quaesitio

Meng Ried vum 18. März 2015 zum neie Comité de risque systémique


FF quotidien 13.10.2014Hei ass meng Ried zum PL deen e Comité du risque systémique zu Lëtzebuerg ageféiert huet. Trotz kuerzen Debatten e ganz wichtégt Gesetz fir eist Land, well et fir t’éischte Kéier eng makroprudentiell Surveillance iwwert de Finanzsekteur aféiert. Ech wënschen eng gudd Lektür!

 

Franz Fayot (LSAP).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a léif Kolleegen, ech géif gäre mengen zwee Virriedner Merci soen, a besonnesch dem Eugène Berger, dem Rapporteur, fir säi ganz gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport.

 

Här President, d’Finanzkris vun 2008 huet gewisen, dass och scheinbar gesond Banken a Finanzinstituter, déi eenzel gutt superviséiert a kapitaliséiert sinn, net resistéiere kënnen, wann de perfekte Stuerm kënnt oder den „Tsunami“, wéi de Rapporteur et genannt huet. Fir deen nächste perfekte Stuerm fréizäiteg ze erkennen an dogéint eppes ënnerhuelen ze kënnen, schafe mer haut de Comité du risque systémique.

 

Ech wëll déi puer Minutten, déi ech hei hunn, notzen – bei dësem ganz wichtegen, trotz Modèle de base e ganz wichtege Projet de loi -, fir e puer Remarquen ze maachen zu dësem Projet de loi. Et ass scho vill gesot gi vu menge Virriedner, an haaptsächlech iwwert d’Missioun an de Fonctionnement vun dësem Comité, soudass ech do net méi muss drop agoen.

 

Déi éischt Observatioun ass, dass d’Aarbecht – de Laurent Mosar huet dat och schonn indiquéiert – vun dësem neie CRS sech wäert an engem neien europäesche Kontext vun der Supervisioun vum Finanzsecteur areien. Säit 2011, dat wësst Der, hu mer schonn u sech d’Supervisioun um europäeschen Niveau mam Système européen de surveillance financière. An dëse Mouvement gëtt mat der Union bancaire nach verdéift. Säit dem 4. November 2014 hu mer de Mécanisme de surveillance unique an ab 2016 wäerte mer och e Mécanisme de résolution unique hu fir d’Ofwécklung vu marode Banken.

 

Eist Land verléiert do, an dësem wéi an aneren Texter, e gewëssent, e klengt Stéck Souveränitéit an der Ausriichtung vun der Iwwerwaachung vu sengem Finanzsecteur. Hei muss een awer, mengen ech, iwwert den Tellerrand kucken an et muss ee gesinn, dass et trotz allen nationale Retizenze fundamental wichteg ass, richteg ass, dass de Finanzsecteur an insbesonnesch systemesch Finanzinstituter europäesch musse surveilléiert ginn, souwuel um micro- wéi och um macroprudentielle Plang.

 

Et ass diskutéiert gi vu menge Virriedner och d’Roll vun der Lëtzebuerger Zentralbank an dësem CRS. Der Europäescher Zentralbank ass se net wäit genuch gaangen. An ech mengen, dass deen Text, dee mer elo hunn – an do hu mer och an der Cofibu driwwer geschwat -, u sech jiddwereen zefriddestellt, och d’Lëtzebuerger Zentralbank. E baut op op den däitsche Modell, de Modell vum Collège, deen och u sech relativ gutt der Lëtzebuerger Traditioun vum Dialog entsprécht zwëschent deene verschiddenen Autoritéiten, y compris dem Ministère des Finances, wéi dat sech och an där leschter Finanzkris vun 2008 erwisen huet. Et ass also an eisen Aen eng gutt Léisung.

 

Mir hunn och an der Cofibu, an dat ass och schonn ugeschwat ginn, iwwert de Secret professionnel geschwat. Et war ganz kloer fir eis, an de Statsrot huet déi Diskussioun jo u sech lancéiert, et war ganz kloer fir jiddwereen, dass et do misst effektiv kënnen en Échange ginn an deem Comité an dass déi Secreten, deenen déi verschidden Autoritéiten (veuillez lire: deenen déi verschidden Autoritéiten ënnerleien), déi Member si vun deem Comité du risque systémique, net dierften dozou féieren, dass déi néideg Informatioune fir eng effikass Aarbecht an deem Comité net kéinte partagéiert ginn, soudass dat u sech am Fong eng relativ evident Léisung ass. An d’Gesetz huet jo och do verschidde Modifikatioune gemaach a Loi-sectoriellen, Loi-organiquë vun deenen Autoritéiten, déi dat nach net haten.

 

Et ass och eng Diskussioun gefouert ginn an der Cofibu iwwert d’Zoustännegkeet vun dësem CRS fir de Secteur vum „shadow banking“. Den „shadow banking“ ass trotz sengem liicht däischteren an ominéisen Numm am Fong näischt aneschters wéi en fait de Secteur, dee parallell ass zu de Banke fir d’Verdeele vu Kredit, dat heescht fir d’Kreditvergab. Et ass also eng Realitéit, déi extrem breet ass an déi immens Volummen elo schonn unhëlt.

 

De Financial Stability Board huet de Volume vun dësem Secteur fir 2013 op ganzer 75 Trilliarden Dollar estiméiert, wat enorm ass! A wat u sech och munch Leit derzou féiert, ze denken, dass wann deen nächste grousse Stuerm kënnt, dann ass e vläicht an deem Secteur vum „shadow banking“, soudass et extrem wichteg ass, dass dee CRS sech ka mat där Realitéit och beschäftegen, wann et da muss sinn.

 

Et ass gesot ginn, dass muncher vun deenen Akteuren, déi aktiv sinn am „shadow banking“, elo scho reguléiert sinn, d’Fongen zum Beispill. Anerer sinn et net. Ech denken do un onreguléiert Titrisatiounsgesellschaften. Mä et ass kloer, dass dee Secteur muss gekuckt ginn.

 

Et ass och geschwat ginn iwwert d’Informatioun vun der Chamber duerch dee Comité du risque systémique. Et ass kloer, dass dee Comité jo muss e Rapport abrégé publiéieren all Joers. An et ass awer gewënscht ginn an der Cofibu, dass iwwert dee Rapport abrégé do eraus d’Cofibu misst eng komplett – an d’Chamber misst eng komplett – Informatioun kréien och zu deene Recommandatiounen, Alerten an Avisen, déi zwar émettéiert ginn, déi awer net verëffentlecht ginn.

 

Ech kommen zu engem Schluss, Här President, ech weess, dass ech schonn iwwert der Zäit sinn.

 

D’LSAP begréisst ausdrécklech, dass dëse CRS elo kënnt. Et ass richteg, dass mer als Land do net am Peloton de tête sinn, mir si souguer éischter bei deene Leschten, déi esou e Comité kréien. Dat ass effektiv regrettabel. Dat ass och haaptsächlech vun der Zentralbank monéiert ginn, well mer effektiv am Abléck réputationnel souwéisou net esou gutt dostinn, soudass et eis gutt zu Gesiicht gestanen hätt, wa mer e bëssen éischter domat komm wären. Dat ass awer sécher net eleng de Feeler vun dëser Regierung. Déi fréier Regierung huet och do sécher eng Responsabilitéit dobäi.

 

Voilà, ceci dit, begréisse mer dëse Comité. Dee wäert zu enger méi sécherer a resilienter Finanzplaz bäidroen, am Sënn vun der Wirtschaft vun dësem Land an och vun de Leit.

 

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren. Ech ginn natierlech den Accord vu menger Fraktioun. An ech entschëllege mech fir de Retard.

 

Plusieurs voix.- Très bien!

 

  1. Mars Di Bartolomeo, Président.- Entschëllegung ugeholl! Dir sidd bis elo a gudder Gesellschaft.

 

(Hilarité)

 

  1. Mars Di Bartolomeo, Président.- Sou, den nächste Riedner ass den Här Henri Kox,…

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *