quaesitio

Dräimol Jo !


ff 2Hei ass meng Ried aus der Chamber vum 23.2. zu der Proposition de loi 6738 iwwert de Referendum vum 7. Juni:

I. Wa mer haut iwwert d’ Proposition de loi 6738 diskutéieren an ofstëmmen, ass dat e wichtege Schrëtt an d’Richtung vun der Ëmsetzung nett nemme vum Regierungsprogramm iwwert de « Renouveau démocratique », mais och vum LSAP-Wahlprogramm vun 2013.

 

De Prinzip vun enger Verfassungsreform matt direkter Volleksbedeelegung iwwert zentral Froën ass am Programm vun eiser Partei virgesinn.

 

Besonnesch wat d’Wahlrecht ugeet huet d’LSAP sech fir d’ Opmaache vum aktive Wahlrecht fir Auslänner a fir mannerjähreg Letzeburger tëscht 16 an 18 Joër, an deenen 2 Fäll op enger fräiwëlleger Basis, staark gemaacht.

 

Mir begréissen dofir, dass onse Parteiprogramm zu engem gudden Deel vum Regierungsprogramm iwerholl gouf.

 

Zweck vum Auslänner-Wahlrecht ass et e reellen Demokratie-Defizit ze behiewen : matt 44% Auslänner ass eist Land weltwäit an enger eenzegartéger Situatioun. Déi Auslänner déi hei liewen, wunnen a schaffe sollen duercht d’aktivt Wahlrecht matt an de politëschen Entscheedungsprozess agebonne ginn – dëst ass en zentralt Uleies an engem Land dat sech gären op eng modern Opfaassung vum demokratesche Rechtsstaat berifft.

 

Déi zweet Frô betrëfft dat aktivt Wahlrecht fir jonk Letzeburger tëscht 16 an 18 Joër op enger fakultativer Basis fir all Wahlen. Hei geet et drëm déi Jonk un d’Politik erunzeféieren, op jidde Fall déi,déi sech dofir interesséieren, a se esou an d’Politik anzebannen. Fir dat färdeg ze brengen, muss onst Land an d’politësch Bildung investéieren.

 

Mais och déi drëtt Frô iwwert d’Begrenzung vun der Dauer vun de Ministeschmandater op 10 Joër ouni Ënnerbriechung huet mam gudde Fonctionnéiere vun engem moderne Staat ze dinn: et geet hei nett drëm der CSV eng auszewëschen, fir ze verhënneren dass se sech erëm e Werner, e Santer oder e Juncker opbaut, deen da 20 plus Joër Premier bleiwen kann, mais villméi ëm eng Erneierung vum politësche Personal, an esou och villäicht Leit dozou ze bewegen, Politik ze maachen ouni sech e Liewe laang exklusiv enger politischer Carrière ze verschreiwen oder fir ëmmer hier beruflech Carrière opzeginn. D’Begrenzung vun der Dauer vun de Ministeschmandaten op 10 Joër ouni Ënnerbriechung gett dofir vun der LSAP Fraktioun begréisst an och ënnertstëtzt – et war jo och ursprünglech d’Iddi vun eisem Spëtzekandidat Etienne Schneider. Mir hoffen, dass dëst e Sënneswandel an d’ Erneierung an Diversifizéierung an eisem politësche Personal matt sech brengt.

Dat gesot, därf een nët verkennen, dass d’Longévitéit vum politesche Personal zu Lëtzeburg enk matt eisem Wahlsystem zesummen hänkt. An enger gudd funktionéierender Demokratie ass d’Alternance Normalitéit an et ass an allen parlamentareschen Demokratien aussergewéinlech dass Ministeren méi wéi 10 Joër onënnerbrach am Amt sinn. Am Fong misst dës Regel, iwwert déi mer d’Bierger elo consultéieren, an déi et an där Form – menges Wëssens – néirens gett, ganz seelen ze spille kommen, oder se misst vun de Parteien selwer duerchgesaat ginn.

Mais hei spillt eisen extrem personaliséierte Wahlsystem eng nett onwesentlech Roll : well d’Parteien an engem System matt Panachage ofhängeg vu populäre Perseinlechkeete sinn, ass eng « mise à l’écart » vun engem besser gewielte Minister zu Gonschte vun engem manner gudd gewielte keng Selbstverständlechkeet. Souguer wann dës Regel kënnt – an d’Meenugsëmfroë weise jo dass dëst gudd meigléch ass – kennt een hei nawell nett laanscht eng Réflexioun iwwert eng Reform vun eisem Wahlsystem.

II. 

Déi zwou wuel wichtégst Froën an deem konsultative Referendum betreffen d’Wahlrecht vun den Auslänner a vun de mannerjährege Letzeburger.

Wat d’Wahlrecht vun den Auslänner ugeet, sou ass een zentralt Argument dat een ëmmer erëm dogéint héiert, dat vun der Koppelung vum Wahlrecht matt der Nationalitéit. D’Wahlrecht wär en Attribut vun der Nationalitéit, daat deene Leit viirbehale wier, déi Lëtzebuerger sinn.

Mais et gëtt och eng aner, an den Ae vun der LSAP-Fraktioun vill méi valabel, an der heitéger Zäit besser ugepasste Staatstheorie.

Héich diversifiéiert Gesellschaften gin haut geprägt durch ganz diversifiéiert Populatiounen. Dat ass fir Lëtzeburg neischt neies, well et do wou et geopolitesch leit am Laaf vu senger Geschicht Migratiounen ausgesat war. Ons Gesellschaft kennt Immigratiounen vu villen Zorten, sie kennt de freien Zougang während méi oder wéineger laange Periode vun Aarbechter, Caderen, Spezialisten, Experten vun alle Zorten, also vu Menschen a Familjen aus allen Häre Länner. Letzeburg ass e gudd Beispil fir esou eng Zort modern Gesellschaft, déi neischt méi mat der Gemeinschaft ze din huet, wéi mer se nach vru 50 Jor a méi kannt hun.

 An esou enger Gesellschaft gët ët ee staarke Lien, nämlech dee vun dem Grondgesetz, vun der Verfassung. D’Verfassung schaaft Normen fir de Staat an fir déi déi zu dësem Staat gehéieren, egal wou se hir kommen an wéi hir Vergaangenheet ass. Dës Normen erlaaben en Zesummeliewen an en Zesummeschaffen.

Dës Iddi ass nett nei: et fënnt ee se schon zu Roum am Cicero senger Republik.

Och fir den Cicero war d’Birgerschaft d’Rechtsgemeinschaft vun de Birger, déi op d’Grondgesetzer baséiert.

 

Den Immanuel Kant huet de Staat als eng “Vereenigung vu Menschen ënner Rechtsgesetzer” bezeechent.

 

Eng ähnlech Konzeptioun fënnt een an der franséischer Constitutioun no der Revolutioun: En 1793, les constituants de la Révolution écrivaient cependant dans l’article 4 de la Constitution : «Tout étranger âgé de 21 ans accompli, qui, domicilié en France depuis une année, y vit de son travail, ou acquiert une propriété, ou épouse une française , ou adopte un enfant, ou nourrit un vieillard, tout étranger enfin qui sera jugé par le corps législatif avoir bien mérité de l’Humanité, tout étranger est alors admis à l’exercice des Droits de citoyens français. »

 

Wien sech der Norm ënnerwerft, déi an de Gesetzer an an der Verfassung vun engem Land festgeluecht ass, deen ass also e Birger vun dem Land, ass en Deel vun der Rechtsgemeinschaft, déi an dem Land besteht. Déi Rechtsgemeinschaft ass demokratesch regéiert wann déi Leit, déi dorun deelhuelen, d’Wahlrecht hun.

 

An esou enger Konzeptioun vum Staat als « contrat social » tëschent gläichberechtegte Bierger déi sech all engem gemeinsame Grondgesetz an engem Korpus vu Gesetzer ënnerwerfen, ass d’Wahlrecht kee Privileg méi, dat matt der Nationalitéit zesummenhänkt, mais e Mënschrecht!

 

D’CSV wëllt bekanntlech éischter iwer de Wee vun der Naturaliséierung vun Auslenner un d’Fro vum Wahlrecht erugoen. Sie wëllt denen Auslenner, déi Letzeburger wëlle gin, de Wee zur Nationalitéit méi licht maachen, z.B. iwer manner schwéier Sprochenufuerderungen, an domat och den Zougank zum Wahlrecht fir esou vill wéi méiglech Auslenner opmaachen.

Dat heescht awer nach ëmmer, dass d’Wahlrecht, also d’Recht am Staat matzebestëmmen, vun der Staatszugehörigkeet ofhänkt. Déi Awunner, déi dat Wahlrecht nët hun oder nët wëllen hun, ausa verschiddenartege Grënn, sin zwar de Gesetzer an hirem individuellen Liewen ënnerworf, können awer nët dozou beidroen, déi Gesetzer mattzebestëmmen.Et gët awer eng Konzeptioun vum Staatsrecht, déi seet, dass ët eng Menschenwürde gët, onofhängeg vun der Staatszougehéieregkeet, déi d’Basis vun de Grondrechter ass, an och vun der Demokratie. An där Optik kann een d’Wahlrecht vun der Nationalitéit lassléisen an se och op Biergerinnen a Bierger iwerdroen, déi an engem Land liewen, schaffen, Kanner erzéien,Steiere bezuelen, Verpflichtungen hun, asw., awer nët d’Nationalitéit vun dem Land.

 

Et muss een natirlech zougin, dass déi traditionell Verbindung vu Wahlrecht – egal op wat fir engem Niveau – an Nationalitéit nach ëmmer déi heefegst an der Welt ass, well an de meeschte Länner d’Zuel vun den auslennesche Bierger relativ nidreg ass. Mais och do ass an de leschte Jorzengten eng Entwécklung festzestellen. D’Migratiounen huelen zou, nët nëmmen well Menschen z.B. no Europa komme wëllen, fir do e bessert Liewen ze hun. Virun allem awer brauchen déi héichentwéckelt Länner an Europa oder den USA Aarbechtskräften, well hir Demographie dat nët méi hirgët, an dofir gët ët déi Diskussioun iwer Nationalitéit a Wahlrecht iwerall.

Esou Entwécklungen sin nët ëmmer einfach, weder fir d’Menschen, déi kommen nach fir déi, déi do sin. Sie verlaangen, zesummen ze sin, an nët géint en een.

 

Déi Entwécklungen sin besonnesch an de zwee leschte Jorzengten weider gaang an hun ons Gesellschaften ëmmer méi oppen gemaacht. Sie hun awer och ëmmer erëm zu Spannungen gefouert a féieren och haut nach zu esou Spannungen, wann een z.B. riedsextrem Tendenzen a Länner ronderëm ons geseit opkommen.

 

Et muss een drun erënneren, wéi schwéier et fir Letzeburg war, beim Vertrag vu Maastricht (1993) d’Europäesch Birgerschaft an domat d’kommunal Wahlrecht fir Nëtletzeburger Uniounsbirger anzeféieren. Déi gréissten Horrorszenarien goufen vu verschiddene Seiten évoquéiert: d’Auslenner géifen d’Muecht am Land an a Gemengen mat héijen Auslennerzuelen iwerhuelen. Letzeburg huet deemols nëmme mat gréisster Virsicht dat Wahlrecht ugeholl. Et gët elo nach eng Ausnahmeregelung fir ons am Traité sur le fonctionnement de l’UE (Art. 22, Paragr. 2), d.h. fir Länner, déi méi wéi 20% Auslenner an hirer Bevölkerung hun. An t’Commissioun mecht all Jor e Rapport iwer d’Situatioun an dene Länner.

 

Lues a lues hu mer awer an de leschten zwanzeg Jor agesin, dass dat Wahlrecht keng Katastroph fir Lëtzeburg war an ass.Mir hun dono sougur dat kommunalt Wahlrecht op d’Bierger aus Drëttstaaten ausgedehnt, a Lëtzeburg ass dodurch nach ëmmer nët zesummengebrach.Au contraire, Lëtzeburg huet sech brillant entwéckelt, wirtschaftlech grad ewéi kulturell, mir hun eng ganz oppen, tolerant Gesellschaft, an där Letzeburger mat villen Auslenner gudd eens gin.

 

Mais déi wichteg verfassungsrechtlech Lektioun aus dem Vertrag vu Maastricht war an ass eben, dass durch “d’citoyenneté européenne” d’Wahlrecht , an zwar dat aktivt a passivt zugleich, vun der Nationalitéit getrennt gouf. Et war fir t’éischt, dass et méiglech war, ze wielen, wou ee geliewt huet, d.h. matzebestëmmen ouni Letzeburger ze sin.

 

Am Ausland gëtt et e puer (Chile, Uruguay, Equador, Neiseeland) Beispiller wou d’Wahlrecht fir Auslänner och fir d’Legislativwahlen agefouert gouf. Neiseeland huet dat gemaacht, also och e Land matt enger grousser auslännescher Bevölkerung. Do ass d’Wahlrecht fir all Institutiounen absolut akzeptéiert, matt exzellenten Erfahrungen.

Iwer d’Auswirkungen vun esou enger Politik schreiwen zwee Auteuren am “New Zealand Journal of public and international law”, dass déi Participatioun vun Immigranten de Prozess vun der politescher Integratioun accéléréiert huet an dodurch zwëschen Immigranten an Autochtonen eng harmonesch Gemeinschaft entstanen ass, déi op alle Pläng ganz schnell zesummewisst.

 

Wat d’europäesch Birgerschaft ugeht, huet ët secher laang gedauert, bis auslennesch Biergerinnen a Bierger no an no vun där Zort vu Partizipatioun Gebrauch gemaacht hun, an haut nach ass et nët evident, Auslenner dozou ze brengen, sech fir d’Letzeburger Politik z’interesséieren.

Mir hun dofir Ustrengungen op alle Pläng ënnerholl, mir hun onst Wahlgesetz geännert, fir op d’Nëtletzeburger zouzegon, z.B. dass mer d’Délais’en verkierzt hun, fir sech an d’Wielerleschten anzeschreiwen, dass mer d’Openthaltsdauer verkierzt hun.D’Parteien hun och matgespillt sou dass haut eigentlech am Land eng positiv Stëmmung besteht, fir eng politesch Gemeinschaft zwëschen Letzeburger an Netletzeburger opzebauen.

 

Mais ët bleiwt fir en Nëtletzeburger schwéier, sech an dat letzeburger politescht Liewen ze knéien, et ze verston a matzemaachen. Och an de Parteien, wou mer nëtletzeburger Bierginnen a Bierger integréieren, gesi mer, dass een d’Wahlgesetz an déi spezifesch politesch Mentalitéiten a Praktiken erkläre muss, déi historesch entstanen sin.

 

An esou wärt et wuel och mam Auslennerwahlrecht fir d’Chamber goen.

 

Dofir ass d’Diskussioun nët nëmmen déi vum Wahlrecht, mais virun allem vun der Manéier, wéi dat Wahlrecht exercéiert gët, wéi d’politescht Liewen praktizéiert gët, wéi d’Communicatioun organiséiert gët. An do sti mer ganz am Ufank vun der Réflexioun.

 

An Deitschland hun se en Institut fir politesch Bildung, a villen demokratesche Länner gët ët Stëftungen, déi déi politesch Réflexioun an Diskussioun weiderdreiwen. Mir sin zu Lëtzeburg nët ganz weit bis elo komm. Ech sin awer der Meenung, dass mer parallel zu der Mesure vom Auslennerwahlrecht (wéi och beim Wahlrecht vu 16 Jor un) ons eppes afalen mussen, fir d’Gestaltung vun der Politik a d’Verständnis vun de politesche Prozesserméi verständlech ze maachen.

 

Et wär interessant, wéi dat am Regierungsprogramm an och an onsem Parteiprogramm steht, d’Idi vun de politesche Foren weiderdreiwen. Et geht nët mat enger Versammlung dur, et muss ee schons eng Partie organiséieren, fir unzekommen an iwer d’Medien an d’sozial Netzwierker Idien eriwerzebrengen.

Här President,

 

Mais mir schwetzen nett nëmmen iwwert d’Auslännerwahlrecht, mais och iwert d’Wahlrecht fir mannerjähreg Letzeburger tescht 16 an 18 Joër.

 

International gët ët zeng Staaten, wou jong Leit ënner 18 Jor wiele können, an der EU ass Eisterreich dat eenzegt Land, wou dat méiglech ass.

 

Et gët vill Argumenter, fir déi Jonk méi an de politesche Prozess anzebannen, an zwar schons ganz fréi. Durch d’Partizipatioun un de Wahlen gin se responsabiliséiert. Sie können bei Décisiounen matschwetzen, déi se an hirem ganze Liewen bestëmmen. Well d’Gesellschaft ëmmer méi aal gët, ass et gudd, och déi Jonk méi staark erunzezéien. D’Politik brauch och de Point de vue vun de Jonken. Ons Zeit ass eng vun der méiglechst breeder Partizipatioun an der Gesellschaft, fir wat also déi Jonk ausschléissen?

 

Nu constatéiert een awer an de Sondagen, dass déi Jonk zwëschen 16 an 18 selwer nët begeeschtert sin, bei der Politik matzemaachen.

Och dat ass ënnersicht gin. De Grond fir dee Mangel u Begeeschterung wär eng Mëschung vun Onsécherheet an Sérieusetéit – d’Onsecherheet, kapabel ze sinn dee ganze System ze verstoën, … a d’ Entfremdung… et kann een dat wuel och « Politikverdrossenheet » nennen, eng Incompréhensioun virun der Politik.

De Professer Hurrelmann, deen d’Shell-Studien iwer déi Jugendlech pilotéiert huet, interpretéiert déi Haltung esou: déi 12 bis 17jähreg hun e ganzt komplext Bild vun der Manéier wéi Politik fonctionnéiert. Fir sie ass de politeschen System eppes extrem friemes, komplizéiertes, wat se nët meeschteren mengen ze können, an dofir wëllen se sech do eraus halen.

Dofir gët dann och staark op déi politesch Bildung gepocht.Déi meescht Impulser fir e Jugendlechen, sech fir Politik z’interesséieren, kommen den Emfroen no aus der Familjen oder vu Frënn a Kollegen, mais nët aus der Schoul.

 

Fir politesch Partizipatioun ze schaafen, kann allerdengs d’Schoul nët eleng responsabel gemaacht gin.Et kann een d’Schoul nët mat all neie Problem belaaschten.Vill aner Acteuren hun do eng Verantwortung.

Ech denken do un d’Elterenhaus.

D’Parteien a besonnesch d’Jugendorganisatiounen vun de Parteien mussen sech ëm déi Jugendlech bekëmmeren, an zwar nët déi vun 30 oder 35, mais déi vu 15 bis 18. Sie sollen Seminären organiséieren, déi Jugendlech offen an objektiv informéieren, se léieren d’Problemer erkennen, d’Politik nët als eppes héich Theoretesches ze gesin, mais als eppes konkretes, wat dat dagdeeglecht Liewen bestëmmt. Jugendlecher solle mat eeleren Politiker zesummekommen an léieren ze diskutéieren an sech auszedrécken. Dofir huet d’Parteiefinanzéierung Mëttelen virgesin.

Do huet d’Jugendparlament secher eng wichteg Roll ze spillen. Et gët nun eben och bei de Jugendlech politesch Käpp, déi anerer matzéien a matrappen können. Esou kann e Milieu geschaaft gin, wou méi passiver a méi ängschtlecher mat aktive Jugendlecher zesummekommen.

Mais d’Schoul huet och eng Verantwortung. D’LSAP proposéiert, an den ënneschte Klassen am Secondaire z’investéieren , Birgererzéiung (instruction civique) anzeféieren an d’politesch Partizipatioun an de Schoulen ze förderen.

Am augenblickleche Programm vun der „instruction civique“ geht och iwer d’Parteie rieds. Mais et hänkt vun den Einseignants’en of, wat a wéi do iwer d’Politik, d’Parteien, d’politesch Prozesser geschwat gët.Et ass nët nozevollzéien,ob dat e frontale Cours mat Fakten an Informatiounen ass oder éischter e partizipativen Cour. Et wär ze wënschen, dass d’Schoul léiert ze diskutéieren, Faits’en ze sammelen an opzeschaffen, perséinlech Aarbechten fir den Astieg a politesch Problemer ze privilégiéieren .

Et ass secher eng wichteg Diskussioun am Zesummenhang mam Wahlalter, wéi d’Instruction civique op d’Erzéiung vum Bierger an aller Objectivitéit an Toleranz weiderentwéckelt ka gin, a watfir eng Roll den Enseignant dobei ze spillen huet. Eng Roll, déi secher nët einfach ass an enger Matière, wou d’Meenungen gär géintiwer stin.

IV Här President

Matt dësem Referendum geet d’Chamber nei Weeër an der partizipativer Demokratie. D’LSAP begréisst dëst ausdrécklech,

Mir hun zu Lëtzeburg eigentlech keng Referendumskultur. Dofir sin déi véier Referendumen, déi mer seit 1919 haten, ganz ënnerschiddlech.

1919 gong ët engerseits iwer d’Staatsform, anerseits iwer d’wirtschaftlech Ubannung u Frankreich oder d’Belsch. 1939 hu mer iwer de Gesetz ofgestëmmt, wat schons vun der Chamber ugeholl gi war – de Maulkuerf. An 2005 hu mer an zweeter Liesung iwer en europäesche Vertrag ofgestëmmt.

Elo stëmmen mer de 7. Juni iwer drei Froen of, an déi Befroung ass konsultativ. Mir maachen also eng Art „sondage grandeur nature“, eng Aart Emfro.

 

Dobei kann kee sech verstoppen, an d’Parteien mussen allegur Faarw bekennen.

 

D’LSAP hofft, dass de RDV matt de Bierger an deenen nächste Méint e flotte Moment vun direkter, geliweter Demokratie gët, woubäi och schon de Bléck op den 2. Ref, ënnert dem art 114 vun der Verfassung, wichtég wäert sinn. Well dës 3 Froën nett am loftleere Raum entstaane sinn, mais en Deel vun engem ganze sinn. En Deel vun enger Verfassung fir d’21. Joerhonnert!

 

 

 

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *