quaesitio

Ons (doudeg) Stad


An der leschter Nummer vun Ons Stad[1], jo bekanntlech eng Publikatioun vun der Gemeng Lëtzebuerg, kritiséiert de Chefredakter René Clesse zu Recht déi extrem héich Immobiliepräisser an der Stad Lëtzebuerg. Mä, wahrscheinlech ebe wëll et eng Publikatioun vun der Stad Lëtzebuerg ass, geet hien d’Grënn fir déi Präisser haaptsächlech bei d’Gier vun de Proprietairë sichen[2], an net bei den politesche Verfehlnisse vun der Stad Lëtzebuerg iwwer Joerzéngten hin an dësem Beräich[3]. Et ass wuel richteg dass een säin Haus an der Stad net muss u Promoteure verkafen. Mä wann de Choix ass tëschent vill Suen ze maachen oder sëlwer an eng doudeg Stad wunnen ze goen, ass dee Choix vun engem rationell denkende “Homo economicus” wahrscheinlech schnell gemaacht.

De Fait ass, dass näischt gemaacht ginn ass vun de Gemengepäpp fir d’Verwandelung vu Logement a Bürosraim duerch d’Expansioun vum Finanzsecteur, an deeër domat verbonnener Désertificatioun vum Stadzentrum, ze verhënneren. Dass dat keng Fatalitéit war, dorunner erënnert den Architekt Michel Petit, dee vum René Clesse zitéiert gëtt :“In einem Dossier der Zeitschrift forum (Nr. 311 / Oktober 2011) beantwortet der Architekt Michel Petit die Frage, warum die Luxemburger Innenstadt zu einer Art Geisterstadt wurde, wie folgt: „Die Entwicklung der Stadt wurde von der Entwicklung des Bankenplatzes diktiert. Ab den sechziger Jahren wurden Tausende Tertiärarbeiter in die Innenstadt gequetscht. Ihr wurde eine neue Funktion aufgedrängt: Büroraum. Über Jahrzehnte hat der Büroraum den Wohnraum für sich in Anspruch genommen. Mitte der achtziger Jahre haben die Banken es schließlich aufgegeben, guten Wohnraum in schlechten Büroraum umzubauen und haben sich mehr und mehr auf den Kirchberg verlagert. Den Anfang machte 1985 die Deutsche Bank. Da war der Boulevard Royal jedoch bereits fast vollständig zerstört (…). Die Stadt Luxemburg hat nicht verstanden, dass sie den Stadtkern als solchen zu erhalten hatte. Der Banken- und Finanzplatz hätte in einem neuen Zusammenhang errichtet werden müssen, an einer Stelle also, die für eine Bürofunktion adaptiert war. Da dies aber anfangs nicht geschah, wurde eine Funktion – Büroraum – in einen nicht adaptierten Kontext – Wohnungsraum – hineingedrückt.“ (Ech ënnersträichen).

Mä net nëmmen huet d’Stad Lëtzebuerg et versäumt fir de Stadkär als Wunnengsraum ze präservéieren, mä sie huet doriwwer eraus och näischt gemaacht fir d’Schafung vun erschwingléchem Wunnraum an an direkt ronderëm de Stadzentrum.

E Frënd huet mech op e gutt Beispill dofir higewisen. Dat Beispill ass justement d’Gebai op der Photo op der Säit 5 vun der leschter Nummer vun “Ons Stad”.

montee_petrusse

Dëst Gebai dat en Vente ass an der Montée de la Pétrusse fir 895000 euro, eben dat Haus war eng Zäit am Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg! D’Stad Lëtzebuerg huet dunn dat Haus an nach en anert am Pafendall am Kader vun enger Stee op de Maart bruecht.

Nun ass eng Stee jo bekanntlech en Instrument fir e maximale Präis ze kréien: dee Wee ass d’Stad Lëtzebuerg an dësem Fall gaang fir zwee Gebaier, déi zentral leien, deelweis a Quartier’en déi sollten eng Mixitéit hunn, wéi notamment de Pafendall.  Wat ass geschitt: de Präis op der Stee war immens héich – e gutt Geschäft fir d’Stad. Mä déi, déi et kaaft hunn – an och dat ass leider oft charakteristesch fir de lëtzebuerger Immobiliemaart – hate kee Projet, just dee fir et en l’état a matt enger héijer Marge weiderzeverkaafen. Pur Spekulatioun also. Elo steet d’Haus säit bal 2 Joer eidel, well de gewënschte Präis net gebuede gëtt.

Eng Stad déi eng aktiv Wunnengspolitik am Sënn vun de Bierger hätt, an zoudem eng Politik vu Repopulatioun vun enger eideler Stad, hätt hei muench aner Optioune gehat. Sie hätt z. Bsp. e klenge Concours matt enger Ausschreiwung kënne maache fir déi zwou Immobilien, déi jo an hirem Besetz waren, ze valoriséieren an ze verlounen. Et hätt een och kenne Studentewunnengen do maachen.

Mä anstatt dat ze maachen, sinn déi Haiser op de Maart gepucht ginn, wou se da fir héich Präisser (villäicht) vu finanzkräftegen Investisseuren opkaf ginn. Gentrifizéierung also.

E klengt Beispill, mä ganz symptomatesch fir eng falsch Politik.

 

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. Ons Stad – 102/2013 PDF []
  2. Hie schreift als Conclusioun zu sengem Artikel “Wohnen in der Stadt : Ein rares Privileg”: “Schuld an der ganzen Preisexplosion ist aber nicht bloß der Markt, sondern auch menschliche Habgier. „Niemand“, so Stadturbanistin Sonja Gengler, „wird schließlich gesetzlich gezwungen, sein Eigenheim oder das geerbte Häuschen der Eltern oder Großeltern an einen zahlungskräftige Promotor zu verkaufen.“ Aber Geld regiert bekanntlich die Welt” []
  3. Heizou mäin rezenten Artikel am Land “Logement et urbanisme: Parents pauvres de la Ville de Luxembourg”, och referenzéiert op www.franzfayot.lu, an Artikele vum Ben Fayot, notamment rezent “Une pauvre ville si riche” http://www.land.lu/2011/06/23/une-pauvre-ville-si-riche/ []

7 thoughts on “Ons (doudeg) Stad”

  1. Pingback: Déifgefruere Macaron’e fir déifgefruere Politik : Franz Fayot
  2. Trackback: Déifgefruere Macaron’e fir déifgefruere Politik : Franz Fayot

Répondre à Bernard Thomas Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *