quaesitio

Kategorischen Imperativ 2.0


Screen Shot 2013-07-10 at 11_11_56 AM

„Zwei Dinge erfüllen das Gemüt mit immer neuer und zunehmenden Bewunderung und Ehrfurcht,

je öfter und anhaltender sich das Nachdenken damit beschäftigt:

Der bestirnte Himmel über mir, und das moralische Gesetz in mir.“

Immanuel Kant

 

 

An engem erfrëschende Bäitrag zur Assemblée vum lëtzebuerger Barreau d’lescht Woch huet de Stefan Braum, Dekan an Droits-Professer op der Uni Lëtzebuerg, vu Rechtskultur geschwat. Et gëtt engersäits eng Rechtskultur déi der Opklärung (Locke, Diderot, Condorcet, Kant etc.) verflicht ass, a no deeër den Droit en Instrument vum Zesummeliewen tëschent fräie Mënschen ass, en Instrument vun der Fräiheet op Basis vun der Gläichheet virum Gesetz. Op deeër anerer Säit, kennt een eng Rechtskultur vun der geheimer “Kabinettsjustiz”, bei deeër et drëm geet den Droit als muechterhaalend Norm anzesetzen, déi an der Haaptsaach funktionell an instrumentell ass, doktrinär an dogmatesch, an dozou déngt e Schleier vu falscher Legitimatioun iwwert d’Institutiounen ze leeën. Hien huet sech gefrot wat fir eng Rechtskultur mir wuel zu Lëtzebuerg hätten?

 

Eng gutt a justifiéiert Fro, just och haut, wou den Debat iwwert de SREL-Rapport an der Chamber stattfënnt. An enger kritescher Rechtskultur ass den Droit opklärend, en hannerfreet d’Politik, en orientéiert sech u Prinzipien, u Grondrechter, e kläert d’Politik iwwert Mëssstänn op, ëmmer am Sënn vum gesellschaftleche Fortschrëtt. Ofschléissend sot de Stefan Braum dass senger Meenung no d’Rechtskultur vun der Fräiheet, eben déi aus dem Siècle des Lumières, a Gefor wär wéi seele virdrun. Hien huet dat gesot mat Bléck op d’Revelatiounen iwwert den USA, a wahrscheinlech muench anere Länner, hier onerhéiert Bespëtzelungsaktiounen am Internet. Mä en hätt déi Ausso grad esou gutt kënnen op d’politesch Kultur zu Lëtzebuerg uwenden.

 

Well et ass kloer dass déi politesch Kris déi mer elo grad erliewen fir t’éischt mol eng Kris ass vun enger politescher Kultur vum Secret, wou Decisiounen, haaptsächlech déi wichteg, ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet geholl ginn, vu Ministeren an héige Beamten, net seelen aus inavouablen, well just partisanen, Grënn. Wou, obwuel operluecht a schlëmm Fehler am Fonctionnement vun engem Service virleien, näischt gemaacht gëtt fir déi verantwortlech Leit ze stelle – fir se, am Géigendeel, souguer nach ze promouvéieren, hinne congé sans solde ze ginn an eng gutt Plaatz am Privatsecteur ze sichen. Domadder versicht een natierlech och aus eegenem Interessi déi Mëssstänn am Service ze vertuschen… Wou Pressiounen ausgeübt gi fir e Procès ze verhënneren an deem de betraffene politeschen Establishment wahrscheinlech näischt ze gewannen huet. Wou d’Presse an de politesche Géigner intimidéiert ginn, wann si d’Stëmm hiewen.  Et ass de Géigendeel vun der Opklärung, et ass d’Herrschaft vum Secret a vun der Kabinettsjustiz. A wat esou interessant ass un dëser Zäit, ass dass dee System, deen esou laang schonn zu Lëtzebuerg virherrscht, amgaang ass a Fro gesat ze ginn.

 

Et dierf de Mëtteg net ëm d’Persoun Jean-Claude Juncker goen, net ëm perséinlech Attacken. Natierlech huet de Premier Verdéngschter ëm eist Land, an déi ginn och vun deene mannsten a Fro gestallt. Mä dat ass haut net de Punkt. Hien ass stellvertretend fir eng Caste vu Politiker, déi vun der gouvernance am “stillen Kämmerlein”, déi vun der “Kabinettsjustiz”, déi all Muecht awer keng Verantwortung well iwwerhuelen – an dowéinst sollt hien haut demissionéieren a Plaatz maache fir eng nei politesch an eng nei Rechtskultur an eisem Land. Haut geet et em de Prinzip: Politesch Verantwortung fir en Service huet een oder net. An hien hat déi Verantwortung, an hien huet seng Fonctioun an deem Beräich net erfëllt. An da muss e goen. Esou ass d’Regel vum demokratesche Spill – a virum Gesetz ass jidderee gläich. Wann an dësem Fall eng Ausnahm vun der Verantwortung gemat gëtt, dann ass de Verantwortungsprinzip beschiedegt. Dem Kant säi kategoreschen Imperativ heescht: „Handle nur nach derjenigen Maxime, durch die du zugleich wollen kannst, dass sie ein allgemeines Gesetz werde.“ Wann de Premier hei keng Verantwortung hellt, läit d’Lat ganz, ganz héich fir, dass e Minister iwwerhaapt sech senger politescher Verantwortung stelle muss. Et bleift just ze hoffen dass d’Wieler no der Summervakanz, wann se wiele ginn,  sech drun erënnere firwat se sech un all deene Revelatiounen an de SREL, Bommeleeër a Cargolux Dossier’en sou stéieren: wéinst dem moralesche Gesetz a jidderengem vun eis, dem Fundament vun all Zesummeliewen a vun eisem Rechtsstat.

7 thoughts on “Kategorischen Imperativ 2.0”

  1. Simone Reuter says:

    du gesäis de Mensch aus enger ähnlech optimistescher Perspektiv wéi den Kant (cf « das moralische Gesetz in mir »)… Ech hoffen, du hues recht, an ALL Mensch huet wierklech sou e Gesetz a sech! (den Schopenhauer z.B. gesäit dat scho wesentlech méi pessimistesch wéi den Kant).An deene leschte Méint konnt een do e bessi an d’Zweifele kommen… A wichteg ass virun allem och, dass se op dat Gesetz lauschteren an déi moralesch Stemm net vun enger streng konsequentialistescher a meeschtens och egoistescher Virgehensweis iwwerdubbere loossen! Deontologie a Verantwortung gehéiren zesummen, sie schéngen am Moment relativ « out » ze sinn. Bleift ze hoffen, dass sech dat ännert an am kommenden Wahlkampf (a virun allem och dono) dat moralescht Gesetz Iwwerhand gewënnt !

  2. Franz Fayot says:

    Ech mengen dass all Mensch dat moralescht Gesetz a sech huet, mais dass et, och ennert dem Afloss vu Machenschaften vu verschiddene Politiker an hommes d’affaire, villen verluer geet. D’Werteskala ass och an desem domaine a Schiiflaag – Gier, Machtwellen, Geltungsbedürfnis sinn oft déi dominant Moteuren.Mir hun eng crise de gouvernance, déi fir mech domat ze dinn huet dass Parteien ze laang um Pouvoir sinn, dass et pouvor gett ouni responsabilitéit, keng checks and balances. An dobei eng obskurantistesch Perspektiv op den exercice vum pouvoir – wiirklech wichteg Decisiounen huelen sech am Geheimen – de contraire misst wouer sinn.

Répondre à Tom Krieps Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *