quaesitio

Rechtsstat oder CSV-Staat?


juncker frieden baaken

« Demokratie ist gewiss ein preisenswertes Gut, Rechtsstaat ist aber wie das tägliche Brot, wie Wasser zum Trinken und wie Luft zum Atmen, und das Beste an der Demokratie ist gerade dieses, dass nur sie geeignet ist, den Rechtsstaat zu sichern. » – Gustav Radbruch

D’Bommeleeër-Affaire gëtt ëmmer méi zur « bombe à retardement » fir d’lëtzebuerger Spëtzepolitiker, haaptsächlech déi vun der CSV. Déi offensichtlech Vertuschungskultur ronderëm dës Affär, déi elo vun der Verteidegung am Bommeleeër-Prozess lues a lues opgedeckt gëtt, seet villes aus, iwwert d’Rechstverständnis am CSV-Staat Lëtzebuerg. Nodeem erauskomm ass dass de Justizminister Luc Frieden 2006 zesumme mam Jean-Claude Juncker vum SREL iwwert d’Stay-Behind Theorie informéiert gouf, ass elo vum Radio 100,7 reveléiert ginn dass de Justizminister tëscht 2002 an 2007 anscheinend d’Justiz des öfteren opgefuerdert hätt, déi Affär ze klasséieren. Gronn dofir wär gewiescht dass hien net verstan hätt firwat sou eng al Affär, wou keng Persoun zu Schued komm wier, nach ëmmer net clôturéiert wier. Dat wier, wann et da stëmmt (wat de Minister Luc Frieden dementéiert (http://news.rtl.lu/bommeleeer/news/428833.html), de Jean-Claude Frank vum 100,7 op senger Facebook Säit awer confirméiert den 23.4.2013), eng grave Amëschung vun engem Regierungsmember an de Fonctionnement vun der Justiz.

An och: Well déi Informatiounen iwwert d’Stay-Behind Theorie, wann se da stëmmen, net weidergeleet goufen un de juge d’instruction, an dowéinst wuel weider an eng falsch Richtung enquetéiert gouf, stinn haut villäicht 2 Onschëlleger viru Geriicht. Dat wier schlëmm.

Well d’Bommeleeër-Affär op esou eng offensichtlech Aart a Weis d’Dysfunktionnementer am lëtzebuerger Rechtsapparat opgewisen huet, well iwwer Joere versicht ginn ass, dës Affär ënnert den Teppech ze kieren, well déi « staatstragend » (i.e. CSV-) Politiker sech op esou eng onglécklech Manéier an en Dossier agemëscht huet, deen eleng am Ressort vun der Justiz loung – aus all deene Grënn ass déi voll Opklärung vun deeër Affär, matt alle Responsabilitéiten – esou wichteg. Well et hei ëm d’Glafwierdegkeet vun der lëtzebuerger Justiz, der Regierung an dem Parlament geet, an ëm de Respekt vun der Gewaltentrennung, muss dës Affär opgekläert ginn.

De Premier huet et erstaunlecherweis selwer op de Punkt bruecht, a senger Ried zum Etat de la Nation 2013: « Am Staat lafen d’Ambitioune vun engem Land zesummen. De Staat organiséiert d’Ëmsetze vun den Aspiratioune vun der Natioun. Hien ass zoustänneg fir de korrekten Oflaf vun all senge Funktiounen. Hien ass net kompetent fir dat, wat schiefleeft ze verstoppen, zouzedecken an ze vertuschen. En däerf sech duerch säi Behuelen och net dem Verdacht aussetzen, d’Staatsorganer géife vertuschen, zoudecken a verstoppen. A se géifen dat bewosst maachen. De Staat verléiert seng Crédibilitéit – an déi ass fir den nationalen Zesummenhalt onverzichtbar –, wann e seng Organer do schützen an decke géif, wou dës géint Staatsinteresse verstoussen. D’Staatsraison ass e seltent Gut a mat dësem däerf e kee Schindluder dreiwen. Vun der Staatsraison gëtt dacks geschwat, mee et gëtt se nëmme ganz seelen. Ech sinn hir bal nach ni begéint. A wann een hir begéint muss een – wann d’Grënn fir d’Staatsraison eriwwer sinn – erkläre fir wat et zu engem bestëmmte Moment Grënn fir d’Staatsraison gouf. D’Bommeleeëraffär huet näischt mat Staatsraison ze dinn. Op eng bestëmmten Art a Weis huet se awer ganz vill mat hir ze dinn: d’Staatsraison wëllt nämlech, datt d’Bommeleeëraffär opgeklärt gëtt. Déi, déi regéieren, sinn der Crédibilitéit an der Irréprochabilitéit vum Staat a besonneschem Mooss verflicht. »

Och hie muss sech elo, wéi och op anere Platzen an deene leschten Deeg gesot, u solchen Aussoe moosse loossen. Net zulescht als einfachen Zeien am Prozess.

 

16 thoughts on “Rechtsstat oder CSV-Staat?”

  1. Rob says:

    I have a dream

    D’LSAP weist Rëckgrad a verléisst d’Koalitioun.
    Dei Grëng an d’DP haalen op, drop ze spekuleieren d’nächst Joër Juniorpartner vun der CSV ze gin.
    Dei 3 Parteien gin ee kloeren Message un d’Wieler eraus dass se zesummen Verantwortung iwerhuelen wëllen no Neiwahlen.

    Wa nët elo, weini dann?

  2. Franz Fayot says:

    Deen Draam ass mer net onsympatësch. Et géif dem Land gudd doën ouni CSV regéiert ze ginn – et brauch een nemmen ze kucken waat 74-79 erreecht ginn ass. An et gesäit ee, waat geschitt wann eng Partei ebeemol mengt sie wär « staatstragend ». Mais da muss de Wieler och mattspillen. An d’Oppositiounsparteien och. Do hunn ech esou meng Zweifelen drun.

Répondre à Claude Neu Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *