quaesitio

Happy Birthday, Blog !


tumblr bdayFF

Ech krut virun e puer Deeg en automatesche Mail vun Tumblr fir mer matzedeelen, dass mäi Blog 1 Joer krut. Ass dat elo schonn ee Joer hir duecht ech mer: wéi d’Zäit vergeet!

Am Ufank hunn ech op der Plattform « tumblr » – franzfayot.tumblr.com gebloggt – duerno op engem méi schéinen, a fir mech méi maniablen, WordPress site: www.franzfayot.lu

D’Bloggen war an ass fir mech d’Méiglechkeet meng Gedanken iwwert Politik – déi lëtzebuergesch a muenchmol déi international – schnell an effikass ze diffuséieren. Et ass eng Aart politescht Tagebuch, en ëffentlecht Tagebuch op dat déi Leit, déi Loscht hunn, kenne reagéieren an matt mir oder aneren diskutéieren. Heiansdo klappt deen Echange ganz gutt, heiansdo net. Wann e klappt ass dat eng Genugtuung – well dat war den Zweck vun der Übung wéi ech ugefang hu mam Blog.

Ech soen all deenen, déi mech liesen, déi Ureegungen a Kommentaren ofginn e grousse Merci fir hiren Intressi. Merci och un all déi Leit déi mer gehollef hunn – fir d’éischt emol um informatesche Plang (ech sinn eng Null an IT…): Mathias, Marco … An e grousse Merci un déi Frënn, déi mer Iddie ginn, matt deenen ech echangéieren, déi mech noliesen an déi mer och emol roden en Text net ze bréngen… Merci och un de Fabrizio Pizzolante vum Tageblatt fir d’Photo déi hien deemols vu mir geholl huet, fir op de Blog. An e Merci un déi, déi mech verlinkt hunn – Christophe, Yves, Robert Goebbels, Manuel Huss, Sammy Wagner.

Et ass eng interessant Zäit an eisem Land, an et ass passionnant d’politesch Aktualitéit iwwert e Blog ze kommentéieren.

Op e weidert Joer!

 

3 thoughts on “Happy Birthday, Blog !”

Répondre à Lazy Sunday Becomes Eclectique Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *