quaesitio

« Gleeft mer et!“ – oder: nach ni war eng fräi Presse esou wichteg ewéi haut! !


wolter

Wéi leet een sech als CSV-Muechtmensch un, wann ee well e Resultat erreechen, awer weess dass dat illegal ass? Et übt een Drock aus, oder et léisst een Drock ausüben. Et freet een, wann ee beispillsweis Justizminister an ongedëllege „Dauphin“ vum Jean-Claude Juncker ass, a gären hätt dass eng Affär net weidergefouert gëtt, méi oder wéineger insistent, méi oder wéineger oft, wéi dat dann ass matt deeër aler Affär, déi jo jidderengem sou op d’Nerve geet. Oder, wann ee Chef ass vun deeër Partei déi grad zu Recht ënner Beschoss ass, da seet een esou horrend Saachen zu Journalisten, wéi “Dir musst elo ganz gutt oppasse wat der maacht. Gleeft mer et“, oder “Gitt mer elo äre Chefredakter well et ass elo eriwwer mam Spaass.” (NB: An all anere Land wier esou e Parteipresident, deen der Presse drot, net méi tragbar, ausser natierlech en CSV-Mann zu Lëtzebuerg.) D’Virulenz vun deenen Drohunge weist natierlech och, wéi eng exzellent Aarbecht eis Press grad mécht!

 

A wann een dann zu Recht an der Kritik steet, an hefteger Kritik, da behaapt een, de politesche Géigner wéilt ee fäerdeg maachen, perséinlech a politesch, da schwätzt ee vu Konspiratioune géint sech a seng Partei. Attack ass dann déi bescht Defense. Esou gesinn souwuel beim Luc Frieden wéi beim Michel Wolter an deene leschten Deeg a Wochen. Ënnert dem Stréch bleiwe schwéier Fehler: Drock op Magistrat’en (de Procureur Général Robert Biever huet dat den 18. Juni viru Geriicht ganz kloer bestätegt), géint d’Prinzipie vun der Gewaltentrennung, Drock op d’Presse, géint verfassungsrechtlech verankert Pressefräiheet. Mä ass dat nei? Ass dat net scho ganz laang esou am CSV-Staat? Äntwert: Jo, et ass nei an deem onwahrscheinlechen Ausmooss. Nee, et ass leider net nei wat de Prinzip an de Modus operandi betrëfft.

 

Besonnesch interessant an deem Kontext ass de Vergläich matt enger anerer Affär, an deeër de Michel Wolter och schonn impliquéiert war, an déi frappant Similitudë mat deeër Affär presentéiert, wéinst deeër en de Méinde 17 Juni virun der Press stoung. Et handelt sech ëm eng Affär aus de spéiden 1990er Joeren déi bekannt ass ënnert dem Numm vun hire Protagonisten, Wolter vs Roemen. Dës Affär, déi matt engem klengen, liicht satireschen Artikel vum Rob Roemen am Journal ugefaang huet, huet laang d’lëtzebuerger Geriichter beschäftegt, wéinst der Virulenz matt deeër den deemolegen Inneminister géint déi Leit virgaang ass, déi hie wéinst “Steierhannerzéiung” accuséiert haten. Besonnesch den disproportionéierten Acharnement, fir dee Lëtzebuerg och 2003 virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg sollt condamnéiert ginn, matt deem d’Police judiciaire deemools un d’Wierk gaang ass, fir dem Rob Roemen säin Informant ze fannen, ass derwäert am haitege Kontext nach eng Kéier rappeléiert ze ginn. Zu deeër Affaire kann ee nëmmen op deen exzellenten Artikel vum Lex Folscheid am Forum vun Abrëll 2007 verweisen.[1]

 

Deemools ewéi haut ass de Modus Operandi vu Michel Wolter/CSV kloer visibel:

 

–       eng Affär flitt op: d’Press versicht hir Aarbecht ze maachen, den CSV-Politiker streit alles of (e bësse wéi de Lance Armstrong),

 

–       de betraffenen CSV-Politiker positionéiert sech no baussen als Victime an hëlt aus zum Rundumausschlag géint Presse an all aner concernéiert Parteien. Méi verstoppt leeft intern eng Taktik vun der Aschüchterung vis-à-vis vun der Presse an deenen anere Parteien.

 

–       d’CSV sëtzt d’Affär aus a wat net beschwat gëtt ass de risege conflit d’intérêts, déi di Leit ëmmer hunn. Esou war de Michel Wolter an der Affär Wolter/Roemen Ministre de tutelle vun der Police, déi deermoosse vill Zèle gewisen huet an der Enquête ëm seng Affär. An der Affär Robert Biever/100,7 kann de CSV-President natierlech och all Poppen danzen doen, an der Haaptsaach vis-à-vis vun engem staatleche Sender wéi dem 100,7.

 

–           de Quelleschutz gëtt zu perséinlechen Zwecker mëssbraucht: e gëtt vun den CSV-Leit ré-interpretéiert als en Instrument vu Journalisten, hier „onseriéis“ Methoden ze verstoppen, an net als en indispensabelt Recht fir hier Fonctioun als Wuechthond vum Pouvoir exerzéieren ze kënnen. De Marc Gerges huet deemools am Land geschriwwen: « Un passage des conclusions de la partie Michel Wolter fait d’ailleurs, dans ce contexte, froid dans le dos. Il y est fait mention que par le refus de dévoiler ses sources (c’est-à-dire de «brûler» son informateur et de s’auto-saborder en tant que journaliste, ndlr.), Rob Roemen aurait admis sa faute personnelle. Car, toujours selon les conclusions de la partie Michel Wolter, si Rob Roemen avait la conscience tranquille, il n’aurait aucun problème à aider la justice dans le cadre de son enquête… »[2]

 

Genau wéi an der Affär mam Radio 100,7 : wann der e rouegt Gewëssen hutt, da sot eis wien är Sourcen sinn, an/oder wien de Betraffenen Deputéierten ass, deen iech de Rapport iwwert de Procureur Général geliwwert huet. Wann der dat net maacht, da beweist dat dass der Fehler an der Berichterstattung oder an der Verificatioun vun äre Source gemaacht hutt. Eng perfide Logik, matt totalitaristesche Mierkmoler! An nach e cocassen Detail aus der Affär Wolter/Roemen, dee vum Lex Folscheid a sengem Artikel rappeléiert gëtt, betreffend de Luc Frieden, deemools Justizminister: „Als Justizminister Luc Frieden im Parlament mit der Affäre konfrontiert wurde, verbarrikadierte er sich hinter der Gewaltenteilung und wies darauf hin, dass er sich nicht in ein laufendes Verfahren einmischen und somit die Unabhängigkeit der Justiz gefährden wolle. Er versteckte sich damit hinter einer formellen Fassade, die jedoch nichts mit der Realität zu tun hatte. Die in diesem Fall ermittelnden Beamten der Police judiciaire unterstanden Innenminister Wolter, der zugleich Ankläger in dem Fall war. Als Frieden vor dem Parlament nach der möglichen Einflussnahme des Justizministers auf die Arbeit des Staatsanwaltes und des Untersuchungsrichters gefragt wurde, antwortete er ausweichend, er sei ‚kein Experte’ auf diesem Gebiet.“

 

Wuertwiertlech sot de Luc Frieden am September 2000 zu RTL: „Also vir d’éischt muss ech soen, datt ech ganz erstaunt sinn, iwer déi Froen, déi an deem Kontext gestallt gin. Ech hun selbstverständlech eng Meenung zu deenen Virgäng, mee ech sin Justizminister zu Lëtzebuerg an vir deen gëllen strikt Prinzipien, notamment déi, datt d’Geriichter eiser Verfaassung no onofhängeg sin. An dobéi kënnt, datt en Untersuchungsriichter, deen an deser Affär ganz alleng decidéiert, wat fir eng Moossnahmen hien als déi richteg fënnt vir eng Affär opzeklären. Hei kann keen him dranschwätzen an schon guer net den Justizminister. Géing ech dat maachen oder esouguer nemmen kommentéieren (…), dann géing ech, mengen ech, ee graven Fehler machen, well meng Fonctioun ass jo grad den Garant vun der Onoofhängegkeet vun der Justiz ze sin.”[3]

 

L’histoire du CSV-Staat est un éternel recommencement, « gleeft mer et » !

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. http://www.forum.lu/pdf/artikel/6115_265_Folscheid.pdf []
  2. http://www.land.lu/1999/01/28/une-affaire-peut-etre-exemplaire []
  3. http://www.gouvernement.lu/salle_presse/interviews/2000/09/20000926frieden/index.html []

8 thoughts on “« Gleeft mer et!“ – oder: nach ni war eng fräi Presse esou wichteg ewéi haut! !”

  1. Robert Goebbels says:

    Bravo. Et ass awer ee bessch
    en despektierlech fir der Wolter mam Armstrong ze vergleichen, Déi war net emmer gedoppt, den aneren ass eng Brute am Natuerzoustand.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *