quaesitio

R.I.P. Bankgeheimnis?


Frieden

Ech hu mech ëmmer gefrot wéi d’Bankgeheimnis da schlussendlech géif stierwen: lues a friddlech, oder grausam a painfully? D’Äntwert ass: duerch eesäiteg Hiriichtung duerch eise Finanzminister, deen op der Finanzplaz allgemeng ëmschwäermten an als esou immens dichteg geschate Minister Luc Frieden. An d’Doudesannonce stoung, Combel vun der Humiliatioun, an enger däitscher Zeitung. Dass d’Finanzplaz à long terme net méi alleng vum Bankgeheimnis ofhängeg dierft sinn (an ass), ass eng Binsenweisheet – awer e mëssverständlechen Interview (wuel just fir – nach virum « Etat de la Nation » – nach séier an déi international Medien ze kommen), ass eng Kommunikatiounspann, déi riskéiert eisem Land schwéier ze schueden.

Heizou gëtt et e puer Saachen ze soen. Engersäits, ass international Kooperatioun natierlech gutt an éischter ze begréissen, awer et muss een den Akteure vun der Plaz genuch Zäit ginn, fir hir Geschäftspolitik ze ajustéieren. Dobäi ass et absolut kontraproduktiv, einfach emol Sonndes all Mënsch e verspéitent Iwwerraschungsee an d’Nascht ze leeën. Anerersäits, an dat weist z.Bsp. d’Reaktioun vun der ABBL, ass d’Bankgeheimnis jo net einfach gläichzestelle matt Steierhannerzéiung. Et gëtt eng Rei legitime Grënn, firwat e Client vun enger Bank sech muss kënnen drop verloossen, dass seng Bank Informatiounen iwwert säi Patrimoine vertraulech behandelt. A wann da wierklech Indicë virleien, dass en auslänneschen, oder lëtzebuerger Client d’Steiere prellt, da gëtt et jo mëttlerweil schonn en Datenaustausch sur demande.

Wat de Minister Frieden dann elo genau am Interview soen oder net soe wollt, ass net kloer. An dat mécht d’Dier op vir all méiglech Interpretatiounen an Erwaardungen. Wat heescht « Bankgeheimnis lockern »? Wéi kann een sou naiv sinn a menge bei sou enger Ausso géing kee reagéieren? Fir d’éischt grouss Interviewen am Ausland ginn an duerno Funkstille („ech hunn dach näischt Neies gesot“)? Wat ass do d’Kommunikatiounsstrategie? Wéi kann een elo probéiere zréckzerudderen, a maache wéi wann dat iwwerhaapt näischt Neies wier? Wat ass dann elo déi offiziell Positioun vu Lëtzebuerg?

En plus, ass den Timing immens schlecht gewielt – e signaliséiert deenen anere Länner, dass mat Drock a Medie-Wirbel vill kann erreecht ginn. Wa Lëtzebuerg no der Zypern-Diskussioun an no den Off-shore Leaks, dach relativ liicht aknickt, hisiichtlech dem Secret bancaire, deen et joerzéngtelaang véhément verteidegt huet, da weist dat, dass wuel nach méi dran ass. Am aktuelle politesche Klima an Europa dierf een sech keng Illusioune maachen, dass Länner wéi Däitschland, England a Frankräich, déi selwer Finanzplazen hunn, net vu sou Faiblessë profitéiere wäerten. Nom Minister Frieden senger Ausso hunn dann och d’Éisterräicher hir Positioun missten änneren: war dat wéinstens mat hinnen ofgeschwat? Et schéngt net. Och d’Plaz ass schlecht gewielt – an engem däitsche Presseorgan, an duerno gëtt sech dann der lëtzebuerger Presse verweigert.

A, last but not least: ass et alleng un engem Finanzminister fir sou eppes ze decidéieren? Huet d’Regierung dat wierklech en connaissance de cause decidéiert oder wéi sou oft minimal op engem Regierungsrot (zu Sennéng?) diskutéiert? Hu se do och déi (net-)Kommunikatiounsstrategie festgeluecht? Wier et eventuell um Premier sou eng Ausso (am „Etat de la Nation“?) ze maachen? Well den Abandon vum Bankgeheimnis wäert net ouni Inzidenz sinn op de Budget, iwwert déi vermindert Aktivitéit vun de Privatbanken – d’Nouvelle vun den éischte belsche Clienten déi hier Suen zeréckzéien si schonn do. Et schéngt jo och manifestement, dass déi zoustänneg Chamberskommissioun net consultéiert ginn a scho guer net gefrot ginn ass – de Moie war op RTL ze héiere, dass de Finanzminister den Donneschden an der Budget – a Finanzkommissioun « Präzisiounen » géif ofginn zu dësem Dossier.

Mir hunn (nach ëmmer) eng professionell a gutt opgestallt Finanzplaz. Mais wat en erschreckenden Amateurismus am Finanzministère – deen eisem Land wuel nach deier ze stoe kënnt!

8 thoughts on “R.I.P. Bankgeheimnis?”

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *