quaesitio

DP-Rechtspolitik: Grondrechter oder just nach Populismus?


bettel2

 

 

 

 

 

 

No engem Weekend matt e puer schroe Messerpickereien a Kläppereien[1] huet de President vun der DP a bedéngten Spëtzekandidat am Zentrum, de Xavier Bettel, annoncéiert, dass hien enger « procédure de comparution immédiate » favorabel ass, wéi et se och schonn a Frankräich gëtt. Et kéint net sinn, dass Délinquenten eréischt no 6 Méint/ 1 Joer fir schlëmm Strofdote condamnéiert ginn – dem Affer wier dat net z’erklären an och beim Täter wär dann « d’Psychologie » vu senger Dot net méi verhanden. Duerfir wär d’Léisung fir Lëtzebuerg elo och esou e „Schnellverfahren“ anzeféieren a kuerze Prozess mat den Delinquenten ze man.

 

Déi éischter sozial-liberal jonk DP-Politikerin a Juristin Véronique Bruck huet dorop um Mëttespanorama vun 100,7 reagéiert an dee Virstouss kritiséiert, engersäits wëll esou e Verfahre sozial ongerecht wär, well kléng Délinquenten déi sech keen Affekot kenne bezuelen an esou enger Prozedur desavantagéiert sinn. Déi, déi sech ee kënne bezuele wäerten et fäerdeg bréngen hier Défense besser virzebereeden a besser preparéiert ze sinn, méiglecherweis esouguer d’Refixatioun vun der Affär ze kréien. An eng méi fundamental Kritik déi d’Véronique Bruck un d’Adresse vum DP-President mécht: sie erënnert drunn, dass d’DP d’Partei ass déi eigentlech déi individuell Grondrechter verteidege sollt, a net d’Partei déi z. Bsp. Schnellverfahren, an deenen d’Rechter vun der Défense allze oft ze kuerz kommen, aféiere soll. Haaptsächlech en matière pénale, wéi et androcksvoll all Woch un Hand vun engem konkrete Beispill am franséische « Canard Enchâiné » bewise gëtt – en Défilé vu Multi-Rezidivisten, déi virun désabuséierte Riichter virstelleg ginn.

 

Mir brauche sécherlech eng Justizreform déi et de Geriichter erlaabt och a Strofsachen den délai raisonnable anzehalen an deem se hier Urteeler sprieche kënnen – awer net eesäiteg op Käschte vun den droits de la défense. Et kann een dem Véronique Bruck also hei nëmmen zoustëmmen, virun allem well se sech traut den ehemolegen Affekot an haitegem Parteihëllege Xavier Bettel ze kritiséieren. Mä méi fundamental ass ze hoffen, och vum point de vue vun der LSAP, a matt engem nostalgesche Bléck op d’Period 1974-1979, dass sech méi Politiker vun der Mouvance vum Véronique Bruck an der DP manifestéieren. Well de Robert Krieps huet zwar als Justizminister d’Doudesstrof ofgeschaaft an de Strofvollzug zu Lëtzebuerg reforméiert, awer hie war do och op d’Stëmme vu Leit wéi dem Colette Flesch ugewisen (munch rietspopulistesch DP-Politiker hunn de Robert Krieps jo bekanntlech deemools net ënnerstëtzt). Et wier schéin ze wëssen, dass d’DP sech erëm op d’Grondrechter als politesch Substanz besënnt, amplaz just séier e klengen Effet d’Annonce an de Medien virzezéien. Well dat ass soss näischt wéi Populismus.

 

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20130819/0/2997235/) »>http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20130819/0/2997235/ []

One thought on “DP-Rechtspolitik: Grondrechter oder just nach Populismus?”

  1. Schonckert Jean-Jacques says:

    DP krutt vielleicht irrtemlecherweis den « CDU-Leitfaden » iwer « Die richtigen Worte finden- Leitfaden für gute Sprache im Wahlkampf » zougespillt kritt! ! An dem Senn, Artikel vum der Süddeutschen Z. (Seit 1) vun haut liesen. Do kreien d’Kandidaten Tipps wei se hieren « Programm » am beschten un d’Wielvollek ( vox populi, vox riendvieh …) brengt.
    Dat seet villes, mee ech färten ganz, dass sou Pabeiren an allen politischen Kreeser circuleiren!
    Demno wann ech vun engem Kandidat, egalitarian vu wei engem Bord, folgend Floskel heiren, als Aentwert op eng Fro : » Ech/Mir kreien vill Demanden Wei är an ech kann Iech versecheren:Mech/Ons beschätget dat Thema grad esou wei Iech », dass ech dann mei wei berechtegt Zweifel un der Oprichtegkeet vun dem hunn, den sou eng Formel oder eng ähnlech vum Stapel liesst!
    Fro demno: sinn mir sou domm oder virwaat loossen mer et zou , fir sou domm verkaaft ze ginn?

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *