quaesitio

Noruff zum Budget ’15 – John Rawls, Max Weber, Verantwortung…


ff 2Ech hu mer iwwert d’Feierdeeg nach e puer Gedanke gemaacht zu der Budget’s-Debatt vum Dezember 2014:

 

  1. Max Weber – Gesinnungsethik vs Verantwortungsethik

 

Ech hunn a mengem schrëftleche Rapport de Max Weber zitéiert, deen déi bekannt Distinktioun tëschent Verantwortungsethik a Gesinnungsethik mecht: « Il est indispensable que nous nous rendions clairement compte du fait suivant : toute activité orientée selon l’éthique peut être subordonnée à deux maximes totalement différentes et irréductiblement opposées. Elle peut s’orienter selon l’éthique de la responsabilité ou selon l’éthique de la conviction. Cela ne veut pas dire que l’éthique de conviction est identique à l’absence de responsabilité et l’éthique de responsabilité à l’absence de conviction. Il n’en est évidemment pas question. Toutefois il y a une opposition abyssale entre l’attitude de celui qui agit selon les maximes de l’éthique de conviction (…) et l’attitude de celui qui agit selon l’éthique de responsabilité qui dit : ‘Nous devons répondre des conséquences prévisibles de nos actes’. » Max Weber[1]

 

Ech sinn a menger Ried net weider op dëst Zitat agaang, mais et war en zentrale Punkt vu mengem Rapport : wéi kann een eng verantwortléch Politik maachen an Zäite vu knappe Staatsfinanzen, a waat heescht et, am Gegendeel, fir verantwortungslos, daat heescht nëtt finanzéierbar, Politik virzeschloën ? Den Alex Bodry ass des längeren a senge Rieden op der CSV hier Alternativloségkeet agaang, an en huet de Fanger op de wonne Punkt geluecht : der CSV hier wéineg Propos’en hätten en et net erlaabt de Budget an d’Riicht ze bréngen an d’Land mëttelfristég op d’Schinn vu engem strukturellen Equilibre.

 

Mais och vun deene kléngen Oppositiounsparteien ass ausser Populismus vu lenks a vu riets nett vill kommen, an do wäre mer da prezis beim Max Weber senger Gesinnungsethik: e Gesinnungsethiker kann ëmmer, ouni grouss “Rücksicht auf Verluste”, séng Doktrin verteidegen: hie weess nämlech dass en se nie muss réaliséieren. Beim Gesinnungsethiker steht d’Doktrin am Mëttelpunkt an net de Mensch. E Gesinnungsethiker huet et liicht grouss Sprëch ze klappen. Villäicht gleewt en un eng (konservativ oder aner) Revolutioun, villäicht och net. Op alle Fall kritt e matt där Stratégie vill Stëmmen, well en simpel Léisungen zu komplizéierte Problemer virschléit.

 

Den ADR ass souwuel géint d’TVA-Erhéijung, wéi och géint d’0,5% Equilibrage-Steier. Si wëllen keng nei Recetten. Op der Dépense-Säit well den ADR den Tram réckgängeg maachen, e well de Budget vun der Kooperatioun kierzen, a verschidde Publicitéit’s-Kampagnen vu Ministère’n oofschaafen. Dat ass et awer dann och schonn. Mais, mol ganz oofgesi vun der politescher Appréciatioun iwwert dës Virschléi, geet och déi Rechnung net op wann ee de Budget well an den Equilibre bréngen. Dat ass awer egal, well léiwer senger populistescher Gesënnung trei sinn, wéi se matt lästeger Verantwortung polluéieren. Déi riets-populistësch Gesënnung geet och hei virun enger verantwortlécher Politik.

 

Déi Lenk, matt deenen d’LSAP secher gemeinsam Valeur’en huet, sinn och géint d’TVA-Erhéijung a géint d’0,5% Equilibrage-Steier. Sie hu sech awer och géint all Spuermesurë’n prononcéiert, an am Gegendeel souguer nach weider Sozial-Transfer’e gefuedert. Wéi déi Rechnung opgoë soll, ouni weider substantiell Verscholdung vum Land u vun deene nächste Generatiounen, ass schleierhaft. Egal, Haaptsaach et kléngt gudd – ass dat di richteg Haltung? Déi extrem Lénk wollte jo an hirer Geschicht och ni wierklech Regirungsverantwortung an engem demokrateschen Rechts- a Sozialstaat huelen. A scho guer keng Verantwortung fir gesond Staatsfinanzen an eng fonctionnéirend Wirtschaft, déi déi Sozialsystemer op déi vill Leit ugewisen sinn eréischt méiglech mecht. Grouss sozial Wierder alleng kaschten näischt, awer vu sozialromantesche Phrasen ass nach keen Hongrechen saat ginn. Vun enger verantwortlécher Politik am Sënn vu sozialer Gerechtegkeet schonn. Et wier puren Egoismus vun der heiteger Generatioun, fir haut Mesuren anzeféieren, déi net bezuelbar sinn, well dann déi nokommend Generatiounen dofir opkomme mussen. Solidaritéit fonctionnéiert anescht. Fir déi weider ze festegen, brauche mer erëm méi Sozialdialog, wéi ech och kloer a ménger Ried gesot hunn.

 

Ech hoffen dass mäi Rapport dozou bäigedroën huet, ze weisen dass et an dësen Zäite keng simplistësch Äntwerte gëtt op eng komplizéiert Situatioun, dass en och verschidden Denkustéiss ginn huet iwwert d’zukünfteg Gestaltung vun eise Staatsfinanzen.

 

  1. John Rawls

De Fraktioun’s-Chef vun der CSV, de Claude Wiseler huet sech – éierlech oder hannert dem Rawls sengem “Veil of ignorance”? – gewonnert, dass ech e « liberalen » Denker zitéiert hunn.

Ech schreiwen a mengem Rapport : « Dans son ouvrage majeur Théorie de la justice de 1971, le philosophe John Rawls écrit qu’une société est juste si elle respecte trois principes: 1) garantie des libertés de base égales pour tous ; 2) égalité des chances ; 3) maintien des seules mesures « inégales » qui soutiennent et profitent aux plus défavorisés. »

Et handelt sech beim Rawls ganz ausdrécklech op d’Minimalfuerderungen an d’Grondprinzipien vu Gerechtegkeet déi esouguer de lénksliberalen Philosoph John Rawls viraussetzt – an déi och haut nach net esou verwierklecht sinn. Sozialdemokraten a Sozialisten wëllen natiirlech méi wéi dee Minimum. Iwwregens ass de Rawls e Verfechter vum sougenannten “egalitäre Liberalismus” dee notamment am Diskurs mam Sozialdemokrat Jürgen Habermas an och vun Rawls-Schüler Thomas Pogge ganz interessant opgeholl a weiderentwéckelt gouf.

A wa sech haut des öfteren Gambia-Kritiker zu Wuert mellen, déi sech froën, wou gemeinsam Werter tëschent, insbesonnesch enger LSAP an enger DP sinn, sou kann een hinnen äntwerten dass dës ideologësch Schnëttstellen eben just bei och bei engem John Rawls an engem Jürgen Habermas ze fanne sinn. Trotz allem wat se soss ënnerscheed, vertrieden souwuel d’LSAP wéi och d’DP eng Opfaassung vun der Gesellschaft déi geprägt ass vun Humanismus, Fräiheet, Gerechtegkeet a Menscherechter. Alles Werter déi op d’Opklärung zeréckginn, déi gemeinsam Origin vu Liberalen a Sozialisten, an déi sech ëmmer als Kräft géint den Obskurantismus, reliéisen an anerwärtegen, verstaan huet. Wéi den Immanual Kant gesot huet (de Kantianismus ass iwregens eng Haaptinspiratioun souwuel fir de Rawls, wéi fir den Habermas): « (…) Wenn denn die Natur (…) den Hang und Beruf zum freien Denken, ausgewickelt hat: so wirkt dieser allmählich zurück auf die Sinnesart des Volks, (wodurch dies der Freiheit zu handeln nach und nach fähiger wird), und endlich auch sogar auf die Grundsätze der Regierung, die es ihr selbst zuträglich findet, den Menschen, der nun mehr als Maschine ist, seiner Würde gemäß zu behandeln. »

_______ ▼_f o u s s n o t e n _ ▼ _____________________________________________________
  1. Max Weber, Le Savant et le politique, 1919, Paris, Plon, Coll.10/18, 1963, pp.206-207 []

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *