quaesitio

Pätterewirtschaft


 

Mauschel CSV

Et gëtt an dësem jonke mä schonn aktive Wahlkampf vill vu Neiufank geschwat. Mä vun engem zentralen Thema – dat och vill mat Neiufank ze dinn huet – ass nach net vill ze héieren : d’Vertrauen. D’Vertrauen an d’Politik zeréckgewannen, géint d’Politik-Verdrossenheet ukämpfen, dat muss och eng Prioritéit vun de Wahle vum 20 Oktober ginn. En zentrale Problem vun der lëtzebuerger Politik ass nämlech dee vum enorme Vertrauensverloscht vum politesche Personal iwwert déi leschte Joeren. De Bols vun engem Land hëlt sech natierlech net nëmmen op de soziale Foren, mä wat een do liese kann, déi ganz Häme, jo bal en Haass géint d’Politiker, mécht schonn Angscht. Dee Vertrauensverloscht  ass net gutt fir d’Demokratie. Politik, am Déngscht vum Interêt général a vum bien commun schaffen, am Fong deen nobelste Beruff deen et gëtt, schéngt haut zu Lëtzebuerg esou diskreditéiert ze sinn, wéi nach ni virdrun.

Vertraue geet verluer wann d’Vollek d’Impressioun huet, et géifen him Geheimnisser virenthale ginn. Wann et d’Impressioun huet, d’Politiker géifen him muench Saachen net soen, entweder well et zevill domm wär, se ze verstoen, oder, schlëmmer, well et gutt Grënn gëtt se net ze soen – am Kloertext well de Politiker bestach gëtt, oder well e Partikularinteresse servéiert, wat och eng Form vu Bestiechung ass. D’Kultur vum Secret ass verheerend an enger Demokratie, an déi Kultur war zentral an den Affäre Bommeleeër, Cargolux/BIP, SREL an och Liwange-Wickrange (déi Leschtgenannt huet allerdéngs an hirer Gravitéit näischt ze di matt deenen aneren). Ëmmer ass de mode de gouvernance dee selwechten : verhandelt a, virun allem, decidéiert, gëtt am Hinterstübchen, an duerno gëtt d’Decisioun ofseene gelooss vun engem Parlament dat meeschtens net all d’Elementer huet fir informéiert matzeschwätzen.

Rezent Phänomener ënnergruewen dat Vertrauen nach weider:

– d’Mauschlereien tëschent CSV-Politiker (Frieden, Mosar, Roth…) um Schluss vun der Chamber-Debatt vum 10 Juli ëm de SREL-Rapport, an dat doropfolgend chaotescht Enn vun der Sessioun,

– dem Premier seng haarsträubend quasi « Institutionnaliséierung » vun der Vettern- oder éischter Pätterewirtschaft op der Tribün vun der Chamber den 10. Juli, wou de JCJ jo gemengt huet et wier normal fir ze « hëllefen », wann ee Pätter iwwert engem säi Kand ass. (De Robert Bever huet dozou en exzellenten Artikel am läschte Land verëffentlecht).

Dem « Godfather » Juncker seng firëscht Boutaden « I am for secret dark debates » an « Wenn es ernst wird, muss man lügen » si vill méi wéi einfach « bons mots » oder Boutaden – sie verroden de Fong vun der Method vun enger ganzer Caste vu Muechtmënschen hirem politesche Wierken. Et ass de règne vun deeër « Kabinettsjustiz » déi ech an engem rezente Post beschriwwen hunn (« Kategorischer Imperativ 2.0 ») – e muechterhaalenden, fonctionnellen Exercice vum Pouvoir.

Mä wéi gewënnt ee verluere gaange Vertrauen zeréck ? En éischte Schrëtt ass sécherlech eng Reform vum Staat. Eng Iddi ass sécher fir d’Zuel vun de ministerielle Mandater an Zukunft op zwee ze begrenzen : et ass erwisen dass Filz virun allem do entsteet, wou déi selwecht Leit ze laang um Pouvoir sinn. A matt enger méi schneller Erneierung vum politesche Personal kann een och verhënneren, dass Politiker genuch Zäit un der Muecht kréien, fir sech hire perséinlechen « Haff » a Ministèren an Administratiounen anzeriichten. Mä och duerch eng transparent an éierlech Gouvernance. Doduerch also, dass een als Regéierenden seng Decisiounen ëffentlech an an aller Transparenz justifiéiert. Doduerch dass ee signaliséiert, dass ee näischt ze verstoppen huet. Dass keng Partikularinteressen oder pure Lobbyismus am Spill waren, wéi z.Bsp. e Gesetzprojet ausgeschafft ginn ass. Matt esou enger Method geet een Interessekonflikter a Reproche vu Korruptioun a Favoritismus aus dem Wee. Ee Land dat en interessante Wee gaangen ass a Richtung Transparenz, ass Schweden, wou all Mënsch Abléck an all ëffentlech Dokumenter vum Parlament, der Regierung an ëffentlechen Administratiounen erhale kann[1]. Firwaat ? « It is good for democracy to be scrutinised. The activities of the authorities concern us all. Like all other authorities, the Government Offices must supply the information requested. The media and others who are interested must be able to access information on different matters, irrespective of what the authority chooses to spread information about. “”

E weidere Punkt, an och hei geet et erëm ëm d’Reform vum Staat, ass de Statut vum Fonctionnaire d’Etat iwwert dee ganz sériös muss nogeduecht ginn. Dëst war och en Thema an der Debatt iwwert de SREL, mä et ass e generelle Problem vun der lëtzebuerger Gouvernance dass e Minister, dee jo politesch verantwortlech ass (oder sollt sinn), net vill pouvoir de sanction iwwert seng Fonctionnairen huet. E Fonctionnaire ass quasi inamovible, an doduerch dass en oft am Amt bleift och wann säi Minister ofgewielt gëtt, kritt en enorme Pouvoir, dee kenger demokratescher Kontroll ënnerläit. Et ass och e “secret de polichinelle” dass et z.B. eng Rei “établissements publics” zu Lëtzebuerg gëtt, déi vun héige CSV-Fonctionnairen (esouguer verschiddentlech nach, wann se schonn an der Retraite sinn) wéi eng Aart Baronie regéiert ginn. A, last but not least: d’Politiker sollten, och wann dat an engem klénge Land wéi Lëtzebuerg net ëmmer liicht fält, zevill eng enk privat Proximitéit matt prominente Promoteuren an Entrepreneur’en aus dem Wee goen. Invitatiounen, Cadoën, Faveur’en, Patenschafte sinn hei d’office, an zu Recht, suspekt. Et gëtt genuch (zevill) Beispiller fir ze beleeën dass finanziell Privatinteressen a Politik kee gudde Stot zesumme maachen.

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. http://www.government.se/sb/d/2853/a/18096 []

10 thoughts on “Pätterewirtschaft”

Répondre à Simone Reuter Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *