quaesitio

« Elementary, my dear Watson » – oder, Elo déi Lénk, da kritt der muer erëm d’CSV


Elo déi Lénk_2

D’Alternance ass wichteg an enger Demokratie. Fir dass déi den 20. Oktober klappe kann, sollten all Wieler lénks vun der Mëtt nëmme Parteie wielen, fir déi Verantwortung net just e Slogan ass, mee déi och wierklech politesch Verantwortung iwwerhuele wëllen. Ween eng Regierung ouni CSV well, dierf keng Stëmm un di Déi Lénk verschenken. Well eng Stëmm fir Déi Lénk ass net nëmmen eng verluere Stëmm (et mécht keen Ënnerscheed op si 1 oder 2 Sëtz an der Chamber hunn), mee och eng Stëmm géint eng Dräierkoalitioun an domat fir d’CSV als Regierungspartei. Ween 2002 a Frankräich Arlette Laguiller gewielt huet, krut de Chirac. Ween den 20. Oktober Déi Lénk wielt, kritt um Enn erëm de Juncker. Dat ass reng mathematesch den Effet vun eisem Wahlsystem. It’s arithmetics, stupid.

 

Souvill zur Wahllogik – wéi ass et mam Inhalt? Et krut jiddereen, dee politesch lénks steet, eng gutt a gerecht Dose Altermondialismus – iwwert, ënner anerem, de Monde Diplomatique an dem Naomi Klein seng Bicher “No Logo” a “Shock Doctrine”. An natierlech ass een oft matt muenchem averstan wat an deene Publikatiounen iwwert international Politik steet. Mais, déi reell Fro fir den 20. Oktober heescht: hunn Déi Lénk eng realistesch Agenda fir eist Land?  D’Äntwert ass nee. Lëtzebuerg ass nämlech net d’USA oder England. Et ass bei eis net den Hort vun neo-liberale Finsterlingen à la Tea Party déi nëmmen dono gammsen de Staat an enger Buedbidden z’ersaufen an d’Aarbechter iwwert den Dësch ze zéien. Mir hunn e Sozialstaat zu Lëtzebuerg, deen Dank der LSAP entstanen ass, an deen et gëllt ze präservéieren an auszebauen.

 

Déi Lenk bedreiwen an dëse Wahlen eng zimlech verantwortungslos Sozial-Romantik déi eleng op der LSAP hier potentiell Wielerschaft ausgeriicht ass. Et ass de kloren Versuch mat irrealistesche Wahlverspriechen, di sech gutt unhéieren, der LSAP Wieler ofzehuelen. Wat ass awer den Zweck vun der Übung, wann déi Lenk, wéi s’et selwer zouginn, dach net an eng Regierung wëllen? Wéi den David Wagner, porte-parole vun déi Lenk, am face-à-face mam Christophe Schiltz[1]  erklärt, géif et anscheinend drëm goen, d’LSAP duerch d’Influenz vun déi Lenk méi no lénks ze dreiwen, an esou der lëtzebuerger Politik méi eng staark lenk Influenz ze ginn. Dat klengt staark no enger Partei, déi hir Iwwerzeegunge quasi “par procuration” auslieft… Awer d’LSAP huet säit 1937, wou si fir t’éischt an der Regierung war, de soziale Fortschrëtt zu Lëtzebuerg duerchgesat an net just dovunner gedreemt oder geschwat. De Pierre Krier huet de Sozialstaat no 45 begrënnt trotz den Attacke vum kommunistesche FLA. Den Index ass vun der LSAP-DP-Regierung agefouert ginn!

 

A Realitéit ass déi Lenk hire Programm sozial-romantesch a grad a Wirtschaftsfroen total weltfriem. Déi Lenk schéngen zum Beispill net matkritt ze hunn, dass Lëtzebuerg eng oppen Economie an enger globaliséierter Welt ass, an deeër d’Entreprisen nun emol no Kompetitivitéit a Standuertvirdeeler kucken. Et kann een nëmmen déi Suen ausginn, déi do sinn – och dat aus Grënn vu Gerechtegkeet a Solidaritéit mat de Generatiounen déi no eis kommen. D’Proposë vun Déi Lenk si par contre de séchere Wee an d’Mauer. D’LSAP huet och an der leschter Regierung dofir gesuergt, dass de Mindestloun substantiell an d’Lut gaang ass. Wann een elo drun denkt, dass all Stëmm un Déi Lenk eng Stëmm ass, déi der LSAP vläit fehlt fir staark genuch ze ginn, fir eng Regierung vum Neiufank, da gëtt et kee Grond eng Stëmm un Déi Lénk ze verschenken. Well den 2. oder 3. Sëtz op deen déi Lenk esou schaarf sinn, fir hier onduerchsetzbar Agenda emol net wëllen duerchzesetzen, geet just op d’Käschte vun der LSAP. Elementary, my dear Watson!

 

Dofir muss ee sech ëmmer drun erënneren, och wann ee genësserlech de Monde Diplomatique liest a sech um moral highground esou wuel fillt: Elo déi Lenk dat heescht an der realer Welt:  muer erëm d’CSV, wahrscheinlech matt der DP. A wann dat antrëtt, da bléist demnächst e vill méi kale Wand iwwert d’Land.

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. http://news.rtl.lu/themen/wahlen/468053.html []

36 thoughts on “« Elementary, my dear Watson » – oder, Elo déi Lénk, da kritt der muer erëm d’CSV”

  1. Pascal says:

    Salut,

    ech hun emmer geduet déi Lénk wier dei Partei, dei op d’LSAP klappt. Gudd, dat mer elo emol feststellen kennen, dat et emgedreint ass. Leider nach net emol wirklech op engem inhaltlechen Niveau. An villen Emissiounen um Radio an op der Tele hunn ech a leschter Zeit vun der LSAP heiren dat déi Lénk sech op hier richteg Géigner konzentreiren sollen, dat sollt mengen ech och fir d’LSAP gellen.

    Et ass jo schein dat LSAP eng CSV aus der Regierung hu well. Ma wat ass dann d’Alternativ? Eng Koalitioun mat der DP, dei an hierem Wahlprogramm stoen hun dat se den Mindestloun senken well, am leiwsten d’automatesch Lounindexeirung oofschaafen geif an wou Austeriteit ganz grouss geschriwwen gett. Wou soll dann do eng politesch Grondlaag sin? Haalt w.e.g op den Wieler hannert Liicht ze feiren. Sou Iwwerleeungen kann ech net eescht huelen.
    Eng LSAP misst sech vun enger DP distanzeiren an net nach gucken wei een am beschten mat sou Lait koaleiert. Dofiir gett et tatsächlech nemmen eng Alternativ den 20. Oktober an dat ass déi Lénk.

  2. Laura Urbany says:

    Daer mat aerch et awer schein einfach!
    1tens as dat do wait vu mathe weg, well eng stemm fir dei lenk = keng fir dlsap, keng fir dp, keng fir dei greng, keng fir den adr, also och…keng fir d’csv. Aer ausso huet mer eichter mat schein zurecht gezwirbelt logik ze din…
    2tens Haalt dach ob lo hai DP als buhmann duer ze stellen, ob manst soen se kloer wat se wellen an et kann een sech bewosst fir oder geint hier inhalter decideiren. D’LSAP par contre seet dat eent a mecht dat anert a verstoppt sech dann hannert deem beise beise koalitiounszwang. Se kinnt jo naischt fir dat wat se an der chamber duerch gewonk hun, besser ging ebe net goen. Ma da loost mol anerer un dRai, mol kucken ob et wirklech net besser geet! Wann et net besser geet an der fir naischt kennt wat geschitt as wou soll dann dee supposeierte neiufank hier kommen wann e jo onmeiglech as?
    3tens Wann d’LSAP lenks steet an dei sait staerke well firwat da net dozu opruffen dei lenk ze wielen fir dass se als staark oppositioun dei aarm dLSAP ennerstetze kann wann de beise kolatitiounszwang rem zouschleit an dei arm LSAP rem net su lenks ka sin wei se well? Ma da misst der dach frou sin ennerstetzung vun der oppositioun ze kreien fir dass der aer sozial iddien endlech duerch geboxt krit a net alleng geint dCSV do stid.
    Deen artikel do as vun hanne bis vier schlecht mathe, schlecht logik a kuerz em: schlechte wellen an dlait fir domm verkaaf

  3. Laura Urbany says:

    A last but not least: ech ging mech an aerer plaatz schummen o na de fanger drob ze leen wat dLSAP an der zait fir de sozialstaat bedeit huet. Daer kommt an engem verglach ganz schlecht eweg!

  4. Lars says:

    Et ass immens schued, daat Dir hei matt mathematesche Spillercher demokratesch Grondsätz aushebelt. Dat steet iwweregens och (zum Gleck) am krasse Géigesaatz zu deene Wäerter, déi d’LSAP an hierem Wahlprogramm vertrett, an der ernéierter Demokratie, dei eis vun der LSAP versprach gett. Dat Dir aplaatz Argumenter Berechnungen benotzt, weist just, dat Dir lo schon net dovunner ausgitt, selwer genuch Kraaft ze hunn, fir zesummen matt Gréngen an DP en Regierung ze stellen. Wann der daat just op Käschten vun klénge Parteien, net awer op Käschten vun der CSV packt, hudd der dach iwwerhaapt keng Legetimatioun eis daat als « Néiufank » ze verkaafen.
    Ween déi Lénk wielt, wielt déi Lénk an stäerkt déi Lénk am Parlament an an der Oppositioun. An jo, ech sinn der Meenung daat des Partei grad an der Oppositioun bis lo immens gutt Dengschter leeschte konnt, notament bei der Opkläerung vun der SREL-Affär an well eng Oppositioun, dei richteg Alternativen bidd, an daat mecht déi Lénk, immens wichteg fir eng Demokratie ass. Et ass dach immens wichteg, daat et eng Partei gett, dei och a wirtschaftleche Froen no néie Weeer sicht, och de Recht vun Ärer Argumentatioun ass do och absolut ondemokratesch: Et gett net just ee Wee, an « eng wirtschaftlech Realitéit », also argumentéiert w.e.g. aplaatz pauschal ze behaapten, daat et wirtschaftlech just ee Wee gett (daat dir do deen nämlechte Wee hutt wei d’CSV ass bedenklech).

    Ech hoffen ganz, daat Ären Artikel hei just Är perséinlech Meenung, an net déi vun ärer Partei duerstellt. An ech hoffen, daat Dir matt sou engem hässlechen demokratieverständnis net d’Zukunft vun Ärer Partei prägt, soss ass d’Hoffnung op een politesch lenken Neiufank (eng Koalitioun ouni CSV an ouni eng DP, dei grad een mei nidderege Mindestloun fir Jonker fuerdert) em soss.

  5. Pingback: D’LSAP – eng Partei am Delirium | Res Publica
  6. Trackback: D’LSAP – eng Partei am Delirium | Res Publica
  7. Patrick Wilhelmy says:

    Op esou verwuerelt Gedanken ze kommen, dofir muss een anscheinend immens gescheit sinn. Tatsaachen verbéien, aus takteschen Grënn… ? Dat ass « AFFEKOTEN 1 x 1 » – Mir liewen an enger Demokratie. Wann déi Theorie do stëmme géif, da misst een och soen: eng Stëmm fir d’ LSAP ass a Wierklechkeet eng Stëmm fir déi BLO. Mengen och 1 oder 2 Setz hinn oder hier – et ass schlussendlech: e Sëtz. « déi gréng » waren am Ufank och frou « eenzel Stëmmen » kritt ze hunn. Eng Partei ass eng Partei, wëll se eng Meenung huet. Ween « déi lénk » wielt, fënnt « déi lénk » gutt, soss géif en direkt CSV wielen !! Virun de Wahlen ass alles eng Hypothees. No de Wahlen ass en Resultat do.
    Frot emol d’ FDP an Däitschland 🙂

Répondre à Lars Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *