quaesitio

Gesetzer an Ideologien


Bull_and_bear

Ech war am September 2012 op der Summerakademie vun der LSAP zum Thema « Too big to fail : le double destin de l’Europe», iwwert d’Kris an Europa. Do huet, während enger Debatte, ee Participant sech opgereegt iwwert d’Kuerzsiichtegt an d’Inkompetenz vun internationalen an europäesche Spëtzepolitiker, déi net capabel waren dës Kris virauszegesinn an eppes dogéint ze maachen.

 

D’Äntwert vun engem Panelist, e lëtzebuerger Economist, war déi folgend : d’Politiker hunn nëmme bedéngt eng Schold un deem wat passéiert ass. D’Kris vum Euro, lassgetrëppelt duerch déi weltwäit Banken a Finanzkris, ass entstan wéinst enger dominanter Ideologie, der neo-liberaler Wirtschaftstheorie vun Hayek, Friedman an der Wirtschaftsschoul vun Chicago, déi ab Ufank 1980er Joeren hire Wee an de politesche Mainstream fonnt huet. Ab do sinn d’Finanzmäert an de Finanzsecteur dereguléiert ginn. An den USA, mais och an Europa. An dës Ideologie ass net a Fro gestallt ginn, vu Kengem, och net vu lénke Politiker an den 1990er an den 2000er – et sief drun erënnert dass et de Bill Clinton war, conseilléiert vum Larry Summers, deen de Glass-Steagall Act, deen nom Crash vun 1929 d’Trennung tëscht Investment a Retail-Banken, op déi mer elo amgaang sinn zeréckzekommen, decidéiert huet.

 

Dës Ausso huet mer d’Muecht vun Iddien an Ideologien iwwerhaapt, mais och am legislative Prozess, nach eng Kéier virun Ae gefouert. Well Ideologië wierken nach no, ënnert Form vu Gesetzer, och da nach wann se, u sech, scho laang diskreditéiert sinn.

 

Ee Beispill dofir betrefft d’Régulatioun vun de Finanzmärt.

 

An engem remarquabelen Artikel schreift de franséische Professer Hubert de Vauplane, ee vun deenen eminente Finanzplaz-Juristen a Frankräich (de link hei: Revue-Banque N°766 décembre 2013_Les fondements de la régulation entre libertariens et néo-keynésiens):

 

« Le principe d’« ordre spontané du marché » (ou autorégulation) constitue la base de la régulation des places financières dominantes, à savoir New York et Londres. Ce principe de fonctionnement a irrigué toute la régulation financière mondiale, y compris (et surtout) au sein des grandes instances de régulation comme la BRI et le FMI. Il a été décliné dans toutes les régions du monde au nom du « level playing field ». Tout a été mis en oeuvre pour « libéraliser » les conditions d’accès et de fonctionnement des marchés financiers, laissant ces derniers s’autoréguler. Dans cette conception, le (seul) rôle de l’État s’est limité à déréglementer les marchés financiers au nom du principe de libre concurrence. »[1]

 

Hien décryptéiert a sengem Artikel d’Mierkmoler vum moderne Finanzrecht, dat och bei eis vun angel-sächsescher Prägung ass, an dat sech duerch Formalismus, « neutralité axiologique »[2] an Auto-Regulatioun charakteriséiert. Hie schléisst matt folgendem Constat :

 

“Tous ces principes libertariens du droit néolibéral continuent d’irriguer en profondeur la régulation financière. Or il ne peut y avoir de réforme efficace de la finance sans discussion sur les principes qui fondent sa régulation. C’est ce débat qu’il convient d’ouvrir.”

 

Déi fortwährend neo-liberal Ausriichtung vum internationale Finanzsecteur-Recht weist d’Wichtegkeet vum ideologeschen Ënnerbau vu Gesetzer – an och déi enorm, well insidiös Muecht vun Iddien.

 

Wat de Finanzsecteur ugeet, sot den neien Oppositioun’s-Leader Jean-Claude Juncker a senger Ried zum Regierungsprogramm, de 7.12.2013, à l’adresse vun der neier Regierung : «Passt gutt op wéi wäit der wëllt matt ärer Kapitalfrëndlechkeet goen.» Eng staark an ominös Ausso an Zäiten wou vu verschidde Säiten net gescheit gëtt den Ausschloss vun eisem Land aus der EU ze fuerderen, well mer just dat – zevill kapitalfrëndlech – wieren. Mais d’ «Kapitalfrëndlechkeet» vun der Legislatioun iwwert de Finanzsecteur hänkt nëmmen an engem gewëssen Ausmooss vu Lëtzebuerg of. Natierlech huet een eng national « marge de manoeuvre » wat verschidden Instrumenter ugeet – et kann ee sech beispillsweis froen, ob et eng gutt Iddi ass elo « intérêts notionnels » anzeféieren. Den ideologeschen Ënnerbau vum Finanzrecht awer – an dorop weist den Hubert de Vauplane a séngem Artikel hinn – muss op europäeschem an internationale Plang nei diskutéiert ginn. An dës Diskussioun muss och Lëtzebuerg, als Land matt enger wichteger Finanzplaatz a matt enger juristëscher Traditioun « kontinentaler » an nett angel-sächsescher Prägung, säi ganzt Gewiicht abréngen.

 

 

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. H. de Vauplane « Les fondements de la régulation entre libertariens et néo-keynésiens », Revue Banque, 10.12.2013 []
  2. « Le droit néolibéral écarte par principe toute interrogation philosophique ou morale relative au bienfondé de la norme.” []

18 thoughts on “Gesetzer an Ideologien”

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *