quaesitio

Don’t do as I do, just do as I say…


bettel

Am Kontext vum Débat zum Projet de Loi 6521 iwwert verschidde Mesurë géint de Jugendchômage, huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit dem versammelte Stater Schäfferot, an u virrechster Stell der Jugend-Schäffin Viviane Loschetter, den Dënschde 26 Februar an der Chamber d’Fro gestallt firwat d’Gemeng Lëtzebuerg net méi wéi… 25 (!) Jugendlecher als Apprentië géif beschäftegen. Deem war eng zimlech hefteg Charge säitens der Mme Loschetter géint den CAE an aner Mesurë vum Projet de Loi virausgaang. (D’Ines Kurschat huet och op dës Altercatioun am Blog vum Land a senger Ausgab vum 1.3.2013 higewisen.)

Eng justifiéiert Fro mengen ech: firwat beschäftegt d’Gemeng Lëtzebuerg, mat déi räichsten am Land, mat enger totaler Beleegschaft vun 3711 Leit (Moyenne d’âge 41,25 Joer), domat 7. Employeur am Land, nëmme mickreg 25 Apprentien?

Amplaz sech ze schummen an zouzeginn, dass een et kéint besser maachen, gëtt op déi Fro vu Säite Blo-Gréng op eng Aart a Weis réagéiert, déi ech perséinlech choquant fannen an déi dem parlamentareschen Débat net würdeg ass.
Am Resumé: Hiweiser op eng vague Réunioun Ufank Abrëll mam SNJ an der Action pour Jeunes, ganz besonnesch pénibel Prise à partie vum Minister duerch de Xavier Bettel, hie géif jo mengen et géif duergoen den Direkter ze ersetze fir Problemer ze léisen, an hie wär just Expert a Saache Police…

Déi Glanzminutte vun DP-Gréng Oppositiounspolitik kann een tëschent 3h26′ 30 » an 3h29′ an dësem Video op Chamber TV bewonneren: Seance_22_26.02.2013@14.30_02.21.12-02.25.03 (1)

Dat ganzt erënnert mech un eng Linn aus engem Genesis Lidd iwwert Telepreachers, jo e Sinnbild vun Hypokrisie: « Dont do as I do, just do as I say… ». E gudd Beispill vu blo-grénger Doppelzüngegkeet.

2 thoughts on “Don’t do as I do, just do as I say…”

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *