quaesitio

Le fabuleux destin de M. Frieden


Frieden fabuleux destin

Jo, et ass schonn ee Joer hier! Ee Joer säit de Luc Frieden sech wéi eng Tut plakeg Mécken iwwert seng Nominatioun als President vum « Board of Governors » vun IMF a Weltbank gebretzt huet. Deemools hat ech folgende Post zu dësem Thema geschriwwen, deen ech och haut nach matt zwou Hänn ënnerschreiwen an zu deem et eigentlech net vill bäizefüge gëtt:
http://www.franzfayot.lu/2012/10/22/34097183129/
D’Wort stiliséiert dem Minister Frieden säi Gruss-August-Amt vun der Finanzwelt elo op 2 Säiten zum Super-Event mam global relevante Luc Frieden erop. « On fait feu de tout bois » géif de Fransous soen, besonnesch während dem Wahlkampf…
Zu dësem « Treffen der globalen Finanzelite in Washington » (dixit Wort-Titel a senger Editioun vum 10. Oktober) seet de President vum Gouverneursrat vun IWF a Weltbank, Luc Frieden dann nach folgendes:
« Dieses Amt ist vergleichbar mit dem des Präsidenten der UN-Vollversammlung, das Gaston Thorn 1975 innehatte. Es handelt sich um eine grosse Ehre für Luxemburg. Die Themen mit denen sich IWF und Weltbank befassen – Wirtschaftswachstum, Kampf gegen die Armut, internationale Zusammenarbeit – sind wichtiger Teil meines politischen Handelns. Das wurde durch diese Ernennung anerkannt. »
Dass de Minister Frieden alt erëm dëst Mandat, dat eleng engem rengen Rotatioun’s-Prinzip ze verdanken ass, als Bestätegung vu sengem « politeschen Handeln » ëmdäit, ass net vun enger grousser Eleganz, fir elo mol héiflech ze bleiwen.
A fir déi reell Wichtegkeet vun dësem Event ze deiten, sief just erwähnt dass de Jeroen Dijsselbloem, Juncker-Nofolger als President vun der Euro-Zone an hollännesche Finanzminister, et net emol fir néideg hält op dës Kapesëtzung op Washington ze fléien, well en et méi wichteg fënnt säi Budget fäerdeg ze maachen[1].
Schued, domat verpasst hie wéi de President Frieden « in seiner Eröffnungsrede (…) die Akzente des gesamten Treffens » setzt.

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. http://www.tageblatt.lu/nachrichten/europa/story/Eurozonen-Chef-reist-nicht-hin-17779856 []

9 thoughts on “Le fabuleux destin de M. Frieden”

Répondre à Robert Jacques Stone Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *