quaesitio

Déifgefruere Macaron’e fir déifgefruere Politik


 

Macarons,_French_made_mini_cakes

D’Uewerstad Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi zum Ladurée’s-Macaron: sterile, deier a just nach op der Fassade authentesch.

 

Dass elo och de Ladurée’s-Buttek, dee jo bekanntlech eng vun de Franchisë vum Groupe Castera-Einhorn war, an d’Bredouille geréit[1] ass e Sinnbild vun der Kuerzsiichtegkeet vun deeër eleng op Profit-Maximéierung ausgeriichte Politik vun der Gemeng Lëtzebuerg.

 

D’Lokal an deem de Ladurée’s-Buttek ass gehéiert nämlech der Gemeng Lëtzebuerg. Wéi et am Summer 2010 ëm d’Fro gaang ass, wien vun den 9 Kandidate fir dat Lokal den Zouschlag sollt kréien ass eleng op déi héchst Offer gekuckt ginn – déi vu Castera-Eihorn fir de Ladurée’s-Buttek.

 

Dëst ass e weidert Beispill fir d’Denkschema vum blo-grénge Pouvoir an der Gemeng Lëtzebuerg: nëmmen sou vill wéi méiglech Sue maachen. Wat aus dem Stad-Zentrum soll ginn iwwerloosse mer der onsiichtbarer Hand vum Maart – déi mécht dat schonn.

 

Ech hat schonn eemol d’Occasioun an engem Post op dës Politik hinzeweisen am Zesummenhang matt Wunnhaiser an der Montée de la Pétrusse an am Gronn[2] wou eng ganz ähnlech Demarche um Wierk war. Och do sinn Immobilien déi am Besëtz vun der Stad waren an enger Stee op de Maart geschleidert ginn – au plus offrant, ouni och nëmmen e Gedanken dorop ze verléieren, wat ee soss domat hätt kenne maachen.

 

Mais an enger Stad wéi der Stad Lëtzebuerg, wou eng solch Nout herrscht un erschwingléchen Immobilien, sief et fir ze wunnen, ze schaffen oder ebe fir e Commerce opzemaachen, misst eng Gemeng dach agräifen, an nëtt ëmmer rëm no hirem eenzege finanzielle Profit kucken. Well iergendwann muss een sech och als Gemeng (vu “Gemeinde”, oder “Gemeinwesen”…) d’Fro gefale loossen, firwat een dann déi vill Suen iwwerhaapt verdéngt? Fir se bei déi schonn enorm Reserve vun ongeféier 650 Milliounen Euro dropzeleeën, déi d’Stad Lëtzebuerg souwisou schonn op der Bank leien huet, a matt deenen se näischt ufänkt? Fir weider just d’Investisseure’n, Spekulanten a Luxusbutteker hiere Business maachen ze loossen? Oder fir eng pro-aktiv Politik ze maachen am Sënn vun enger liewécher Stad mam richtege Mix aus Wunnen, Schaffen an akafen.

 

Matt hire rieségen finanzielle Mëttele kéint d’Stad Lëtzebuerg nämlech selwer vill Immobilien an Terrain’en opkafe fir se am Sënn vun den Awunner vun der Stad anzesetzen: fir den iwwerhëtzte residentielle Maart ofzekillen oder fir ugehenden Entrepreneur’en a Geschäftsleit matt gudde Projet’en en Ufank z’erméiglechen.

 

D’Stater Sozialisten hate beispillsweis an hirem Wahlprogramm fir d’Gemengewahlen 2011 proposéiert dass d’Stad hir Lokaler sollt als “Commerce incubateur” Geschäftsleit matt innovative Konzepter zur Verfügung stellen, mat engem Loyer deen déif ugesat wier, an iwwert e puer Joer géif progressiv eropgoen, a matt engem zäitlech begrenzte Bail.

 

Well de Charme vun enger Stad läit bei lokale Commerce’n, dat constatéiert een och all Kéier wann een an enger auslännescher Stad ass, nett bei deenen internationale’n Label’en déi een an all Stad vun der Welt fënnt. Et wär wichtég wa blo-gréng dat géif agesinn an d’Ressource’n vun der Stad och an deem Sënn géif asëtzen.

 

 

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. http://www.google.lu/url?sa=t&rct=j&q=&esrc=s&frm=1&source=web&cd=1&cad=rja&ved=0CCoQFjAA&url=http%3A%2F%2Fwww.paperjam.lu%2Farticle%2Ffr%2Fladuree-sur-la-sellette&ei=99o2UveEJ8PQtQbe5IDwAg&usg=AFQjCNE3w3K_xSaIdZbc1BFskmc-5JCMmw&sig2=f5VV9aimP7joQoq3-hWQqw&bvm=bv.52164340,d.Yms []
  2. « Ons doudég Stad »:http://www.franzfayot.lu/2013/05/22/ons-doudeg-stad/ []

17 thoughts on “Déifgefruere Macaron’e fir déifgefruere Politik”

Répondre à Robert Jacques Stone Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *