quaesitio

Keng Staatskris – eng CSV Kris !


csv-logoWann ee matten am Stuerm ass, wéi mir et zu Lëtzebuerg jo fir de Moment op mannst politesch sinn, fällt et heiansdo schwéier d’Situatioun ze qualifizéieren. Si mer an enger Staatskris? Enger Staatsaffaire? Enger institutioneller Kris? Wéi soll een deen déiwe Malaise bezeechnen, dee jiddereen op eng méi oder manner diffus Manéier erlieft?

 

E Frënd huet op déi Fro, fannen ech, treffend geäntwert. Et ass a Realitéit, sot hien, fir d’éischt säit laanger Zäit, dass eisen demokratesche Rechtsstat sech wiert. D’Parlament mécht elo seng Aarbecht, virun allem an der SREL-Affär, mä och an der Affär ëm den Ex-Justizminister Frieden. D’Judikativ an der Persoun vum Procureur Général d’Etat rebifféiert sech géint d’Tentative vun der Exekutiv Affären ze erstécken, a géint infekt Machenschafte vu verschiddene SREL-Membere fir Leit ze décrédibiliséieren. Déi fehlend Kontroll iwwert de SREL duerch de Statsministère (zanter 1979 an der Hand vun der CSV) gëtt och ëmmer méi thematiséiert. An d’Presse, de véierte Pouvoir, mécht seng Aarbecht als Wächter vun der Demokratie. Et ass wéi wann d’Land géif eng poussée de fièvre maache géint eng Krankheet, déi et säit laangem befällt, wéi wann et sech géif revoltéiere géint dee Filz, dee bal all Land heemwunnt, dat esou eng laang Zäit vun enger pivotaler Partei dominéiert gëtt.

 

Wëll dës Kris ass keng Staatskris. Et ass d’Kris vun enger Aart a Weis d’Land ze regéieren. Vun der Method vun de “kuerze Weeër”, vum rhetoreschen Nofroen, wéi dat dann esou ass mat deem Dossier, vum Prinzip “eng Hand wäscht déi aner”, vun de Copinagen an de Retours d’ascenseurs, vu politesch motivéierten Nominatiounen. Vun den anscheinend ganz „onschëlleg“ gemengten Agrëff an d’Aarbecht vun aneren Institutiounen. Ëmmer, natierlech, am grouss proklaméierten, héijere Sënn vum Land. Ech mengen, dass et dat ass, wouvun d’Leit den Hals voll hunn. Vun de kléngen a grousse Geheimnisser, vun den néidege staatsrechtleche Reflexer, déi verluer ginn, wann een ze laang um Pouvoir ass, a souwisou ëmmer erëmgewielt gëtt, egal wat geschitt. Well ee mengt et wier ee “staatstragend”. Wou eng Partei mengt, si géing jo souwisou ëmmer de Premier stellen. Wou de Luc Frieden mengt, dat Amt géing him endlech zoustoe – wann nëmmen näischt dertëschent kënnt…

 

Et geet dobäi net perséinlech géint de Luc Frieden oder souguer de Jean-Claude Juncker. Si sinn, zu verschiddene Graden, kompetent Politiker, déi och Respekt verdéngt hunn. Et geet vill méi ëm e ganze System, dee vun enger Staatspartei, der CSV, déi mengt den Interêt vun der Partei, wier gläichbedeitend mat dem Intérêt vum Land. A well dat schéint Bild vum Marieland Lëtzebuerg erhale muss ginn, muss och emol heiansdo e bläien Deckel iwwert eng onappetitlech Zopp geluecht ginn, och wann dat heescht sech Fräiheeten huele matt der Gewaltentrennung, oder Vertusche vu substantiellen Dysfunktionnementer.

 

Awer de bläien Deckel ass elo amgaang ze bréckelen. Den demokratesche Rechtsstat ass amgaang sech ze wieren. Et gëtt héich Zäit!

10 thoughts on “Keng Staatskris – eng CSV Kris !”

Répondre à Patrick Reisdorff Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *