quaesitio

Ried zum Budget’s-Rapport 16.12.2014


wort 17.12
PL 6720 & PL 6721
Budget 2015 & pluriannuel
Ried vum Budgetsrapporteur Franz Fayot
(16.12.2014 – seul le texte prononcé fait foi)

Här President,
Léif Kolléginnen a Kollegen,
Léif Regierungsmemberen,

I. Introduktioun
Dëse Budget ass e Budget vun der Verantwortung.
Verantwortung fir d’Zukunft vum Land.
Dës Regirung ass ugetratt fir Reformen ze machen, déi eist Land batter néideg huet. Natiirlech entsprëcht kee Budget enger perfekter Wonschvirstellung. Awer e Budget muss d’Zukunft vum Land gestalten, woubäi net den Egoismus vun der heiteger Generatioun den Ausschlach därf ginn.
Här President,
Virun zimlech genee 40 Joër huet eng Regirung och hir Verantwortung fir d’Zukunft geholl. Am Hiescht 1974, sinn d’Präisser an der Stohlindustrie an och d’Commande bei der ARBED op eemol stënterlech an de Keller gaang. Dat war den Ufank vun enger schwéierer Kriis fir eist Land. De Robert Krieps, e Member vun der deemoleger Regierung, sot 15 Joër duerno dass d’Bewältegung vun dëser Kris nëmme konnt glécken duerch e breeden Dialog tëscht alle wirtschaftlechen, sozialen, politeschen an intellektuelle Kräften am Land iwwer d’Orientatiounen, Optiounen a Moyen’e – an der Haaptsaach Sakrificen –fir d’Objektiver z’erreechen, déi ee sech vum éischten Dag u gesaat haat (…) Mais, esou de Robert Krieps, et hätt een näischt erreecht ouni d’Bewosstsäin vun eiser Schwächt als klengem Land an d’Néidegkeet vun enger breeder a bedengungsloser Solidaritéit. De “lëtzebuerger Modell” wor am Endeffekt en Erfolleg vum esprit civique a vum gesonde Mënscheverstand.
Deemols ass d’Land moderniséiert ginn, gesellschaftspolitësch mais och sozial – d’Tripartite ass agefouert ginn, fir t’éischt als Kriseninstrument, duerno als e feste Bestanddeel vum “lëtzebuerger Modell”.
Ët gëtt der haut déi de Budget 2015 als klénge Worf beschreiwen; anerer soen, et wier e Budget vun der Austeritéit; nach anerer, déi mengen e géif net wait genuch goën an der Konsolidéierung an am Spueren; an da gëtt et nach déi, déi behaapten, dass se net gesi, wou d’Rees higeet matt dësem Budget.
Fir mech gëtt an dësem Budget ganz kloer ee roude Fuedem, an dat ass deen vun der Verantwortung.
Verantwortung an deem ee sech Recheschaft ofleet iwwert de reellen Zoustand vun eisen ëffentleche Finanzen an de Méiglechkeeten vum Staat.
Verantwortung am Choix vun den Ausgaben déi kennen gekierzt ginn, an denen déi au contraire sollen erhéicht ginn, fir dass d’Land sech ka weiderentwéckelen, ouni de soziale Fridden an di sozial Gerechtegkeet a Fro ze stellen.
Verantwortung am Festleeë vun eisen mëttelfristégen Objektiver am europäesche Kader.
Verantwortung och géintiwwer deene Schwächsten an eiser Gesellschaft: de Kanner, de Leit ouni Aarbecht, den Aarmen an déi, déi besonnesch a Gefor stinn et ze ginn: den Erlengerzéier.
Här President,
A sengem Wierk “Theory of Justice” huet de Philosoph John Rawls 1971 3 Prinzipie genannt fir eng gerecht Gesellschaft: sie muss éischtens Grondfräiheete garantéieren, zweetens d’Chancegläichheet a schlussendlech just un deene “Ongläichheete” festhaalen, déi deene Schwächsten an der Gesellschaft profitéieren. D’Wësseschaftler Richard Wilkinson a Kate Pickett hunn an hierem aflossräiche Buch “The Spirit Level” unhand vu Statistiken bewisen, dass méi gläich Gesellschaften an der Konsequenz e bessere Liewensniveau fir jiddfereen garantéiere.
Et ass och eis Verantwortung dofir ze suergen, dass d’sozial Gerechtegkeet längerfristég garantéiert bleiwt.
D’Regierung huet, en vue vun dësem Budget a vum Zukunftspak, eng grëndlech Analyse vun den Ausgaben gemaacht, fir ze kucken wou ka gespuert oder souguer Ausgaben gestrach könne ginn, ouni déi sozial schwaach ze treffen.
Eng verantwortlech Politik maachen ass seelen populär, virun allem am Beräich vum Budget. Fir de Budget an der Riicht ze halen, huet d’Regierung d’TVA eropgesaat an en “impôt d’équilibrage budgétaire temporaire” agefouert. Dat huet net jidferengem gefall – och wann et néideg war. Villäicht ass dëst verluer gaang an der letzëbuerger Politik, déi laang gewinnt war ëmmer kennen auszeginn. Mais et ass néideg esou eng Politik ze maachen, am Dialog matt alle wirtschaftlechen, sozialen, politeschen an intellektuelle Kräften an dësem Land, matt engem stännege Bléck op d’sozial Gerechtegkeet.
Dëst heescht och, dass ee net laanscht eng déifgräifend Reflexioun iwwert eise Steiersystem kënnt, bei där ee kuckt a welche Beräicher méi oder manner besteiert soll ginn, ouni dobei weder zevill di schaffend Leit, nach den Entrepreneuriat, an also den Emploi, ze treffen.
Den Zukunftspak ass e Projet deen d’Aktioun vun dëser Regierung wäerd während der ganzer Legislatur begleeden, parallel zum Ausschaffen vun enger neier Prozedur, déi den Ëmgang matt ëffentleche Gelder méi effikass mecht.

II. Wirtschaftléche Kontext
Här President,
Mir wëssen elo dass d’Joër 2014 e gudde millésime war fir Lëtzebuerg a wirtschaftlécher Hinsicht: mir sinn an dësem Joër ëm Ronn 3% gewuess, an der Haaptsaach am 1. Semester, matt engem däitleche Réckgang am 2. Deel vum Joër.
Fir 2015 wësse mer dass de STATEC seng Prévisioune vum Uwuessen vum PIB en volume vun 3,3% am Fréijoër op 2,2% elo am Hiescht zeréckgesaat huet, also em e ganzen Drëttel! D’Budget’s-Virlag déi am Oktober présentéiert gouf, war och scho méi virsechtég, matt enger Prévisioun fir 2015 vun +2,7% PIB, mais et schéngt elo dass och dat wahrscheinléch nach zevill optimistësch war. Well och d’europäesch Kommissioun, den FMI an d’OCDE gesin d’lëtzebuerg Wirtschaftsleeschtung 2015 just ëm 1,9 bis 2,4% wuessen.
Wat déi mëttelfristég Prévisiounen ugeet, sou muss ee soën dass och do d’Prévisioune fir 2016-2018 wéi se am Budget pluriannuel stinn, optimistësch sinn, matt Taux’en vun 3,5 – 3,7% croissance. Et ass z’erwaarden dass och dës Prévisiounen no ënnen ajustéiert gi bei der nexter Actualisatioun vun eisem Plan de stabilité et de croissance am Fréijoër 2015.
Dës méi schwaach Wuesstemszuelen hu natirlech och en Impakt op aner Werter: d’Schaafung vun Aarbechtsplaatzen entwéckelt sech manner dynamesch, mais ëmmerhinn nach matt plus 2% nei Aarbechtsplaatzen fir 2015. Och de chômage helt zou amplaatz sech ze stabiliséieren : vu 6.9% 2013 op 7,2% 2014 an op 7,4% 2015.
Wat d’Inflatioun ugeet, sou ass dës ganz schwaach, a mir sinn domat am désinflationnistëschen Trend, deen ee weltwäit a besonnesch an Europa observéiert. No geschaatenen 0,7% 2014 soll de Verbraucherindex (IPCN) 2015 ëm just 1,4% klammen. Dës Tendenz ass aus enger economescher Perspektiv nett onproblematesch, well se riskéiert de Konsum ofzebremsen, mais sie fiedert awer op eng gewësse Weis d’Erhéijung vun den TVA Sätz ëm 2 Prozentpunkten oof. Déi next Indextranche soll de Prévisioune no am 2. Trimester 2015 kommen.
Här President,
Wat den internationalen Kontext ugeet, sou drécken d’Sanktioune géint Russland, d’Krisen a Syrien an am Irak matt der Montée vum IS, d’Risiken vun enger Ebola-Epidemie a West-Afrika op d’Exporter vun eisen haapt Handelspartner. En “hard landing” vun der chinesescher Economie hätt weider negativ Réperkussiounen op déi international Konjunktur.
Als éischter positiv sinn déi niddrég Petrolspräisser an déi niddrég Zënsentaux’en ze gesinn: de Petrol ass esou bëlleg wéi seit 2010 nett méi, wat eiser Wirtschaft ze gudd kënnt. Och déi niddrég Zënse missten d’Betriiber eigentléch dozou incitéieren z’investéieren, wat awer an der Réalitéit leider nett de Fall ze si schéngt.
Och déi éischter gudd Entwécklung op de Finanzmäert an dësem Joër 2014 ass positiv, wann een déi stark Relatioun tëscht der Finanzplaatz an der Entwécklung op de Bourse’n Rechnung dréit. Mais et herrscht och do nach ëmmer eng stark Volatilitéit, a fir 2015 gëtt éischter eng negativ Entwécklung virausgesoot.

III. Method an institutionnell Aspekter
Här President,
Dëse Budget’s-Exercice war a muenchen Hisiichten en atypeschen. Mir hunn 3 Gesetzesprojeten: de klassesche Budget, de Projet de loi de programmation financière an den Zukunftspak.
Et war dës Kéier deen éischten budget pluriannuel ënnert dem Gesetz vum 12. Juli 2014 iwwert d’Koordinatioun an d’Gouvernance vun den ëffentlechen Finanzen, dat jo verschidden Dispositiounen aus dem “Traité sur la stabilité, la coordination et la gouvernance économique au sein de l’Union économique et monétaire” ëmsetzt.
Déi zweet Neiegkeet war de Passage vun der aaler norme comptable SEC 95 op eng nei Norme, den SEC 2010. D’Konsequenz dovu si verschidde buchhalteresch Ännerungen, an der Haaptsaach dass Ausgaben am Beräich Recherche an Developpement elo als “dépenses d’investissement” gebucht ginn, an dass d’SNCI an de Perimeter vum Zentralstaat konsolidéiert gëtt.
Drëttens ass dëst Joër den éischte Schrëtt a Richtung “Budget Nouvelle Génération” gemaacht ginn. Dir hudd scho bei der Présentatioun vum Budget am Oktober héieren wat fir eng Viirarbecht hei gemaacht gin ass.
D’Regruppéierung vu Posten an d’Flexibilitéit fir d’Ministère’n fir Kredit vun Kapitalausgaben op “dépenses courantes” ze transféreieren, ouni den accord vum Finanzminister, sinn éischt Methoden, déi een och an engem “budget à objectifs” fënnt. Et ass gesoot ginn vun der IGF, an der Cofibu, dass d’Experienz weist, dass eng Method no Objektiver, matt méi enger flexibler Gestioun vu Krediter an enger Enveloppe, eng besser a méi effizient Gestioun vun ëffentleche Gelder matt sech bréngt. Eischt konkluant Experienze an deem Sënn sinn z.Bsp. an den “établissements à gestion séparée”, wéi d’Lycée’n, gemaacht ginn.
Här President,
Dir wësst, dass d’OCDE an engem Rapport vun 2011 der Regierung recommandéiert huet op eng “comptabilité à objectifs” iwwerzeklammen, wéi et se beispillsweis a Frankräich matt der LOLF (loi organique relative aux lois de finance) an an Ëisterräich gëtt. Mir erënneren eis, dass den Honorablen Roger Negri schonn a séngem Budget’s-Rapport vun (2006) de “budget à objectifs” thématiséiert huet, zu enger Zäit wou soss nach keen hei am Land doriwwer vill geschwat huet.
D’Cofibu wënscht sech, dass dës Reform schëtzeg weidergedriwwe gëtt, an dass d’Chamber enk an d’Ausaarbechtung vun dësem sou wichtégen Gesetzesprojet implizéiert gëtt, an zwar nett eréischt wann den PL scho steet. D’Chamber huet hei eng besonnesch Roll, well et em de Kader fir d’Budgets-Gesetz geet, wat jo dat Gesetz par excellence wou d’Parlament seng Kontroll iwwert d’Exekutive ausübt.
D’Cofibu muss och hiert Bedaueren ausdrécken, dass de Comité de prévisions dës Kéier nett zesumme komm ass en vue vum Ausschaffen vum Budget’s-Projet 2015 an dem Budget Pluriannuel ’14-’18. Schonn aléng wéinst senger Zësummesetzung war et an der Vergangenheet, an zu lescht beim Budget 2014, interessant dem Comité de prévision seng Analyse iwwert d’Entwécklung vun de Staatsfinanzen ze héieren. Dëst waer a besonneschem Mooss an dëser Budget’s-Prozedur nëtzlech gewiescht, an hätt villäicht och eng besser a méi prezis Aschätzung vu verschiddene Spuermesurë’n erlaabt. Et wier gudd a wichtég wann d’Institutionnaliséierung vum Comité de prévisions, déi jo och esou am Regierungsprogramm virgesinn ass, esou schnell wéi meiglech op de Leescht geholl géif ginn.
D’Cofibu bedauert och dass den neien Conseil national des finances publiques, dee jo am Gestz vum 12 Juli 2014 virgesinn ass, nett konnt matt Zäit zesumme kommen fir en avis iwwert dës éischt loi de programmation financière pluriannuelle ofzeginn. Et ass allerdéngs verständlech dass dëse Conseil ganz wéineg Zäit haat.
Schlussendlech sief nach, wat d’Prozedur ugeet, bemierkt dass d’ Cofibu et begréisst, dass d’Regierung den Dialog matt deenen dräi grouse Gewerkschaften erëm opgeholl huet, an dass et zu engem Accord komm ass matt de Gewerkschaften. Et ass allerdéngs ze bedaueren, dass dëst esou spéit geschitt ass. Dëst huet d’Aarbecht vun der Finanzkommissioun a vum Rapporteur an engem souwisou schon aussergewéinlechen Exercice nett méi einfach gemaacht – d’Cofibu huet missen eng Woch hier Sitzungen aussetzen an duerno huet alles misse ganz schnell goën. Et hätt een och kënnen deeër Hektik aus de Fëiss goën, wann een esou Consultatiounen schon am Virfeld gefouert hätt. Ett bleiwt och ze wënschen dass de “lëtzebuerger Modell”, dee jo och d’Partizipatioun vun deenen zwee Sozialpartner viraussetzt, erëm relancéiert ka ginn.

IV. Objectifs budgétaires

Här President,

Ech kommen dann bei déi finanziell Analyse vun den 2 Budgetsprojet’en, dem Programme pluriannuel engersäits, an dem Budget 2015 anerersäits.

De Programme pluriannuel obligéiert ons vun dësem Joer un, ons ëffentlech Finanzen an enger mëttelfristeger Optik ze betruechten. Dës Approche gouf et bis ewell nëmmen um Niveau vun de Spezialfongen a vum Budget en capital vum Staat. Elo gëtt d’Method vun der pluriannueller Programmatioun op de Gesamtstaat ausgedehnt, d.h. och op d’Dépenses courantes vum Zentralstaat, awer och op d’Sécurité sociale an op d’Gemengen. D’Gemengen mussen jo bekanntlech och zënter dësem Joer – opgrond vun der Modificatioun vum Gemengegesetz vum 30. Juli 2013 – déi sougenannten „plans pluriannuels de financement“ eraginn. Et sief hei bemierkt, dass dësen Exercice duerch déi bekannten Emstänn Enn 2013, Ufank 2014 net am délai konnt ofgeschloss ginn, sou dass d’Donnée’en vun de Gemengen beim Opstellen vum Programme pluriannuel net alleguerten disponibel waren.
Den Objectif à moyen terme, dee Lëtzebuerg sech ginn huet an deen vun der europäescher Commissioun och validéiert gouf, läit am Moment bei +0,5% vum PIB. Den OMT gëtt en termes de solde structurel ausgedréckt.

Zum solde structurel muss ech e puer kritesch Bemierkungen maachen, déi och vun aneren Instanzen wéi dem Staatrot, der Zentralbank oder eenzelnen Beruffschamberen gedeelt ginn. Eng Kritik déi ee maache muss, ass dass d’Berechnung vum solde structurel eng relativ intransparent Prozedur ass, a nëmmen schwéier nozevollzéihen ass. Dëst ass dowéinst problematesch, well et jo awer esou e wichtégen Indicateur ass an der nationaler an europäescher Budgetspolitik. Ouni wëllen weider an den Détail ze goen, muss een dozou wëssen, dass d’europäesch Kommissioun eng aner Rechnungsmethod hëllt wéi de Statec, wat zu deelweis groussen Differenzen beim Resultat ka féieren. D’Zentralbank hirersäits rechent mat enger Méthod vun der europäescher Zentralbank. Et wär deemno wichteg, hei eng eenheetlech Method ze benotzen, déi am Resultat och vun der Commissioun acceptéiert gëtt.

Fir d’zréck op de Budget an op de Pluriannuel ze kommen : ouni den Zukunftspak hätt sech eise Solde structurel no a no degradéiert, fir op -1,2% ze falen. Domat wäre mir klor en infraction gewiescht mat eisem OMT, a mir hätten riskéiert, ënnert de Volet correctif vum Pacte de stabilité ze geroden. Mam Zukunftspak wäerte mir bis 2018 eisen OMT mat +0,4% all Joer praktesch erreechen, 2016 esuguer liicht driwwer leien. Dat ass nëmme méiglech, well mir mat der Trajectoire d’ajustement, déi mir virgesinn hunn, e „frontloading“ maachen, d.h. dass mir de Gros – ronn d’Halschent – vum Konsolidéirungseffort schons am nächste Joer maachen, dat Joer, an deem eis och de Groussdeel vun eisen TVA-Recetten aus dem Commerce électronique ewechbrieche wäert, ronn 700 Millioune Euro.

A politique inchangée hätte mir eis ëffentlech Finanzen bis 2018 net an de Grëff kritt. Zwar wär den Defizit am Gesamtstaat vun 800 Milliounen an de Quasi-Equiliber komm, mee am Zentralstaat wär och 2018 nach en Defizit vun 1,1 Milliarden € bliwwen. 2015 hätte mir am Zentralstaat esuguer en Defizit vun iwwer 1,5 Milliarden ausgewisen. Fir dës Defiziter ze finanzéieren, hätte mir weider misse Schold ophuelen. Eis Staatsschold wär vun haut ronn 11 Milliarden € (oder 23% vum PIB) op iwwer 16,3 Milliarden (oder 26,6%) ugewuess. Mir wären eiser Limite vun 30%, déi mir eis gesat hunn, also däitlech méi no komm.

Duerch den Zukunftspak, deen natirlech och e Konsolidéirungspak ass, kréie mir dës Tendenz bis 2018 ëmgedréint. Den Defizit am Zentralstaat gëtt schons am nächste Joer ëm ronn 700 Milliounen Euro reduzéiert op 875 Milliounen, fir bis 2018 op 170 Milliounen oder 0,3% vum PIB zréck ze goen. Doduerch verbessert sech natirlech och de Solde vum Gesamtstaat. Aus engem Defizit vun 135 Milliounen Euro 2015, gëtt 2018 en Iwwerschoss vun 850 Milliounen oder 1,5% vum PIB.

En Deel vun dëser Verbesserung ergëtt sech och aus dem Iwwerschoss vun der Sécurité sociale, dee sech vun +1,4% oder 800 Milliounen (2014) op +1,8% oder 1,06 Milliarden Euro (2018) verbessert.

De Secteur communal bleift tëscht 2015 an 2018 praktesch am Equiliber, mat engem klengen Defizit vun 0,1% vum PIB.

Duerch déi reduzéiert Defiziter wäert och d’Staatsschold bis 2018 manner séier klammen, op eppes iwwer 13 Milliarden Euro, a sech 2018 bei ronn 22% vum PIB stabiliséieren. Am Pluriannuel geet d’Regierung dovun aus, dass bis 2018 nach 2x eng Milliard an 2x eng hallef Milliard nei Schold mussen opgeholl ginn. D’Bedéngen vun den Zënsen op d’Staatsschold geet lues vun 219 Milliounen € 2015 op 245 Milliounen € 2018 an d’Luucht. Dës Zommen weisen, dass eng zevill héich Staatsschold den Handlungsspillraum vun der Politik aschränke kann. 200 Milliounen Euro, dat ass de Präis vun 2 Lycée’en ! Mir hunn als Land och all Intérêt, eis AAA-Notatioun ze halen, déi am Moment – Dank eiser virsichteger Budgetspolitik – net a Gefor ass. Dëse Rating erlaabt et eis als Staat, zu gënschtege Conditiounen Suen ze léinen, an doriwwer eraus ass et en Zeeche vu Stabilitéit a Compétitivitéit, wat eiser ganzer Wirtschaft zegutt kënnt.

An deem Kontext wéilt ech hei gären eng Iddi (re)lancéieren, déi dir och a méngem schrëftleche Rapport fannt, an zwar d’Emissioun vun engem Emprunt populaire, wéi mir en schons 2008 haten. Esou en Emprunt grand public fir d’ëffentlech Investitiounsfongen ze speisen, hätt den duebele Virdeel, dass och d’Klengspuerer eng interessant Méiglechkeet giffe gebuede kréien, fir an Staatspabeieren ze investéieren, an dass de Staat manner Auslandsschold hätt, wat en wichtegen Indicateur ka sinn, fir d‘Qualitéit vun der Schold an d’Expositioun vun engem Land ze bewäerten. D’Cofibu invitéiert d’Regierung, fir dës Méiglechkeet sérieux ze préiwen.

Här Président,

Et ass – an et wäert och an der Budgets-Debatt – kritiséiert ginn, dass den Zukunftspak zevill op nei Recetten opbaut, an net genuch bei den Ausgaben gekierzt gëtt. Wann een d’Zuelen kuckt, da gesäit een, dass sech de Ratio Recetten-Dépensen vun ongeféier 68/32% am nächste Joer graduell bis 2018 op 58/42% verännert. Dat läit dorunner, dass d’Recetten-Mesuren – notamment d’TVA-Erhéijung an d’Aféirung vum temporairen Impôt d’équilibrage budgétaire – schon direkt am nächste Joer en Impakt wäerten hun, iwwerdeems d’Mesuren op der Dépense-Säit eréischt no a no gräifen. Et war jo e bewosste Choix vun der Regierung, fir bei eenzelnen Mesuren e Phasing-out virzegesinn, an net vun haut op muer mam Virschlaghummer virzegoen. Wann engem wéi am Fall vum Commerce électronique vun engem Joer op dat anert 700 Milliounen Recetten ewechfalen, da kann een dee Verloscht net integral oder haaptsächlech op der Dépense-Säit kompenséieren, dann muss een och nei Recetten schaafen. Ech weisen an deem Kontext just drop hin, dass d’TVA-Erhéijung schon 2013 vun der virechter Regierung décidéiert gi war, an dat war och richteg esou.

E puer Wuert nach zur Investitiounspolitik vun dëser Regierung : d’Kreditter am pluriannuelle Budget fir direkt an indirekt Investissementer ginn vun 2014 bis 2018 ganz substantiell an d’Luucht, vu gutt 1,7 Milliarden Euro am lafende Joer op gutt 2,5 Milliarden 2018. Dat entsprécht enger Croissance moyenne vu méi wéi 10% pro Joer. D’Cofibu begréisst dës Décisioun vun der Regierung, fir net beim Invest ze spueren, am Gegendeel, well en héijen Invest ass d’Viraussetzung, fir och an Zukunft nach performant Infrastrukturen, en héijhe Wuesstem an eng gutt Liewensqualitéit kënnen ze garantéieren.

Här Président,

Villes iwwert de Budget 2015 ass scho gesot, wann een iwwert de Pluriannuel geschwat huet. Och dat ass e neie Moment an dëser Budgetsprozedur. Dofir wëll ech a méngem Duebel-Rapport nëmmen nach kuerz op e puer Zuelen a Fakten ze schwätze kommen, déi speziell de Budget 2015 betreffen.

Och wa mir elo e Pluriannuel an der Logik vum SEC-2010 opstellen a stëmmen, sou gëtt de Budget fir dat nächst Joer nach ëmmer no de Regelen vun eiser nationaler Comptabilitéit opgestallt a gewielt. An dëser Duerstellung wäerten d’Recetten 2015 ëm nëmmen 2,1% klammen, wat natirlech d’Resultat ass vum Abroch vun der TVA um e-commerce, déi net integral kompenséiert gëtt. Op der Dépense-Säit steet e Plus vun 5,1%. Iwwert déi gesamt 4-Jores-Period 2015-2018 wäerten d‘Ausgaben en moyenne ëm méi wéi 4% pro Joer wuessen. Au vu vun dësen Zuelen vun engem Austeritéitsbudget, oder vun enger Austeritéitspolitik ze schwätzen, ass wuel kaum ubruecht, fir ët matt der néideger Retenue auszedrécken.

Wéi scho gesot, wäert 2015 d’TVA um Commerce électronique abriechen, oder méi richteg gesot, d’TVA-Einnahmen wäerten zwar weider wuessen, mee mir mussen opgrond vum neien TVA-Regime 70% vun der Recette un d’Land vum Wunnsëtz vum Keefer weiderginn. 2017 geet den Taux op 85% erop, an 2019 musse mir déi Zommen dann integral iwwerweisen.

Eng aner Recette, déi mir 2015 fir d’lescht era kréien, ass eisen Undeel vu 25% un der Quellesteier op den Zënsen vun de Bierger mat Wunnsëtz am EU-Ausland. Dat sinn 40 Milliounen Euro. 2015 gëtt jo dann bekanntlech den Echange d’informations agefouert.

Bei den direkte Steieren ass et virun allem den Impôt sur les traitements et salaires (ITS), deen 2015 ëm 10,8% op 3,3 Milliarden Euro an d’Luucht geet am Verglach zum Budget voté 2014. An der Konsequenz klëmmt och d’Solidaritéitssteier vun den Personnes physiques ëm knaps 10% op 316 Milliounen Euro. D’Kollectivitéitssteier an d’Solidaritéitssteier vun de Betriber geet am Verglach dozou nëmmen ëm 4,7% an d’Luucht, op 1,6 Milliarden respektiv 120 Milliounen Euro. D’Kierperschaftssteier (IRC) bleift konstant op 240 Milliounen, d’Verméigenssteier (ISF) déi vun de Betrieber bezuelt gëtt soll liicht op 285 Milliounen klammen. D’national Quellesteier bréngt nëmmen nach 25 Milliounen Euro an de Staatsbudget eran, wat natirlech och d’Konsequenz ass vun den extrem niddregen Zënsen. Insgesamt sollen déi direkt Steieren 2015 ëm 7,5% klammen.

Bei den indirekte Steieren ass d’Bild e bessi méi mitigéiert, net nëmmen wéinst der TVA, déi ëm 11% op 2,7 Milliarden Euro zeréck geet, mee och d’Accisen an d’Autosteier si liicht réckleefeg. Par contre sollen d’Droits d’enregistrement ëm 6,1% steigen, an d’Taxe d’abonnement ëm 8,5%, woubäi een natirlech ëmmer dobäi soe muss, dass dës Taxe ganz volatil ka sinn, well se ofhänkt vun den Avoirs sous gestion an domat zu engem gudden Deel vun der Evolutioun vun de Boursen a Finanzmäert.

Schlussendlech, rechent de Staat och mat Dividenden vun der Post a vun der Spuerkeess vun 20 resp. 40 Milliounen Euro, a vu séngen anere Participatiounen a Gesellschaften an Héicht vu ronn 125 Milliounen Euro, wat e Minus vu 16% par rapport zum Budget 2014 duerstellt.

Op d’Dépensen ginn ech elo hei net am Détail an. Ech hat schon gesot, dass d’Regierung am Kader vun der grousser „spending review“ décidéiert huet, eng Reih Kreditter ze kierzen oder ze sträichen, déi am Joer 2015 net méi an d’Landschaft passen, an als Gegepartie d’Ausgaben dohinner z’orientéieren wou d’Zukunft sech ofspillt : an d’Bildung, an d’Kannerbetreiung, an d’Recherche, an d’Mobilitéit a speziell an den ëffentlechen Transport, an déi sozial a Gesondheetsinfrastrukturen, an den Emploi, et j’en passe. Ech verweisen hei op mäi schrëftleche Rapport an op de Commentaire du budget des dépenses.

Eng wichteg Neierung am Budget 2015, resp. am Pluriannuel, ass d’Obligatioun fir d’Regierung, fir Informatiounen ze publizéieren iwwer d’Dépenses fiscales, d.h. iwwert den „déchet fiscal“ oder de „manque à gagner“ fir de Staatsbudget vun den steierlechen Ausnahmeregelungen – Abattementer, Exonératiounen, Exemptiounen, Déductiounen a soss Bonificatiounen. Dës Opstellung ass ganz wäertvoll, well se eng éischte Kéier an engem offiziellen Dokument probéiert, den Inventaire ze maachen vun dësen Dispositiounen an och hire finanziellen Impakt ze chiffréieren. Als Cofibu begréisse mir dës Informatioun, mee mir mussen awer och kritiséieren, dass dës Lëscht nach net komplett ass. Och d’Zentralbank an de Staatsrot hun dat kritiséiert. Et fällt z.Bsp. op, dass bei den direkte Steieren zwar d’Dépenses fiscales um Niveau vun de Privatpersounen ausgewise sinn, mee den Inventaire bei de Betrieber net gemaach ass ginn. Dës Lacune ass am Kader vum nächste Budget – oder vläit schon éischter am Kader vun der Virbereedung vun der grousser Steierreform – onbedingt ze behiewen. Et sief an deem Kontext och op den Avis vum Staatsrot higewisen, deen sech méi am Détail mat den Dépenses fiscales befaasst an eng Partie interessant Iwwerleeungen ustellt, wéi een dëse Volet weider ausbaue kann.

Här Président,

fir mat der Budgetsanalyse zum Ofschloss ze kommen, wëll ech nach op e puer eenzel Dispositiounen vum Budgetsgesetz agoen.

Wéi scho gesot, gi mam Artikel 6 vum Budgetsgesetz 3 TVA-Taux’en ëm 2% an d’Luucht, an zwar den Taux normal vu 15% op 17%, den Taux intermédiaire (oder och Taux parking genannt) vun 12% op 14%, an den Taux réduit vu 6% op 8%. Et muss een hei nach eng Kéier betounen, dass de super-reduzéierten Taux vun 3% net an d’Luucht geet, dee bleift bei 3%. Dorënner falen Liewensmëttel, Medikamenter, Kannerkleedung, den ëffentlechen Transport, Bicher, etc., also villes vun deem, wat ee gemengerhand als „Grondbedarf“ oder „biens de première nécessité“ bezeechent. D’Exceptioun ass hei den Alkohol, deen am Restaurant oder am Café zervéiert gëtt, dee vum Taux super-réduit an den Taux normal geholl gëtt.

Bei der TVA Logement huet d’Regierung décidéiert, fir den 3%-taux net méi ze accordéieren fir de Bau vu Wunnéngen, déi dem Propriétaire net als spéideren Haaptwunnsëtz déngen. Am Kloertext sinn dat Wunnéngen, déi vun Investisseuren kaaf ginn, fir se ze verlounen, an esou hir Suen ze placéieren an e gudde Rendement ze erwirtschaften. D’Regierung huet déi couragéiert Décisioun geholl, dëse Marché, deen nach ëmmer ganz profitabel ass fir d’Promoteuren an d‘Investisseuren, net méi ze subventionnéieren. Och hei muss ee betounen, dass nëmmen de Neibau betraff ass ; d’Rénovatioun an d’energetesch Sanéirung och vu Wunnéngen, déi verlount ginn, bleift um Taux vun 3%, wat fir d’lëtzebuerger Handwierk e wichtegen Détail ass.

Eng 2. Dispositioun am Budgetsgesetz ass d’Aféirung vum Impôt d’équilibrage budgétaire temporaire, duerch den Artikel 7. Ech kommen nach dorop zréck.

Schlussendlech, wollt ech och nach den Artikel 28 vum Budgetsgesetz ervirsträichen, duerch deen de Fonds pour la réforme des services de secours geschaafe gëtt. Mat dësem Fong, deen ongeféier je zur Halschent vum Staat a vun de Gemengen gespeist gëtt – 2015 sinn et 25 Milliounen Euro – soll den zukünftegen Etablissement public fir d’Rettungsdéngschter finanzéiert ginn. D’Gemengen steieren hiren Deel dozou bäi, andeems hiren Undeel un der TVA-Erhéijung vum FCDF an de neie Fong „ofgezweigt“ gëtt.

V. Géint Ongerechtegkeet kämpfen, de Staat moderniséieren, fir de soziale Fortschrëtt
Här President,
D’Ziel vun deenen 3 Budget’s-Gesetzer ass duebel: et geet engersäits drëm eis ëffentlech Finanzen ze consolidéieren fir se erëm op eng Schinn ze kréien wou se op Dauer équilibréiert sinn, an anerersaïts geet et drëm de Staat ze moderniséieren, fir en méi effikass ze maachen.

Dauerhaftegkeet vun den ëffentleche Finanzen
Spueren ass kee Selbstzweck. Mais, och wann den europäesche Kader an deen déi national Budget’s-Politik sech füge muss ganz, villäicht zevill, rigid ginn ass, ass et wichtég dass e Land gesond Staatsfinanze hued. Déi nächst Generatioune musse genuch Spillraum behalen fir hiere Gesellschaftsprojet ze verwirklechen.
An där Perspektive gëllt et zwee Punkten nett aus den Ae ze verléieren: d’Evolutioun vun der Staatsverscholdung an d’Investissementer. Déi zwee hänken enk zësummen, well et sinn d’Investissementer vun haut – nët nemmen an d’Stäng mais an der Haaptsaach an d’Mënschen – déi muer deen néidege wirtschaftléche Mehrwert erlaaben fir eis Schold zeréckzebezuelen. Wann dat nett de Fall ass, an d’Soue vun haut net richtég investéiert ginn, da sinn d’Scholden vun haut, d’Steiere vu muer, an da sinn zukünfteg Generatiounen hypothéquéiert. Intergenerationnell Solidaritéit ass also nett “à sens unique”, a mir mussen oppassen, dass mer keng Generatioun vu Schëldner schaafen.
Mir hu gesinn, an der Diskussioun ronderëm de Budget an den Zukunftspak, dass der Regierung hier Politik vu munche Säiten hier kritiséiert ginn ass. Dat huet sécher vill ze di matt der Mentalitéit vun enger Generatioun, déi säit de Mëtt Achtzeger vun der Politik gewinnt war, dass se ëmmer nëmmen ausgedeelt krut an nie, oder ganz seelen, huet missen en Opfer bréngen. Dofir muss een secherstellen an d’Land och iwwerzeegen dass déi Mesuren, déi ee proposéiert och an d’Richtung vu méi Kloërheet, Gerechtegkeet, Gläichheet an Dauerhaftegkeet geet. Mir dierfen zu Lëtzebuerg déi sou neidég Zukunftsperspektiv fir d’Land net aus den Ae verléieren.
Wann een iwwert de Niveau vun der Verschëldung schwetzt, kritt ee muenchmol gesot, dass deen Niveau guer nett héich ass, jo bal bei Null läit, well d’Schold déi gemaacht gouf an der Haaptsaach an Infrastrukturen investéiert gouf, déi och zukünftege Generatiounen zugudd kommen – Schoule, Spidäler, Stroossen. Dat ass och net falsch: d’Dette nette, wann een d’Avoir’e vum Staat oofzitt, ass bal null. Mais engersäits ass et esou dass di europäesch Kritère’n eng Verbuchung vun der Brutto-Verscholdung virschreiwen. An anerersäits bleiwt d’Réalitéit dass dës Schold – egal firwat se gebraucht gëtt – op de Staatsbudget dréckt an de Staat manner flexibel mecht a senger Politik, well en en décke Batz Zënsen a Schold bezuele muss, amplaatz déi ëffentléch Gelder fir aner Zwecker ze gebrauchen.
Muenchmol get och op de positive Solde vun der “administration publique”, also dem Gesamtstaat verwisen, fir d’Wichtegkeet vum Defizit vum Zentralstaat klengzerieden. Mais dës Ofkierzung ass geféierlech, well all Bestanddeel vum Gesamtstaat – d’Gemengen, d’Sécurité sociale an den Zentralstaat – muss säin eegene Budget am Lot haalen, och wann den Zentralstaat matt sengen Transfert’en zum Deel zur Finanzéierung vun de Gemengen an der Sécurité sociale bäidréit.
Et ass och evident dass déi bal 14 Milliarde Reserven an der Pensiounskeess dem Service vun engem Deel vun de Rente virbehaalen ass, dès den Ament wou d’Ausgabe vun der Pensiounskeess net méi ganz duerch d’Recette gedeckt ginn. Et handelt sech hei ëm en intergenerationelle Solidaritéits-Mekanismus, deen nie wäerd benotzt ka ginn fir dem Staats seng kuerzfristég Ausgaben ze bezuelen.
Ganz enk verbonnen matt der Diskussioun iwwert d’Dauerhaftegkeet vun eisen ëffentleche Finanzen ass déi iwwert d’Zukunft vum lëtzebuerger Wirtschaftsmodell.
Här President,
Mir wëssen alleguer wéi ofhängeg eist Land a wirtschaftlécher Hinsicht vun der europäescher Konjunktur ass. De Wuesstemspotential fir Europa ass eroofganga get elo tendenziell op 1,5% geschaat. Fir Lëtzebuerg, dat jo un eng Moyenne vu Wuesstem vun 4% gewinnt war iwwer laang Zäit, läit de Wuesstemspotenzial mëttelfristég bei 2% a laangfristég, verschiddene Studien no, souguer nach méi niddrég. Et ass hei di statistësch Illustratioun vun engem Phenomen dee seit kuerzem ënner Economisten diskutéiert gëtt, an dee vum Bill Clinton sengem fréieren Minister Larry Summers an d’Gespréich bruecht gouf: d’Theorie vun der “secular stagnation”, déi beseet, grob vereinfacht, dass westlech Vollekswirtschaften aus verschiddene Grënn eng länger Zäit vu schwaacher Croissance bevirsteet.
Elo kann een natirlech soën, das laangfristég wirtschaftléch Prévisiounen méi matt Kaffisaatzliesen ze dinn hu, wéi matt Wëssenschaft, an dass et insbesonnesch fir eng kléng, atypesch Economie wéi déi lëtzebuergesch onméiglech ass virauszesoën wei mer eis entwéckelen. Dat mag sinn. An et wär schéin wann déi Wuesstemstaux’en vun 3-4% PIB pro Joër géifen eremkommen, sou dass mer eise Modell, ouni allzevill anzebéisse, weider féiere kéinten.
D’Europäesch Unioun ass op enger Kräizung ukomm, wat hier eegen Wirtschaftspolitik ugeet. Déi europäesch Budget’s-Politik ënnert dem Pacte de stabilité et de croissance an dem Traité budgétaire huet muench europäesch Länner forcéiert eng Spuerpolitik, jo eng Austéritéitspolitik, ze maachen déi op d’Käschte vum Wuesstem gaange sinn. Muench Economisten warne schonn seit Joren géint d’Ravagen vun dëser Konsolidéierungspolitik an Zäite vu Kriis oder schwaacher Croissance. Och Organisatioune wéi den FMI an d’OCDE hu viru kuerzem hire Fehler unerkannt, dass se schonn seit 2010 Spuerpolitiken recommandéiert hunn an engem dépriméierten Kontext. An déi désastréis Konsequenze vun där Politik, matt niddrégem Wuesstem an héijhem Chômage zimlech iwwerall an Europa, si gudd siichtbar wann een d’Hieschtprévisioune vun der Europäescher Kommissioun kuckt. An trotzdem ass déi eenzeg, déi hire Fehler nach nett ëffentlech agesinn huet, d’Europäesch Unioun.
Dofir ass den Investitiounsplang fir de Wuesstem unzekurbelen vun der Kommissioun Juncker e positivt Signal, eng Richtungsännerung, och wann e Plang vun 300 Milliarden deen op engem Eegekapital vu just 20 Milliarde fousst a vill Privatinvestissement viraussetzt, e bessen no enger “multiplication des petits pains” ausgesäit.
Zu dëser onsécherer Ausriichtung vun der europäescher Politik kennt eng déifgräifend Diskussioun iwwert eise wirtschaftléche Modell. Trotz der Diversifikatiounspolitik vun deene lëschte Joëren sinn eis Staatsrecetten ëmmer nach staark ofhängeg vum Finanzsekteur – d’Cour des comptes schätzt den Deel vum Finanzsekteur an de Recette’n op 25%.
Rezent international an national Entwécklungen weisen d’Fragilitéit vu muenchen vun dëse Recetten – ech denken do an éischter Linn un d’Aféieren vum automatëschen Echange vun Informatiounen zu Steierdossier’en an der Follég vu FATCA an der ëmmer méi grousser Pressioun vun anere Länner, déi der Meenung sinn dass Finanzplaatze wéi Lëtzebuerg hirem eegene Budget schueden.
D’Affär Luxleaks dréit natirlech och hiert zu dëser Diskussioun bäi. Dëst ass dowéinst esou eng schwireg Diskussioun, well se ëm eise Modell dréint, awer och ëm Ethik geet. An et schwéngt eng zimlech grouss Dose vun Hypokrisie an Opportunismus vu verschiddene Säite matt. Wann een zum Beispill gesäit, dass am engleschen House of commons e Verhéier stattfënnt, während dem Lëtzebuerg onverblimt als “parasite state” genannt gëtt, op deeër anerer Säit awer den engleschen Revenue an ëffentleche Brochuren mam niddrégen Taux vu Gesellschaftssteier an dem engleschen Rulings-Modell werbt, da gesäit een, wann een nach iergend en Zweifel haat, dass hei matt “deux poids, deux mesures” geschafft gëtt.
Et ass en internationale, an och an enger gewësser Hinsicht, nationale Sport ginn d’Benotzen vun Souveränitéitsnischen an der lëtzebuerger Wirtschaft ze verurdeelen. Luxleaks huet dës Diskussioun relancéiert, woubei et sech bei Rulingen ironescherweis mol net wirklech em eng Steiernische handelt. Aner Länner maachen dat och, entweder direkt, oder iwwert hier territorial Dépendance’n.
Loosse mer eis drun erënneren dass Nischepolitik Traditioun huet zu Lëtzebuerg, an zwar seit dem 19. Joerhonnert. Et kann ee getrouscht soën, dass mer ouni Nischen a spezifesch Kompetenzen héchstwahrscheinléch en ärmlecht Agrarland bliwwe wieren ouni Industrie an Servicen. Vum Opbau vun der Stoolindustrie, iwwert d’Ausnëtze vun Avantagen aus dem Zollveräin zum Opbau vun der Bourse duerch d’Kotéierung vun euro-dollar Obligatiounen oder den Opbau vun enger wichteger Fongeplaz, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen, hu mer et ëmmer erem fäerdeg bruecht matt Ingéniositéit a Fläiss nei Aktivitéiten opzebauen.
Zu gläicher Zäit, bréngt esou eng Affär wéi Luxleaks e schwéieren Reputatioun’s-Schued matt sech – an Zäiten wou mer amgaang sinn un eisem Nation-Branding ze schaffen, ass et kloer wat e gudden Numm och am international Kontext wert ass. An dowéinst ass et och gutt dass di nei Regierung deeër Praxis eng kloer base légale gëtt a se virun allem méi zolitt encadréiert.
Wat eis Staatsfinanzen ugeet, sou musse mer eis bewosst sinn, dass Nischen ëmmer méi schnell zouginn, an de Spillraum fir esou eng Politik ëmmer méi kleng gëtt. Et ass also ëmsou méi wichteg dass mer un der Qualitéit vun eisen Produkter, mais haaptsächlech vun eisen Dengschtleeschtungen, déi jo eist éischt Exportgut sinn, schaffen. Dass mer méi koherent, matt méi Wäitsiicht e wirtschaftléche Modell opbauen dee virun allem op eiser Kréativitéit an eisem Talent baséiert.
Recette’n déi aus Nischesecteuren an dem Staat seng Kees fléissen, sollten intelligent agesaat gi fir nei, dauerhaft an stabel Secteur’en opzebauen. Et ass schued dass déi baal 5 Milliarden euro, déi d’TVA um commerce électronique dem Land seit 2003 abruecht huet, nett an e fonds souverain gesaat goufen, deen aléng der Innovatioun, der Recherche an dem Entrepreneuriat dédiéiert gewiescht wier, mais fir permanent Ausgaben vum Staat benotzt goufen. Dës Regirung huet beschloss elo e fonds souverain opzesëtzen, deen zum Deel matt de Recetten aus der TVA e-commerce gespeist gëtt, an dëst ass eng gudd Saach. Mieux vaut tard que jamais !
Wa mer wëllen dass de Staat och muer nach de Garant vum Fortschrëtt a vun der sozialer Kohésioun ass, musse mer et vermeiden ëm zevill op d’Schëlleren ze leeën. Dofir ass et esou wichtég weider driwwer nozedénken, wéi mer de Staat méi effikass kënne maachen, wéi mer d’Käschte kennen weider reduzéieren, a wéi mer weider an d’Richtung goë kennen vun enger sozialer Sélektivitéit, déi d’Sozialleeschtungen besonnesch och fir déi Schwächst an eiser Gesellschaft oofséchert.

De soziale Fortschrëtt no vir bréngen
An hiren Beméiungen fir de Staat ze moderniséieren, d’Staatsfinanzen ze konsolidéieren an d’Wirtschaft ze divérsifiéiere, dierf dës Regierung awer net vergiessen de soziale Fortschrett no vir ze bréngen, dat heescht weider géint d‘Ongläichheet an den Aarmut unzekämpfen. E wichtegen Deel vum Budget betrëfft Sozialtransferts‘en. Et ass äusserst sensibel fir an dës Dépensen schneiden ze goen, well et zum Deel Leit betrëfft, déi substanziell dorobber ugewisen sinn.
Fir dass di Sozialtransferen bei deene Leit do ukommen wou se wierklech gebraucht ginn, muss ee fir t’éischt eng Analyse vun der Armut zu Lëtzebuerg machen. Fir den Détail verweisen ech hei op mäi schrëftleche Rapport.An Europa gëtt éischter de relativen Armutrisiko gemooss, dee sech par rapport zum „revenu médian“ um nationale Niveau définéiert. Den Armutsrisiko rechent sech iwwert d’Proportioun vum Revenu dee manner ass wéi 60% vum Revenu médian. Dat sinn virun den Sozialtransferten 45% vun der Bevölkerung vun eisem Land, no de Sozialtransferten awer just nach 16% am Joër 2013, wat weist dass d’Sozialtransferten eng wichtég Roll spillen am Kampf géint Aarmut.
E besonnesch interessanten Indicateur ass deen vum Risque de pauvreté persistante. Dësen Indikateur moosst déi Leit déi seit méi wi 2 Joer vun deenen läschten dräi Joer vun der Enquête ënnert dem Aarmutsniveau liewen. Zu Lëtzebuerg louch deen Taux am Joer 2012 ëmmerhinn bei 7,1 %.
Parallel zu der Aarmut gesäit een dass och d’Ongläichheet vun de Revenu‘en zu Lëtzebuerg zimlech staark an d’Luucht geet: tëschent 1996 an 2013 si souwuel de Coefficient GINI wéi de Rapport Interquintiles S80/20, déi d’Ongläichheet vun de Revenu’e moossen, gewuess, matt enger staarker Verschlechterung vun 2012 op 2013.
Souguer eng iwwerflächlech Lecture vun deenen Statistiken weist verschidden Schlësselfaktoren, déi den Armutsrisiko aggravéieren.
Zu Lëtzebuerg sinn, am direkte Kampf géint den Aarmut an den Ae vun ärem Rapporteur fir t’éischt emol d’Gebidder vun der Familjepolitik, der Aarbechtspolitik, dem Logement an der Steierpolitik gefuedert.
Daat heescht nëtt, dass aner Gebidder onwichtég sinn: d’Educatioun spillt natirlech eng extrem wichteg Roll, an dee bëschte Kampf géint de Chômage an den Aarmutsrisiko läit an enger effikasser Wirtschaftspolitik, déi et fäerdeg bréngt de Standuert Lëtzebuerg attraktiv ze maachen an nei Aarbechtsplaatzen ze schaafen.

Familjepolitik
Här President,
An der Familjepolitik ass et virun allem och wichteg, dass d’Sozialtransferten net no engem traditiounsgebonnenen Ideal ausgeriicht ginn, mee der Liewensrealitéit vun den Familjen entspriechen. Besonnesch schokant ass et an deem Kontext, dass 23% vun de Kanner a Jugendlechen ënner 18 Joer zu Lëtzebuerg am Armutsrisiko liewen.
En éischt a besonnësch wichtegt Ziel vun der Familjepolitik vun dëser Regirung ass et Haushalter ouni Kanner un den Ustrengungen a Käschten vun der Kannererzéiung ze bedeelegen.
Par contre wëll dës Regierung keng natalistesch Familjepolitik méi bedreiwen. Well all Kanner gläich behandelt solle sinn, gëtt d’Kannergeld fir all Kand dat sellwecht. D’Zuelen weisen och ganz kloer, dass trotz méi Geld fir kannerräich Familjen den Armutstaux op eng signifikant Aart a Weis (27,1%) an d’Luucht geet bei Familjen mat méi wéi zwee Kanner.
D’Regierung huet dofir d’Prioritéit op Mesurë gesat déi ganz konkret de kannerräichen Familjen hëllefen, z.B. duerch gratis Plazen an der Crèche an aner zousätzlech Ënnerstetzung fir d’Kanner. Nëmmen déi konkret Mesuren kënnen bewierken, dass mer wierklech eng Chancegläichheit fir all Kand zu Lëtzebuerg gewährleeschten, egal wat hire sozialen a linguisteschen Background ass.
Eng drëtt grouss Prioritéit ass et de Familjien z’erméiglechen Beruffsliewen a Familjieliewe besser ze conciliéieren. Dofir gëtt a Crèchen an aner Strukturen investéiert, fir dass insbesonnesch déi sozial schwaach Ménagen, wou Papp a Mamm schaffe musse fir iwwert d’Ronnen ze kommen, eng Plaatz fannen.
Well och d’Ënnerbriechung vun enger Carrière duerch Divorce oder eben duerch e fräiwëllege Choix doheem bei sengem Kand ze bleiwen en negativen Impakt op d’finanziell Ofsécherung huet – souwuel wat d’Chancen ugeet duerno erëm eng Aarbecht ze fannen oder wat d’Pensioun ugeet – an erem eng Kéier insbesonnesch bei Leit matt enger schwaacher Formatioun, geet d’Regierung op de Wee vun enger Politik déi d’Leit nett méi encouragéiert doheem ze bleiwen an hier Carrière z’ënnerbriechen.
An där Optik ass et nëmme konsequent d’Allocation d’éducation an d’allocation de maternité ze sträichen. Am Gegenzug, gett de congé parental reforméiert fir e méi flexibel a méi attraktiv ze maachen, och fir déi Leit matt méi héighen Revenu’en. Dofir gett och un en Aféieren vum „temps partiel“ geduecht.
Mir wëssen och dass den Divorce oder eng Trennung oft de Facteur ass deen e groussen Aarmutsrisiko matt sech bréngt, besonnesch fir Fraën. Aus evidente Grënn si Leit, déi ebeemol eng nei Wunnéng fanne mussen, fir hiert Kand oder Kanner opkomme mussen an zugläich nach schaffe goë mussen, besonnësch ënner Drock. An et sinn och déi Leit – déi sougenannt Monoparentaux – déi bei eis am Land ënner der gréisster Gefor vun Aarmut leiden.
Dofir wär et wichtég, wann d’Regierung géif iwwert speziell Hëllefen fir monoparental Familjien nodenken déi an enger prekärer Situatioun sinn.
Et ass décidéiert ginn, d’Solidaritéit vun der ganzer Bevölkerung matt deene jonken Familjen spillen ze loossen, duerch eng Contributioun vun 0,5%, dem „impôt d’équilibrage budgétaire temporaire“. „Impôt de solidarité avec les familles“ wär méi eng schéin, an och eng méi richtég Bezeechnung gewiescht, well dës Steier gëtt a Crèche-Plaatzen an Hëllefsleeschtungen fir jonk Familje matt Kanner investéiert. Et ass gudd a richtég am Sënn vun der sozialer Sélektivitéit dass e ganzen Mindestloun bei der Perceptioun vun dëser Steier immuniséiert gouf.

Aarbecht a Beschäftegung
Här President,
Am Kampf géint den Aarmut, huet d’Bekämpfung vum Chômage e besonnësche Stellewert. Well d’Revenue’n aus der Aarbecht sech iwwert déi lëscht Joeren manner dynamesch entwéckelt hunn, wéi déi vum Kapital geet d’Ongläichheet an d’Luucht. Et ass awer esou, dass déi Leit an deenen ënneschten Revenue’s-Klassen meeschtens kee Kapital hunn, fir eng Aarbecht déi ewéchfällt opzefänken.
Dofir ass de Chômage esou en dramateschen Aschnëtt am Liewen vun engem Mensch – nett nëmme psychologesch, mais och existentiell. Meeschtens bedäit chômage bei eis Aarmutsrisiko.
An dowéinst ass et wichtég och an der Bekämpfung vum Chômage nei Weeër ze goën.
Egal wéi een e moosst, geet de Chômage seit Joeren bei eis an d’Luucht: an 10 Joër, ass de Chômage Taux vun 3,7% am Oktober 2004 op 7,1% am Oktober 2014 geklommen.
Dir wësst dass mer eng speziell Situatioun hunn op eisem Aarbechtsmaart : Eist Land huet nie opgehaalen nei Aarbechtsplaatzen ze schaafen – eng croissance vun 2% an der Moyenne seit 2009, och trotz der Kriis. Trotzdem geet de Chômage an d’Luucht. Dëst huet sécher matt der Konkurrenz duerch d’Frontalier’en ze dinn, mais et huet och ëppes ze dinn matt enger Offer vun Aarbechtsplaatzen, déi dem Profil an der Formatioun vun de lokale Chômeuren oft nett entsprécht.
Déi Haaptbetraff vum Chômage si Jonker, Auslänner a Leit matt wéineg oder kenger Formatioun. D’Statistike weisen och dass Leit ab 45 Joër méi grouss Schwiregkeeten hunn, erëm eng Aarbecht ze fannen, virun allem déi matt engem niddrégen Edukatiounsniveau.
Här President,
D’Regierung geet och an der Aarbechtspolitik nei Weeër. Et gëtt elo op eng besser Formatioun vun de Chômeur’e gesaat, fir se fit ze maachen fir den Aarbechtsmaart, an et gëtt sech nett méi, wéi an der Vergaangenheet, einfach matt enger finanzieller Subventionéierung begnügt.
Fir de Chômage ze bekämpfen gett och d’Reform vun der ADEM weidergeféiert – d’ADEM gëtt aanescht opgestallt, sie soll méi Moyen’e kréien a sech an e performante Service entwéckelen deen déi Leit di no Aarbecht siche méi cibléiert matt den Offeren vun den Employeur’en zësummebréngt.
D‘“Garantie Jeunesse“ ass eng aner Reform, déi schon no kuerzer Zäit hier Friichten dréit: engem éischte Bilan no de 14 November dëst Joër, just 4 Méint nodeem de Programm ugelaaf ass, gesäit een dass vun deene 420 Jonken déi mattgemaacht hunn, der 65% eng „offre de qualité“ kruten, dat heescht an de meeschte Fäll eng Aarbecht oder e Stage.
D’Reform vum Gesetz iwwert de Reclassement ass eng Mesurë déi drop erauszielt Leit matt engem Handicap oder matt engem Gesondheetsproblem an d‘Aarbecht ze kréien. An dësem Kader kann d’Zësummenaarbecht matt de Betrieber aus dem Secteur vun der Economie sociale et solidaire e rellen Potenzial duerstellen.
Här President,
D’aide au réemploi, wesse mer elo, huet keng gudd Resultater ginn. Oft war dëst e Mëttel fir Employeur’en fir bëlleg u qualifizéiert Aarbechtskräft ze kommen, déi dann während 4 Joër matt enger héijher staatlecher Subventioun bei engem Patron geschafft hunn, an duerno meeschtens entlooss goufen. Duerfir ass et gudd, dass d’aide au réemploi reforméiert gëtt , sou dass se nett méi wéi 50% dierf si, vun deem wat den neie Patron bezillt, matt engem Plafond op 3,5 mol den Mindestloun an nett manner wéi 90% vum viiregte Salaire.
Och d’préretraite-solidarité huet a Réalitéit wéineg bis guer keng nei Aarbechtsplaatze geschaaft. Sie gëtt oofgeschaaft a parallel dozou soll d’préretraite progressive an d’préretraite postée reforméiert ginn. Ausserdem huet d’Regierung an der Verhandlung matt de Gewerkschaften akzeptéiert eng retraite partielle matt enger Aarbecht a temps partiel z’erlaaben.
Et gëtt och bei eis am Land de beonrouégende Phenomen vun de „working poor“, d.h. déi Leit déi der Aarmut ausgesat sinn, obwuel se eng Aarbecht hunn. Zu Lëtzebuerg ass deen taux vun de „working poor“ matt 11,2% héich am Verglach matt der Moyenne vun 8,7% an der Euro-Zone. Eng Explikatioun heifir läit sécherlech bei der Deierecht vum Liewen zu Lëtzebuerg, an an der Haaptsaach vum Wunnen. Mais et ass dofir ëmsou méi wichtég dass mer de Mindestloun, dee jo just liicht iwwert der Aarmutsgrenz läit, gréisstendeels vu Charge’n a vu Steieren fräihaalen.

Logement
Här President
Zu den absolute Grondbedürfnisser vum Mensch gehéiert de Logement. Grad an desem Beräich gouf et an de leschte Joeren eng stark Präisentwecklung, wat et fir manner gut situéiert Leit emmer méi schwiereg mecht, eng adequat Wunneng ze fannen. Am Duerchschnett gekuckt steet Lëtzebuerg net esou schlecht do: Héijhe Wunnengspräisser stinn héich duerchschnettlech Revenuen géintiwwer, iwwer zwee Drëttel vun den Haushalter si Propriétair vun hirer Wunneng, an eng duerchschnëttlech Wunneng ass mat knapp 130m2 och relativ grouss.
Wann een d’Statistiken awer méi am Détail kuckt, da gesäit een, dass et grad am Logement stark Inegalitéite get. Och wann 70,8% vun de Awunner zu Lëtzebuerg Propriétaire sinn, sou liewen awer 43% an engem Haushalt, deen e Prêt hypothécaire muss zreckbezuelen. Am Verglach sinn nemmen 42,8 Prozent vun de Leit, déi engem Aarmutsrisiko ausgesat sinn, Propriétaire vun hirem Logement, an dräi Véierel vun hinnen bezuelen e Prêt zréck.
Déi Haushalten, déi am manste gut dru sinn, si meeschtens Locataire, si wunnen op méi enkem Raum, enner manner gude Conditiounen an d’Ausgaben fir de Logement machen trotzdem e ganz groussen Deel vun hierem Revenu aus. Bei dese Ménagen ass et net seelen, dass si iwwer 40% vun hierem Revenu fir de Logement ausginn, wat allgemeng als ‚Taux de surcharge‘ ugesi get. Si kennen deemno net och nach Suen uspueren a wärten trotz staatlechen Hëllefen wahrscheinlech emmer Locataire bleiwen.
De Staat huet an deene vergangene Joeren vill dofir gemach, fir den Accès zur Propriétéit ze erliichteren. Dat ass grondsätzlech net falsch, well een, deen emol säi Prêt ofbezuelt huet a Propriétaire vu senger Wunneng ass, mat relativ wéineg Suen ka liewen a manner riskéiert an eng prekär Situatioun ze kommen. Wa mer gesinn, dass virun allem Leit iwwer 65 scholdefräi Hausbesetzer sinn, dann ass dat och eng Form vu Garantie géint d’Altersaarmut.
Allerdéngs profitéiert virun allem de Mëttelstand vun deenen Hëllefen, an net déi Leit, déi am stärksten benodeelegt sinn. Och riskéieren eenzel Hëllefen, d’Wunnengspräisser zousätzlech an d’Luucht ze dreiwen, sou dass um Enn net de Keefer, mais de Verkeefer am meeschten dovun profitéiert.
Dofir well des Regierung eenzel Mesuren nei iwwerdenken a virun allem op d’Offer awierken, andeem méi schnell neie Wunnraum soll geschafe ginn. Och wann aus prozedurale Grenn déi véier Plans directeurs sectoriels hu missen zréckgezu ginn, hält d’Regierung um Ziel fest, fir nei Arealer ze identifizéieren, wou schnell ka Wunnraum geschafe ginn, an dat am Aklang mat landesplaneresche Prinzipien.
Wann een sech de Besoin u Wunnraum virun Aen hält, sou wéi en am Plan directeur sectoriel Logement berechent gouf, ass et kloer, dass an deene kommende Joeren en enormen Effort an deem Beräich muss gemach ginn. Engersäits betrefft dat d’Gemengen, déi jo net nemmen hiere PAG mussen upassen, mais hier gesamt Infrastruktur mussen op dee Wuesstum ausriichten, mais et betrefft natierlech och de Staat, deen entsprechend finanziell Hëllefe muss ubidden.
Här President, dir Damen an Dir Hären,
Des Regierung huet de Logement zu enger vu senge Prioritéite gemach, an dofir wärten d’Ausgaben an deem Beräich trotz Konsolidéierungseffort am Budget, an d’Luucht goen. Am Budget ass fir 2015 eng Enveloppe vunn 150,7 Milliounen Euro virgesinn. Dat entsprecht par Rapport zum Budget, dee mer fir 2014 gestëmmt haten, enger Augmentatioun vunn 10,9 Prozent. Am Pluriannuel ass virgesinn, dass dëse Montant an de Joeren 2016 bis 2018 weider steigt. Eleng fir de Volet „Construction d’ensembles“ stinn an deene nächste Joeren am Schnëtt 75 Milliounen Euro zur Verfügung, dat sinn pro Joer 20 Milliounen méi, wéi 2014. Eng Iwwerleeung an deem Kontext wär och, op de Fonds de compensation, deen d’Reserve vun der Pensiounskeess géréiert, net en Deel vu sénge Moyen’en an de natioanle Wunnéngsbau sollt investéieren.
Trotzdem wärten all des Efforten net de Problem vun deene sozial schwächsten Haushalter léisen, déi och dann keng Wunneng kafe kennen, wann et gelengt, d’Präisser um Marché ze stabiliséieren. Wa mir d’Aarmut zu Lëtzebuerg wellen efficace bekämpfen, brauche mir substantiell méi Sozialwunnengen, besonnesch am Beräich vum Locatif. Tatsächlech si mer zu Lëtzebuerg op desem Punkt ganz schwach, och am internationale Verglach gekuckt. Laut enger Analyse, déi d’Caritas 2013 a sengem Sozialalmanach gemach hat, sinn zu Lëtzebuerg nemmen 2 Prozent vunn alle Logementer sozial Mietwunnengen. An Holland sin et 32%, an Eisterräich 23%, a Frankräich 17% an an der Belsch emmerhinn nach 7%. Mir hunn do also e sérieusen Nohuelbedarf. Well et net wärt méiglech sinn, dee Mangel kuerzfristeg aus der Welt ze schaafen, huet d’Regierung virgesinn, deenen sozial Schwächsten e Subside fir de Loyer ze ginn. En entsprechenden Projet de loi, deen am Moment nach amendéiert get, ass um Instanzewee a soll schnell déi néideg legal Basis schaafen.
De Logement wärt secher och en Thema am Kader vun der Steierreform ginn. Mir wärten méi genau mussen analyséieren, wiem déi bestehend Fiscalitéitsregelen notzen a wéiwäit dat am Aklang ass mat de politeschen Zieler vun der Regierung och am Beräich vum Logement.

Steiergerechtegkeet
Här President,
Wann een iwwert sozial Gerechtegkeet schwëtzt, ass een och schnell bei der Steiergerechtegkeet ukomm.
Eent vun den Haaptzieler vun der Regierung an der Steierpolitik ass et de „Mëttelstandsbockel“ ze glätten. Et handelt sech hei ëm déi héich Steierlaascht déi op de Revenu’en vun de Mëttelklassen läit, déi jo an der Haaptsaach aus Aarbechtsrevenu’e bestinn. Well de Steierbarême schnell an d’Luucht geet, a scho bei niddrégem Akommes asetzt, sinn d’Mëttelschichten méi haard getraff vun der Steier wéi di méi räich Stéid. Bei méi räiche Stéid ass et esou, dass nach aaner Revenu’en – aus Immobilien an Erspuernisser – dobeikommen déi bei eis manner staark besteiert ginn. Doduerch kritt een eng dégressiv Steierlaascht waat ee méi héich an de Revenu’en eropgeet.
Dëst Ongläichgewiicht muss am Kader vun der Steierreform, déi fir 2017 virgesinn ass, op de Leescht geholl ginn. Mir mussen d’Progressivitéit vun de Steiertaux’en nei définéieren, fir dass déi kleng a niddrég Akommes manner haard a manner schnell besteiert ginn. Mir sollten och, an enger Iddi vu Steiergerechtegkeet a Neutralitéit géigeniwwer dem gewielten Familjemodell, iwwert eng Individualiséierung vun der Besteierung nodenken. Och dat steet an eisem Regierungsprogramm. Dobei muss och iwwert de „Splitting“ geschwat ginn, dee jo bestuedten a PACSéiert Koppelen bevirdeelegt, mais op Käschten vun Jonggesellen an haaptsächlech Eenzelerzéiher geet.
Et ass e Fakt dass zu Lëtzebuerg d’Steier op d’Revenu’e vun Eenzelpersounen a Stéid bal 60%, an d’Steier op Salaire’n 44% vun de Gesamtrecette’n vum Staat ausmaachen. D’Steier op Salaire’n stellt am Budget voté fir 2014 ongeféier 3 Milliarden duer, géint 1,6 Milliarden fir d’Kierperschaftssteier op d’Gesellschaften. Teschent 2001 an 2014 huet d‘Steier op Salaire’n sech am Volumen verduebelt, an déi op d’Gewënner vu Kierperschaften ass am Volumen stabel bliwwen. Et gëtt natirlech Erklärungen firwat dës Schéier sou ausenee gaang ass: d’Masse salariale ass an d’Luucht gaang, d’Nëtt-Upassung vum Steierbarême un den Index huet och gespillt, an bei de Betrieber sinn d’Méiglechkeeten hier Steierlaascht z’optimiséieren einfach besser an eiser Législatioun.
Et gëtt gudd Grënn fir d’Steierlaascht vu Betrieber nett an d’Luucht ze dreiwen. Mir haaten d’lëscht Woch hei eng Kompétitivitéit’s-Debatt, a mir sinn eis all bewosst dass d’Steierkonkurrenz nach ëmmer eng Réalitéit ass an eis Marge de manoeuvre an deem Beräich nett immens grouss ass.
Et muss trotzdem erlaabt sinn ze froën, ob et gerecht ass, dass d’Akommen aus der Aarbecht ëmmer méi staark besteiert ginn, wann aner Revenu’en a Gidder deeër Tendenz entkommen?
Här President,
Et gëtt verschidde Pisten an d’Richtung vun engem méi gerechten Steiersystem. Eng dovun, an déi steet och am Regierungsprogramm, betrëfft d’Grondsteier. Mir wëssen alleguer dass dës Steier lächerlech niddrég ass, an dass se muss reforméiert ginn fir dass se eng richtég Quell vun Akommes fir d’Geméngen gett.
Wann een iwwer Steiergerechtegkeet schwetzt, a wann ee well eng sérieux Steierreform maachen, déi deen Numm och verdéngt, muss een och en Inventaire vum Patrimoine vun de lëtzebuerger Stéid maachen. Den Direkter vum STATEC huet viru kuerzem an engem Radio-Interview drop verwisen, dass et dës Zuele gëtt, mais dass se nach nie zësummegefouert goufen. Et geet nëtt drëm sozialen Näid ze schüren, an et geet och net dorëm virzegräife, wat aus deene Gespréicher a Consultatioun’en zu Steierreform, an déi jo och d’Sozialpartner sollen implizéiert ginn, erauskennt. Et geet just drëm eng komplett Diskussioun ze féieren.
Här President,
En aneren Aspekt vun der Steiergerechtegkeet ass d’Steierfraude an d’Andreiwen vun de Steieren. Hei ass dat zousätzlecht Personal wat souwuel beim Enregistrement wéi och bei den direkte Steieren am Kader vun den 258 Mesurë soll agestallt ginn secherlech e positive Schrëtt. Mais et ass net alles. Den Enregistrement z.Bsp. ass ëmmer méi konfrontéiert matt Fraude à la TVA an huet Schwiregkeeten géint déi Steierkriminalitéit unzekommen. Et ass hei e komplexe Phenomen, bei deem et séch weist, dass mer net gudd opgestallt si fir dogéint unzekommen: d’Zësummenaarbecht mam Parquet ass schwireg, an och matt der Police judiciaire. Et gett och muench administrativ a juristesch Hürden, déi matt sech bréngen dass d’Fraudeur’en ëmmer e Schrack viraus sinn. Dat geet natirlech zu Laaschte vun all deene Steierzueler déi hir Steieren éierlech a pünktlech bezuelen. Hei missten verschidde Gesetzesännerunge gemaacht gin, fir eng horizontal Zësummenaarbecht tëschent Verwaltungen z’erméiglechen, d’Steiergeheimnis misst villäicht opgelockert ginn, grad esou wéi den Dateschutz, an et kéint een och iwwert eng Dépénaliséierung vum Steierbedrug nodenken, fir de Steierverwaltungen en eegenen „pouvoir de sanction“ ze ginn.

Avis
Här President,
ech géif och gären allen Institutiounen an Organismen, déi en Avis zu de Budgetsprojet’en ofginn hun, e grousse Merci fir hir gutt Aarbecht soen. Dës deels ganz fouilléiert Avisen si fir de Rapporteur ëmmer eng wäertvoll Quell vun Informatiounen an eng wichteg Inspiratioun fir séng Aarbecht.

Conclusioun
Här President,
D’Regierung muss weider de Kompromëss sichen tëschent enger dauerhafter a verantwortlécher Steier, Budgets a Wirtschaftspolitik op där enger Hand, an enger Politik vun der sozialer Gerechtegkeet, déi di sozial Schwaach schützt an eng reell sozial Mobilitéit erlaabt, op där anerer.
Fir dat z’erreechen ass et wichtég dass mer eis net zevill verscholden. Bei deem wat mer der nächster Generatioun hannerloossen wäerte Scholde sinn – finanzieller an ekologescher – mais et mussen haaptsächlech och Aktiv’en zu Buch stoën : eng gudd Edukatioun, e fonktionnéierende Sozialsystem an Gesondheetswiesen, mais och e staarkt kulturellt, wëssenschaftlecht an Ëmwelt- Kapital.
Eng verantwortléch Approche verlaangt eng Verminderung vum Passiv, fir zukünftege Generatiounen eng anstenneg Iewschaft an en dauerhafte Wuelstand ze garantéieren. Eng verantwortléch Budget’s-Politik verbidd a kenger Weis d’Duerchsetze vun enger progressistescher Agenda – ganz am Gegendeel. Eng verantwortlech Budgets a Steierpolitik ass déi wichtégst Viraussetzung fir eng gudd Sozialpolitik fir haut grad ewéi fir muer an de bëschte Garant fir deene nexte Generatiounen eng fräi a fair Gesellschaft ze hannerloossen.
Wann se iwwermuer dëse Budget stëmmt, hellt d’Chamber Verantwortung fir d’Zukunft vun eisem Land.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *