quaesitio

Gesetzer an Ideologien – 2


 220px-Bundesarchiv_Bild_151-17-15,_Volksgerichtshof,_Roland_Freisler

Engem zweete Beispill vu Corrélatioun tëscht enger nach vill méi diskreditéierter Ideologie wéi der neo-liberaler Wirtschafts-Theorie, nämlech dem Nationalsozialismus, a geltendem Recht sinn ech rezent an engem « Zeit » -Artikel begéint.

 

An engem engagéierten Artikel plädéiert de Riichter Thomas Fischer do fir d’Ofschafung vum sougenannten « Mord-Paragraph » am däitsche Strafgesetz[1].

 

Dësen Text ass 1941 ënnert den Nazien, insbesonders vum NS-Riichter Roland Freisler,  agefouert ginn a besteet haut nach am däitsche Strofrecht :

 

« Man wollte nicht « Tatbestände » schaffen, sondern ein genuin nationalsozialistisches Strafrecht, einen Ort voller Symbolik und Kraft: « völkisches » Recht, vorgeblich aus der Tiefe einer germanischen Identität, aus dem Blut einer zusammenfantasierten Rasse, aus Volksrechten des Mittelalters, aus einem Brei von Ressentiment, Gewalt und Schmierentheater, unbefleckt von der Seuche der Aufklärung. Je mehr man aus den Schimären des ewigen Verlierers das alberne Bild des nationalsozialistischen Menschen zusammenschwadronierte, desto mehr schwand in den Denklaboren jener Zeit – und der unterwürfig folgenden Strafrechtswissenschaft – das aufgeklärte Licht. Der gesetzliche Tatbestand wurde ersetzt durch das Zerrbild eines biologistischen « Tätertyps »: « Der Mörder », « der Totschläger », « der Plünderer ». Freisler schrieb: « Der Gesetzgeber hat ihn nicht durch Zusammensetzung von Tatbestandsmerkmalen konstruiert. Er hat ihn ganz einfach hingestellt. Damit der Richter ihn ansehen und sagen kann: Das Subjekt verdient den Strang. »

 

Viru welch Problemer a Konflikter juristesch Begrëffer wéi « Heimtücke », « Habgier » oder « niedrige Beweggründe » d’Riichter déi se uwenne mussen, mais och eng humanistesch a modern Gesellschaft insgesamt stellen, erklärt den Thomas Fischer a sengem exzellenten Artikel.

 

Trotzdem huet de « Mord-Paragraph » sech säit méi wéi 70 Joren am däitsche Strofrecht gehalen.

 

Och am Strofrecht a bei gesellschaftleche Reformen ass den ideologeschen Ënnerbau vu Gesetzer ganz präsent, an nie onschëlleg – et sief drun erënnert géint welch Resistenz bei eis d’Reform vum Strofvollzug ënnert dem Robert Krieps/Alphonse Spielmann gestouss ass an de 70er Joeren, oder d’Ofschafe vun der Doudesstrof. Et sief och drun erënnert wourun eng wierklech progressiv Reform vum IVG-Gesetz oder dem Divorce-Gesetz a rezente Joere gescheitert ass – un ale Resistenzen aus konservativ-kathouleschem Gedankegutt – Pénaliséierung vum IVG an duebel Konsultatiounen fir d’Fra, divorce pour faute… beim IVG gëtt et zur Zäit eng inquiétant Réaktioun a Spuenien, a generell am krëschtlech-konservative Lager, wéi de Vote am Europa-Parlament zur Resolutioun vun der Europa-Deputéiert Edite Estrela weist. 

Zu Lëtzebuerg musse mir  d’Opportunitéit vun dëser progressistescher Dräierkoalitioun ergräife fir d’lëtzebuerger Gesetzgebung an deenen Domainen definitiv an d’21. Joerhonnert ze féieren. Resolut am Esprit vun der Opklärung, ewech vum Obskurantismus a reaktionärer Ideologie, och wann se hautzedags nach esou respektabel ausgesäit.  

 

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. « Völkisches Recht », Die Zeit, 12.Dezember 2013 ; http://www.zeit.de/2013/51/mord-paragraph-nationalsozialismus/seite-1 []

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *