quaesitio

Muer !


534884_10151519195514424_229003384_n 

Muer ass e wichtegen Dag an der Geschicht vun eisem Land. Muer trëtt d’LSAP un fir d’Demokratie an de Rechtsstat an eisem Land ze stäerken, fir weider Aarbechtsplazen ze schafen, fir d’Renten ze sécheren, fir de Budget gerecht z’equilibréieren, fir eng nei Logementspolitik ze begrënnen, fir eis Wirtschaft weider ze diversifizéieren, – fir dass mir eise Sozialstaat erhalen an ausbaue kënnen. Mir wëllen en oppent, modernt a soziaalt Lëtzebuerg. Fir dat alles ze erreechen musse mir de Staat reforméieren a moderniséieren, fir dass en erëm méi effizient a gerecht handele kann. Dofir muss d’LSAP muer gestäerkt aus de Wahlen ervir goen.

An eisem globaliséierten Ëmfeld ass eppes kloer: Wien muer net no vir geet, fält schonn iwwermuer zréck. Well, wat ass a 5 oder 10 Joer, wa mer elo net déi néideg Reforme maachen, wa mer elo eisem Land keng nei Dynamik kënne ginn. Dat betrëfft ganz besonnesch meng Generatioun. Awer virun allem och meng Kanner. Et geet muer dofir ëm d’Zukunft vun eisem Land. D’CSV kann a well di Zukunft net verkierperen. Fair a Stabil? Gerechtegkeet ass besser wéi Fairness. Dynamik an di néideg Reformen ëmsetzen, ass besser wéi Stëllstand. Et muss sech vill hei zu Lëtzebuerg bewegen, fir dass mir der Zukunft erëm nei entgéint goe kënnen.

Firwat mer muer wiele ginn (a net eréischt 2014), dierft jidderengem bekannt sinn. Fir déi, déi et vergiess hätten, erlaben ech mer ënner anerem nach eng Kéier op meng Posts vu Juli 2013 hinzeweisen. An e puer Wuert resuméiert: Srel-Affär, Cargolux-Qatar Affär, Frieden-Biever-Bommeleeër Affär, dem Michel Wolter seng Attaque géint d’Presse. Eng CSV, déi sech un de Pouvoir klamert, a genau déi Partei huet elo nees, virun de Wahlen, en absoluten an onbedéngten Usproch op Pouvoir. Sie wär onëmgänglech, well se souwisou déi stäerkste politesch Kraaft géif bleiwen. Der Wort-Propaganda no wären déi dräi aner Parteien an hier Spëtzekandidaten, déi no enger Alternativ sichen, just « Rädelsführer » (Marc Thill, Wort vum 19.10.2013), no der Definitioun vum Duden ass e « Rädelsführer » « jemand, der eine Gruppe zu gesetzwidrigen Handlungen anstiftet und sie anführt. », well se sech och nëmmen traue géifen eng Dräier-Koalitioun ëffentlech z’evoquéieren! Lëtzebuerg wier also e Land wou d’CSV di eenzeg legitim Partei wier? Loossen d’Lëtzebuerger sech dat gefalen? Ech hoffe net!

Mir wëllen: E Lëtzebuerg dat zugläich effikass a sozial, modern a gerecht ass. Dat hunn ech och an de läschte Wochen am Wahlkampf a ganz ville Gespréicher mat de Leit ëmmer erëm héieren. Mir mussen elo schonn d’Liewensqualitéit vu muer, fir eis Kanner sécheren. An eisem Programm hu mir kloer Iddiën, wéi mir dat alles ëmsetze wëllen. D’LSAP, huet ëmmer, wa Lëtzebuerg an der Kris war, déi richteg Decisioune am Interêt vum ganze Land geholl. Muer zielt all Stëmm, well Politik ass kee Spill. Et ass wichteg fir bei dëse Wahlen är Stëmm un eng Partei ze ginn déi wierklech Verantwortung fir hir Politik a fir eist Land iwwerhuele wëll. Eng Stëmm fir d’LSAP ass eng Stëmm fir de Fortschrëtt a fir d’sozial Gerechtegkeet zu Lëtzebuerg.

6 thoughts on “Muer !”

Répondre à Jutta Hopfgartner Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *