quaesitio

Débat de consultation Prostitution


ff 2Hei ass meng Ried am Débat iwwert d’Prostitutioun, den 30.4.2015 an der Chamber. Dës Versioun ass méi laang wéi déi geschwaate Versioun an der Chamber. Déi geschwate Versioun huet Virrang. Bonne lecture.

 

« C’est pas tous les jours qu’elles rigolent, Parole, parole » séngt de Georges Brassens a séngem Lidd « La Complainte des filles de joie » vun 1962. Et ass en hommage un déi « filles de joie », di nom franséische Gesetz vum 13. Abrëll 1946, dat d’Maisons de tolérance verbueden huet, elo op der Strooss stinn. De Brassens huet mat deem Lidd seng Sympathie fir déi Fraen ausgedréckt, déi vun de (virun allem männleche) « vaches de bourgeois » ausgenëtzt ginn, déi deemols besonnesch ville Krankheeten ausgesat sinn an déi, Ufank vun de 60er Joren, weder eng sozial nach eng juristesch Ofsecherung haten.  « Elles sont méprisées du public, Elles sont bousculées par les flics, Et menacées de la vérole… »

 

Här President,

Léif Kolleginnen, léif Kollegen,

 

Och wann d’Gesetzer évoluéiert hunn, huet sech an der Approche zur Prostitutioun an eise Gesellschafte nett fundamental vill verännert, seit dem Georges Brassens sengem Lidd, 1962.

 

Am Abrëll 2015, also méi wéi 50 Joër duerno, dénoncéiert de CID Femmes a senger Stellungnahm nach déi ambivalent Astellung déi mir och zu Lëtzebuerg zum Phänomen vun der Prostitutioun hunnn : « Le CID considère que la prostitution est une expression de la structure patriarcale dominante et une expression d’exploitation sexuelle. »

 

Dofir ass et esou wichtég, an dat huet d’Taina Bofferding ausféierlech a senger Ried gesot, dass mer versichen d’Mentalitéiten ze änneren, ënner anerem duerch eng besser a méi décomplexéiert Sexualedukatioun. Opklärung ass néideg, wann ee wëll sëcherstellen, dass di Jonk e gesond a responsabelt Verhältnis zu hirer Sexualitéit an zum anere Geschlecht entwéckelen.

 

D’Taina Bofferding huet et och schon um Schluss vu senger Ried gesot : fir d’LSAP ass an dësem Débat ëppes virrangég, an dat ass d’Positioun vun deene Leit, déi sech prosti ntuéieren, ob een se elo Prostituéiert oder « travailleur/se du sexe » nennt. Déi Prostituéiert zielen haut ëmmer nach zu deenen allerschwächsten an eiser Gesellschaft, déi zudeem nach enger äusserster Stigmatiséierug an dem Mépris vun de « bessere » Leit ausgesaat sinn. Sie prostituéiere sech zu Lëtzebuerg well se d’Affer vu Mënschenhandel si, well se heihinn bruecht ginn, oft just fir 3 Méint, oder all Dag fir hei op de Streech ze goën, oder well se keen anere Choix hunn, well se keng Formatioun hunn, a well se mussen hire Kierper verkaafen fir sech a muenchmol hier Kanner duerchzehuelen. Och hei handelt et sech oft ëm Alleinerzieher. Muenchmol ass och en Drogeproblem am Spill. Egal aus wat fir engem Gronn ass d’Prostitutioun an alle Fäll eng penibel, an eng geféierlech Aarbecht.

 

Fir d’LSAP muss eng Prostitutiouns-Politik op d’Situatioun vun eisem Land zougeschnidde sinn, sie muss dorop erauszielen d’Traite vun de Mënschen ze bekämpfen, an dobei méi effikass géint Proxénèten a Menschenhändler virzegoen, deene Prostituéierten déi et wënschen, dee Milieu a gudde Konditiounen ze verloosse, mais zu gläicher Zäit déi Prostituéiert, déi de Choix gemaacht hunn, dee Beruff auszeüben, nett ze verurdeelen, nett ze diaboliséieren, a nett ze chicanéieren, mais hinnen au contraire dee néidege sozialen, sécherheetlechen a gesondheetleche Schutz ginn, dee mer och anere Schaffenden hei am Land ginn. Wa mer op de Wee gi vun engem Modell, wou mer d’Prostitutioun toléréieren, si mer eis dat als Gesellschaft schëlleg !

 

Wat ass d’Réalitéit vun der Prostitutioun zu Lëtzebuerg?

 

De STATEC huet a sengem Regards 13 vu Juli 2014 iwwert den Impakt vun der « illegaler Economie «  op d’lëtzebuerger Wirtschaft geschaat, dass d’Prostitutioun ongeféier 0,21 % vum PIB (a vum RNB) ausmécht, wat fir 2012 ëmmerhinn e Chiffer vun ongeféier 100 Milliounen euro ausgemaacht huet. Woubei ee muss soën, dass et schwéier ass eng genee Schätzung ze maachen, well keng TVA-Déclaratioune gemaacht ginn bei deenen Aktivitéiten, an och well d’Prostitutioun an enger gewësser Clandestinitéit stattfënnt, dat heescht duerch Persounen déi net dierften hei schaffen, respektiv ënnert dem Deckmantel vun enger réglementéierter kommerzieller Aktivitéit.

 

Dee Chiffer vun 0,21% vum PIB ass iwwregens zimlech konstant dee selwechte seit 2004, d’Joër wou d’Visas d’artiste oofgeschaaft goufen. Den Observateure vun der Szene no ass d’Prostitutioun an de Cabaret’en dunn och staark eroofgaang, währendem aner Forme vu Prostitutioun sech entwéckelt hunn, wéi d’Prostitutioun an den Appartement’en an « massage salon’en », déi hier Client’en iwwer Internet rekrutéieren. Och nach interessant ass dass Prostituéierten um Stroossestréch, an de Cabaret’en a Massage-Salon’e haaptsächlech net-Resident’e sinn, déi manner wéi 6 Méint am Joër am Land sinn, während Escort’en haaptsächlech Résident’e sinn. De STATEC geet fir seng Estimatiounen vun enger gesamt Populatioun vu 500-700 Prostituéierten, laut dem Journalist Bernard Thomas a sengem Land-Artikel vum 4.7.2014.

 

D’Diskussioun ëm de richtége Modell fir de Phänomen vun der Prostitutioun z’encadréieren ass eng schwireg. Et muss ee bei där Diskussioun der gesellschaftlecher Réalitéit vun all Land Rechnung droën, awer och där internationaler Dimensioun, déi an engem klénge Land wéi Lëtzebuerg direkt eng regional ass, mais an der Haaptsaach, wéi gesot, an den Aen vun der LSAP, een Haaptziel am Bléck hunn, an dat ass de Schutz an d’Dignitéit vun de Prostituéierten.

 

Mir wëssen dass Lëtzebuerg dee sougenannte « modèle abolitionniste » huet, deen dora besteet dass d’Prostitutioun toléréiert ass, an dass just de Racolage (article 382 CP) an de Proxenetismus (Chap VI, art 379 ss) stroofrechtlech sanctionnéiert sinn. Seit dem Gesetz vum 9 Abrëll 2014 hu mer och eng Infractioun vun « traite des êtres humains » am Code pénal, déi am Kampf géint d’Prostitutioun ka beméiht ginn – ech kommen nach dorops zeréck.

 

Parallell dozou gesäit de R.g.de police vun der Gemeng Lëtzebuerg eng generell Interdictioun fir e Stroossestréch um Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg vir, matt der Ausnahm vun enger begrenzter Zone an der rue d’Alsace an der rue Wenceslas Ier op der Gare. Et ass awer sou dass de facto dee Stroossestréch sech an d’rues du Commerce, Wedell, Epemay, Reims, Mercier verlagert huet, wéi aus enger Äntwert vum 7 Juni 2014 op meng parlamentaresch Ufro erausgeet – neierdengs sinn och eng Reih Prostituéiert an der Hollerécher Strooss present.

 

Och iwwert dësen Aspekt vun eisem « lëtzebuerger Modell » sinn d’Fraktiounen ëm hier Meenung gefrot ginn. De Stater Règlement de police générale ënnerhelt engersäits eng Verschärfung vum « racolage » wéi en am Code pénal virgesinn ass. Domat gëtt d’Prostitutioun – d’Stroosseprostitutioun – ganz kloër condamnéiert a stigmatiséiert. Dat mécht e just nach méi penibel fir déi Prostituéirten déi op der Strooss sinn – déi schwächst an déi fragilst, déi wahrscheinlech am meeschten am Würgegrëff vu Proxeneten a Mënschenhändler stinn. Zu gläicher Zäit gëlt eng Toleranz, déi begrenzt ass op e puer Stroossen op der Gare, wat d’Liewen an deene Quartier’en och nett besser mecht. Mir als LSAP, an hei schwetzen ech och als Stater, fannen déi Doppelmoral nett gudd – sie huet eppes staark heuschlereches. Et ass schon en eklege Spektakel fir owes den Défilé vun oft décken Auto’e laanscht a ronderëm d’Post ze gesinn – Georges Brassens lässt grüssen !

 

Här President,

 

Mir wëssen dass d’Regierung wëll um « modèle abolitionniste » festhalen, a mir kënnen och matt op dee Wee goën.

 

D’Taina Bofferding ass op d’Gesellschaftsbild agaang, dat matt der Prostitutioun verbonnen ass, an ech kann déi Positiounen matt zwou Hänn ënnerschreiwen. Doriwwer eraus muss een awer erkennen dass d’Prostitutioun eng Réalitéit ass zu Lëtzebuerg, an dass Mënschen, aus deene verschiddenste Grënn, op sexuell Servicer vu Prostituéierten, männlech mais an der grousser Majoritéit weibléch, zeréckgräifen.

 

Wäerd d’Prostitutioun verschwanne, wann ee se verbidd, nom schwedesche Modell, matt enger Sanktioun vum Client?

 

D’Äntwert ass dass d’Prostitutioun hëchstwahrscheinlech nett wäerd verschwannen, mais sech entweder wäerd an d’Ausland verlageren, oder an d’Illégalitéit ofwanderen, matt der Gefor dass eng nei, nach méi schlëmm Kriminalitéit entsteet wéi bis elo – et ass och e constat dass a Länner wou e schwedesche Modell agefouert gouf, de Phenomen sech just délocaliséiert huet. Dofir kann de schwedesche Modell, wann e soll Succès hunn, eiser Meenung no och nemmen a ganz Europa agefouert ginn, oder op mannst an enger Groussregioun – soss verlagert sech de Phenomen all Kéiers an aner Länner.

 

Aner Bedenken déi d’Plateforme Prostitution en rapport mam modèle prohibitionniste geäussert huet sinn och valabel an eisen Aen:

– Experienzen an Europa schéngen ze weisen dass matt sou engem Modell d’Aarbecht vu Sozialdengschter a Streetworkers matt Prostituéierte méi schwéier gett,

– der Police no gett et dann och Problemer matt der Beweislaascht: wéi kann een engem Freier noweisen dass e wousst dass e bei enger Prostituéiert war – den éischte rdv gett da virgetäuscht….

– de Modell brengt och eng « fragilisation » des travailleurs sexuels matt sech – d’Prohibitioun favoriséiert Bildung vu kriminelle Réseau’en…

 

Eis Plateforme Prostitution ass net déi eenzeg déi Bedenken äussert zum schwedesche Modell. Am Februar 2014 hu nett manner wéi 470 ONGen an Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft , sou wéi 45 Universitaire’n a Chercheur’en sech géint e Rapport vun der Europaparlementarierin Mary Honeyball ausgedréckt, deen d’Kriminalisatioun vun de Client’en vu Sexworkers préconiséiert. De Luca Stevenson, Coordinateur vum International Committee on the Rights of Sex Workers in Europe (ICRSE) get dozou folgend Erklärung :“The Swedish Model of criminalisation of clients is not only ineffective in reducing prostitution and trafficking, it is also dangerous for sex workers. It increases stigma which is the root cause of violence against us. It is a failed policy denounced by all sex workers’ organisations and many women’s, LGBT and migrants’ organisations, as well as many UN bodies.”[1]

 

En anere kritësche Sexworker, deen am franséische STRASS engagéiert ass, den Thierry Schaffauser äussert eng ähnlech Kritik a sengem Buch “Les luttes des putes.”

 

Fir d’LSAP gëllt et also den internationalen Débat ëm de schwedesche Modell weider ze verfollégen, an den échange matt eise Partner an der Groussrégioun ze sichen – mir sinn do d’accord matt de Recommandatioune vun der Plateforme Prostitution, déi jo hier kritësch Haltung par rapport zum schwedesche Modell geäussert huet.

 

Den däitsche oder hollännesche Modell – de « modèle réglementariste », wou d’Prostitutioun legal ass a gesetzlech réglementéiert gett wier, an den Ae vun der Regierung – dat geet kloër aus dem PV vun der Comm jur an Comm Egalité des Chances vum 6.11.2014 eraus – engersäits bei eis nett anzeféieren, well e contraire zu der Convention de New York iwwert traite des êtres humains vun 1950 ass, déi bei eis seit 1983 uwendbar ass.

 

Mais doriwwer eraus gëtt e sérieux Bedenken, déi matt deem Modell zësummenhänken.

An enger Etude vun de Chercheur’en Laura Barnett an Lyne Casavant vu Juli 2014 kann ee liesen dass “La plupart des personnes opposées à la légalisation de la prostitution sont d’avis que le modèle hollandais constitue un exemple d’une politique qui s’avère un échec : celle-ci présume en grande partie que la réglementation assure nécessairement la sécurité des travailleurs et travailleuses du sexe. En bref, les experts estiment que « seulement 4 % des personnes qui s’adonnent au commerce du sexe aux Pays-Bas sont inscrites – les autres travaillent dans la clandestinité. On croit toujours que la majorité des travailleurs et travailleuses du sexe (60 % en 2008) ne sont pas hollandais et que bon nombre d’entre eux sont au pays illégalement[2]”.

 

Dat heescht also dass, trotz Légaliséierung, mam Ziel de soziale Statut an d’Oofsécherung vun de Prostituéierten ze verbesseren, dës ëmmer nach zu enger grousser Majoritéit an der Clandestinitéit schaffen a nett sozial verséchert sinn – e Phenomen ganz ähnlech wéi bei eis.

 

Fir eis Fraktioun ass also och dëse Modell nett dee richtége fir Lëtzebuerg.

 

Här President,

 

Ech kommen sou lues zu mengem Schluss.

 

D’LSAP ënnerstëtzt, och op Gronn vun de Conclusioune vum Rapport vun der Plateforme, d’Optioun vun der Regierung fir um abolitionnistesche Modell festzehaalen, mais verstärkt an den Encadrement vun de Prostituéierte’n z’investéiere’n, an Opfankstrukturen fir déi Prostituéiert déi a schwirege Situatioune sinn. Acteur’en wéi Drop-in musse verstärkt ënnerstetzt ginn, an och de Streetwork ass besonnesch wichtég – matt all deene Prioritéite si mer averstaan als LSAP, an d’Taina Bofferding ass jo schonn am Détail drop agaang.

 

Och matt der Exit-Strategie, déi am Partenariat matt den Organisatiounen um Terrain a matt der ADEM soll ausgeschafft ginn ass e wichtége Schrack an déi gudd Richtung, ënnert der Bedengung dass de Prostituéierte’n reell Alternative’n zu hirer Aarbecht ugebuede ginn, a keng Almosen oder Aarbechten déi ett hinnen onméiglech maachen iwwer d’Ronnen ze kommen.

 

Mir géifen et och ausdrécklech begréisse wa kéint nogeduecht ginn iwwert e Wee fir Prostituéiert eng Kranken a Sozialversécherung zouzegestoën – d’Iddi vun der assurance maladie « universelle » ass geäussert ginn am Kader vun den Aarbechten vun der Platform, déi ass awer verworf ginn vum CCSS well se nett kompatibel matt eisem Sozialversécherungssystem ass. Ech sinn och sécher dass dat richtég ass, mais de fait bleiwt dass hei déi Schwächst an déi Vulnérabelst duerch de Grill fallen, weder juristëschen nach soziale Statut hunn. Mir géifen eis wënsche wann d’Regierung sech intensiv matt dësem Problem géif beschäftegen a probéieren do eng Léisung ze fannen.

 

Ee Punkt op deen ech zum Schluss nach wollt agoën ass de Renforcement vum Kampf géint de Proxenetismus an de Mënschenhandel. Och dëst gehéiert zur Politik déi d’Regierung proposéiert, a mir begréissen dat ausdrécklech. Well wann een d’Prostituéiert well schützen, a géint « forcéiert » Prostitutioun well firgoën, musse e géint d’Menschenhändler a Proxeneten virgoën.

 

Mir hunn am Fréijoër d’lëscht Joër e Gesetz iwwert d’Traite des êtres humains diskutéiert, an am Kader vun deeër Diskussioun ass festgestallt ginn – d’Frô ass vum Marc Angel opgeworf ginn – dass mer eng Lacune an eisem Code pénal hunn, well mer kéng Infractioun hunn déi d’Oofhuelen vun Identitéit’s a Reespabéieren sanctionnéiert. Et ass gewosst dass ee ganz einfache Moyen fir engem Mënsch seng Fräiheet anzeschränken, dora besteet ëm säi Pass oder seng Reespabéieren oofzehuelen. Et ass gewosst dass dat och vu Proxeneten zu Lëtzebuerg gemaacht gëtt.

 

Dofir géife mer haut gären am Numm vun der LSAP Fraktioun, a fir an dësem Débat eise Steen zur Bekämpfung vum Proxenetismus bäizedroën, eng PPL déposéieren déi virschléit dës Infraktioun an eise Code pénal, am Kapitel iwwert d’traite des êtres humains, anzeféieren.  (dépôt de la PPL).

 

Mir hoffen dass dës PPL eng breed Zoustëmmung vun all de Fraktiounen aus der Chamber kréien.

 

 

 

 

[1] http://tgeu.org/470-ngos-against-criminalizing-clients-of-sex-workers-in-the-eu/

[2] Barnett, L., Casavant, L. (2011, revised 2014). Prostitution: a review of legislation in selected countries.

http://www.parl.gc.ca/content/lop/researchpublications/2011-115-e.pdf

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *