quaesitio

Fräie Mikro 100,7 – Anne Heniqui


heniquiHei eng exzellent Chronik vum 18.September, bei mir publiéiert matt der frëndlecher Permissioun vum Anne Heniqui. En Text deen ech ënnerschreiwe kéint: et geet em politesche Courage!

Fresche Wand, Fensteren opmaachen, Matsproocherecht fir d’Bierger duerch Referenden iwwer fundamental Froen, keng Politik méi hanner zouen Dieren. Eriwwer mam schwéierfälleje Paternalismus, der Arroganz vun enger absolutistescher Staatspartei – de Bierger soll fir voll geholl ginn, méi Gerechtechkeet a méi Demokratie.

Dir erennert iech: Déi Parolen si gudd ukomm viru genee engem Joer, noo de sëllechen Affären – ugefangen beim Mëssbrauchskandal an der Kierch, dann Léiwéng, d’Geheimdéngschtaffär an dann di penibel Optretter an Niewenszenarien an der Bommeléergeschicht. All di Affären haaten ee graffen, gemeinsamen Nenner: et ass em Partikularinteressen vun enger Clique gangen – mat net emmer desälwechten Protagonisten zwar, mee ganz dacks schon – enger Bannd Kolléjen déi Insiderwëssen zentraliséiert a fir hier eejen Zwecker genotzt hun, Leit déi komplett aus den Aen verluer haaten dass se am Déngscht vum Allegmengwuel génge stoen. Di kleng Kichen vun der Muecht an hier lackelech Tentatiounen eben.

Alles fir an d’Poubelle. Noo den Neiwahlen sollt den Intérêt public an de Mettelpunkt geréckelt ginn, di öffentlech Institutiounen gestäerkt ginn fir dass d’Populatioun erem Vertrauen kéint kréien. Parallell dozou sollten di öffentlech Finanzen sanéiert an de Staat laïzistesch ginn. Lauter fundamenal Punkten, déi eijentlech am 21te Joerhonnert eng Selbstverständlechkeet sollte sinn. Et ass net well eppes historesch esou gewuess ass, dass een et nie méi dierft a Froo stellen.

Mee aal Reflexer kritt een net esou ouni weideres geännert, Mentalitéiten och net an et ass schwéier fir aus dem Schmorri vun de sellechen Online-commentairen erauszefilteren, wat wierklech gewollt a gebraucht get an haaptsächlech: et ass wichtech sech net dovunner dreiwen ze loossen, an der Diktatur vun enger vermeintlecher Urgence och net noozeginn.

Waat dovir gebraucht get ass Courage, politesche Courage wéi och di sougenannten Droiture, perséinlech Festechkeet vun dene Leit, déi elo um Rudder sinn an déi sech däer Erausfuerderung gestallt hun. Well fir déi ass et effektiv eng historesch Chance, et wäert secher keng aaner Chance ginn wann se sech hier politesch Credibilitéit net besser erkämpfen wéi bis elo. Politesche Courage ass net gläichzesetzen mat politeschem Culot. Dat engt geht an d’Déift, huet eppes mat Intelligenz, Verstand a perséinlechem Kalibber ze dinn. Dat aanert ass iwwerflächlech, dee richteje bon mot zuer richtejer Zäit, agrémentéiert mat enger klenger Medien- an Twitteraktioun – dat ass eng Lëftchen, kee fresche Wand.
Politesche Courage ass och net gläichzesetzen mat politescher Sturheet, déi ganz gäer mam Paternalismus Hand an Hand geht. Noom Motto: Suguer wa sech erausstellt dass mer um Holzwee sinn, bleiwe mer drop well dee Wee deen een ageschloen huet, muss ee bis zum Schluss goen. Dat steht esou am Koalitiounsaccord an doo get net mi driwwer diskutéiert a scho guer net méi dru gefréckelt.

Wéi ass dann elo den Zoustand vun eisem Rechtsstaat? Sinn d’Skandaler an d’Krisen aus de läschte Joeren bewältecht ginn? Könne mer dovunner ausgoen dass d’Jallon’en gesaat ginn dass di eng Clique di aaner net einfach ersaat huet an Insiderwessen fir hier Partikularinteressen mëssbraucht? Oder dass et net méi méijlech ass, dass de Staat séng eeje Populatioun enner Generalverdacht stellt an iwwerwaacht anstatt sech an éischter Linn em de Schutz vun hiere fundamentale Rechter a Fräiheeten ze kemmeren? Un dene Critären ginn d‘Regierung an d’Parlament gemooss. Sie hun et deemno méi schwéier wéi di virecht.
D’Zäit leeft an dee gréisste Risiko besteht elo doranner dass – aus Angscht virun der Critique – kee Schrett ennerholl get ouni dass probiert get de politesche Géijner ze besänftejen oder en esouguer zefriddenzestellen. Duerch dat Zécken, duerch déi Angscht, entstinn Lähmungen a Reformen déi keng sinn. Déi méi zum Onwee könne maachen wéi eng Léisung vun engem Problem duerstellen. Mee dann entsteht Enttäuschung a Messtrauen genee vun dene Wieler, déi de Wiessel iwwerhaapt méijlech gemaach hun. Well déi kréien da mat, dass se aus dem Radar gefall sinn. De Respekt ass dann hin, mee béis Zongen ginn domat secher net rouech gestallt. Au contraire, se gi gestäerkt, déi di schon nemmen beim Ausformuléieren vun enger Ebauche vun Iddi skandaliséiert sinn, et wier een virun de Fait accompli gesaat ginn. Fir do derduerch ze kommen helleft just politesche Courage.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *