quaesitio

Logement – eng Fro vu sozialer Gerechtegkeet!


Occupation Strassen route d'Arlon 1.7.2013 photo David Wagner

Den 1. Juli, matten an der Regierungs-Kris ëm de SREL-Rapport, ass e Squatter an der Areler Strooss zu Stroossen op den Daach vun engem Haus geklomm fir géint seng Eviktioun, duerch d’Proprietairen, ze protestéieren[1]. Dës Aktioun erënnert un ähnlech Squatten zu Paräis, Ufank der 90er Joëren, duerch d’Associatioun DAL (Droit au Logement), déi deemools och de Problem vum Recht op Wunnen thematiséiert huet. Fir et an de Wieder vun engem vun de Squatteren aus der Areler Strooss ze soën: « Posséder des maisons uniquement à des fins spéculatives alors que certains se font déloger ou n`ont pas l`argent nécessaire pour payer un loyer, c`est éthiquement incorrect et moralement irresponsable. »

 

Dass d’Präisser vun de Wunnenge bei eis am Land därmoossen héich sinn, huet ganz sécher och matt der Spekulatioun ze dinn a matt fehlendem soziale Bewosstsäi vu muenche Proprietairen. Mä dat ass net deen eenzege Grond. De Kampf géint d’Deierecht vum Wunne muss effektiv eng Prioritéit sinn an eisem Land, och an der Perspektiv vun deem kuerze Wahlkampf bis zum 20 Oktober 2013. Awer virun allem duerno! Firwat? Well och d’Wunnen e Mënscherecht ass, d’selwecht wéi beispillsweis d’Recht op Schaffen, oder op déi perséinlech Sécherheet. An och well dëst Recht fir vill Leit an eisem Land zusehends onerschwingléch gëtt, wéi d’Statistike vum STATEC a vum Observatoire de l’habitat regelméisseg beleeën, trotz fortwährender Kris. Dofir muss de Logement ëmsou méi en Thema si fir d’LSAP, well et och e Beräich ass, an deem d’Deierecht e Faktor vu grousser sozialer Ongerechtegkeet ass – extrem deiere Wunnraum favoriséiert eng Ghettoiséierung vu sozial schwaache Leit an eenzel Quartieren oder an d’Peripherie vun de Stied – oder esouguer ëmmer méi an d’Ausland (!) – a gläichzäiteg eng Gentrifizéierung vun aneren, méi beléiften a méi hippen Quartieren.

 

Den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider (Grënnungspresident vun der Biergerinitiativ fir bezuelbare Wunnraum) huet um Kongress vun der LSAP de 16. Juli eng éischt Propose gemaacht, fir géint déi héich Präisser um Immobiliemarché virzegoen: d’Bauperimeteren opmaachen. Hie seet, dass déi bishéreg Politik mat engem Mix aus Subventiounen a steierlechen Incitatiounen (TVA, bëllegen Akt) net duergeet fir all de Mënschen e Recht op eng Wunneng ze garantéieren. Et ass och kloer, dass déi Mesurë keen erkennbaren Effet hunn op d’Präisser (mä wéi vill méi schlëmm et wier, ouni di Mesuren, ass schwéier festzestellen) – si sinn awer virun allem eng Hëllef fir Leit déi sech normalerweis souwisou eng Wunneng leeschte kënnen. Schonn am Februar 2012, hat den Etienne Schneider op RTL Radio Lëtzebuerg zum Thema Logement kloer Stellung bezunn: „Wa mir et net fäerdegbréngen eise Problem vum Logement an de Grëff ze kréien, da kënne mir jo ni Spillraum kréien, fir iwwer Salairen ze schwätzen. (…) well einfach d’Leit de gréissten Deel vun hirem Akommes mussen un de Logement ausginn. Wann Dir et net fäerdeg bréngt an Ärer aktiver Lafbunn, an Ärer aktiver Carrière Iech en eegent Logement ze bezuelen, mä da sidd Dir herno als Pensionär drop ugewisen, géint Loyer iergendwou ze wunnen. Mä dee Loyer deen Dir do bezuelt, dat ass schonn eng Duerchschnëttsrent an Däitschland, a Frankräich an an der Belsch, verstitt Dir. An dann hutt Dir nach näischt giess an nach näischt gedronk. An do läit a mengen Aen den Dréi- an Angelpunkt. Mir mussen dat do an de Grëff kréien.”

 

 

D’Ouverture vum Bauperimeter ass sécherlech eng gutt Piste fir d’Präisser erofzekréien, duerch dat einfacht Spill vun der méi héijer Offer um Marché. Mä et soll ee sech enger Gefor bewosst sinn: de lëtzebuerger Immobiliemarché gëtt dominéiert vun enger Handvoll vun Immobilie-Promoteuren, déi konsequent alles opkafe wat vu Bauland oder méiglechem Bauland an d’Vente kennt. Duerno decidéieren déi Leit dann, wat a wéini developpéiert gëtt. Dobäi gëtt natierlech opgepasst net ze vill an enger Kéier op de Marché ze bréngen, sou dass d’Präisser ni falen. D’Landesplanung an de Wunnengsmaart sinn also zu Lëtzebuerg eng Saach déi vu Privatinteressen determinant matbestëmmt ginn. Hei e puer Pisten, fir dass eng Logementspolitik erëm méi dem bien commun déngt a virun allem deene Leit hëlleft, déi ganz normal verdéngen:

–         D’Gemenge misste vill méi Steier op eidel Wunnengsraum virgesinn, notamment iwwert de Wee vum Gesetz iwwert de Pacte Logement (an iwwerhaapt op eidel Immobilien) asëtzen, fir eidele Wunnengsraum erëm op de Marché ze bréngen.

–         méi dense bauen: d’Zäite vum „4-Säite fräi“ sinn definitiv eriwwer an engem Land, wou de foncier esou Niveau’en erreecht, a wou déi demographesch Pressioun esou héich ass.

–         Positiv Erfahrungen aus dem Ausland mussen och zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. Zum Beispill dem Christos Doulkeridis[2] an der Regierung matt Roud-Grénger Partizipatioun vun der Régioun Bruxelles-Capitale hier Initiativen zu Bréissel : Konstruktioun vu 5000 logements publics, Renovatioun vum bestoende Parc immobilier résidentiel, Promotioun vun neie Forme vu „habitat collectif“, z.Bsp. habitat assisté, Hëllefen zum accès à la propriété, beispillsweis duerch Prêt’en fir sozial schwaach Leit a jonker, Juegd op eidel Wunnengen duerch „amendes administratives“, action en cessation, en Recht op ëffentlech Verwaltung vu Wunnengen, Rekonversioun vun eidele Büro-Räim…

–         Mir kéinten och op de Wee goe vun enger Abgabe un d’Kollektivitéit bei engem Klassement vun engem Terrain an eng zone constructible oder bei engem octroi vun enger Baugenehmegung (ausser fir privat a net kommerziell Zwecker) – et gëtt kee Gronn firwat d’Promoteuren an d’Proprietairë vu Lännereien sech sollen op administrativen Decisioune beräicheren. Au contraire, esou eng Mesure géif donieft den “moral hasard” bei Ëmklasséierungen a Genehmegunge minderen. Dee Constat ass zum Beispill an Däitschland gemaacht ginn: “Im Bereich der Gemeinden werden durch die Ausweisung von Bauland erhebliche Werte geschaffen. Das Verhältnis zwischen dem Wert nicht bebaubarer Flächen und dem Wert von Bauland hat sich in den letzten Jahren und Jahrzehnten ständig erhöht. Während im Jahre 1971 im Münchner Osten noch ein Wertverhältnis von 1 : 4 von Sachverständigen festgestellt wurde, ist heute ein Verhältnis von 1 : 30 nicht selten.”[3]

–           Et soll een, et muss een, iwwerleeën iwwert d’Aféierung vun enger Steier géint d’Immobilie-Spekulatioun. Am Kanton Zürich an der Schwäiz beispillsweis ass d’Besteierung vun Gewënner op de Verkaaf vun Immobilien gestaffelt jee no der Dauer vun der Détentioun vum bien immobilier[4]

Et gëtt also muench Pistë fir och an der Wunnengspolitik en Neiufank ze maachen. Mä den A an den O ass, an dësem Domaine, och eng Vereinfachung vun de Prozeduren an e bessert a méi effikasst Zesummeschaffe vu Staat a Gemengen – ze vill oft begéint een an dësem Domaine enger “guerre des administrations” déi d’Dossieren onnëtz ëm vill Joer no hanne gehäit. Hei gëllt also och: ze vill Käch verdierwen de Bräi! Och déi ze vill héich Technicitéit vun der Legislatioun am Immobilieberäich ass net fuerderlech – muench “règlements des bâtisses” si schlicht an einfach schlecht geschriwwen a loossen ze vill Raum fir Interpretatioun: eng Kodifizéierung, zesumme matt enger Vereinfachung vun der Legislatioun géif der Lieserlechkeet a schlussendlech och der Rechtssécherheet guttdoën. Et gehéiert zur Essenz vun der sozialer Gerechtegkeet an dëser Gesellschaft, dat déi Leit déi hei opgewuess sinn an e Liewe laang schaffen, och fir raisonnabel Präisser hei wunne kënnen!

 

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. Dozou dësen Artikel am Woxx: http://www.woxx.lu/id_article/6599 []
  2. Hie war zu Gaascht zu  Lëtzebuerg de 14 Januar 2013 op Invitatioun vun Déi Gréng an der Stadt []
  3. Baulandausweisung, Abschöpfung von Planungsgewinnen » Vortragsreihe bei der Hanns-Seidel-Stiftung, Von Rechtsanwalt Walter Labbé, München []
  4. http://www.roland-padrutt.ch/domains/roland-padrutt_ch/data/free_docs/Immobilien%20und%20Ihre%20Streuererfolge.pdf: „Die Grundstückgewinnsteuer erfasst die Wertzuwachsgewinne, die sich bei Veräusserung des Grundstücks ergeben. Als steuerbarer Grundstückgewinn gilt der Betrag, um den der Erlös die Anlagekosten übersteigt. Die Anlagekosten setzen sich aus dem einstigen Erwerbspreis und den anrechenbaren, wertvermehrenden Aufwendungen (wie z.B. Baukosten für die Erweiterung des Grundstücks) zusammen. Die Steuerbelastung ist in der Regel progressiv ausgestaltet, wobei kurzfristig realisierte Grundstückgewinne massiv stärker besteuert werden.

    Im Gegensatz dazu erfolgt eine massive Ermässigung bei einer langen Haltedauer. So fällt im Kanton Zürich eine Grundstückgewinnsteuer von 60% an, falls der Gewinn innerhalb eines Jahres realisiert wird. Bei einer Haltedauer von über 20 Jahren beträgt die Grundstückgewinnsteuer jedoch lediglich noch 20%.” []

4 thoughts on “Logement – eng Fro vu sozialer Gerechtegkeet!”

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *