quaesitio

Merci !


Photo affiche LSAP merci (c) Tom Weidig's Facebook-timeline

 

Ech kommen elo, eng Woch no dem Wahlowend, réischt dozou all deene Leit merci soen, déi fir mech gewielt hunn, den 20 Oktober 2013.

 

Ech realiséieren, all Dag méi, déi grouss Éier fir elo kënnen als neien LSAP-Deputéierten d’Leit vun dësem Land an der Chamber ze vertrieden. An ech gi mer och all Dag méi der grousser Responsabilitéit bewosst. Et wärt, besonnescht als Vertrieder vun enger Regierungspartei an enger historescher Dräier-Koalitioun tëschent LSAP, DP an déi Gréng, dorëm goen, d’Land ze moderniséieren, ëm eng besser “gouvernance” ze ginn, et fit ze maachen fir eng Welt no der Kris, an zu gläicher Zäit eise Sozialstaat ze präservéieren.

 

Mais et wäert och, a villäicht virun allem, dorëm goen, de Leit d’Vertrauen an d’Politik erëmzeginn. D’Leit zu Lëtzebuerg si politikverdrossen, dat weisen d’Sondagen, an dat bekräftegen Diskussioune matt de Leit während der Wahlcampagne. Sie mengen, dass d’Politiker net méi capabel sinn, Léisungen zu dem Land senge Problemer ze fannen, dass et hinne vill méi dorëm geet, hire Stull ze retten, och wann dat op Käschte vu schwieregen an muenchmol onpopulären Decisioune geet. Sie hunn dobäi net ëmmer ganz onrecht. Et ass awer un der Politik esou Decisiounen ze huelen, an ech sinn iwwerzeegt, dass, wann een se nëmmen uerdentlech erklärt, een doduerch net onbedéngt méi onpopulär beim Wieler gëtt. Och do drëm geet et fir déi nei Regierung an déi nei Chamber – ophale mat Tricksen an Taktéieren, mais stattdessen consultéieren, decidéieren an éierlech erklären.

 

Et geet elo drëm, e Koalitiounsprogramm auszehandele matt DP an déi Gréng, deen all déi Problemer an eisem Land uschwätzt a probéiert ze léisen. D’Dräierkoalitioun ass eng Konstellatioun fir déi ech scho fréi plädéiert hunn a menger Partei, an op mengem Blog.

 

Bei enger Dräierkoalitioun muss jidderee Waasser a säi Wäi schëdden. Dat gëtt net liicht, an et gëtt net ëmmer Freed, mais et ass derwäert. Dës Missioun ass opreegend an exaltant, an ech freeë mech immens drop. D’Erënnerung un d’Koalitioun vun 1974-1979 bestäerkt mech an der Meenung dass och dës Reformatioun’s-Regierung eist Land a ville Gebidder weiderbrénge wäert.

 

Ech wäert mech asëtzen an deenen Themen, déi mech berufflech an éierenamtlech interesséieren, an iwwert déi ech regelméisseg op mengem Blog schreiwen: Finanzen, Finanzplaatz, Justiz, Kultur, Menscherechter a sozial Gerechtegkeet.

 

Ech wäert alles dru setze meng Wieler net z’enttäuschen, fir de Choix dee sie den 20 Oktober gemaacht hunn, wéi sie mer hier Stëmm ginn hunn!

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *