quaesitio

Eng schläichend gesellschaftlech Revolutioun? Den Avis vum Conseil d’Etat zur Adoptioun duerch gläichgeschlechtlech Koppelen


© Getty Images

De Conseil d’Etat huet de 4 Juni 2013 säin “avis complémentaire” zum Projet de loi 6172A ofginn. Deen Avis enthält eng länger Diskussioun zu engem Sujet, deen och a Frankräich an der aktueller Debatt zum mariage homosexuel fir vill Diskussioun gesuergt huet: dem Recht vun Eltere vu gläiche Geschlecht op eng adoption plénière vu Kanner. D’Commission juridique vun der Chamber hat en Amendement adoptéiert, dee gläichgeschlechtlech Elteren d’Recht op eng adoption plénière – also eng vollwäerteg Adoptioun, déi och d’biologesch Originë vum Kand effacéiert – oofsprécht.

Doropshin hat d’European Commission on Sexual Orientation Law (ECSOL) en oppene Bréif un d’Justizministesch Octavie Modert geschéckt, an deem sie déi Mesure kritiséiert, souwuel prinzipiell, wéi och als contraire zu der Jurisprudenz vun der CEDH:[1]

Parmi les amendements proposés par la Commission juridique de la Chambre des députés (document parlementaire n° 6172A/04), il y a un nouvel article 367-4 du Code civil, qui disposerait que « L’adoption plénière prévue aux articles 367 et 367-1 ne peut pas être demandée par des conjoints de même sexe. » Dans sa dépêche du 11 mars 2013 au Président du Conseil d’Etat, le Président de la Chambre des députés précise que cette nouvelle disposition est proposée « [a]fin de tenir compte de l’approche fondamentale adoptée par le Gouvernement en ce qui concerne l’exclusion de l’adoption plénière dans le chef des conjoints de même sexe […] ».

 Nous regrettons cet amendement proposé par la Commission juridique ainsi que l' »approche fondamentale » du Gouvernement qu’il reflète. En effet, une disposition excluant les couples mariés homosexuels de l’adoption plénière serait contraire à la Convention de sauvegarde des Droits de l’Homme et des Libertés fondamentales (la « CEDH »). Par ailleurs, elle isolerait le Grand-Duché de Luxembourg sur le plan international.

De Conseil d’Etat schéngt a sengem Avis der ECSOL um Fong Recht ze ginn a verweigert d’Dispense vum 2. Vote constitutionnel, well et keng zolidd Argumenter gëtt fir den Ënnerscheed am Traitement tëscht gläichgeschlechtlechen an nettgläichgeschlechtle Koppelen hinsichtlech dem Recht op eng voll Adoptioun, wéi dat vun der Rechtsspriechung vun der CEDH verlaangt gëtt:[2]

“La Cour a ainsi précisément reproché au gouvernement autrichien de ne pas avoir établi le caractère préjudiciable pour un enfant d’être élevé par un couple homosexuel et de ne pas avoir établi l’affirmation que seules les familles composées de parents de sexes opposés soient capables d’élever convenablement un enfant (§142 et §146).

En l’absence d’un autre argument susceptible de justifier la disparité envisagée cadrant avec les articles 10bis de la Constitution et 14 de la Convention de sauvegarde des droits de l’homme et des libertés fondamentales, le Conseil d’Etat se voit dans l’impossibilité d’accorder la dispense du second vote constitutionnel.”

An anere Wieder ass de Conseil d’Etat der Meenung dass eng Dispositioun wéi déi am virgeschloenen Artikel 367-4 vum Code civil héchstwahrscheinlech géif vun der CEDH zensuréiert ginn an eist Land condamnéiert, a freet dohier dass deen Amendement nach eng Kéier iwwerduecht soll ginn. Eng weis Decisioun: d’Mënscherechter hu scho laang erkannt wat verschidden Deeler vun eise Gesellschaften net ëmmer wëlle wouer hunn – nämlech dass et kee gudde Gronn gëtt homosexuelle Koppelen d’Recht op eng voll Adoptioun ze refuséieren. A wann dat sollt de Fall sinn, wat z.Bsp. déi éisterräichesch Regierung net konnt noweisen, da musse besonnesch staark Grënn dofir schwätzen, dass dat net am Interêt vum Kand ass. Allerdéngs kann een den Avis vum Conseil d’Etat och anescht liesen: e seet net hier wier dogéint fir gläichgeschlechtlech bestuede Koppele vun der Adoption plénière auszeschléissen. E seet just e kéint déi Ongläichbehandlung net ënnerstëtzen esoulaang d’Regierung an d’Commission juridique net mat gudde Grënn komme fir déi Ongläichbehandlung ze rechtfertegen. Dat kann een och als eng Opfuederung vun deene méi konservative Membere vum Staatsrot un Regierung a Comimission juridique deiten, dass sie solle mat Argumenter komme firwat gläichgeschlechtlech Koppele manner gutt Eltere sinn. Bis elo huet keng Regierung an Europa dat fäerdeg bruecht, a wéi gesot net déi éisterräichesch an der Affär X c/ Autriche virun der CEDH. Et bleift elo ze hoffen, dass d’Regierung an d’Commission juridique sech net op esou e Niveau erofloossen.

An de Conseil d’Etat geet nach e Schrack méi wäit a recommandéiert, au vu vun der rezenter Jurisprudenz vum franséische Conseil constitutionnel zum mariage homosexuel, “de saisir l’occasion pour procéder à une réforme globale de l’adoption et de réfléchir sur le maintien de la dualité des régimes d’adoption.” Dat ass villäicht eng gutt Iddi, mä och do kann een en CSV-Manöver dohannert gesinn. Esou eng Reform schreift sech nämlech net iwwernuecht. Do wär et passend fir elo ze soen d’Reform vum Mariage misst verzögert ginn, well d’Adoptioun (a vläit d’Filiatioun och) misst fir d’éischt emol reforméiert misste ginn. D’nächst Joer si Walen a wann virum Summer näischt mam Mariage geschitt, kann et sinn dass déi Reform sine die reportéiert gëtt. Eng gutt Saach fir de konservativ-kathoulesche Flillek vun der CSV, mä eng relativ Blamage fir Lëtzebuerg : esou lues gi mir a Westeuropa eng Enclave. 9 europäesch Länner (7 EU Memberstaten) hunn elo de Mariage gay, an 8 vun deenen 9 behandelen all bestuede Koppele gläich wat d’Adoptioun ugeet. Länner wéi Däitschland an England hunn zwar kee Mariage, mee dofir onageschränkt Adoptiounsrechter fir ageschriwwe Koppelen. A Westeuropa bleiwen nach Irland, Italien, a Lëtzebuerg…

E couragéierten Avis vum Conseil d’Etat also, op éischte Bléck op mannst. Awer villäicht och e ganz politeschen…

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. Hei den integrale Bréif vum ECSOL []
  2. Hei de ganzen Avis zum Amendement 4. []

5 thoughts on “Eng schläichend gesellschaftlech Revolutioun? Den Avis vum Conseil d’Etat zur Adoptioun duerch gläichgeschlechtlech Koppelen”

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *