quaesitio

Doudesstrof am Wort


Robert Krieps 2« Mesdames, Messieurs, je vous demande d’abolir la peine de mort et d’éviter à notre pays, dont nous vantons à juste titre l’attachement aux principes de liberté et de justice, la réputation peu enviable d’avoir été le dernier à avoir rompu avec les derniers vestiges du moyen âge. » sot de Robert Krieps 1979 an der Chamber. Dat et d’Doudesstrof haut zu Lëtzebuerg net méi gëtt, verdanke mer dem Courage an der Haartnäckegkeet vum sozialistesche Justizminister Robert Krieps a sengem Procureur Général Alphonse Spielmann – géint schaarf Resistenz vun CSV, Luxemburger Wort an dem rietse Fligel vun der DP. Et ass och sécher aus deem Gronn dass de Wort-Journalist Marc Thill[1] a sengem Artikel léiwer op d’Ofschafung vun der Guillotine a Frankräich duerch de Robert Badinter 1981 hiweist, wéi op déi selwecht Mesure – zwee Joer virdrun – zu Lëtzebuerg duerch de Robert Krieps. De Robert Badinter hat schon 1979 un den Alphonse Spielmann geschriwwen: « Je crois (en effet) que la longue marche vers l’abolition a atteint, sinon son port, en tout cas son ultime étape. Votre exemple n’y aura pas été indifférent.“ Mais de Numm Robert Krieps dierf natierlech net positiv am Wort stoen…

Un déi politesch Diskussiounen an hefteg Ausernanersetzungen an de Joren 1978/1979 erënnert par contre de Marc Limpach am Detail a sengem exzellent recherchéierten a geschriwwenen Artikel an 2 Deeler iwwert de Wee zur Ofschafung vun der Doudesstrof zu Lëtzebuerg. Dës Artikelen sinn och d’lescht Woch am Kader vun « 100 Joer Tageblatt » am Tageblatt publizéiert ginn – hasard du calendrier, bal zäitgläich mam Weltdag géint d’Doudesstrof den 10 Oktober 2013. Sie beweisen nach eng Kéier ganz kloer, dass d’Abolitioun vun der Doudesstrof bei eis am Land an der Haaptsaach dem Courage vum Robert Krieps an dem Asaz vun e puer engagéierte Mënschen ze verdanken war. An dat war just eng vu villen wichtegen Reform an der Justiz-Politik déi während der sozialistesch-liberaler Regierung 1974-1979 duerchgesat konnte ginn, an déi matt der CSV deemools ni méiglech gewiescht wär.

Wou de Marc Thill a sengem Wort-Artikel allerdéngs absolut Recht huet, ass wann en haut ganz allgemeng schreift « Muss man heutzutage noch wiederholen, dass die Todesstrafe unvereinbar mit der Achtung der Menschenrechte und der menschlichen Würde ist? » Et wär interessant gewiescht d’Astrid Lulling, d’Viviane Reding an de Michel Wolter, dräi nach ëmmer aktiv CSV-Politiker, ëm hier Meenung dozou ze froën.  D’Astrid Lulling an d’Viviane Reding hunn nämlech nach esouguer 1984 (!) an der Chamber « Nee » zur Ratifizéierung vum 6. Protokoll zur Europäescher Mënscherechtskonventioun gestëmmt, an de Michel Wolter huet sech ganz oncouragéiert enthalen.

De Projet de loi Nr. 2816 fir d’Ratifizéierung vun deem Protokoll, deen di definitiv Ofschafung virgesäit, koum 1984 virun d’Chamber.  De Robert Krieps sot deemools an der Chamber: « Um nationale Plang geschitt (…) bei eis näischt Neies wat déi Konventioun ubelaangt; et ass awer um internationale Plang eng ganz wichteg Fro, déi sech haut stellt, (…) [ech] géing Iech wierklech bieden, am Hibléck op d’Usehen vun eisem Land op der internationaler Szen (…) Äre Vote dono ze riichten. » Besonnesch d’Viviane Reding, d’Astrid Astrid Lulling an de Georges Margue (CSV) hunn an der Debatt di albekannten populistesch Argumenter fir d’Doudesstrof bruecht an sech net ëm d’Renommée vum Land gekëmmert. De 17.Oktober 1984 stëmmen 54 Deputéierter fir d’Ratifizéierung vum Protokoll Nr. 6 iwwert di definitiv Oofschafung vun der Doudesstrof um internationale Plang mat, awer och nach 6 mat Nee. Dobäi 5 vun der CSV:  Ernest Petry, Fernand Rau, Viviane Reding, Astrid Lulling, Georges Margue – an och de René Mart (DP). 3 Deputéiert hu sech an dëser wichteger Fro just enthalen: Michel Wolter, Roger Lenert a Nic Mosar (allen dräi natiirlech CSV).

Eng Woch virun historesche Wahle fir eist Land ass d’Erënnerung un dës historesch Reform, déi deemols nëmme konnt ënnert enger LSAP – DP Regierung zustaan kommen, besonnesch relevant. Ech hoffen dass vill Leit sech do drun erënneren wann se de Sonnden 20 Oktober 2013 an der Wahlkabin stinn.

Hei de link zum éischten Deel vum Marc Limpach séngem Artikel aus dem Tageblatt:

20131009-5 CENTENAIRE_LINKS_2013

20131009-5 CENTENAIRE_RECHTS_2013

Hei de link zum zweeten Deel:

Teilseite_CENTENAIRE_LINKS_20131010_ (1)

Teilseite_CENTENAIRE_RECHTS_20131010_ (1)

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. http://www.wort.lu/de/view/wenn-der-staat-toetet-52561bc9e4b0866593722786 []

34 thoughts on “Doudesstrof am Wort”

Répondre à Marc Limpach Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *