quaesitio

Ried zur Kulturpolitik


ff 2Hei ass meng Ried zur Kulturpolitik am Kader vun der Interpellatioun vun der CSV den 20 November 2014 an der Chamber:

M. Franz Fayot (LSAP).- Merci, Här President. Ech wäert och dem Här Wiseler keen Zitat erspueren an och direkt domadder ufänken.

Ech fänken u mat engem Zitat vun engem Mondorfer – Madame Ministesch, dat wäert Iech bestëmmt Freed maachen -, vum Frantz Clement, bedeitende Lëtzebuerger Publizist, deen den 11. Oktober 1923 eppes am „Tageblatt“ geschriwwen huet, wat ech interessant fonnt hunn a wat ech Iech géif elo gären zitéieren.

E schreift: „In wirtschaftlicher und industrieller Beziehung haben wir in der europäischen Nationengruppe eine Stellung inne, die weit wichtiger ist als die rein ziffernmäßige Kleinheit unseres Territoriums. Das verdanken wir neben einigen günstigen geographischen und geologischen Umständen vor allem der Intelligenz und Energie unserer Kaufleute, Techniker und Industriellen. In politischer Hinsicht kommen wir nachgehumpelt. (…) Wenn wir in rein geistiger Beziehung nicht zu der prominenten Stellung gelangen konnten, für die wir unseren ökonomischen Intelligenzen verpflichtet sind, so haben wir trotzdem die Aufgabe, einigermaßen Schritt zu halten. Eine Demokratie, deren materielle Durchschlagskraft nicht durch Kultur oder wenigstens Kultiviertheit veredelt wird, ist eine Treibhauspflanze. Wir müssen all unsere Kräfte anspannen, um durch Betätigung auf allen Gebieten des Wissens und künstlerischen Gestaltens zu jener Harmonie zu gelangen, die durch eine zu starke Geltung rein ökonomischer Werte gestört wird.“

Den éischte Paragraf vun dëser Zitatioun ass haut vläicht e bësse manner wouer, mä deen zweete kann een ëmmer nach mat zwou Hänn ënnerschreiwen, mengen ech.

Firwat hunn ech dat do zitéiert? Mä ech hunn dat zitéiert, well deeselwechte Gedanke sech duerch eise Regierungsprogramm am Domän vun der Kulturpolitik zitt. Fir direkt den éischte Paragraf vum Programm do ze zitéieren, dee seet: «La culture est un élément de base essentiel pour une société démocratique, moderne, ouverte, tolérante et solidaire. La culture représente un droit fondamental pour chaque citoyen, les droits culturels faisant partie intégrante des droits de l’Homme.»

Dat ass net just eng Floskel, Här President, léif Kolleeginnen, léif Kolleegen. Dat ass e richtege Prinzip, dee sech wéi e roude Fuedem duerch eise Programm zitt. En éischte wichtege Punkt, dat ass e breeden Zougang zur Kultur fir d’Leit aus alle soziale Schichten, net just fir d’Bildungsbürger. An den zweete wichtege Punkt, dat ass d’Promotioun an der Wëssensgesellschaft, déi mer haut hu vun engem staarke kreativen an artistesche Secteur.

D’Method, fir dohinner ze gelaangen, geet iwwert d’Schafe vu gudde Rahmebedéngungen. Rahmebedéngungen, déi sech net amëschen an d’kënschtlerech Fräiheet an ouni Instrumentaliséierung vun der Kultur fir politesch oder kommerziell Zwecker. Och dat ass e Prinzip vum Regierungsprogramm.

Mat gudde Rahmebedéngungen ass an éischter Linn d’Situatioun vun de Kënschtler an de Kulturschafende gemengt. Nodeem laang Zäit d’Kulturpolitik – ech denken do haaptsächlech un déi lescht 25 Joer – heizuland prioritär an d’Steng investéiert huet, ass et elo un der Zäit, an d’Mënschen ze investéieren. An éischter Linn déi, déi d’Kultur maachen. An hei muss ee soen – an dat ass och scho vu mengem Virriedner mentionnéiert ginn -, dass scho munch Saache geschitt sinn.

Ech denken do an éischter Linn un de Projet de loi iwwert de Statut de l’artiste. Dat ass e Projet de loi, dee vun der Regierung iwwerschafft ginn ass an deen elo geschwë sprochräif ass. Mir hunn nach eng Séance an der Kulturkommissioun, wou mer doriwwer schwätzen an dann ass dee Projet bereet, fir kënnen hei an d’Plénière ze kommen a fir gewielt ze ginn.

Dat ass e Projet, dee wichteg Amélioratioune virgesäit an der Situatioun vun de Kënschtler. Et ass eng Aide sociale fir Kënschtler, déi net ëmmer kënne vun hirer Aarbecht professionell liewen. An et ass e Statut, dee sengesgläiche sicht an Europa an, ech mengen och, souguer an der Welt, am Soutien vun de Kënschtler an hirem Schafen. Et ass eng Amélioratioun och zum viregte Projet, dee jo scho vun der viregter Kulturministesch, der Madame Modert, déposéiert gi war. An et ass en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung.

Deen zweete Punkt, deen ech hei gär géif uschneiden, an dat ass jo u sech d‘Haaptuleies vun der Interpellatioun vun der CSV, dat ass dee vun de Konventiounen. Och d’Konventioune gehéieren zu de Rahmebedéngunge vum kulturelle Schafen hei am Land. Et ass e wichtegt Instrument, dat et de Kulturhaiser erméiglecht, mat Wäitsiicht ze plangen, fir hir Aktivitéit a séchere Bedéngungen iwwer eng länger Zäit virauszegesinn.

Et war wichteg – an dat ass, mengen ech, och erëm eng Kéier eng bonne Note fir d’Kulturministesch -, et war extrem wichteg, fir am Fréijoer am Rapport d’activités déi Konventiounen, déi existent Konventiounen oppenzeleeën, fir déi ze publiéieren, fir Transparenz doran ze bréngen. Et ass leider esou, dass an deene leschte Joren, souguer Jorzéngten, dëst wierklech eng Dunkelkammer war, wou de Ministère, héich Beamten, e bësse gemaach hunn, wat se wollten.

Et war manifestement e Muechtinstrument, wou verschidden Instituter, verschidden Associatiounen avantagéiert gi si par rapport zu aneren, aus Grënn, déi net ersiichtlech sinn, wann een déi Lëscht vun deene Konventioune kuckt. An ech mengen, et war wichteg, fir dee System vun Checks and Balances och duerch eng oppen…, jo, duerch eng Kontroll duerch de Public, fir dat oppenzeleeën. An ech mengen, dat ass och eng gutt Basis, fir an Zukunft dann déi nei Konventiounen auszehandelen.

Och d’Froen, déi elo gestallt gi sinn am Kader vun deem Questionnaire, déi jo all déi Associatioune kruten, maache vill Sënn. Si zilen drop eraus, festzestellen, wéi déi Missiounen, déi an de Konventioune festgeluecht waren, realiséiert ginn, ob se och nach adaptéiert sinn op déi heiteg Zäit, op d’Besoine vum Public an op d’Realitéit zu Lëtzebuerg. Et ass eng Remise en question, déi, mengen ech, wëllkomm ass an där och all Associatioun sech gären higinn huet, well et eben och e Punkt ass, deen ee kann op säin eegent Schafe maachen zu engem gewëssenen Zäitpunkt.

Déi eenzeg Kritik, déi ee vläicht kann ubréngen, dat ass eng Fro, wou déi Associatiounen da gefrot ginn, ob se compte tenu des réalités économiques actuelles nach ëmmer mengen, dass hir Missioun adaptéiert ass. Ech mengen, dat ass éischter um Ministère, fir dat ze jugéieren, wéi un den Associatiounen. Mä dat ass, mengen ech, ee Punkt vu villen an dat ass net den Haaptpunkt an dësem Kontext.

Et gëtt och an deem Questionnaire no den Efforte gefrot, déi d’Associatioune maache fir d’Promotioun vun hiren Aktivitéiten. Ech mengen och, dass dat gutt ass. Et hëlleft beim Ausschaffe vu qualitéitsorientéierte Kritäre fir déi nei Konventiounen. Ech mengen, wann déi Questionnairë bis dépouilléiert sinn, wann de Ministère bis deen Exercice gemaach huet, dann huet een eng zimlech prezis Iddi, wou déi verschidden Associatioune stinn. An et kann een och, mengen ech, prezis, och scho mat Hibléck op dee Kulturentwécklungsplang, kucken, wou d’Stäerkten an d’Schwächte si vun der Kulturproduktioun hei zu Lëtzebuerg. An et kann een och dann op där Base do gutt usetzen.

Bon, de Questionnaire huet misse bis den 3. Oktober erageschéckt ginn. An ech mengen, an do sinn ech d’accord mam Här Wiseler, dat misst elo schnell goen. Dat misst schnell goen aus genee deeneselwechte Grënn, déi och de Claude Wiseler genannt huet. Dat ass, dass d’Konscht, d’Kënschtler an och déi Associatiounen, déi Kulturhaiser eng gewësse Planungssécherheet brauchen. Si musse kënnen op déi Konventiounen do zielen, fir hir Programmer opzestellen.

Ech si selwer säit e puer Joer Member an engem Verwaltungsrot vun engem klengen Theater. An ech weess, dass déi Theateren, an net nëmmen d’Theateren, mä dass déi Theatere mussen, fir kënnen hir Produktiounen ze plangen a fir Kënschtler kënnen ze buchen, fir Realisateure kënnen ze buchen, dass déi schnell musse wëssen, wou se och finanziell dru sinn. Soudass mer do, mengen ech, effektiv gefuerdert sinn. An dat ass och eng Opfuerderung un de Kulturministère, fir do elo schnell ze reagéieren a fir do déi Leit net hänken ze loossen.

Mä et hält net op bei de Konventiounen, wat d’Rahmebedéngungen ugeet. Et ass och wichteg ze soen, dass d’Regierung hei e ganz ambitiööst Zil huet mat dësem Regierungsprogramm am Domän vun der Kulturpolitik. Et geet drëm, effektiv e Kulturentwécklungsplang zesumme mat den Akteure vun deene verschiddene Konschthaiser, mat den Akteuren aus dem Konschtmilieu iwwerhaapt, auszeschaffen.

Dëse Plang fousst op enger Bestandsopnahm, op enger Analys vun de Stäerkten an de Schwächte vun der nationaler Kulturzeen, wat souwuel d’Produktioun, d’Programmatioun an och d’Diffusioun vu Konschtwierker ugeet. An duerno soll laut Regierungsprogramm à courte échéance e Kulturentwécklungsplang ausgeschafft ginn, mat Objektiver an enger mëttel- a laangfristeger Perspektiv. Déi Objektiver sollen an enger éischter Zäit op deene vum Pacte culturel foussen, dee jo 2008 vun all de Parteien, also vun all deene grousse Parteien, ënnerschriwwe ginn ass. An dëse Kulturentwécklungsplang, wann en da bis adoptéiert ass, definéiert dann d’Strategie, déi de Kulturministère och soll ëmsetzen.

En anere wichtege Bestanddeel vun där nationaler Strategie fir an der Kulturpolitik sinn d’Assises de la culture. D’LSAP-Fraktioun huet Ufank des Joers d’Initiativ geholl, fir ze proposéieren, dass dës Assises de la culture sollen am Kader vun dëser Chamber stattfannen. An ech mengen, dat ass och e Prinzip, deen acquis ass.

Et geet eben elo just drëm, effektiv en Datum ze setzen, wéini déi Assisen do solle stattfannen. Dat sollt och do esou schnell wéi méiglech geschéien. Et wär ze begréissen, wann dat kéint Ufank 2015 oder spéitstens am Fréijoer 2015 stattfannen. Ech mengen ze wëssen, dass et och do schonn Dokumenter ginn, Leitfäden, déi och sollen hëllefen, déi sollen iergendwann eng Kéier un d’Kulturmilieuen erausgeschéckt ginn, fir se opzefuerderen, sech och schonn ze preparéieren op déi Assises de la culture, well déi Assises de la culture sollen eng inklusiv Approche sinn. Si sollen all d’Kulturmilieue mat abannen an och kucken, dass jiddweree säi Pefferkär ka bäileeën a participativ do matschaffen.

M. Claude Wiseler (CSV), interpellateur.- Se mussen haaptsächlech uerdentlech virbereet sinn, well soss huet et net ganz, ganz vill Sënn.

M. Franz Fayot (LSAP).- Jo, certes.

M. Mars Di Bartolomeo, Président.- Loosst Iech net oflenken.

M. Franz Fayot (LSAP).- Här President, wéi gesot, et ass wichteg, dass dëse gudden an ambitiéise Programm och elo ëmgesat gëtt. Mä ech ginn dovunner aus, an d’Madame Ministesch huet eis jo och schonn déi Zousécherung ginn an der Kommissioun, dass dat och effektiv wäert geschéien.

(Mme Simone Beissel prend la présidence.)

Ech hunn nach e Wuert – wa mer nach bei de Rahmebedéngunge si fir déi Kulturschafend – zum Congé culturel. Mir wëssen, dass dat eng vun deene Mesuren ass, e Gesetz vun 1994, wat elo soll ofgeschaaft ginn. Et geet hei wierklech net ëm vill Geld. Et geet esou ongeféier, mengen ech, ëm 3.000 Euro, déi am Budget 2013 virgesi si fir de Congé culturel. Mä et ass eng gewësse Symbolik domat verbonnen, an et seet och, mengen ech, leider e bëssen eppes aus iwwert de Stellewäert vun der Kultur an eiser Gesellschaft.

Et kann ee sech froen, ob déi Mesure, déi u sech nawell interessant ass, well se kann, mengen ech, wa se richteg kalibréiert ass, verschiddene Kënschtler hëllefen, de Wee an d’Professionalitéit ze fannen, vun engem Amateurkënschtler oder engem semi-professionelle Kënschtler zu engem professionelle Kënschtler. An et hätt ee sech kënne froen, ob een net do zum Beispill duerch eng besser Definitioun vun de Critères d’attribution dëst Instrument reforméiert, amplaz et direkt ofzeschafen.

Dann hätt ech nach eng Fro an deem Kontext, an do kann d’Madame Ministesch eis vläicht eng schnell Äntwert ginn. Ech hu gesinn, dass am Budget 2015 ëmmer nach e Poste virgesinn ass fir de Congé culturel, obwuel e jo soll ofgeschaaft ginn. An ech hu mech gefrot, wat do de Grond derfir ass.

Här President, ech wollt och nach e puer Wuert soen zu den Infrastrukturen. Et ass positiv ze bewäerten, an, ech mengen, do muss een net laang drop agoen, dass d’Nationalbibliothéik elo endlech gebaut gëtt, well dat war e Manktum, deen et laang Zäit zu Lëtzebuerg ginn ass. An et ass gutt, dass dee Projet elo endlech säin éischte Spuetestéch gesinn huet.

Deen anere grousse Projet, iwwert deen och scho geschwat ginn ass, ass dee vum Nationalarchiv. Ech mengen, och do muss ech net op d’Antécédenten agoen. Et sinn eng ganz Rei Question-parlementairë gestallt ginn zum Nationalarchiv. Mir sinn an enger Situatioun ukomm, wou mer wierklech net méi kënne vun enger digner Opbewahrung vun eiser Mémoire collective schwätzen; déi Aart a Weis, wéi mer elo mat eisen Archiven ëmginn.

A mir kruten och gesot an enger rezenter Kulturkommissioun, dass mer 2016 definitiv bäi wäre mat de Stockagecapacitéite fir eis Archiver, soudass et och hei eng Urgence gëtt, fir an dësem Beräich weiderzekommen. Ech weess, dass d’Gesetz iwwert d’Nationalarchiv och scho relativ wäit fortgeschratt ass. Dir hutt eis och gesot an enger rezenter Kommissioun, dass Dir de Wëllen hutt, d’Nationalarchiv effektiv och elo no enger weiderer Etüd awer op den Instanzewee ze bréngen. Et gëtt jo och schonn e Projet zu Esch/Belval, deen zwar mëttlerweil zéng Joer al ass, mä deen awer nach ëmmer, wann ech dat richteg verstinn, eng vun de Méiglechkeeten ass, ee vun de Sitten ass, wou dat Nationalarchiv kéint gebaut ginn.

Aner Infrastrukturen, déi vläicht manner spektakulär sinn, mä net manner wichteg, wann ee wëllt d’Kënschtler an och haaptsächlech déi jonk Kënschtler hei weiderbréngen an dësem Land, dat si Proufsäll. Mir hunn e Manktum u Proufsäll fir Musiker, Dänzer, Akteuren. An ech mengen, dass ee wierklech do misst nodenken. Zu Déifferdeng ass e ganz gudde Projet, wou der hikommen. An ech mengen, do brauch ee kee Magny doré do ze bauen, oder keng Prunkbauten, mä do muss een awer, mengen ech, dat och net an deem Kontext vergiessen.

Nach e puer Wuert zu dem Finanzement vun ëffentleche Kulturinstituter. De Claude Wiseler huet de Mudam ugeschwat. Et ass allgemeng bekannt, dass de Mudam – et gëtt sécherlech nach aner Kulturhaiser, mä de Mudam ass, mengen ech, dat prominentst Beispill – mat der Participatioun vum Stat, wat nëmmen déi 6.500.000 Euro ass, fir 2015 u sech knapps seng Fraise kann decken an och eben e Minimum vun Expositiounen organiséiere kann, déi oft op Prête baséieren.

Et war gëschter nach en Interview mat Iech am Wort ulässlech der Virstellung vum neie Programm vum Mudam. Mä et ass natierlech do keng rieds méi vu weideren Acquisitioune vun neie Kollektiounen. Ech mengen, d’Direktioun – Dir wësst dat och – vum Mudam mécht, wat se kann, fir esou gutt wéi méiglech ze wirtschaften a fir mat esou mann wéi méiglech Mëttel iwwert d’Ronnen ze kommen. Mä ech mengen, dass et wichteg wär, well dat steet och an der Missioun vum Mudam, am Gesetz vun 1998, dass de Mudam weiderhi kéint u senger Kollektioun schaffen, dass e weiderhi kéint och Acquisitioune maache vun zäitgenëssesche Konschtwierker, déi em et erlaben, och am internationale Réseau vun deene Muséeën ze bestoen an och weider do seng Kooperatioune misst kënnen ausbauen.

De Mudam hat d’Chance, fir mat der Madame Beaud eng éischt ganz gutt Direktesch ze hunn. Den Enrico Lunghi mécht och e ganz gudden Job. Ech mengen, si hu schonn en interessante Fundus ugesammelt an deem Musée, an ech géif et schued fannen, wann aus Mangel u finanzielle Moyenen hei näischt méi géif geschéien a puncto Kollektiounen. Dat ass ee vun deene Beispiller vu Prunkbauten, déi bei eis gebaut gi sinn. Dat ass eben en Investissement a schéi Steng, mä wou ee sech dann deemools, mengen ech, offensichtlech net esou vill Gedanke gemaach huet iwwert d’Fonctionnementskäschten an iwwert d’Finanzéierbarkeet vun de Kollektiounen an esou engem Haus.

Déi aner Infrastruktur, déi ech awer och hei wollt ernimmen, dat ass de Musée de la Résistance zu Esch. Och dat ass esou en Haus, wat an engem… Also, de Mudam ass net an engem desolaten Zoustand, mä de Musée de la Résistance ass et. Dat ass wierklech e Musée, dee ganz schlecht drun ass, dee wierklech dréngend eng Renovatioun, an net nëmmen eng Renovatioun, mä och en Iwwerdenke vu sengem Konzept, eng Revalorisatioun vu senge Kollektioune misst kréien. An och do, mengen ech, besteet eng gewëssen Urgence.

Här President, ech gesinn, dass d’Zäit mer e bësse fortleeft. Bon, ech wollt just nach e puer Wuert soen zu eppes, wat mer awer um Häerz läit. Dat ass den Denkmalschutz. Ech schécken Iech regelméisseg Question-parlementairen iwwer Gebaier, wou ech mengen, dass se interessant wären, ze preservéieren. An ech gesinn, dass den Denkmalschutz hei am Land net esou fonctionnéiert, wéi en dat vläicht sollt. Dat huet sécher mat Sensibilitéit ze dinn, mat Prioritéit vu wirtschaftlechen Intérêten oft par rapport zu kulturellen Intérêten. An et huet awer och vill ze di mat der Aart a Weis, wéi mer mat eisem Patrimoine ëmginn.
An ech géif mer do wënschen, an Dir hutt et jo gesot, dass dat och géif kommen, dass mer eist Denkmalschutzgesetz vun 1983 géifen iwwerschaffen, dass mer méi en effikasse Fonctionnement vun der COSIMO géife kréien oder ebe vun deem Organ, wat d‘COSIMO da remplacéiert, an dass mer do also bei munche vun deene Saachen, déi a leschter Zäit ofgerappt gi sinn – ech denken hei an der Stad eleng nëmmen un d’Maison Berbère, ech denken un d’Maison Bourg-Gemen um Lampertsbierg, ech denken un déi Gebaier, déi elo an der Rue Michel Rodange op 300 m…

Une voix.- Et steet nach!

M. Franz Fayot (LSAP).- Et steet nach, jo.

(Hilarité et interruption)

…300 m vum ARBEDs-Gebai do stinn an déi och zu deem Patrimoine vun deem Quartier gehéieren. Ech denken och un den Hadir-Tuerm.

(Hilarité)

Une voix.- Et ass ze fréi.

M. Franz Fayot (LSAP).- Jo, ech weess. Mä, bon, dat si lauter esou Gebailechkeeten, déi wichteg sinn och fir eis Mémoire collective an déi awer wäerte verschwannen.

Här President, ech géif gären ophalen erëm eng Kéier mat engem Zitat.

Une voix.- Voilà!

(Brouhaha)

M. Franz Fayot (LSAP).- Bon, Zitat vun engem grousse Kulturminister, vun engem vergaangene Kulturminister, dem Robert Krieps, deen 1984 an engem Artikel, deen e bësse provokativ heescht: „Kultur macht frei“ – de Robert Krieps huet dat dierfen, hie souz selwer an engem KZ, dat heescht, hie konnt sech esou Saachen erlaben -, wou e Folgendes seet: „Dass die Intensivierung des Kulturlebens mit dem Beginn der Krise fast synchron einherging, ist kein Zufall: die zum ersten Mal seit zwei Jahrzehnten rückläufige materielle Entwicklung ließ Zweifel aufkommen, ob denn nun das Geld das Maß aller Dinge sei.
Die Bereitschaft der Verantwortlichen in den Vereinen, der Mitglieder, der Kulturschaffenden, Initiativen zu ergreifen, die materiell nichts einbringen, die Bereitschaft, in der Krisenzeit kulturelle Akzente zu setzen, muss als Ausdruck des Willens gedeutet werden, dass «mehr sein» einen höheren Stellenwert bekommen hat gegenüber «mehr haben».
Damit hätte die Befreiung vom Konsumzwang, vom Berieselungsdasein, vom Objekt bereits begonnen.
Mitgestalten, Verantwortung tragen, bewusstes Handeln bedeutet mehr Freiheit von den wirklichen oder angeblichen Zwängen. Es ist Aufbegehren gegen Treibenlassen und Manipulation.
Kultur fördern heißt den Menschen ehren. Kultur gestalten heißt mehr Mensch sein.“

An deem Sënn soen ech Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *