quaesitio

Ried zum Tram 4.6.2014


luxtramWéi déi grouss Majoritéit vun de Kollegen sinn ech frou, dass mer haut endlech iwwer en neien Tram an der Stad decidéieren.

 

Et kann kee soen, dass et net genuch Méiglechkeete gouf, fir ëffentlech iwwer den Tram ze diskutéieren. An dëst säit bal 2 Joerzéngten – de Mouveco huet viru kuerzem drun erënnert dass hier Etude „E modernen Tram fir d’Stad“ 1992 presentéiert gouf. Et ass laang a vill diskutéiert ginn, während bal 2 Joerzéngten, och matt der Ëffentlechkeet! Mir hu nach d’lëscht Woch matt de Petitionäre geschwat, déi jo e Referendum wollten zu dem Projet.

 

Bei der Diskussioun em den Tram ass engem opgefall, dass Leit aus dem ganze Land mat geschwat hunn. Dat ass gutt an demokratesch, well d’Leit aus dem ganze Land oft a vill an d’Stad kommen an also och vun der Mobilitéit an der Stad concernéiert sinn. Et ass engem och opgefall dass oft Leit hiert Bedaueren ausgedréckt hunn, dass den Tram ëmmer nach net realiséiert wär, Leit déi den Tram als eng Necessitéit ugesinn! An ech mengen dass dat Gefill iwwerweit, dat gëtt jo och vu Meenungsëmfroe beluecht, déi rezentst vun Ënn 2013, Ufank 2014 matt enger positiver Meenung vun 70%.

 

D’Stater selwer hu sech och zu Wuert gemeld. Z.B. d’Geschäftswelt, déi de Chantier fäert. Et gëtt och Awunner aus de Quartieren, déi fäerten, si géifen u Mobilitéit verléieren.

 

Et muss een déi Aengschten eescht huelen. D’Leit an de Quartiers’en muss een opklären, dass de Stater Busservice net ofgebaut gëtt. An et muss een dofir suergen, dass de Chantier vum Tram esou organiséiert gëtt, dass déi eenzel Deeler méiglechst schnell ofgeschloss ginn. Dass dat méiglech ass, weisen auslännesch Beispiller. Zu Stroossbuerg ass den Tram a 5 Jor geluecht ginn, zu Reims war et nach méi schnell.

 

Ech war awer verwonnert, dass sech wéineg Awunner aus deene Quartiers’en zu Wuert gemeld hunn, déi als alleréischt vum Tram betraff sinn. Ech schwätzen an der Haaptsaach vun de Stater, déi an der Uewerstad an op der Gare wunnen.

 

Als een, dee mëtten an der Stad wunnt, hätt ech gär, dass ons Stad – besonnesch a fir t’éischt – fir hir Awunner liewenswäert bleift.

D‘ Liewensqualitéit gëtt haut besonnesch an den zentrale Quartiers’en duerch e massive Beruffsverkéier geschiedegt.

 

Dëst Verkéiersopkommen gëtt elo vun der Eisebunn an duerch eng Armada vu städtesche wéi vun RGTR-Bussen véhiculéiert. Net ze schwätzen vum Privatverkéier, deen duerch déi vill Parkhaiser generéiert gëtt, déi am Laf vun der Zäit an der Stad ugeluecht goufen.

 

D‘ Bussen ginn ëmmer méi laang an ëmmer méi massiv a besetzen déi schéinsten Stroossen vun der Stad de ganzen Dag iwwer – d’Stad erstéckt am eigentleche Sënn um Bustrafic. Besonnesch ëm d’Spëtzestonnen zitt sech eng eenzeg laang Schlaang vu Bussen tëschent Gare an Uewerstad, mais och a Richtung Aareler Strooss an a Richtung Lampertsbierg a Kierchbierg. Och d’Nei Avenue, d’rue Aldringen an d’Biedergaass, mëtten an der Stad, si regelméisseg matt Busse verstoppt. Mir brauche längst d’Bussen net méi uneneen unzestrécke, si fuere souwisou wéi un enger Ketten! Déi katastrophal Wäerter vun der Loftqualitéit op muenche Plaatzen vun héijer Konzentratioun vum Trafic, wéi z.Bsp. um Aldringen, sinn natierlech och direkt matt deem Trafic verbonnen.

 

Doniewent probéiert dann den Individualverkéier sech durchzeschlängelen, an zwar meeschtens mat grousser Vitesse an Aggressivitéit – moies wann d’Leit op Aarbecht mussen, an Owes wann se presséiert si fir Heem. An dozwëschen mussen dann d’Vëlosfuerer an d’Foussgänger kucken ze iwwerliewen…

 

Dofir brauche mer endlech den Tram.

 

Als Stater muss een natierlech bedaueren, dass dat alles esou laang dauert. Kann ech drun erënneren, dass mer 1998 schonns esouwäit waren, fir mam Bus-Tram-Bunn (BTB) Konzept e wesentleche Schrëtt ze maachen, éier dee BTB duerch d’Gerangels vu verschiddene Parteien ofgeschoss gouf.

 

D’Stad Lëtzebuerg ass säit längerer Zäit amgaang sech an eng polyzentresch Stad, bestehend aus verschiddene Ballungsgebieter, z’entwéckelen. Nieft der Uewerstad, der Gare an dem Kierchbierg, wäerte muer ëmmer méi och de Ban de Gasperich an d’Porte de Hollerich urban Zentre vun der Stad Lëtzebuerg ginn. Mir fueren trotzdem haut nach an der Stad mat engem Busconcept aus den 80er Joren, dat d’Bussen duerch d’ganz Stad iwwer d’Gare no alle Säiten hin verdeelt. An nach ëmmer fueren d‘RGTR-Bussen, déi eigentlech näischt an der Stad verluer hunn, duerch d’ganz Stad. Et gëtt Zäit all déi Axen duerch e performanten ëffentlechen Transport wéi den Tram ze verbannen.

 

Wat den Tram bréngt, kann een elo schonns a ville groussen a manner groussen europäesche Stied feststellen. (Stroossbuerg, Bordeaux, Reims…)

 

Mam Tram zesummen ass do eng urbanistesch Transformatioun geschitt, déi d’Liewen an deene Stied méi agreabel fir jiddereen gemaacht huet.

 

Den Tram bréngt fir t’éischt eng Berouegung an den Haaptverkéiersachsen vun der Stad.

 

Den Tram a sengem eegene Site, urbanistesch gutt ugeluecht, ass eng Sträif vu Sécherheet a Confort fir d’Passagéier op hirem Wee duerch d’Stad.

 

Den Tram erlaabt, grouss Zuelen vu Leit zesummen confortabel an ouni Gedrécks ze transportéieren. Doduerch entfält op der Haaptstreck vum Tram e gudden Deel vum städtesche wéi vum RGTR-Busverkéier. De städtesche Busservice kann an de Quartiers’en ausgebaut ginn an als Zoubrenger fir den Tram optimal fonctionnéieren.

 

Dobäi ass ausdrécklech ze begréissen, dass den Tram net nëmmen vun der Gare aus firt, mais och bis op den Houwald an Céisseng weidergefouert gët, well do d’Agglomératioun sech an de leschte Joren massiv erweidert huet.

 

Aus all denen Ursaachen fannen ech d’Investitioun an den Tram absolut noutwendeg fir d’Zukunft vun der Stad Letzeburg.

 

Domat gët ët méiglech, de Verkéier, deen an den nächste Joren durch wirtschaftleche Wuestem an urbanistesch Initiativen an der Stad a ronderem der Stad entstoe wärt, op eng intelligent Manéier opzefänken, aplaaz ëmmer méi Bussen anzesetzen.

 

Ech hoffen dofir, dass den Tram schnell gebaut an domat d’Stad méi schéin a méi mobil gët.

13 thoughts on “Ried zum Tram 4.6.2014”

Répondre à Bertemes Jang Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *