quaesitio

Hunn oder sinn?


gurskyEt gëtt heiansdo Momenter am Liewen, wou ee sech freet wéivill een eigentlech brauch? Brauch ee wierklech déi 15 Costumen an 30 Hiemer déi een am Schaf hänken huet? Soss hat zu Lëtzebuerg all Drëtten en Zweetauto, haut schéngt et wéi wann all Zweeten en Drëttauto huet. Heiansdo réaliséiert een, dass ee vill méi Saachen huet wéi een a Realitéit bräicht.

Ech inspiréiere mech an dësem Post vun engem remarquabelen Artikel an der Zeit vum 28.2.2013 ënnert dem Titel “Jan Müller hat genug” [1]. An deem Artikel geet et ëm d’Spannung tëscht der iwwerall beschwuerener Croissance als Léisung vun alle politesche Problemer, an der Fro, wien dann an eisen iwwersättegte westlechen Zivilisatiounen dee Surplus u Produktioun, dee mer anscheinend bräichten, dann och nach consomméiert? Anescht gefrot: hu mer net ganz einfach ze vill? Ass et net einfach moralesch falsch, nach méi Konsum a Wuelstand ze fuerderen? Ass et – fräi nom Erich Fromm – just nach « haben » an net méi « sein »? A kann een dofir wierklech nach op d’Croissance als Auswee aus all eise Problemer zielen?

Fir mech artikuléiert deen Text eppes Gefilltes: de Konsum ersetzt, jo verdrängt, eng besser Gesellschaft, wou d’Leit amplaz Samschdes mëttes an de Cactus oder an den Auchan ze goen, zum Beispill matt der Famill an de Bësch spadséiere ginn, wou se sech an engem Club engagéiere, kuerz: eppes zesumme maachen, an net wéi Zombien duerch e Shopping Mall zéie fir Saachen ze kafen, déi se souwisou schonn 3-mol doheem hunn. E Gefill wat besonnesch zu Lëtzebuerg, dem Shopping Weltmeeschter [2] jo extra pertinent ass.

Et ass en ongezügelte Kapitalismus, wou de Konsum eng “self-fulfilling prophecy” vum Gléck gëtt, eng fin en soi. An, dass déi Logik eise ganzen humanistesche Wäertesystem op d’Kopp dréit. Dës Kapitalismus-Kritik hunn ech virun e puer Joer och an engem Zeit-Interview vum Arundathi Roy [3], der indescher Schrëftstellerin, gelies, déi déi westlech Welt kritiséiert wéint engem insoutenable Konsum-Rhythmus, deen de Planéit à moyen terme futti mécht, an eng global sozial Inegalitéit mat sech bréngt. [4]

Den Zeit-Artikel huet de Mérite, dass en d’Endlechkeet vun der Croissance an eise scho gesättegte Gesellschafte mam onendleche Croissance-Usproch vun der Politik confrontéiert: toutes tendances confondues gëtt de Glawen un d’Heelkraft vum Marché a vun der Croissance, dem Moteur vun eiser Economie, an domat vun eiser Gesellschaft, gepriedegt.

Also stellt sech d’Fro vun der Vitesse: ass d’Léisung net, dass mer all e bësse méi lues trëppelen, e bësse méi lues liewe mussen? A villäicht, noutgedrongen, och e bësse besser, méi glécklech? Reflexioune wéi déi ronderëm den PIBien-être ginn an déi Richtung a weisen interessant Pisten aus, déi vill méi thematiséiert sollte ginn. An eng ähnlech Richtung ginn d’Iwwerleeunge vun der « Commission on the Measurement of Economic Performance and Social Progress » déi vum Joseph E. Stiglitz, Amartya Sen a Jean-Paul Fitoussi gefouert goufen. [5]

D’Diskussioun ronderëm d’Croissance weist awer och dass mer méi oft déi dominant politesch an economesch Dogmen vun der Zäit a Fro stelle mussen. Wéi zum Beispill: d’Liberté de circulation des capitaux et des marchandises ass nëmme gudd wa se onageschränkt ass. Eng Doktrin vu liberaler Inspiratioun, déi während Joerzéngte vu Regierungen, vun europäeschen an nationale Politiker aller Couleur, an och vun de Leit ouni laang Zäit ouni Weideres geschléckt gouf. Genau wéi den Dogma: d’Croissance léist all d’Problemer…

Dat ass, natierlech, keng reng lëtzebuergesch Problematik: Et ass e globale Problem. Mä bei eis wäert sech déi Fro demnächst ganz akut stellen: wat gëtt aus eisem Renten-System, aus eisem Budget, wa mer keng Croissance vu 4 Prozent d’Joer méi hunn?

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. http://www.zeit.de/2013/10/DOS-Konsum []
  2. Lëtzebuerg war 2010 international Spëtzt a punkto Densitéit un Akaafsfläch, mat 1,9 m2 pro Awunner (au total 950 000 m2 am Land) – an der Stad Lëtzebuerg an Umgebung souguer 2,2 m2 pro Awunner – ouni Projeten wéi Ban de Gasperich, Place de l’Etoile, Royal Hamilius, Livange anzerechnen. Dozou, notamment: J. Hansen « Luxembourg shopping mall », d’Land, 26.11.2010; P. Leyers « Im Einkaufs-Paradies », Luxemburger Wort, 15.6.2010, p.2. []
  3. www.zeit.de/2011/37/Interview-Roy []
  4. Hei en Extrait aus deem Interview, bei deem et justement ëm de Konsumerismus vun de Mëttelklasse geet:
    « ZEIT: Woher wissen Sie, dass die Menschen im Urwald nicht auch gerne in die Mittelklasse aufsteigen und einen schönen Mercedes-Benz fahren möchten?
    Roy: Sie wollen in Ruhe gelassen werden und im Wald leben.
    ZEIT: Sind Sie sich da so sicher?
    Roy: Das sagen sie. Sie wollen kein Leben mit Bodyguards und Polizeibewachung.
    ZEIT: Aber vielleicht doch mit Geschirrspüler und Haarfestiger?
    Roy: Ich glaube nicht, dass das jeder haben will. Was jeder braucht, ist sauberes Wasser und ein Minimum an Gesundheitsfürsorge, Zugang zu Medikamenten. Was Indien so faszinierend macht, ist, dass es hier sehr viele Menschen gibt, sogar in der Mittelklasse, die ein Leben führen wollen ohne diese überflüssigen Dinge. Ich könnte alles weggeben. Solange ich nur einen sicheren Platz habe, wo ich leben kann, bin ich zufrieden.
    ZEIT: In Europa denkt nur eine kleine, wenn auch wachsende gebildete Elite so. Ist Selbstdisziplin und Entsagung ein Ausweg aus der Krise des hemmungslosen Kapitalismus?
    Roy: Es ist eine Möglichkeit. In Indien ist das kein elitäres Projekt. Es kommt aus einer asketischen Tradition, unter anderem aus dem Sufismus. Es gibt Millionen von einfachen Menschen in Indien, die die Geheimnisse eines nachhaltigen Lebens nie verloren haben.
    ZEIT: Verraten Sie uns diese Geheimnisse?
    Roy: Es die Fähigkeit zu sagen: Es reicht. Ich habe genug. Ich brauche nicht mehr. Es ist die Idee von elementarem Glück, wie ich es bei den Eingeborenen im Dschungel kennengelernt habe.
    ZEIT: Wenn wir die Exzesse des Kapitalismus zügeln wollen, indem wir uns auf unsere wahren Bedürfnisse besinnen, handeln wir uns ein neues Problem ein. Wir müssen wahre von falschen Bedürfnissen unterscheiden. Wie soll das gehen?
    Roy: Das kann man. Als ich in Kerala im Dorf aufwuchs, habe ich gegessen, was da wuchs. Es war wunderbares Essen. Es war Glück in diesem Essen, das nicht um die Welt geflogen war, um auf meinem Teller zu landen. Wir mussten uns nicht mit der Frage beschäftigen, ob wir lieber italienisch oder chinesisch essen wollten. Das war gar nicht im Bereich unserer Vorstellung. Es gab keine Restaurants, keine Läden. Es gab viel Einsamkeit, viel Stille. Als Kind war ich Stunden um Stunden am Fluss. Aber es war kein primitives Leben. Wir hatten Bücher.” []
  5. http://www.stiglitz-sen-fitoussi.fr/en/index.htm []

18 thoughts on “Hunn oder sinn?”

  1. Monique Adams says:

    Hans Thoma (1839- 1924): « Am freiesten wird der sein, der am wenigsten Bedürfnisse hat. »

Répondre à Franz Fayot Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *