quaesitio

Interventioun an der Interpellatioun Luxleaks 28.4.2015


luxleaks rtbfHei ass meng Interventioun als LSAP Spriecher zur Interpellatioun iwwer Luxleaks. Déi geschwaate Versioun huet Virrang. Dës geschriwwe Versioun kann a verschiddene Passage’n aanescht sinn.

 

Här President,

Léif Kolleginnen, léif Kollegen,

 

Et ass villäicht ganz gudd dass déi Interpellatioun zu Luxleaks elo réischt stattfënnt, gudd 6 Méint nodeem d’Affär vum Konsortium ICIJ weltwäit matt vill Kaméidi révéléiert gouf. Mir kënnen eis nach all gudd erënneren un d’Ambiance déi deemols geherrscht huet, un d’Konsternatioun dass mer eis erëm eng Kéier am Schmuddeleck, aleng, erëmfonnt hunn. Mir erënneren eis, wéi schwéier d’Verteidégung deemols war, als Schmarotzer vum internationale Steiersystem, als quasi Schurkenstaat deen anscheinend op Käschte vun anere, richtége Länner, hiere Steiergelder liewt. An der internationaler Diskussioun ass am Ufank „vergiess“ ginn ze soen, dass d’Tax rulings eppes sinn, dat et och a villen aneren EU Länner gëtt – a 26 EU Länner ! Dass genee déi selwecht Montage’n och an anere Länner gemaacht ginn. Dass muench Länner nach vill méi agressiv Steiernischen hunn – d’Belsch matt den intérêts notionnels an d’Englänner matt hierem non-dom régime, fir nëmmen déi 2 Beispiller ze nennen.

 

Luxleaks huet awer eng beréchtegt international a national Diskussioun ëm d’Steiergerechtegkeet lasgetrëppelt. Ass et normal dass Betrieber keng, oder ganz wéineg, Steiere bezuelen, wa Privatpersounen, Leit déi fir hiirt Akommes schaffen, ëmmer méi staark besteiert ginn um Akommes vun hierer Aarbecht? Wou solle Betrieber besteiert ginn? Op der Plaatz vum Oofsaatz oder do wou se séch hiere Siège wielen, oft fir laanscht d’Besteierung ze kommen? Dat ass d’BEPS-Diskussioun déi scho seit Joëren dei der OCDE gefouert gëtt.

 

Ech géif gären direkt am Ufank vun dëser Interventioun soën, dass et fir d’LSAP net akzeptabel ass, dass Betrieber ganz wéineg oder iwwerhaapt keng Steiere bezuelen. Et gehéiert zu enger elementärer Konzeptioun vun der Steiergerechtegkeet, dass och Betrieber, egal ob se national oder international aktiv sinn, Steiere bezuelen. D’international Entwécklung, an der EU an an der OCDE, geet an d’Richtung vu méi Transparenz a méi Gerechtegkeet, an dat begréisse mir als LSAP.

 

Et ass richtég dass mer d’Diskussioun elo féiere, wou déi éischt Opreegung, déi eng sachlech Diskussioun schwireg, jo onméiglech mecht, sech geluecht huet.

 

Här President,

 

Ech géif gären domat ufänken e Katalog opzestëlle, vun deene verschiddenen Arten vu Ruling’en, déi bei eis pratizéiert ginn. Mir hu vill a laang an der Cofibu iwwert d’Rulinge geschwaat, mais ëmmer op eng generell Art a Weis. Et ass a mengen Ae wichtég eng Kéier méi an den Détail ze goen, fir ze wësse, wouriwwer mer iwwerhaapt schwetzen, an e bëssen iwwert déi pauschal an elo zimlech sulfurös Expressioun « Ruling », erauszegoën.

 

De Ruling, oder « rescrit fiscal » , ass u séch näischt schlemmes a näischt béises: et ass ganz einfach en accord préalable iwwert eng zukünfteg Besteierung, an deenen allermeeschte Fäll vu Betrieber, mais muenchmol och vu Privatpersounen. Deen « accord préalable » kritt een opgronn vun enger détailléierter Beschreiwung vun der Aktivitéit, déi ee virgesäit, an den accord ass och nëmme gülteg wann déi Beschreiwung zoutrëfft.

 

Deen éischte groussen Typus vu « ruling » ass deen, dee bei Finanzéierunge gefrot gëtt. Hei geet ët drëm, e prix de transfert festzesëtzen, dee justifiéiert ass wann eng Gesellschaft an engem Grupp enger anerer Soue léint. Wat ass eng normal Marge, compte tenu vum risque vun der Aktivitéit, vum Prêt, ëmmer ausgoënd vun enger vergläichbarer Transaktioun tëscht enger Bank an hirem client. Dësen Typ vu Struktur gëtt et an all Land, an et ass näischt problematesches drun – d’Régularitéit vun der Operatioun gëtt seit der Circulaire vun 2011 bei eis duerch e rapport iwwert de prix de transfert bestätegt. Iwwer all an der Welt gëtt « transfer pricing » gemaacht, an Ulehnung un d’Regelen déi vun der OCDE ausgeschafft goufen. An ech mengen dass de fait dass Lëtzebuerg kee Problem matt der zukünfteger Directive iwwert den échange vu Rulingen huet, och dorop erauszeféieren ass, dass et hei näischt ze verstoppe gëtt.

 

Déi zweet Kategorie vu Rulingen, déi oft gefrot ginn, betreffen d’Quellebesteierung bei Gewënner déi vu lëtzebuerger Gesellschaften un hier Mammegesellschaften ausgeschott ginn. Dëst ass eng Struktur déi ganz vill am Beräich vum « Private Equity » benotzt gëtt, also bei Heiser déi fir Investoren nett cotéiert Betrieber opkaafen an part’en do dran indirekt verkaafen. Hei geet et drëm ze confirméieren, dass keng Quellesteier ufällt, wann eng lëtzebuerger Holding eng Distributioun vu Gewënner mecht, déi sie ënnert dem Schachtelprivileg vun hire Filiale kruut. Dës Gewënner ginn dacks ënnert engem Prêt participatif un d’Mamm ausbezuelt – de Ruling confirméiert dann dass keng Quellesteier ufälleg ass. Wichtég heibei ass, dass dat nett heescht dass dës Gewënner nett anzwuerch aanescht besteiert ginn!

 

Bei der vill beschwatener IP Box, déi duerch e Gesetz vun 2008 agefouert gouf, an déi eng Exonératioun vun 80% vu Revenu’en aus der propriété intellectuelle virgesäit, muss ee mol kee ruling froën. Matt der IP Box kënnen effektiv zolidd Abus’e bedriwwe ginn, an et ass net ëmsoss dass dee Régime am Zentrum vun der Kritik an der Diskussioun ëm BEPS steet. Wéi der wësst, ass d’IP Box bei eis en Auslaafmodell, wat aner EU Länner, z.Bsp Irland dat esou e Régime während der Luxleaks Affär agefouert huet, net drun hënnert ähnlech Steierregelen ze hunn!

 

Eng aner critiquable Steierstruktur ass déi sougenannte « Goodwill Struktur » – hei kann déi steierlech Base vun engem Betrieb reduzéiert ginn duerch d’Abrénge vun engem méi oder wéineger reelle « fonds de commerce », deen dann amortiséiert gëtt géint d’Benefissen déi d’Gesellschaft mécht. Hei gett et an der Haaptsaach e Problem vun Evaluéierung, déi nett ëmmer prezis ass. An dofir sinn dës Strukturen haut just nach méiglech wann een eng prezis, dokumentéiert Evaluatioun vun engem Goodwill weise kann.

 

Eng zentral Frô ass, firwat eist Land ët fäerdeg bruecht huet esou e wichtége Secteur fir d’Steierstrukturéierung ze ginn, trotz reeller europäescher an internationaler Konkurrenz? D’Explikatioun huet vill matt juristëscher Sécherheet ze dinn. Wat Investoren a Betrieber virun allem wëlle, wann se eng Transaktioun plangen, ass juristesch Sécherheet. Sie wëlle sech kënne verloossen, op dat wat se vun enger Administratioun bestätegt kréien. Dobei, ass et nett esou schlëmm, wann eng Positioun ännert, oder souguer wa méi Steiere musse bezuelt ginn. Mais Sécherheet a Viraussiicht ass Tromp. Eng réckwirkend Afrostellung vun engem Ruling duerch d’Administratioun wier do Gëft: Länner, déi dat gemaacht hunn, hunn a kierzester Zäit hier ganz Krédibilitéit fir Joëre verspillt.

 

Ech mengen, dat sollt ee wësse, wann een iwwert d’Rulings-Problematik schwëtzt.

 

Här President,

 

D’LSAP ass der Meenung, dass d’Regierung gudd a schnell op Luxleaks réagéiert huet. No Diskussioune matt der europäescher Kommissioun hu mireise Recours géint der Kommissioun hir demande fir d’Mattdeelung vun all eise Ruling’en zeréckgezunn, an hunn agelénkt, opwuel eise Recours gudd Chance’n haat ugeholl ze ginn. Mir hunn och erreecht dass d’EU Kommissioun ganz schnell hier Enquête op all aner EU Memberstaaten ausgewäit huet, wat eist Land aus der direkter Schosslinn geholl huet. De 4. November d’läscht Joer, also just virun Luxleaks, haate mer schonn de PL 6680 iwwert den échange de renseignements sur demande, fir vun der groër Lëscht vum Global Forum erofzekommen an de PL iwwert den échange automatique op den Zënsrevenu’en adoptéiert. Iwwert dee jo gesoot gouf, op villäicht eng bessen exzessiv Art a Weis, e géif d’Enn vum Bankgeheimnis bedeiten.

Mir hunn och als Land eis Bereetschafft erklärt, matt op de Wee vun enger Directive iwwert den échange automatique vu Rulingen ze goën, déi vun der Kommissioun Juncker no der Luxleaks Affär ganz schnell ausgeschafft gouf. Déi lëtzebuergesch Regierung begréisst a begleet deen Trend, an dat ass och gudd esou.

Och am Kader vun der OCDE gehéiert Lëtzebuerg, nom ongléckleche Klassement als „non-compliant jurisdiction“ am peer review vum Global Forum vun der OCDE 2013, mëttlerweil zum „peloton de tête“, souwuel wat d’Unhuele vum Standard vun der OCDE iwwert den échange d’information vun Oktober 2014 ugeet, wéi och am dossier BEPS, wou Lëtzebuerg de Konsens iwwert Patent Boxes adoptéiert huet, an eben duerch d’Progrès’en am échange vu Steierinformatiounen. Esou konnt de Pascal Saint-Amans, den Direkter vun der Fiscalitéit bei der OCDE, den 11.12.2014 der lëtzebuerger Regierung „massiv Progrès“ en matière vu Steiertransparenz bescheinégen, an och confirméieren dass Lëtzebuerg beileiwen nett aleng do steet bei de Rulingen.

 

Ënnert eiser EU Présidence wäerten d’Diskussiounen iwwert eng « assiette unique » an e minimalen taux op der Betriebsbesteierung weidergoën. Mir mussen déi Dossier’e sachléch, mais och kritësch, ugoën: insbesonnesch d’Aféiereung vun enger « assiette unique » wéi se fir de Moment proposéiert ass, géif matt séch brengen, dass kléng Länner ouni « headquarters » näischt oder nett méi vill ze besteieren hätten – eng ähnlech Evolutioun bahnt sech op bei BEPS un. Dofir musse mer als Land resolut op méi Substanz sëtzen, wa Betrieber sech hei nidderloossen – d’Zäit vun de Bréifboîten ass definitiv eriwwer, och wa se eis aus Plaatzgrënn gudd arrangéiert hunn.  Mais och bei der directive iwwert den échange automatique vun de Rulingen gëtt et nach muenches ze bemängelen: zum Uwännungsberäich, zur Kompetenz vun der Kommissioun, zum Subsidiaritéits a Proportionnalitéit’s-Prinzip, zur Rétroactivitéit, zum Beruffsgeheimnis… Hei muss Lëtzebuerg selbstbewosst, zesumme matt anere Länner déi ähnlech Positiounen hunn, seng légitime Intérêt’e verteidégen, ouni sech vum Gespenst Luxleaks aschüchteren ze loossen.

 

Ech wëll awer och kloër an däitlech soën, dass d’LSAP d’Effort’e vun der EU Kommissioun fir aggressiv Steierstrukturéierung ze begrenzen ausdrécklech begréisst: d’Clause anti-abus an der neier directive mère-fille, mais och den Encadrement vun den Exonératiounen ënnert där Directive an ënnert  der Directive iwwert d’Zënsen an d’redevance’n, wa keng effektiv Besteierung virläit, si Schrëtt an déi richtég Richtung!

 

Et ass gewosst, dass d’Steieroptimiséierung, déi d’Leit oft choquéiert, d’Resultat ass vum Zësummespill vun Duebelbesteierungsofkommen, lokale Regelen a Praxis‘en an international tätege Betrieber, déi et verstinn duerch eng geschéckt Strukturéierung d’Steierlaascht niddrég ze haalen. Eng rezent Entrevue mam Generalsekretär vun der OCDE, dem Angel Gurria, an der Chamber huet bewisen dass d’USA keen Intressi drun huet, hier Betriber op hiren auslänneschen Aktivitéiten ze besteieren – den dossier iwwert Base erosion and profit shifting, iwwert d’produits hybrides gett vun den USA bloquéiert, matt der zimlech offensichtlécher Begrënnung fir hier Multinationalen ze begënschtégen. Fir d’USA, mais wahrscheinléch och fir aner Länner, ass den internationale Steiersystem eng Form vu Subventionnéierung vun hiere Betrieber – och dat ass eng Réalitéit.

 

  1. En neie Kontext fir Steier-Rulingen zu Lëtzebuerg

 

Kuerz viru Luxleaks schonn hat d’Regierung am Zukunftspak eng base légale fir d’Rulinge virgeluecht, an och eng Verankerung vum Prinzip vum arm’s length. No Luxleaks dunn koum de projet de règlement grand-ducal iwwert eng commission des rulings. Et ass e reelle Fortschrëtt dass d’Rulingen elo op zolitte juristësche Féiss stinn, nodeem se während 25 Joër eng einfach pratique administrative waren, déi just op enger note de service vun 1989 gefousst hunn. Et ass och en Zeeche vu Maturitéit, dass elo eng commissioun bei der Steierverwaltung séch matt de Rulingen ausenee sëtzt, an nett nëmmen ee Préposé – dat mecht eis och international manner vulnérabel!  De Jeannot Krecké huet schon 1997 a sengem Rapport iwwert d’Steierfraude dee Système kritiséiert an op seng Geforen higewisen. Als LSAP kënne mer dee neie System also nëmme begréissen!

 

 

Conclusioun :

 

D’LSAP ass ganz kloër fir national an international Steiergerechtegkeet. Dobei si mir natiirlech och géint aggressiv an abusiv Steierstrukturatioun, déi dorop erauszielen dass international täteg Gruppen an hier Aktionären keng oder ganz wéineg Steiere bezuelen. Et ass allerdéngs zevill einfach d’Kand matt der Bidden auszeschëdden, an d’Rulingen pauschal ze diaboliséieren. D’Rulingen sinn, ech hunn et scho gesoot, virun allem en Instrument vu juristëscher Sécherheet. A mir sinn en « Etat-conduit » an enger ganzer Reih vun internationale Steierstrukturen. Dat kann ee gudd oder schlecht fanne, mais dat ass e fait.

 

Wann een dat grondsätzlech verurteelt, da misst een éierlecherweis och soë, wat Lëtzebuerg da soss soll maachen fir ähnlech Steierrecette’n eranzefueren, wéi déi, déi de Finanzsecteur ofwerft. Well d’Retombée’n vum Rulingssecteur si nett nëmmen direkt Steierrecetten, mais dee secteur ass méi large an et hänkt muenches drun un Aarbechtsplaatzen, an also Steierrecetten. Wéi mer et solle maache fir dann, ënner anerem, eise Sozialstaat ze erhaalen op deem Niveau wou en elo ass. Dat hätt ech dann och gären emol eng Kéier héiere vum Interpellant.

Ech wollt wësse, wéi déi Leit matt de gudden Iddien, déi dora bestinn Aktivitéiten a Fro ze stellen déi dem Land Steiergelder erabréngen, déi dann och gegefinanzéiere wëllen? Wa se dann, am gläichen Otemzuch, déi anscheinend Austeritéitspolitik vun dëser Regierung kritiséieren?

 

D’Welt ass méi komplex wéi Schlagwieder a Banderolen virliesen.  Vum Justin Turpel hätte ech mer, an dëser wéi an aneren Debatten, gewënscht dass en nett just wéilt oofschaafen ouni gegenzefinanzéieren, nett just vum moralëschen Héichsëtz op alles ze schéissen, ouni réaliséierbar Alternativen opzeweisen. Par ailleurs, soen ech him merci dass en dësen Débat meiglech gemaacht an ech wënschen alles Gudds fir d’Zukunft.

 

Ech soë merci fir d’Nolauschteren.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *