quaesitio

Ried zur PL 6558 – Zuel vun Députéierte pro Bezirk


fromage électoralHei ass meng Ried als Rapporteur zum PL 6558 vum Gast Gybérien (ADR) iwwert d’Zuel vun Députéierten pro Bezierk. Dës Ried ass an der éischter Séance vum 14 Oktober 2014 gehaale ginn. Sie ass och villäicht en neie Start zu enger méi breeder Diskussioun iwwert eise Wahlsystem – an dësem Zësummenhang nach eng Kéier als ERënnerung d’Invitatioun op eng tabl-ronde vun der Fondation Robert Krieps den 6.11.2014 am Cercle-Cité:

http://www.fondationrobertkrieps.lu/

17. 6558 – Proposition de loi portant fixation du nombre de députés à élire par circonscription électorale

Rapport de la Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle

M. Franz Fayot (LSAP), rapporteur.- Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen, dës Proposition de loi ass, wéi gesot, duerch den Deputéierte Gast Gibéryen den 21. Mäerz 2013 déposéiert ginn. Si ass laut eisem Reglement vun der Chamber als recevabel erkläert ginn. Si ass dunn un d’Regierung weidergeleet ginn, déi se un de Statsrot ginn huet.

De Statsrot huet säin Avis den 8. Oktober 2013 iwwerdroen an de Projet ass dunn an d’Institutiounskommissioun komm. D’Institutiounskommissioun huet sech an hirer Sitzung vum 2. Abrëll dëst Joer mat deem Projet hei auserneegesat an ech sinn och an där Réunioun als Rapporteur bestallt ginn. Ech hunn den 2. Juli 2014 dee Rapport presentéiert, deen dunn och mat e puer Modifikatiounen ugeholl ginn ass.

Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen, dës Proposition de loi proposéiert eng Ännerung vum Artikel 117 vum Wahlgesetz vun 2003. Dir wësst, dass d’Zuel vun den Deputéierte pro Wahlbezierk duerch d’Gesetz vum 20. Dezember 1988 festgeluecht ginn ass op eng fix Zuel pro Bezierk. Dir kennt se, mä ech rappeléiere se just kuerz: Dat sinn der 21 fir den Zentrum, 7 fir den Osten, 9 fir den Norden an 23 fir de Süden. An et ass u sech dës Opdeelung, déi vun der Proposition de loi vum Deputéierte Gibéryen kritiséiert gëtt.

D’Grondkritik ass, dass aus dësem System dem Auteur vun der Proposition de loi no eng Ongerechtegkeet entsteet, well eng Stëmm net déiselwecht Gewiichtung huet an all Bezierk. An et ass effektiv wouer, dass a verschiddene Bezierker eng Lëscht méi Stëmme muss kréien, fir en Deputéierte kënnen an d’Chamber ze schécken, wéi an aneren.

Vun deem Constat oder vun där Meenung ausgoend, mécht den Auteur vun där Proposition de loi zwou Ännerungsproposen. Déi éischt ass déi, fir d’Referenz op déi wahlberechtegt Populatioun ze maachen, an net méi wéi bis elo op d’Awunnerzuel an deene verschiddene Bezierker. An déi zweet Propos ass, fir bei all Wahl eng nei Festsetzung vun der Zuel vun den Deputéierte pro Bezierk ze maachen, opgrond vun enger nationaler Moyenne vun der wahlberechtegter Populatioun, ouni allerdéngs och an dësem neie Mode de calcul déi 60 Deputéiert a Fro ze stellen, déi elo am Gesetz stinn.

Et ass, mengen ech, net onnëtzlech, op dësem Punkt vläicht ze rappeléieren, wou dëse Kompromëss hierkënnt, wou d’Gesetz vum 20. Dezember ’88 hierkënnt.

(Mme Simone Beissel prend la présidence.)

E kënnt hier aus der Period 1983-1988. D’Populatioun war vun 340.000 1971 op bal 365.000 Awunner 1981 gewuess an et war kloer virun de Wahlen 1984, dass d’Zuel vun den Deputéierte géif vun 59 op 64 eropgoen. An et war deemools eng hëtzeg Diskussioun an och an der Opinion publique eng gewëss Emotioun par rapport zu deem Phenomeen vun der Inflatioun vun den Deputéierten, dat heescht deem Wuesse vun der Chamber vun 59 op 64, soudass d’Parteien, déi dräi grouss Parteien, d’CSV, d’LSAP an d’DP, deemools ’83 schonn den Engagement geholl hunn, fir no de Wahlen ’84 vu 64 erëm zréckzekommen op d’Zuel vun 59.

Déi parlamentaresch Aarbechten zum Gesetz, wat schlussendlech sollt d’Gesetz vum 20. Dezember ’88 ginn, weisen, an déi politesch Zäitzeien – a wahrscheinlech nach eng Partie vun hinnen ënner eis hei an dëser Chamber – soen engem och, dass dat deemools keen einfache Wee war vun där politischer Deklaratioun vun ’83 bis zu der Adoptioun vun där Mesure kuerz virun de Chamberswahlen 1989. Um Enn vun deenen Aarbechten, vun deene laangen Aarbechten, gouf d’Zuel vun den Deputéierte schlussendlech op 60 festgesat am Artikel 51 Alinéa 3 vun der Constitutioun.

Wat interessant ass, dat ass de Kompromëss, dass déi Basis vun där Festsetzung e Kompromëss war tëscht de Positioune vun deenen dräi grousse Parteien. An dee Kompromëss huet u sech dora bestanen, dass ee souwuel d’Awunnerzuel considéréiert huet wéi och d’Wielerzuel. Déi zwee Kritäre sinn zréckbehale ginn. De Rapporteur vun deemools, den Alex Bodry, huet a sengem Rapport drop higewisen, dass d’Opdeelung vun de Sëtzer, déi hei zréckbehale ginn ass, net vill anescht gewiescht wär, wann ee sech op deen een oder deen anere Kritär festgeluecht hätt.

An hien huet dat illustréiert mat folgenden Zuelen: Wann een eleng nëmmen d’Populatioun geholl hätt, da wär een am Süden op 23 Sëtz komm, am Zentrum op 22 Sëtz, am Osten op 6 an am Norden op 10. Wann ee par contre d’Wieler geholl hätt, da wär een am Süden op 24 Sëtz komm, fir den Zentrum op 19, fir den Osten op 7 a fir den Norden op 9, soudass déi schlussendlech Zuel vun Deputéierte pro Bezierk u sech e Kompromëss mat enger gewësser Flexibilitéit zwëschen deenen zwee Kritären deemools schonn duergestallt huet.

D’Fro, déi dës Proposition de loi elo opwërft, ass, ob ee soll zréckkommen op e System, wou een eng flexibel Festsetzung mécht vun enger Wahl zur anerer. Ech soen „zréckkommen‟, wann ee bedenkt, dass mer u sech déi variabel Fixatioun do haten, quitte dass et mat engem anere System war.

De Statsrot, d’Regierung an och d’Institutiounskommissioun hunn dës Fro mat Nee beäntwert. An et gëtt dofir u sech dräi Grënn. Deen éischte Grond ass deen, dass et u sech géif e Paradigmewiessel duerstellen, wa mer elo géifen eleng op de Kritär vun de Wieler goen. De Statsrot huet a sengem Avis gewisen, dass historesch ni an eisem Land d’Wieler considéréiert gi sinn, mä ëmmer nëmmen d’Awunner fir d’Festsetze vun den Deputéierte pro Bezierk.

Den zweete Grond ass deen – an dee weist de Statsrot a sengem Avis och kloer op -, dass u sech d’Rechnung opgrond vun deem virgeschloene System net géif op ganz grouss Ënnerscheeder erauslafen zu deem aktuelle System, dee mer elo hunn. De Statsrot rechent vir, dass, wann een elo géif zum Beispill d’Joren 2011 an 2013 huelen, et do keen Ënnerscheed géif ginn an der Sëtzopdeelung zwëschen de Bezierker, selon dass ee géif deen ale System huelen oder deen neie System mat där Moyenne électorale nationale, zouginnerweis op Basis vun der Prise en compte vun den Awunner an net vun de Wieler.

An deen drëtte Grond ass deen, dass laut Constitutioun den Deputéierten d’ganzt Land representéiert. D’Constitutioun seet: «La Chambre des Députés représente le pays. Les députés (…) ne peuvent avoir en vue que les intérêts généraux du Grand-Duché.» Soudass et u sech e falscht Signal wär par rapport zu där Dispositioun an der Constitutioun, fir elo op e Wee ze goen, wou hie géif am Endeffekt de Wieler aus sengem Bezierk representéieren an net d’ganzt Land.

An aus all deene Grënn ass d’Institutiounskommissioun zum Schluss komm, dass dësen Text net sollt gestëmmt ginn.

D’Opdeelung a véier Bezierker, déi 1919 beschloss ginn ass, huet op enger wirtschaftlecher a soziologescher Realitéit baséiert, déi eng aner war wéi haut. Den Norde war deemools exklusiv landwirtschaftlech, den Oste war wirtschaftlech eng Wäibauregioun an och eng Landwirtschaftsregioun, de Süden an den Zentrum waren urban an industriell Géigenden. An d’Existenz vun deene Bezierker an hir soziologesch Eegeschaften hunn engem ganz prezise politesche Wëllen entsprach. Et ass drëm gaangen, e Gläichgewiicht ze fannen zwësche Regiounen, déi oft verschidden, jo ganz géigesätzlech Interesse vertrueden hunn.

An et war d’ailleurs och net onschëlleg, dass bis 1954 d’Chamber ëmmer nëmmen mat Halschente remplacéiert, nei gewielt ginn ass. Den Zentrum an den Norde si separat nei gewielt gi vum Süden a vum Osten, erëm eng Kéier mat der Iddi, fir eng gewëss Stabilitéit ze behalen an e gewëssen Équiliber zwëschen deem méi konservativen Norden an Osten an deem e bësse méi turbulenten Zentrum a Süden deemools.

(Interruption et brouhaha)

Op alle Fall ass et esou, dass dës Proposition de loi u sech indirekt – an ech soen indirekt – d’Fro opwërft vun enger eventuell méi breeder Diskussioun iwwer eise Wahlsystem an iwwert d’Fro vun enger, jo, vun enger Circonscription unique. Dat ass eng Diskussioun, vun där d’Institutiounskommissioun bal unanime der Meenung war, dass se net sollt gefouert ginn am Kader vun dëser Proposition de loi, mä trotzdeem ass déi Fro eng justifiéiert Fro am Lëtzebuerg vun 2014. Voilà!

Ech géif dofir gären als Rapporteur vun dëser Proposition de loi der Chamber recommandéieren, dës Proposition de loi net ze stëmmen.

Ech géif ofschléissend just nach gären eng Observatioun maachen, net als Rapporteur, mä a mengem perséinlechen Numm. Et muss een och gesinn, dass dës Proposition de loi an e Kontext kënnt vun engem Land, wou mer säit 1993 mam Maastricht-Traité den europäesche Matbierger d’Recht ginn, fir souwuel bei Europawahle wéi bei lokale Wahle matzestëmmen. 2004 hu mer dat ausgewäit op Netressortissanten aus Drëttlänner.

Une voix.- Net fir d’Europawahlen.

M. Franz Fayot (LSAP).- Mir hunn haut e Kontext, wou mer 43% Populatioun Auslänner hunn. Mir denken driwwer no – am Kader vun engem Referendum -, fir d’Lëtzebuerger ze froen, ob se d’accord sinn, d’Wahlrecht bei nationale Wahlen auszebreeden op eis auslännesch Matbierger. Dat heescht, mir sinn an engem, déi nei Regierung och ass an engem politesche Mouvement, fir ëmmer méi Integratioun ze kréie vun eisen auslännesche Matbierger. An och aus deem Grond ass et fir mech an och fir meng Partei ganz kloer, dass dës Proposition de loi e Schrëtt an déi falsch Richtung ass.

Voilà, dat gesot, géif ech Iech Merci soe fir d’Nolauschteren. Merci.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *