quaesitio

Äntwert op QP Dëppefabrik – eng onverständlech Démolitioun


abrissbirne  Hei ass d’Äntwert vun der Kulturministësch op meng QP iwwert d’Démolitioun vum Gebei « Dëppefabrik » zu Iechternach am August 2013.

QP et réponse Dëppefabrik Echternach

Dëst erhaalenswäert Gebei, dat no Recommandatioun vun der COSIMO sollt klasséiert ginn, ass jo démoléiert ginn an dunn, no der Démolitioun (!) nodréiglech klasséiert ginn. En absurde Viirgang, an eng absurd Démolitioun déi op e Versäumnis vun der fréierer Kulturministësch zeréckzeféieren ass.

Wéi esou oft zu Lëtzebuerg an deene lëschte Joërzengte, war de Bagger méi schnell wéi d’Denkmalschützer. D’Dëppefabrik ass nett méi, a sie kënnt och net méi erem.

Mir brauchen en Ëmdenken an dësem Domaine, an dat fänkt matt Sensibiliséierung op eise Patrimoine un. Mir brauchen awer och e neit Denkmalschutzgesetz, an d’étude vum François Desseilles, déi dës Woch an der Kulturkommissioun virgestallt ginn ass, ass e gudden Usaatz dofir.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *