quaesitio

Ried zum PL 6514 iwwert d’Cyberkriminalitéit – Chamber 4.6.2014


stock-photo-hacker-typing-on-a-laptop-with-binary-code-in-background-135704441Dëse PL, deen de Rapporteur jo am Detail beschriwwen huet, approuvéiert d’Budapester Konventioun iwwert Cyberkriminalitéit vum 23 November 2001 a féiert an eist Strofrecht a Stroofrechtprozedur deen « arsenal juridique » an, deen dora virghesinn ass.

 

E setzt fir t’éischt emol déi spezifesch Infraktiounen ëm, déi d’Konventioun virgesäit – Phenomene wéi Unhuele vu falschen Identitéiten, Phishing (hameçonnage), Interceptioun vun informateschen Donnéeën an « abus de dispositif » – alles nei forme vu Kriminalitéit, déi bis elo ënnert dem Code pénal net stroofbar waren, oder wou et op mannst net sécher war, dass se erfaasst wären. En Arrêt vun der Cour d’appel vum 14 Juni 2010 haat zeréckgehaalen dass et net meiglech wier de « phishing » als Bedrug (escroquerie) ze bestroofen, well e Passwuert kee « meuble » am Sënn vum Code Pénal (art 496) ass. Seit engem rezenten Arrêt vun der Cour de Cassation vum 3.4.2014 ass et kloër dass och elektronesch Date kënne geklaut ginn – sie kennen also och d’Ziel vun engem Bedrug sinn, a sie kënne saiséiert ginn. Et ass nawell gudd am Sënn vun der Rechtssecherheet fir dat explizit festzehaalen am Gesetz. De Code Pénal huet missen opgefrëscht gi fir d’Cyberkriminalitéit z’erfaassen.

 

Mais och déi prozedural Instrumenter fir dogéint virzegoen, wéi och d’Volet’s vun internationaler Kooperatioun an internationaler Kompetenz wann et ëm Cyberkriminalitéit geet, gi verstärkt duerch dëst Gesetz.

 

D’Gesetz sëtzt ausserdem de Protokoll zu deeër Konventioun vun 2003 ëm, déi ëm rassistesch an auslännerfeindlech Akten handelt, déi informatësch ausgefouert a verstreet ginn – a wann een op Internet a soziale Foren ënnerwee ass, wees een dass och daat kee Mutwell ass, och bei eis net!

 

Doduerch dass d’Mëttel vun der internationaler Kooperatioun hei méi effikass ginn – d’Infraktioune vu Rassismus an Auslännerhaass si jo scho virgesinn an eisem Code Pénal – misst et an Zukunft méi einfach sinn esou Komportementer op Internet z’ënnerbannen, och wann se aus dem Ausland kommen.

 

Wéi wichteg et ass, insbesonnesch fir e Land wéi eist, wat kleng ass an dofir direkt an engem internationale Kontext, sech esou eng Législatioun ze ginn weisen aleng e puer rezent Beispiller: net méi spéit wéi d’lëscht Woch waren eng partie lëtzebuerger Banken d’Ziel vu « phishing » Operatiounen, wou Gauner probéiert hunn Client’en hier Passwierder iwwer email ze kréie fir an hiere compte eranzekommen.

 

Och Ebay, eng bei eis am Land usässeg weltwäit aktiv E-commerce Entreprise war d’Affer vun engem informatesche Piratage. D’CNPD, als zoustänneg Behörde fir eBay, muss elo eng Enquête maachen iwwert d’Implikatioune vun deeër Affaire – dëst weist och déi ëmmer méi grouss Wichtégkeet vun deeër Behörde an engem Land dat esou staark op nei Technologie sëtzt. An et stellt d’Frô wéi gutt d’CNPD, mais och d’Police Judiciaire, équippéiert a forméiert si, fir op dës nei Forme vu Kriminalitéit an engem stark wuessende Secteur anzewierken?

 

Well mer kleng sinn, mais och well mer esou staark an de Beräich TIC investéieren, ass et esou wichtég fir decisiv an effikass géint Cyberkriminalitéit virzegoën. Mais och well infekt Phenomene wéi Pedopornographie oft iwwert Internet diffuséiert ginn ass et gutt déi juristesch Mëttelen ze hu fir dogéint unzekämpfen.

 

Ee Punkt sollt allerdengs nach erwähnt ginn, an deen huet ze di matt deem rezenten Arrêt vum Europäesche Geriichtshaff vum 8 Abrëll 2014 an der Affär Digital Rights, déi jo d’Directive iwwert d’Vorratsdatespäicherung annuléiert huet. D’Budapester Konventioun schreiwt de Signataire’n an hirem Titre 2 d' »Conservation rapide de données informatiques stockées » an an hirem Titre 5 d' »Collecte en temps réel de données informatiques » vir. Hei kréien d’Staaten d’Obligatioun, Mesure’n fir Vorratsdatespäicherung ze maachen. Et gëllt elo ze kucken, an ech muss zouginn dass ech dat selwer nach net gemaacht hunn, mais ech mengen deem misst een sech unhuele beim MJ, a wéifern déi Mesure’n nach conforme sinn zum europäesche Recht wéi et jo elo aus deeër Jurisprudenz Digital Rights ervirgeet. De MJ an d’Juristesch Kommissioun vun der Chamber wäerten sech och demnächst matt der Konformitéit vum lëtzebuerger Gesetz vun 2010 dat d’Directive 2006/24 emgesaat huet beschäftegen. An deem Kontext wär et och gutt sech direkt matt dëser Fro ze beschäftegen.

 

Ech wëll zum Schluss och nach ervirhiewen dass och op europäeschem Plang sech muenches deet am Kampf géint Cyberkriminalitéit. Sou ass am Januar 2013 den EC3, European Cybercrime Center am Kader vun Europol, an d’Liewe geruff ginn. Dës Ënnerorganisatioun vun Europol soll am Kader vun der Strategie de sécurité intérieure vun der EU eng wichteg Roll spille fir eng besser Koordinatioun vum Kampf géint schwéier Forme vu Cyberkriminalitéit am europäesche Raum, insbesonnesch organiséiert Verbrieche wéi online fraud, sexuell Exploitatioun vu Kanner iwwer Internet, a Cyber-Attacken op wichteg IT-Infrastrukturen.

 

Well dëst Gesetz eis op mannst d’Instrumenter wäert gi fir géint esou uerg Phenomener wéi Kannerpornographie, Auslännerhaass an divers Forme vun Internet-Fraud virzegoen, kann d’LSAP dësen Text nëmme begréissen. Wéi déi Instrumenter duerno um Terrain fonctionnéiere, muss gekuckt ginn.

2 thoughts on “Ried zum PL 6514 iwwert d’Cyberkriminalitéit – Chamber 4.6.2014”

Répondre à Abbes Jacoby Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *