quaesitio

Tribune libre RTL vum 4.5.2015 : Jo zum Awunnerwahlrecht. Jo zu engem oppene Lëtzebuerg.


Franz Fayot Kloertext

Photo: Eric Steichen (RTL)

Hei ass de link op d’Tribune libre LSAP déi gëschter bei RTL opgeholl an diffuséiert gouf, an den Text.

 

04052015 Tribune Politique LSAP Franz Fayot

 

Jo zum Awunnerwahlrecht. Jo zu engem oppene Lëtzebuerg.

 

De 7 Juni geet et ëm wäit méi wéi d’Wahlrecht fir ongeféier 30.000 auslännesch Mattbierger déi fir den Ament a Fro kommen fir bei Chamberwahlen matt wielen ze kënnen.

 

Et geet em zwou Opfassungen vun eisem Land am Joër 2015. Et gëtt déi, déi zouversichtlég an d’Zukunft sinn, an op Intégratioun vun eisen auslännesche Mattbrieger setzen – d’Ënnerstetzer vum Jo. An déi, déi Angscht hunn , a gären « Här a Meeschter » doheem bleiwe wëllen. Zwou Opfaassungen déi am Fong nett nei sinn.

 

Haut hu mer – glécklecherweis – déi kosmopolitësch Gesellschaft déi an der Vergaangenheet vu konservative Kräft gefaart gouf: sie huet de Räichtum vun eisem Land, wirtschaftlech wéi menschlech, weiderbruecht…

 

D’Frô, déi sech eisem Land de 7. Juni stellt, ass ob mer déi auslänneschen Awunner wellen politesch intégréieren, oder ob mer se wëlle op deem Plang ausgrenzen?

 

Op sech de 7. Juni 2015 déi konservativ oder déi progressistësch Positioun duerchsetzt – de Nee oder de Jo – dat ass déi spannend Frô déi d’Land wärd dëse Mount Mee beschäftegen.

 

D’LSAP wärd fir de Jo kämpfen. Sie gesäit Lëtzebuerg als en oppent Land, wou déi Leit, déi bei eis wunne, schaffen, Steiere bezuelen, och dierfen hiet Wuert mattschwetzen, wa se dann déi duebel Bedengung vun 10 Joer Residenz a Participatioun bei viirechte Wahlen erfëllen.

 

D’Nationalitéit an d’Wahlrecht si keng Prinzipien déi an de Stee gemeesselt sinn. D’Geschicht vun eisem Land weist eis, dass d’Nationalitéitegesetz mol méi liberal, mol méi restriktiv war – meeschtens ass dat matt de Besoin’e vun eiser Wirtschaft Hand an Hand gaang, heiansdo hu mer eis och zou gemaacht, well d’Angscht virun enger « Überfremdung », an Europa a bei eis, d’Iwwerhand geholl huet.

 

Länner wéi Neiseeland, matt enger ähnlecher Immigratioun wéi Lëtzebuerg, hunn eng glécklech Erfahrung matt der Traditioun vum Cicero senger Republik gemaacht: d’Wahlrecht kritt ee, wann een an där selwechter Rechtsgemeinschaft liewt, deene selwechte Gesetzer follégt. Dann ass d’Wahlrecht e Resultat vum soziale Kontrakt, an et ass en Intégratiounsfaktor. Et kritt keen eppes ewechgeholl, jiddferee gewënnt.

 

Mir hunn haut 45 prozent Auslänner zu Lëtzebuerg, bal 70 prozent an der Stad Lëtzebuerg. Keen anert Land an der Welt huet e vergläichbaren Taux un Auslänner bei sech wunnen. Dës héich Zuel weist eis Oppenheet : Mir si matt déi oppenst Economie a Gesellschaft op der Welt: d’Auslänner sinn eis Noperen, eis Frënn, sie sinn an eise Veräiner aktiv, sie sinn eis Aarbechtskollegen. A wann et just dowéinst ass : sie sinn onverzichtbaf fir eis Economie dréinen ze doën, a sie bezuelen hier Steieren hei.

 

Seit 1919 muss een zu Lëtzebuerg nëtt méi bezuele fir wielen ze goen, a säithier hunn d’Fraën och d’Wahlrecht. 1993 hu mer d’europäesch Biirgerschaft agefouert, an d’Wahlrecht bei Europa a Gemengewahle opgemaacht, duerno bei Gemengewahle souguer fir nett-europäesch Auslänner.

 

Mir hunn eis Demokratie matt all deene Reforme besser gemaacht, méi staark a, méi repräsentativ, géint all Ängscht a Widerstänn, déi et och deemols all Kéiers gouf.

 

De 7. Juni geet et drëm, op Lëtzebuerg de Courage huet déi Oppenheet, déi et als Gesellschaft scho laang huet a liewt, och politesch ëmzesetzen. An eis Demokratie besser a méi repräsentativ ze maachen.

 

 

 

 

 

One thought on “Tribune libre RTL vum 4.5.2015 : Jo zum Awunnerwahlrecht. Jo zu engem oppene Lëtzebuerg.”

  1. marcus says:

    Iwerfriemung ass schon do. Wien natirlech net an der Stadt liewt gesait et net. Ech sinn es mitt an 6 sproochen mengen nooperen mussen moien ze soen an keen geigen effort kennt. Mir sinn tolerant an doduerch hun mir eis an d Situation manoevreiert nach mei tolerant mussen ze sinn.

    Et ass ganz einfach. Wien wielen well, soll sech naturaliseieren. Et ass keen komplizeierten prozess. Mais wann een mol keen effort mescht dem letzeboier « moien » kennen ze soen. Verstinn ech dass een meen bock op sou eng demarche huet.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *