quaesitio

Jamais deux sans trois? (oder just nach « Loscht op Muecht »)


Junckercongres.jpgLäschte Samschdeg um CSV-Kongress huet de Kandidat Jean-Claude Juncker e franséische Spréchelche beméit, fir alt erëm d’LSAP ze diskreditéieren. Et goung zu Ettelbréck natierlech erëm net ëm Inhalter, mais ëm déi demokratesch legitim Ausso vun der LSAP ze versichen, de Premier an der nächster Regierung ze stellen. Trotz senger offensichtlecher Middegkeet huet den aktuelle Premier an de Sall geruff, dat wier nach ëmmer schiefgaang – wéi e Verstouss géint e sakraalt Gesetz, « es gibt keine fremden Götter neben uns », dat heescht vun der CSV. No 1979 an 1999, wou d’LSAP och “gewot huet” hier Uspréch kloer ze signaliséieren, misst och 2013 déi onverschimmten Hybris bestrooft ginn.  Dat weist alt erëm der CSV hiert Demokratieverständnis: Keng Verantwortung huelen, awer op alle Fall un der Muecht bleiwen. Wann d’LSAP un engem Programm schafft deen Loscht op Muer mécht, denken d’Pätteren aus der CSV just nach un hir Loscht op Muecht. Keng Iddi, keng Visioun, kee Courage – just de “séchere Wee”. An de Frieden, de Wolter an de Roth klappen sech dobäi natierlech d’Hänn wonn. Deen éischten hofft, dass ee beim Applaus seng Kasserollen (Cargolux/BIP, Quatar, falsch Budgetsprévisiounen, Biever etc.) net méi héiert rëselen, deen zweeten dass säi Presse-feindlecht Gepolters iwwertéint gëtt, an deen drëtten denkt wuel just nach un säi Ministesch-Posten vun deem e sou sécher ass dass en em no de Wahlen wäerd an de Schouss faalen. Während um Riednerpult e sichtlech gealterten, verschweesten an ofgekämpfte Juncker versicht d’Truppe vu sengem eenzegen Argument ze iwwerzeegen: loosst mech nach eng Kéier drun fir 5 Joer, well ech hu soss näischt vir. Jo, d’LSAP huet d’Recht, no all deene graven Verfehlungen an Dysfunktionnementer vun CSV-Ministeren, den Usproch fir de Premier ze stellen. A wéi heescht dee « Spréchelchen » op Däitsch: Aller guten Dinge sind drei. Am Interêt vun engem demokrateschen a rechtsstaatleche Renouveau am Land, kann een dat nëmmen hoffen.

16 thoughts on “Jamais deux sans trois? (oder just nach « Loscht op Muecht »)”

  1. Mel says:

    Ween traut dem JJ nach no sénger nei Joers Ried? Entweder e spënnt, oder e wees eppes méi a seet et net. Raus mat em.

Répondre à Jean-Claude Glod Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *