quaesitio

R.I.P. Bankgeheimnis – Luc Frieden lave plus blanc


mister proper

Ass de Luc Frieden Kommunikatiounsminister ginn, well e sou gär communiquéiert, haaptsächlech matt der internationaler Press? Den 30.4. war am Financial Times d’Ausso vum Minister Frieden ze liesen, dass Lëtzebuerg och prett wär, Informatiounen iwwert Multinationalen erauszeginn – dat stoung an engem Artikel vum 29.4. am Financial Times:

“(…) Jean-Claude Juncker, Luxembourg’s prime minister, announced his government would lift bank secrecy rules for individuals in 2015 – in line with a long-debated EU proposal that only Austria objects to – but stressed that the new plan would not affect multinationals.

In an interview with the Financial Times, however, Mr Frieden said the country was now ready to go further: “Luxembourg is comfortable to share information about multinationals as well as individuals.”

It was unclear how this would be done and to what extent Luxembourg was committed to sharing companies’ banking information. The small EU state’s banking secrecy has been one of its most attractive business propositions.

Mr Frieden added that Luxembourg was willing to sign up to a new French-led “pilot project” – agreed this month with Germany, Britain, Italy and Spain – to share data beyond foreign-held savings accounts.

The project is aimed at expanding information sharing on the kinds of sophisticated trusts and shelters specifically designed to prevent home countries from learning about the holdings of their nationals abroad.

“We fully encourage all countries who want to go further,” Mr Frieden said. “We will certainly be at the forefront of further initiatives in line with international developments.”[1]

D’Kontradiktioun tëscht dem Premier senger Positioun (keen Austausch vun Informatiounen iwwert international Gruppen) an deeër vum Finanzminister ass am Fong onverständlech – wéi kann et sinn dass déi wuel 2 wichtegst Ministeren aus der Regierung esou opposéiert Aussoe maachen? Schwätzen déi 2 CSV-Ministeren net méi mateneen?

Dës nei Ausso kënnt no der Opfuerderung vum Minister un d’international Communautéit an un d’OCDE fir den automateschen Austausch vun Informatiounen zum internationale Standard ze maachen, dat am Numm vum Prinzip vum “level playing field ».

De Wandel vum furchtlose Verteideger vum Bankgeheimnis zum Cheerleader vun der internationaler Steiertransparenz huet sech also a kiirzester Zäit vollzunn. Kredibel ass dat net onbedéngt.

Mä doriwwer eraus, ass et och e Spill mam Feier. D’Annonce vum Alenke vu Lëtzebuerg a Saachen Austausch vun Informatiounen iwwert net-Resident Privatpersounen huet schwéier Konsequenzen op d’Geschäft vu muenche Privatbanken, haaptsächlech deene méi kléngen. Et kann een der Meenung sinn, dass déi Clientèle fir eist Land net méi wichteg genuch ass fir eis international Reputatioun op d’Spill ze sëtzen, an dass dohier déi Mesure ze verkraften ass, och an hire budgetäre Konsequenzen.

D’Annonce vum Informatiounsaustausch en rapport matt Multinationalen déi zu Lëtzebuerg präsent sinn, ass par contre vill méi geféierlech, wéi och de Financial Times erkannt huet:

“The drive for more transparency could affect the scores of multinationals that have picked Luxembourg for their EU headquarters, attracted by its low corporate tax rate.”[2]

Dës Mesure huet effektiv de Potential fir muench “multinationale” déi op Lëtzebuerg komm ass opgrond vun engem favorabele steierlechen Environnement an enger, parfaitement legaler, steierlecher Strukturéierung, ze vergraulen. A wann och kee vergrault gëtt, da kommen héchstwahrscheinlech awer keng nei dobäi. Dat ass ëmsou méi onverständlech well et guer net néideg war elo virun de Won ze sprangen – den internationale Standard ass net dee vum Austausch vun Informatiounen iwwert Gesellschaften.

Mä dee gréisste Schued huet eist Land villäicht nach um politesche Plang: de plëtzlechen a schnelle Wandel vu Schmuddelkand zum Musterschüler signaliséiert, wéi ech dat an engem viregte Post geschriwwen hat (“R.I.P. Bankgeheimnis”), dass mer schnell ëmklappe wann Drock op eis ausgeübt gëtt. An engem Europa dat amgaang ass sech nei opzestellen, och a punkto Regulatioun an Opsiicht iwwert de Finanzsecteur, ass dat kee gudden Ausgangspunkt.

Do ass dann dem Finanzminister säin optimistesche “We are going to remain very business friendly” scho bal erëm witzeg. Wann hie fäerdeg ass, bleift fir op Lëtzebuerg ze komme wierklech just geschwënn nach d’Argument vun eisem schéine Wieder…

 

 

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. De ganzen Artikel hei : http://www.ft.com/intl/cms/s/0/d18345d2-ab49-11e2-ac71-00144feabdc0.html#axzz2S1oyIwmz []
  2. fir de ganzen Artikel: http://www.ft.com/cms/s/0/d8b107e0-abee-11e2-9e7f-00144feabdc0.html#ixzz2S20Cuv00 []

2 thoughts on “R.I.P. Bankgeheimnis – Luc Frieden lave plus blanc”

Répondre à Jean-Claude Hosch Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *