quaesitio

HARRY-PÖTTERing-Stiftung: Wéi vun Zauberhand!


 

Pöttering Juncker

An engem Bericht iwwer d’politesch Situatioun zu Lëtzebuerg koum de fräie Mataarbechter von der CDU-noer Konrad-Adenauer-Stiftung, den Dr. Jochen Zenthöfer,[1] zum objektive Fazit: « Die Versäumnisse Junckers bei der Überwachung des Geheimdienstes sind evident. »[2] Hoppla, huet do een einfach d’Wourecht gesot? An dat bei der Konrad-Adenauer-Stiftung? Dee Bericht ass awer elo – wéi vun Zauberhand – iwwerall verschwonnen. Wuel well vu Lëtzebuerg gefrot gouf, dass déi evident Wourecht net publizéiert dierf ginn. Dem Orwell säi Ministry of Truth (ënnert dem Motto: Ignorance is strength) huet direkt missten agräife fir eise Big Brother net ze desavouéieren! De Spiegel erzielt a senger Ausgab vun haut, wat duerno passéiert ass: “(…) Der Bericht wurde zwar wie üblich an interessierte Adressaten verschickt, nach wenigen Tagen aber eingestampft. Aus der zuständigen Europaabteilung ist zu hören, der Bericht « enthielt politische Wertungen, die man in der Berliner Zentrale anders sieht ». Dies sei zu spät bemerkt worden. Stiftungschef Hans-Gert Pöttering, zuvor Präsident des EU-Parlaments, wollte sich zu Interna nicht äußern und betonte: ‚Ich wünsche unserem Freund Jean-Claude Juncker, dass er die Wahlen gewinnt.’“ Wann dat kee léiwe klenge „renvoi d’ascenseur“ ënnert ale Bekannten a gudde Parteikollegen ass.[3]

 

De Fait bleift awer, dass fir all objektive Beobachter dem Jean-Claude Juncker seng Versäumnisser wierklech evident sinn – do kënnen seng Berliner Kollegen elo esou vill Berichter astampfe wéi se wëllen. Et bleift och e Fait, dass de Jean-Claude Juncker, wéi all Minister, objektiv responsabel fir säi Service war an ass. An d’Enquête-Kommissioun huet kloer bewisen, dass hien och perséinlech responsabel war. Aner Ministeren, wéi zum Beispill de Johny Lahure 1998 fir vill manner schlëmm Fait’en, hunn an der Vergaangenheet ouni ze zécken hier Konsequenzen aus Dysfunktionnementer an hire Servicer gezunn an demissionéiert. Et gëtt näischt Schlëmmeres wéi e politesche Pouvoir ouni Verantwortung  – dat ass de Géigendeel vun engem demokratesche Rechtsstat. Wéi de Jean-Claude Juncker zum Beispill gewuer gouf, dass de Marco Mille, Chef vum SREL, hie mat enger Auer opgeholl huet, huet hie keen Disziplinarverfahren ageleet, mä dee Mann ass fir t’éischt emol nach länger Zäit am Amt bliwwen, huet dunn congé sans solde kritt, an ass d’Trap erop gefall a bei Siemens ënnerkomm. An all aner Betrib, Verwaltung oder Service misst e Mataarbechter deen eng grave Illegalitéit begaangen huet, mat Konsequenze rechnen – awer net am SREL fir deen de Jean-Claude Juncker direkt responsabel war.

 

De Premier huet verschidden international Verdéngschter ëm eist Land  – och wa keng eenzeg grouss Reform hei zu Lëtzebuerg seng Handschrëft dréit (an dat no 18 Joer Premier!) – mä dat ass an deeër SREL-Affaire net de Punkt.  Et goung den 11. Juli an der Chamber ëm e wichtege Grondprinzip: Politesch Verantwortung fir e Service huet een oder net. Wann ee Muecht well an huet, muss een och d’Verantwortung iwwerhuelen. Verantwortung ass d’Regel vum demokratesche Spill – a virum Gesetz ass jidderee gläich, esouguer de Jean-Claude Juncker. De Verantwortungsprinzip ass dee fundamentale Prinzip vun enger parlamentarescher Demokratie. De Jean-Claude Juncker ass keen Opfer an och kee Märtyrer, hien huet selwer di falsch Decisioune geholl an duerno awer net seng Verantwortung. Et hätt de Jean-Claude Juncker och net vill Zäit kascht, fir deemools direkt di korrekt Mesuren ze huelen, awer en huet sech selwer dogéint entscheed. An dofir si seng Versäumnisser och evident!

 

Dass elo vun der KSA déi penibel awer evident Schlussfolgerungen einfach ewechgezaubert ginn, fir dem Kumpano Juncker ze déngen, ass e Parade-Beispill vun der intellektueller Onéierlechkeet vun deeër ganzer CDU-CSV Seilschaft. An et sprécht Bänn iwwert d’Seriositéit an  d’Objektivitéit vun der Konrad-Adenauer-Stiftung, déi sech am Beschten an HARRY-PÖTTERing-Stiftung ëmdeefe sollt!

 

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. http://www.zenthoefer.de/ []
  2. http://www.spiegel.de/spiegel/vorab/konrad-adenauer-stiftung-schont-luxemburgs-regierungschef-junker-a-918386.html []
  3. http://www.gouvernement.lu/salle_presse/actualite/2009/01-janvier/27-juncker/ []

8 thoughts on “HARRY-PÖTTERing-Stiftung: Wéi vun Zauberhand!”

Répondre à Cathy Fayot Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *