video vun der FRK-Debatt den 31.1.2013 ass elo online op YouTube.

Den Débat mam Nico Schmit, Serge Allegrezza, Tizama Telou, Alvin Sold an Norbert Becker war ganz interessant. An d’Participanten hu mat franc-parler hir Meenung gesot – jo net ëmmer eng Selbstverständlechkeet a lëtzebuerger Débaten.

D’Diskussioun war an 3 Deeler strukturéiert:

1. État des lieux – wéi schlëmm ass et wierklech ëm Lëtzebuerg bestallt?

2. Wat sinn d’lëtzebuerger « Chemins battus »?

3. Wéi komme mer aus der Kriis eraus?

Et sinn eng ganz Partie interessant Iddien aus dem Débat erausgaang: dem Nico Schmit seng Propose fir d’Reserven vun der Pensiounskeess an de lëtzebuerger Logement ze investéieren, amplaz op d’Bourse. Der Tizama Telou hir Proposen zum Thema Jugendsaarbechtloségkeet an Entrepreneuriat, dem Norbert Becker seng « Coups de gueule » 5 vir 12. Dem Serge Allegrezza seng ëmmer lucide Analysen. An dem Alvin Sold seng engagéiert Positiounen.

Den Débat ass also wierklech cultivéiert ginn, an doriwwer sinn ech frou.

Wann ech et awer nach eng Kéier ze maachen hätt, géif ech am Fong just nach den 3. Deel behandelen. Et sinn vill wichteg Themen net zur Sprooch komm:

– den PIBien-Être: musse mer eise ganze Liewensstyl iwwerdenken, ass deen nach soutenable à terme? Net nëmmen eng lëtzebuergësch Debatt, selbstverständlech.

– de Stellewäert vun der Educatioun – wéi musse mer eis opstellen, fir dass zukünfteg Generatiounen eng optimal Chance kréien gudd an d’Liewen ze starten?

– wéi gesi mir eis als Land an Europa an an der Welt? Och emol déi inconfortabel Fro vum Schmarotzertum thématiséieren.

Mä, duerno ass een ëmmer méi schlau! Stoff op alle Fall fir eng weider Diskussioun.

Trotzdem, eng flott Debatt. Enjoy!

http://youtu.be/z15RUTMd5E0

One thought on “FRK Debatt 31.1.2013 – la fin des chemins battus”

Répondre à Henoke Courte Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *