quaesitio

Meng Ried zum PL Sukkuk souverain


fayot chambreDen 9 Juli 2014 hunn ech zum PL iwwert de Lëtzebuerger Sukkuk geschwaat. Hei de Verbatim vun deeër Ried.

 

M. Franz Fayot (LSAP).- Merci, Madame Presidentin. Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen, et ass scho gesot gi vu menge Virriedner: Et ass net déi éischt Tentative mat dësem Projet de loi, fir Lëtzebuerg ze positionéieren als en Zentrum fir islamesch Finance. Et si schonn Efforte gemaach ginn an der Vergaangenheet, ech menge vun 2008 un an der Haaptsaach, fir Lëtzebuerg ze positionéieren. De Luc Frieden huet et gesot. De Finanzministère huet Efforte gemaach, „Luxembourg for Finance‟ huet Roadshows gemaach, d’Alfi huet och Efforte gemaach an der Vergaangenheet, fir d’islamesch Finanzen, fir Lëtzebuerg als en Zentrum, als eng Plattform fir islamesch Finanze schmackhaft ze maachen.

 

Et muss een awer leider soen – an ech soen dat als een, deen dat méi vun engem professionelle Standpunkt aus erlieft huet -, dass déi Tentativen ni vu sonnerlech vill Succès gekréint waren an dass déi vill Clienten, déi sollten duerch déi Promotioun do ugezu ginn, méi vun der Fata Morgana hate wéi vun enger bléiender Oasis.

 

Déi Finanzprodukter, déi zu Lëtzebuerg ënnert de Regele vun der Scharia opgeluecht goufen – an där gouf et, an et gëtt der och nach ëmmer -, waren éischter e Produit vun Zoufall, wéi d’Resultat vun enger concertéierter Politik.An et waren och Niewenerscheinunge vun anere Produiten, vun aneren Industrien, wéi notamment d’Fongenindustrie oder déi Finanzementer, déi iwwer Lëtzebuerg gemaach goufen. Ech kommen nach dorobber e bësse méi spéit zréck.

 

Mä et ass awer och net esou, dass dëse souveräne Sukuk géif an eng total Wüst falen an an enger totaler Wüst géif entstoen. Lëtzebuerg ass haut schonns, an dat muss ee vläicht och eng Kéier soen, déi Haaptfongeplattform ausserhalb vun der muselmanescher Welt fir Scharia-konform Fongen. Dës Fonge sinn eigentlech näischt aneschters wéi sozial responsabel Investissementer.An ech mengen, do muss een och soen, dass dat jo eng vun de Prioritéiten ass vun dëser Regierung, och an der Promotioun vun der Finanzplaz, fir eben op de Wee ze goe vu méi sozial responsabele Finanzprodukter.

 

Och op der Lëtzebuerger Bourse gi säit längerer Zäit Sukuke cotéiert. An et ass do interessant ze gesinn, dass viru Kuerzem d’Islamic Development Bank, d’IDB zréckkomm ass op d’Bourse, virun zwee, dräi Méint, fir erëm hei Valeuren ze cotéieren, nodeems se eng Rei Joren net méi do war.An et muss ee wëssen, dass déi IDB deen Émetteur-phare ass schlechthin am muselmanesche Raum.Dat heescht, et ass wierklech e Pôle d’attraction an e wichtege Facteur de réussite fir dës Nisch an e gutt Zeechen, dass deen zréckkomm ass op d’Lëtzebuerger Bourse.

 

A schlussendlech ginn et och scho säit längerer Zäit Finanzementer, déi Scharia-konform zu Lëtzebuerg gemaach ginn, iwwer Lëtzebuerger Gesellschaften a mat Lëtzebuerger Déngschtleeschter aus dem Finanzsecteur. An d’Steierverwaltung huet d’ailleurs an deem Kontext 2010 eng Circulaire erausginn, den 12. Januar 2010, iwwert de Steierregime vun islamesche Finanzprodukter.

 

Et gesäit een also, dass et schonn haut op der Lëtzebuerger Finanzplaz eng ganz Rei Déngschtleeschter, Banken, Administratioune gëtt, notamment d’CSSF, déi eng Partie Memoranda of understanding ënnerschriwwen huet mat aneren Autoritéiten aus dem muselmanesche Raum, mä och d’Lëtzebuerger Zentralbank, déi als éischt Zentralbank am Conseil vum Islamic Financial Services Board souz, dass et also schonn eng ganz Expertise gëtt, e ganze Savoir-faire op eiser Finanzplaz en rapport mat islamescher Finanz.An dorobber kann ee sécher opbauen am Développement vun där Nisch och hei zu Lëtzebuerg.

 

Madame President, Dir Dammen an Dir Hären, dëse Projet – kréie mir vum Finanzministère gesot – soll e Signal sinn, soll enfin e Produit d’appel sinn an der Haaptsaach. An der Haaptsaach am Beräich och vun der Verméigensverwaltung, fir déi grouss Fortunen aus deem Raum ëm de Golf, mä och aus anere muselmanesche Länner op Lëtzebuerg unzezéien, eben am Domän vun der Banque privée.

 

Et muss een nämlech als Finanzplaz esou Produiten ubidden, fir dass déi Investisseure bei Lëtzebuerger Banken oder bei Lëtzebuerger Déngschtleeschter kommen, och wann een haut schonn an der Praxis gesäit, dass eng ganz Partie där Investisseuren net méi strictement no Scharia-Kritären investéieren. Dat heescht, et si schonn haut eng ganz Rei där Investisseuren, déi och Produite kafen, Finanzproduite kafen, déi net no deene Kritären opgeluecht ginn.Mä et ass awer wichteg fir eng Finanzplaz, dass een déi Produiten huet a senger Gamme. An dofir ass et wichteg, dass dëse Sukuk souverain vu Lëtzebuerg elo émettéiert gëtt.

 

D’Resultat fir d’Finanzplaz, déi positiv Wierkung duerch eng nei Clientèle, déi doduerch och heihinnerkënnt, soll den zousätzlechen Opwand a Käschtepunkt fir d’Land géigeniwwer engem normalen Emprunt rechtfertegen.

 

De Statsrot hat jo kritesch dee supplémentairë Coût begutacht, andeem hie gesot huet, dass deen„Shariah Committee‟ e wichtege Käschtepunkt ass, dass och déi Strukturatioun vun där Operatioun hei e bësse méi komplex ass wéi en normalen Emprunt.Ech mengen, dat sinn effektiv Kritiken, deenen ee soll Rechnung droen.An et ass wierklech ze hoffen, dass deen zousätzlechen Opwand a Käschtepunkt kompenséiert gëtt duerch effektiv eng positiv Retombée fir de Lëtzebuerger Finanzzentrum.

 

Dat ass ze hoffen.Et kann een, wann een elo gesäit, wat deen engleschen Emprunt, dee jo u sech zäitgläich bal mat deem Lëtzebuerger lancéiert ginn ass, deen englesche souveräne Sukuk, deen Enn Juni ugefaangen huet, seng Roadshow ze maachen,do gesäit een, dass deen e gewëssene Succès huet.Wann een d’Nouvellë liest, gesäit een, dass deen och elo scho bal ganz souscrivéiert ass an dass nach méi Appetit do ass fir esou e Produit um Marché.Dat stëmmt optimistesch och fir eise Sukuk, dee jo deen éischte Sukuk dann ass, deen an Euro dénomméiert ass; deen engleschen ass a britesche Pënner. Dat heescht, dat mécht schonn Hoffnung.

 

Et ass awer, mengen ech, esou, dass et net duergeet mat där Operatioun. Dat ass och gesot ginn am Kontext vun där englescher Operatioun. Et ass eng Operatioun, et ass also en „One-off‟, dat heescht, et gëtt keng weider Operatiounen. Et ass e relativ klenge Montant vun 200 Milliounen Euro. Op de Finanzmäert ass dat net schrecklech vill, soudass et u sech hei eppes ass, wat muss begleet ginn.Fir dass et Succès huet, muss et begleet gi vun engem intelligenten a concertéierten Effort, zesumme mat den Acteure vun der Finanzplaz, fir Lëtzebuerg ze positionéieren.

 

Dat ass en Effort, souwuel an der Kommunikatioun – et muss konsequent a kohärent communiquéiert ginn -,et mussen och reell Efforte gemaach ginn, mengen ech, fir islamesch Banken op Lëtzebuerg ze kréien. Dat ass fir de Moment nach net de Fall. Där gëtt et zu London eng Partie, mä där gëtt et menges Wëssens nach keng zu Lëtzebuerg.

 

An ech mengen, et muss een och, well mir esou eng wichteg Fongeplaz hunn, Efforte maachen, dass Fongepromoteuren zousehends esou Fongen opleeën ënner Scharia-Prinzipien an eisem Land. Dat ass schonn de Fall. Et gëtt schonn eng Partie esou Fongen.Mä et muss ee kucken, dass et der nach méi ginn.Ech mengen, nëmmen da kann dës Nisch vun der islamescher Finanz hir Friichten droen.

 

Madame President, ech géif dann och nach gären dem Rapporteur Guy Arendt Merci soe fir säi ganz gudde Rapport an och mengem Virriedner fir seng interessant Prezisiounen. Dëse Projet de loi gëtt och gedroe vun eiser Fraktioun an ech géif Iech Merci soe fir d’Nolauschteren.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *