quaesitio

Elo, déi Rout, Gréng, Blo !


Rout Blo Greng

Déi spannend Fro an dësem Ufank vu Wahlcampagne 2013 ass ob déi 3 progressistesch Parteien – LSAP, DP an déi Greng – sech iergendwann zu engem kloeren Bekenntnis zu enger Dräier-Koalitioun hiräisse loossen oder net. Fir mech eng komplizéiert an einfach Fro zugläich: eng Dräier-Koalitioun (also ouni CSV) ass déi eenzeg Regierung déi Sënn mécht fir eist Land zu dësem Zäitpunkt. Am Fong dierft dat och net sou schwéier falen. Et schéngt am Géigendeel éischter schwéier virstellbar wéi iergendeng Partei no deene grave Verfehlunge vu Spëtzen- CSV-Politiker (Juncker, Frieden, Wolter), déi och an dëse Wahlen nach ëmmer d’Spëtzeleit vun der CSV bleiwen, déi selwecht CSV erëm an d’Regierung brénge wéillt.

 

An den TNS Ilres Sondage vun RTL-Wort vum 27 August bis zum 13 September 2013 schéngt der Dräier-Koalitioun jo och Opwand ze ginn: vu 55% vun de Wieler déi e Wiessel wëllen, sinn der 22% fir eng Dräier Koalitioun ouni d’CSV, géint 16% CSV-DP a 7% CSV-Déi Gréng, woubäi 29% kee Wiessel wëllen a weider eng CSV-LSAP Koalitioun wëllen. Mais, déi 29% déi kee Wiessel wëllen, sinn an der Minoritéit! Och wann d’Wieler nach ëmmer de JCJ als natierleche Premier gesinn, sou huet en dach massiv un Zoustëmmung verluer, an et geet just drëm eng credibel Alternativ ze bidden. An, villäicht déi wichtegst Zuel am ganze Sondage: et si 40% vun de Wieler nach net décidéiert iwwert dat, wat se den 20. Oktober wiele wäerten. Eng enorme Zuel fir lëtzebuerger Verhältnisser, déi seet: et ass alles oppen! Et kéint ee mengen dass virun allem déi zwou Oppositiounsparteien e Wiessel misste wëllen. Wéi kann ee lautstark iwwer Méint a Joere Praktike kritiséieren, déi elo kloer der CSV zougeschriwwe sinn, an doriwwer de Récktrëtt vun der Regierung verlaangen, an dann no virgezunne Wahle mat eben där Partei, déi dofir responsabel war, an d’Bett klammen?

 

Et ass awer eben dat wat verschidde Leit an deenen zwou Parteien net wëllen ausschléissen. Sou si wuel d’Aussoe vun der grénger Partei-Präsidentin Sam Tanson ze verstoe beim Programm-Kongress vun déi Gréng[1]. An och vun der DP héiert een des Öfteren, dass d’Partei, oder op d’Mannst de staarke Mann vun der Partei, géif zu enger Koalitioun matt der CSV neigen[2]. An och d’LSAP ass net däitlech an oppen op der Linn vun enger Dräier-Koalitioun, och wann den Alex Bodry mat sénger Ried den 16.9. um Programm-Kongress vun der LSAP däitlech Partie ergraff huet fir déi Optioun.

 

Dëst ass wahrscheinlech déi grouss Chance vun der CSV, a villäicht en taktesche Fehler vun deenen dräi anere Parteien. Virun allem an der DP ass ee wuel ëmmer nach am “état d’esprit” dass eng Koalitioun ouni d’CSV déi absolut Exceptioun zu Lëtzebuerg ass, an dass ee sech net richteg traut, am Virfeld zu enger Wahl, sech ëffentlech fir dës Optioun auszedrécken. Doduerch akkreditéiert een d’These vun der CSV, dass eleng si “staatstragend” wär, de “séchere Wee”, “fair a stabil”. Dass, wann ee sech elo géif am Virfeld zu enger Koalitioun ouni d’CSV äusseren, d’CSV dann duerno, um Wahlowend, béis matt engem wär an net wéilt mat engem koaléieren…

 

Dat weist, dass vill féierend Politiker, leider, nach an deem emotionelle Spill gefaange sinn dat d’CSV ronderëm d’lëtzebuergesch Politik gesponnen huet: et wor eemol e gudde Papp vum Vollék, deen ëmmer no senge Kanner gekuckt huet, zesumme matt engem wëllegen Assistent. Heiansdo hu si – d’Kanner an den Assistent –  hien traureg gemaacht, mais hien huet hinnen ëmmer verzien a senger grousser Guttheet. No de Wahlen huet dee gudde Papp sech da muenchmol en neien Assistent gesicht, a weider regéiert…  All di aner Parteie mussen aus dësem Denkschema ausbriechen an e sachleche Bléck op d’Politik an d’Situatioun vum Land geheien. An déi Situatioun verlaangt a mengen Ae vu progressistesche Parteien, dass se sech kloer, an am Aklang matt deem wat am Juli 2013 an deene Méint virdru passéiert ass, zu enger Koalitioun ouni d’CSV als éischte Choix prononcéieren. Et ass net nëmme mäi Gefill, mais och vill Diskussioune matt Leit déi ech begéinen, an déi mer hier Suerg iwwert déi Ongewëssheet ausdrécken, an deeër déi dräi Parteien d’Wieler loossen iwwert hier Absichten hinsichtlech enger Dräier-Koalitioun. Dat ass menger Meenung no falsch an huet näischt matt Respekt vum Wielerwëllen ze dinn. Wann d’Präferenz fir eng Dräierkoalitioun kloer ausgedréckt wär, da wären d’Wieler am Kloren iwwert d’Absichte vun de Parteien a kéinten och an deem Sënn e Choix maachen – fir oder géint eng Dräier-Koalitioun.

 

A wann et dann net duergeet, um Wahlowend, soll kee sech eng viirmaachen: de Papa CSV verzeiht an hëllt sech schon e wëllege Koalitiounspartner… Muechterhaltung oblige.

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/48640.html: “Pour ce qui est de la question des prévisions de coalitions potentielles et certainement pour couper court à toute polémique stérile, la coprésidente du parti prend les devants : «Il ne s’agit pas de spéculer sur tel ou tel futur partenaire de coalition…La priorité est que notre parti se renforce, quel que soit celui-ci.» En outre, «une future coalition à trois ne serait pas exclue».” []
  2. cf dem Romain Hilgert säin Artikel am Land vum 13. September “Die Partei der Vorsichtigen”: “Aber wenn es um Koalitionen geht, ist Xavier Bettel konservativ: “Es gibt auch bei uns eine Strömung, die eine Dreierkoalition befürwortet”, räumt er ein. Aber er gehört offenbar nicht dazu.” []

30 thoughts on “Elo, déi Rout, Gréng, Blo !”

Répondre à Robert Jacques Stone Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *