quaesitio

Fir deene schéinen Hämmel nozegon…


Ouverture de la 673ième Schueberfouer

Jo, ech war de Freiden op der Ouverture vun der Fouer – eng Première fir mech. Ech bedaueren et net, well déi Ouverture ersetzt engem e Joer Ethnologiestudien iwwert de Stamm vun eise professionelle Politiker!

 

Ukomm bei der Haaptentrée vun der Fouer: Oftrennung fir de “carré VIP” – Schäfferot, Conseiller’en, Ministeren, Deputéierten an “elder statespeople” vun der Stad Lëtzebuerg dierfen eran: all de Rëscht bleift dobaussen –  d’Hierarchie ass direkt hiergestalt. Ruban duerchschneiden, och de “cordon sanitaire” fir de politeschen Hämmelsmarsch geet op… rush ! Komme mer nach op d’Photo? Déi Grouss villäicht, déi Kléng, keng Chance. De Marc Angel, absolute Profi an der Discipline, seet mer, matt ominéisem Bléck:  “Elo muss de drubleiwen!”

 

An esou geet et och : dee ganzen Hämmelsmarsch leeft hannert de Leithammelen hier, matt iirem Bléck, an der Hoffnung fir matt op eng Photo ze kommen, op engem Spill, um Wee op engem Spill, egal, am beschte matt an deem selwechte Weenchen, fir crispéiert an d’Kamera ze laachen, fir eng Photo ze hunn fir op Facebook, fir z’existéieren. Et gëtt déi, déi gutt am Exercice sinn, déi et ëmmer fäerdeg bréngen no drun ze sinn, an et gëtt déi, déi iergendzwuerch hänke bleiwen, ënnerwee, esou wéi ech…

 

Alles ënnert den deels ameséierten, deels matleedege Blécker vun de Leit, déi sech dee Cortège ukucken. Ech wëll net mëssverstan ginn: ech schléisse mech do net aus. Et huet awer eppes Absurdes, mais och eppes wat mathëlt, wann een an sou engem Hämmelsmarsch matgeet. Obwuel een guer net esou veranlaagt ass, erwëscht een sech bemol dobäi, sech och op Photoen ze positionéieren, op Spiller matzegoen. Et ass ee wéi vun engem Féiwer gepaakt. La politique est-elle un sport de combat?

 

Um Ënn vun der Experienz sinn d’Hämmel duercherneen, mä d’Politiker och. Héich Zäit fir e Fësch, sou laang wéi d’Frittefett nach frësch ass! An dobäi dat déift Gefill, dass dee Virwahlkampf ëm schéi Fotoen, endlech dem Wahlkampf iwwert Iddie fir d’Zukunft vun eisem Land muss Plaz maachen.

22 thoughts on “Fir deene schéinen Hämmel nozegon…”

Répondre à Robert Jacques Stone Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *